Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.reporter.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Een Update fir d'Lëtzebuerger Demokratie 16.12.2022 23:28
Lëtzebuerg kritt eng nei Verfassung. Wourëms geet et bei dëser Reform? Wat bedeiten déi Ännerungen fir de politesche System an de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
D'CSV virum Superwaljoer 09.12.2022 32:41
Déi nei "Sonndesfro" bestätegt den politeschen Trend: D'Regierungsparteien bleiwe stabil an d'CSV verléiert massiv an der Wielergonscht. Wéi ass den Zoustand vun der (nach) gréisster Partei am Land virum Superwaljoer 2023? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Transparenz um Réckzuch 02.12.2022 23:53
No enger Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff gouf de "Registre des beneficiaires effectifs" ofgeschalt. Wat bedeit dat fir d'Transparenz vun der Finanzplaz an fir d'Praxis vun investigativem Journalismus? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Lektiounen aus der Pandemie 25.11.2022 19:28
Wéi gutt ass Lëtzebuerg duerch d’Pandemie komm a wéi eng Léiere sollt d’Politik doraus zéien? An der Chamber gouf doriwwer kontrovers gestridden. Och déi international Recherche „Shadow Diplomats“ ass e Sujet an der neister Episod vun „On the Record“.
Wat bréngt d'COP27? 18.11.2022 18:05
Trotz de ville Klimakonferenzen ass d'Welt nach wäit vum 1,5-Grad-Zil ewech. Zu Sharm El Shëikh waren d'Erwaardungen trotzdem grouss. Mee wou sti mer haut an der internationaler Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Aussepolitik an aussergewéinlechen Zäiten 11.11.2022 18:47
Wéi eng Aussepolitik féiert Lëtzebuerg an enger Welt, déi zanter Méint duerch de Krich an der Ukrain geprägt gëtt? Wat ass vun de Prioritéite vum Ausseminister ze halen, déi dës Woch an der Chamber virgestallt goufen? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Klima, Bierger an eng Hesper Affär 28.10.2022 22:59
Wat ass vum Debat an der Chamber iwwer d'Proposen vum Klima-Biergerrot zeréckzebehalen? An wéi ee politeschen Impakt kéint de Prozess iwwer d'Detournement-Affär an der Gemeng Hesper hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Ee Joer virun de Walen 21.10.2022 22:01
No der Ried zur „Lag vun der Natioun“ ass kloer: Op mannst de Premier ass prett fir déi nächst Walen. Wat ass bis dohinner nach un politeschen Initiativen ze erwaarden? A wéi sinn déi eenzel Parteien opgestallt? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
On the Record: Russesch Oligarchen an d’Lëtzebuerger Finanzplaz 14.10.2022 13:02
Eng russesch Bank zu Lëtzebuerg geréiert Suen vu Vertrauten vum Wladimir Putin. Dat hu Recherche vu Reporter.lu gewisen. Wéi eng Roll spillt d’Finanzplaz am Offshore-Netzwierk vu russeschen Oligarchen? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
On the Record: De laange Schoulparcours vu Covid-19 07.10.2022 16:10
Des Schoulrentrée steet net méi ënnert dem Zeeche vum Coronavirus, sot den Educatiounsminister virun der Press. Mee nieft Léierréckstänn huet Covid-19 d'Ongerechtegkeeten am Schoulsystem weider verstäerkt. Dorëms geet et an der neister Episod vun "On the Record".
On the Record: Brauch Lëtzebuerg den „Triple A“? 30.09.2022 17:34
Relativ niddreg Staatsscholden an d’Erhalung vum „Triple A“ ware bis elo absolut Prioritéite vun der Regierung. Haut sinn déi Ziler awer ëmmer méi ëmstridden. Wat bréngt den Triple A dem Land wierklech? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
On the Record: An de Kulisse vun der Tripartite 23.09.2022 18:32
D'Regierung an d'Sozialpartner hunn en Accord fonnt. Mee d'Tripartite leet och nei politesch Konflikter oppen. Wat sinn d'Suitte fir d'Koalitioun, déi sech bei ville fundamentale Froen net eens ass? Dorëms geet et an der neier Episod vun „On the Record“.
On the Record: Wat geschitt mat den Energiepräisser? 16.09.2022 12:19
Lëtzebuerger Energie-Fournisseuren hunn fir de Wanter enorm Haussë vun de Gas- a Stroumrechnungen annoncéiert. Wat stécht hannert där Präisexplosioun a wéi reagéiert d'Politik? Dorëms geet et an der neier Episod vun "On the Record".
