radio 100,7
Fiasko Fest
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
S03E17 Heiansdo deet et wéi: Yannick Iannelli 11.01.2026
Authentesch sinn. Dat ass sou e Wuert ... All Mënsch wëllt et sinn. Oder mengt et ze sinn? Et ass net einfach soen ze kënnen, wou d’Floskel ufänkt an de Contenu ophält. Fiasko Fest mam Luc Spada huet den Influencer Yannick Iannelli agelueden, fir hei Äntwerten ze kréien. Mat Succès? Jo, vläicht, eigentlech, naja, net wierklech, vläicht e bëssi. Wat sécher ass: Et gëtt en direkte Lien tëschent dem...
S03E16 Heiansdo deet et wéi: Steffi Buchler 04.01.2026
Definitiv war fréier net alles besser an och un de Soziale Medie muss net alles schlecht sinn. Do sinn de Fiasko Fest Moderator Luc Spada a seng Invitée, d’Steffi Buchler, sech eens. An da wieren do nach d’Frëndschaften. Wat si gutt Frëndschaften a wat braucht et fir datt eng Frëndschaft och bleift? Sécher ass, datt et keen allgemengt Rezept gëtt. Awer et hëlleft natierlech, wann ee sech vertraue...
S03E15 Heiansdo deet et wéi: Maurice Molitor 28.12.2025
Bei dëser Emissioun vu Fiasko Fest huet de Luc Spada sech en Aarbechtskolleeg a seng Emissioun agelueden: de Maurice Molitor. An hei gëtt séier kloer: deen hausinternen Invité ass sech senge Privileegie bewosst. An dofir muss hie sech och net entschëllegen, dat ass puer Chance. Mee wat ass mat all deenen, déi keng Chance haten? Mënschen a Krisegebidder oder deenen aner Ongerechtegkeete passéiert s...
S03E14 Heiansdo deet et wéi: Nora Koenig 21.12.2025
Ganz éierlech. D’Nora Koenig gëtt elo einfach al. Dat muss een dann mol sou soen, wéi et ass, seet d’Schauspillerin. Do brauch de Moderator Luc Spada och guer net sou matt groussen Ae kucken. An ass dat schued? E bëssi, villäicht. Déi Energie ass eben net méi grad sou "wéi fréier". Dofir kennt eppes ewéi Rou an d’Plaz, e bëssi manner »et muss elo sinn« an dofir méi "dann ass et eben ne...
S03E13 Heiansdo deet et wéi: Georges Krombach 14.12.2025
Net jugéieren, nolauschteren an e Gespréich zouloossen, onofhängeg dovun, ob ee mateneen averstanen ass oder net. Dat ass wichteg fir eng gutt Diskussioun an och eng vun de Richtlinne bei Fiasko Fest. Dës Kéier agelueden ass de Georges Krombach, Chief Commercial Officer vun Heintz van Landewyck. Wéi ass et méiglech Mënsche gären ze hunn an awer och Gëft ze verkafen? Natierlech ass et net ëmmer jus...
S03E12 Heiansdo deet et wéi: Sylvia Camarda 07.12.2025
Eppes ass sécher. D'Sylvia Camarda gehéiert net an eng Këscht. Net am Liewen a ganz sécher och net duerno. Wat ass nach sécher? Disziplin ass wichteg, mee net nëmmen. D'Dänzerin a Politikerin ka béides, ofdauchen an zeréckkommen. Et ass vill geschitt: Vun der stolzer Massendéngerin zu Nidderkuer iwwer hir net ganz einfach Zäit beim Cirque du soleil bis hin zu dem Moment virum Spigel, bei...
S03E11 Heiansdo deet et wéi: Pit Arnold 30.11.2025
Guer näischt fillen? Jo, dat geet. Et huet alles mat engem Tinnitus ugefaangen an et huet, am beschte Sënn: mat engem besonnesche Mënsch opgehalen. Esou kéint een ofgekierzt en Deel vum Wee vum Fussballfan, Journalist, Konzept -Kreateur a Stand-up-Comedian Pit Arnold beschreiwen. A mëttlerweil kann hie mat engem gewësse Stolz soen, datt hien zanter 3 Joer d’Panikattacken hanner sech gelooss huet....
S03E10 Heiansdo deet et wéi: Indira Idrizovic 23.11.2025
Et huet alles mat engem Camping zu Stengefort ugefaangen a vun do aus huet d’Indira Idrizovic sech hiert Liewen zu Lëtzebuerg opgebaut. Haut ass si Grafikerin a Mamm vun dräi Kanner. Woubäi de Fokus ëmgedréit ass. Fir d’éischt d’Kanner an dann alles anescht. Dat huet d'Zäit net ëmmer zougelooss an dat bereit si bis haut. Famill huet absolut Prioritéit, dat gëtt ëmmer erëm kloer an dësem inten...