On the Record: Wat mécht d’Krisepolitik mat der Demokratie? 09.09.2022 15:56
D’Lëtzebueger Politik gëtt aktuell vu globalen Krisen bestëmmt: Pandemie, Ukrainkrich an hir Dominoeffekter wei Inflatioun, an héigen Energiepräisser. Wéien Effekt hunn esou Dauerkrisen op eng Demokratie? Doriwwer huet sech d'Isabel Scott mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, ënnerhalen.
On the Record: Wéi krisefest ass d'Luxair? 02.09.2022 14:13
D'Luxair stécht an enger déiwer Kris. Grond dofir ass net just d'Pandemie: d'Airline ass säit Joren an enger schwiereger finanzieller Situatioun. Dozou kennt en ugespaant Verhältnis tëscht Personal an Direktioun. Dorëms geet et an der neier Episod vun "On the Record".
On the Record: Neiorientéierung vun der humanitärer Hëllef 26.08.2022 13:35
Lëtzebuerg kritt eng nei Strategie fir seng humanitär Hëllef, a well sech doduerch un d’Realitéit vun den Dauerkrisen an der Welt upassen. Firwat déi Approche am ONG-Beräich net onëmstridden ass: Doriwwer geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.
On the Record: Wat huet de Steierdebat bruecht? 19.08.2022 14:44
Steieren a Gerechtegkeet wäerten e wichtege Sujet bei de Walen 2023 sinn. Am Juli hunn sech d'Parteien an der Chamber scho positionéiert. Mee fir wéi eng Reforme gëtt et och eng politesch Majoritéit? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
On the Record: De Manktem u Flüchtlingsstrukturen 12.08.2022 11:50
Zu Lëtzebuerg feelt et u Plaz fir Flüchtlingen ënnerzebréngen. De Constat, dee schonn 2015 beim Syriekrich gemaach gouf, bleift haut onverännert. D'Autoritéite sinn an engem Däiwelskrees gefaangen. Dorëms geet et an der neister Episod vun "On the Record".
On the Record: Wéi sënnvoll ass den Tankrabatt? 05.08.2022 14:51
Säit Abrëll si mam Tankrabatt d’Steieren um Sprit erofgesat. Mee et bestinn Zweiwel, ob déi Mesure hält, wat d’Regierung versprécht. Am Hannergrond streit d’Koalitioun och iwwert den Tanktourismus. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
On the Record: De politesche Stil vum Paulette Lenert 29.07.2022 16:29
Gëtt et eng „Methode Paulette Lenert“? Wat zeechent de Féierungsstil vun der Vizepremier- a Gesondheetsministerin aus? A wéi realistesch sinn hir Chancen, déi éischt Premierministerin am Land ze ginn? Dorëms geet et an der neister Episode vun „On the Record“.
On the Record: Black Box SIGI 22.07.2022 12:26
D'Mëssstänn am "Syndicat Intercommunal de Gestion informatique" (SIGI), déi Reporter.lu rezent opgedeckt huet, hu séier Konsequenze kritt a sollen elo duerch 3 Auditten gekläert ginn. Am REPORTER-Podcast "On the Record" gëtt déi ganz SIGI-Saga opgeschafft.
On the Record: De Fall CIGR-Mëllerdall 15.07.2022 15:33
Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.
On the Record: "Passerell asbl" 08.07.2022 15:47
Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun "Passerell". D'Asbl, déi selwer em d'Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert g...
On the Record: D'Affär SuperDrecksKëscht 01.07.2022 15:22
D'Dysfonctionnementer bei der Aktioun SuperDrecksKëscht, déi Reporter.lu d'läscht Joer opgedeckt huet, beschäftege weider d'Politik. An dëser Episod vu REPORTER "On the Record" schafen d'Isabel Scott an de Pit Scholtes e kriteschen Iwwerbléck iwwer déi ganz Affär.
On the Record: Legaliséierung vu Cannabis 24.06.2022 12:34
D’Regierung wëll Cannabis „dekorrektionaliséieren“. Wat heescht dat? An ass domat déi eigentlech geplangt Legaliséierung vum Dësch? Am REPORTER-Podcast „On the Record“ versichen d’Isabel Scott an de Pol Reuter Kloerheet an den Dossier Cannabis ze bréngen.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.