S03E09 Heiansdo deet et wéi: Michel Abdollahi 16.11.2025
An dëser Episod vu Fiasko Fest schwätzt de Michel Abdollahi oppen iwwer d'Liewen als Mënsch mat Migratiounsgeschicht an Däitschland. Wéi fillt et sech un, och no ville Joren ëmmer nach als “Auslänner“ ugesinn ze ginn? Mam Luc Spada geet et ëm riets Tendenzen, déi Leit dozou bréngen, iwwer en zweete, net-däitsche Pass nozedenken. A wat bedeit “däitsch sinn". Kann ee jeemools wierklech ukom...
S03E08 Heiansdo deet et wéi: Tessy Antony de Nassau 09.11.2025
Et ass ganz kloer: Mir schwätzen hei net iwwer den Elefant am Raum. Fiasko Fest mam Luc Spada ass ëmmerhin eng Show iwwer déif Gefiller a grouss Gespréicher a net iergendeng Klatsch an Traatsch Sendung. Okay, e bëssi vläicht, obwuel d’Tessy Antony de Nassau eigentlech net wëllt. Et gëtt nämlech vill méi ze soen, wéi just déi Saach do mat de Krounen an esou weider. D’Nidderkuerer Meedchen, dat gäre...
S03E07 Heiansdo deet et wéi: Sandy Heep 02.11.2025
Et ass wichteg sech Hëllef ze huelen, wann een Hëllef brauch. Dat kléngt eigentlech logesch, mee d’Theorie ass méi komplex wéi d’Ëmsetzung. De Kapp an de Mënsch souwisou. Dat weess och d’Sandy Heep, déi mat Suicidegedanken, Depressiounen a jo, et kann een et net anescht soen: mat sech selwer ze kämpfen huet. Déi gutt Noriicht ass: Hëllef ass méiglech. An déi fënnt een dacks scho beim Hausdokter an...
S03E06 Heiansdo deet et wéi: Maja Juric 26.10.2025
„Ach, ich glaube, ich bin ein Mensch, der ständig auf der Suche nach sich selbst ist (...)“. Dat ass den Ufank vun der Äntwert op d'Fro vum Luc Spada, wat seng Invité, d'Schauspillerin Maja Juric ausmécht. Eng ideal Basis fir Fiasko Fest, wou de Moderator sech zwar op den Invité preparéiert, awer keng konkret Froe virbereet. Dat hei ass ëmmerhin nach e Gespréich a keen Interview. Et geet...
S03E05 Heiansdo deet et wéi: Emilie Boland 19.10.2025
Wat d'Emilie Boland sécher net brauch, ass Opmierksamkeet. Dovun huet déi eemoleg Miss Luxembourg a Besëtzerin vum Moudelabel Bogere méi wéi genuch an dat huet si sech selwer verdéngt. Wat d'Gewalt an hirer Ex-Bezéiung ugeet, hat si keen anere Choix, wéi ëffentlech goen. Alles wat si wollt, ass, dass hier gegleeft gëtt. Awer einfach war de Wee net an de Luc Spada schwätzt bei Fiasko Fest...
S03E04 Heiansdo deet et wéi: Mara Stieber 12.10.2025
Mara Stieber ass Aktivist, politesch aktiv bei déi Lénk, spezialiséiert am Genderberäich a versteet sech selwer als non-binär. Et kann ee soen, datt Mara sech fir eng gerecht Gesellschaft fir all Mënsch asetzt. Oder wéi de Cliché vum ale wäisse Mann Mara bezeechne géif: woke. Wéi och ëmmer, et ass eng Welt, déi engem Angscht maache kann an dacks net vill Plaz fir Hoffnung léisst. De Luc Spada geet...
S03E03 Heiansdo deet et wéi: Luca De Michele 05.10.2025
De Luca De Michele huet am 6. Schouljoer vu senger Léierin gesot krut, hie soll sech ophänken. Déi brutal Ausso huet de jonke Maquilleur staark markéiert. Haut kann hien doriwwer laachen an dës Erënnerung huet him och gehollef sech vun allem, wat him net guttdeet, ze distanzéieren. An engem intensive Gespréich mam Luc Spada deelt de Makeup-Artist vill perséinlech Momenter aus sengem Liewen a Fiask...
S03E02 Heiansdo deet et wéi: Anne-Mareike Hess 28.09.2025
Als Dänzerin, Kënschtlerin a Fra schafft d’Anne-Mareike Hess sech ëmmer erëm un de Mëssstänn vun eiser Gesellschaft of. Dat ass engersäits Aarbecht, anerersäits eng ongeschriwwe Pflicht fir si. Dobäi ass d’Haaptinstrument als universell Sprooch de Kierper. Mee och deen ass net onendlech a stéisst u seng Grenzen. Virun allem wann den Drock vun Erwaardungen, Leeschtung an dem Alter schwéier op engem...
S03E01 Heiansdo deet et wéi: Julie Kieffer 21.09.2025
Mam Motto "Heiansdo deet et wéi" geet Fiasko Fest schonn an déi 3. Staffel. An dowéinst brauch et e puer Ännerungen, well och d'Scheiteren dierf net langweileg ginn. Et gëtt just nach en/eng Invité:e fir esou richteg an d'Déift ze goen. A fir déi éischt Show vun der neier Staffel ass dat d’Schauspillerin Julie Kieffer. Si erzielt dem Luc Spada vun hiren Ängschten, wéi onfair den...
S02E43 Mir scheiteren ëmmer nach: Anne Faber a Cindy Oliveira 20.07.2025
D'Cindy Oliveira ass Comedian an d'Anne Faber ass eng, jo, wéi soll ee soen? Eng Journalistin, déi gäre kacht. Sécher ass: Iergendeppes mat Iessen. Iergendeppes mat schlechter Stëmmung? Jo, dat muss och heiansdo sinn. Et brauch just dee richtege Moment an e gudde Grond dofir. Dëst ass déi lescht Episod vun der 2. Staffel Fiasko Fest mam Luc Spada, mee mam Scheiteren ass et nach laang net...
S02E42 Mir scheiteren ëmmer nach: Mandy Graff an Emile Schlesser 13.07.2025
D'Mandy Graff huet Karriär gemaach, huet laang Zäit als Model geschafft an ass haut Léierin. Huet si d’Gefill, datt si et zu méi hätt brénge kënnen? Vläicht esouguer internationale Superstar? Net wierklech. Oder dach? Vläicht e bëssi. Vläicht e bëssi méi virsiichteg ass de Kënschtler Emile Schlesser, wann hien déi nächste Kéier an d’Mier geet. Dat ass sécher. Wisou? Do gëtt et just eng Äntwer...
S02E41 Mir scheiteren ëmmer nach: Maale Gars a Ruth Lorang 06.07.2025
Fir mol direkt kloer ze sinn: E Sträit heescht net, datt ee seng Stëmm hiewe muss. Esou gesäit dat jiddefalls den Thomas Roland aka de Museker Maale Gars, deen et elo wierklech wot: Fort vun enger fester Plaz an d’fräiberufflech Welt. Eng Welt, déi der Designerin Ruth Lorang scho méi laang bekannt ass. Wat brauch et nach? Gesond Grenzen, dat ass emol sécher. An um Enn muss och mol gekrasch ginn. A...
S02E40 Mir scheiteren ëmmer nach:Anne Klein an Eugénie Anselin 29.06.2025
D'Eugénie Anselin an d'Anne Klein si Schauspillerinnen a maachen och Comedie. An allen zwee wëlle si, datt ee si gären huet an trotzdeem kann ee jo net alles richteg maachen. Datt dat okay ass, muss ee léieren. An heiansdo geet et engem och mol richteg schlecht an et weess een net wisou. An esouvill sief gesot: Dofir muss ee sech net schummen. Nimools an am allermannste bei Fiasko Fest m...
S02E39 Mir scheiteren ëmmer nach: Dr. med. Thorsten Schwark a Miss Sappho 22.06.2025
An dëser Show vu Fiasko Fest geet et vill ëm den Doud, ëm Kierperen an och Ängscht. De Priv.-Doz. Dr. med. Thorsten Schwark ass Head of Department vum Laboratoire Nationale de Santé a säin Alldag ass Läichen opschneiden. An d'Miss Sappho aka Mandy Boehm huet et gepackt sech aus dem perséinlechen Déifpunkt eraus ze kämpfe fir haut e glécklecht Liewen ze féieren. An dat mat Hëllef vun enger Sch...
S02E38 Mir scheiteren ëmmer nach: Ceci an Isaiah Wilson 15.06.2025
Den Isaiah Wilson an d'Ceci si kreativ ënnerwee, awer a ganz verschiddene Genren. Den Isaiah Wilson als Choreograph an d’Ceci als Content Creator (Influencer héiert si net esou gär) an och als Moderatorin vum Podcast “Ceci, Do You Love Me?.“ Et geet vill iwwer Schwächten a wéi een doraus och eng Stäerkt maache kann, mee um Enn bleift eng Angscht an et ass net déi virum Doud. Lauschtert Fiasko...
S02E37 Mir scheiteren ëmmer nach: Nikita Lutgen a BC One 08.06.2025
De Rapper an Erzéier BC One weess, wou hien hierkënnt. Ëmmer e bësse géint de Stroum a mat vill Häerz, erzielt hie seng Geschichten direkt vun der Long op d’Zong. Einfach war et net ëmmer, mee et huet sech gelount. Dat weess och d’Nikita Lutgen, déi zweet Invitée bei Fiasko Fest mam a vum Luc Spada. D'Nikita Lutgen ass Erzéierin a Musekerin, déi fir sech mat der Zäit geléiert huet, sech e Kon...
S02E36 Mir scheiteren ëmmer nach: Betsy Dentzer a Jil Devresse 01.06.2025
D’Betsy Dentzer an d’Jil Devresse sinn d’Invitéeë beim Luc Spada. Allen zwee erziele si Geschichten. Op der Bün oder virun der Kamera. Et kéint een och vun der Konscht vum sech verletzlech maache schwätzen, mee et ass keng Therapie. Wat ass et dann? E Geschenk un de Public? Eng Befreiung? Ego? Dir wëllt eng Äntwert? Lauschtert d’Show vun de Loser fir d’Loser!
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.