radio 100,7
Fiasko Fest
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
S02E35 Mir scheiteren ëmmer nach: Robert Brandy an Laura Deitz 25.05.2025
De Robert Brandy ass Moler. Villäicht souguer den éischte fräischaffende Kënschtler zu Lëtzebuerg. An dat säit iwwert 50 Joer. Geet dat ganz ouni Scheiteren? Sécher net. D’Laura Deitz ass Graphikdesignerin an si sicht ëmmer erëm no Erausfuerderungen. A konfrontéiert sech gäre mat Situatiounen, an deenen si sech net sou sécher fillt. Zum Beispill an d’Sendung Fiasko Fest mam Luc Spada ze kommen.
S02E34 Mir scheiteren ëmmer nach: Rick Mertens an Diane Jodes 18.05.2025
Heiansdo leegent ee verschidde Saachen, och grad am Alter. Vläicht. Vläicht och net. Esou genee kann een dat och net soen. Heiansdo hëlleft schwaarzen Humor, awer och Schwammen ass gutt. Oder lafe goen. Iergendwou tëschent Tatsaachen an Emotiounen, Ausland a Lëtzebuerg, Doud a Liewen, Noriichten a Konscht, treffen de Rick Mertens an d’Kënschtlerin Diane Jodes op de Moderator Luc Spada an der Sendu...
S02E33 Mir scheiteren ëmmer nach: Yasin Özen a Versavia Peckels 11.05.2025
De Yasin Özen huet Philosophie studéiert a laang Zäit am Film geschafft, bis hien entscheet huet dat net méi ze maachen a Schoulmeeschter ze ginn. Ass dat Scheiteren? D’Versavia Peckels fänkt grad eréischt un als Video Content Creator a wëllt net just e klengen Deel vun enger grousser Industrie ginn. Wéi soll dat goen? De Luc Spada, de Moderator vu Fiasko Fest, wëllt et ganz genee wëssen.
S02E32 Mir scheiteren ëmmer nach: Eileen Byrne a Marc Baum 04.05.2025
De Marc Baum ass Schauspiller a Politiker. Do stellt sech d’Fro schonn: Wou muss een am authenteschste sinn? D’Äntwert ass natierlech net einfach, mee Fiasko Fest wot de Versuch. An déi zweet Invité:e beim Luc Spada ass d’Regisseurin Eileen Byrne, déi sech vill Gedanken dorëms mécht, wéi een en Team gutt leet, ouni all Empathie mussen opzeginn.
S02E31 Mir scheiteren ëmmer nach: Sascha Ley a Grek 27.04.2025
D’Sascha Ley ass zwar u sech eng ganz passionéiert Persoun, mee si huet an de leschte Joren awer geléiert, datt Leed näischt mat Léift muss ze dinn huet. Et muss een näischt erdroen an enger Bezéiung. Wat de Grek awer muss, well hien dat selwer net esou gäre bei sech huet, ass roueg bleiwen. An zwar op der Strooss, wann hien am Auto sëtzt. Fir de Rescht bleift hien an der Reegel éischter roueg. Od...
Podcast-Tip: Carambolage 21.04.2025
Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass d...
S02E30 Mir scheiteren ëmmer nach: Joël Seiller a Maxime Weber 20.04.2025
De Joël Seiller weess, wat et heescht vill Stress ze hunn. Hie weess awer och, wat et heescht, wann et ob eemol ganz roueg gëtt. An een da ganz eleng do steet. Da stellt sech d’Fro: Wéi geet et elo weider? Brauch et vläicht Therapie? Ganz sécher brauch et déi. Dat weess och dem Luc Spada säin zweeten Invité, de Maxime Weber. Hien war laang Zäit mat vill Haass konfrontéiert a huet misse gläichzäite...
S02E29 Mir scheiteren ëmmer nach: Marie Jung a Hans Fellner 13.04.2025
D’Marie Jung ass Schauspillerin, awer och e bësse Schrëftstellerin a ganz vill Mënsch. Den Hans Fellner war scho villes an am Moment e Mann mat Projete lénks a riets. Allen zwee hu si vill erlieft an och wann et eescht gouf, et hätt och richteg kéinte schifgoen, war do och ëmmer de Virwëlz, d’Loscht op wat alles nach komme kann.
S02E28 Mir scheiteren ëmmer nach: Pascale Noé Adam a Max Feller 06.04.2025
D’Pascale Noé Adam ass Schauspillerin, mëttlerweil och Regisseurin a fir net musse mat Leit zesummenzeschaffen, déi hir net gutt dinn, huet si mat hirer Zwillingsschwëster en eegene Kollektiv gegrënnt. A wéi ass dat iwwerhaapt mat Zwillingsschwësteren? Ginn et Ënnerscheeder zu den “normale Geschwëster“? A wat mécht een eigentlech, wann et der eegener Schwëster net gutt geet. Dozou huet de Max Fell...
S02E27 Mir scheiteren ëmmer nach: Véronique Kolber an Dan Tanson 30.03.2025
Et hätt och ganz anescht kéinte kommen, passt wuel ganz gutt zu der Job-Description vun der Véronique Kolber, déi haut awer gäre Fotografin ass. An den Dan Tanson weess fir sech, datt Zynismus näischt fir hien ass an awer erlieft hien d’Erwuessenewelt als eng zynesch. An um Enn erzielen dem Luc Spada seng zwee Invitéen iwwer hir Erfarunge mam Doud a wéi si e bal bei sech selwer an och bei aneren e...
S02E26 Mir scheiteren ëmmer nach: Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen 23.03.2025
An dëser Episod dauche mir an déi donkel Momenter vum Liewen an. De Luc Spada schwätzt mam Patrick Miranda (Pleasing) an Andy Genen iwwer d'Dualitéit vum Liewen. Wéi et sech ufillt tëschent Depressioun a Freed, wéi et ass, wann een net méi aus dem Bett kënnt a wat et heescht, wann en déi eege Passioun zwar iwwert alles gär huet, mee och zu engem Bandscheiwevirfall féiere kann. Mir schwätzen i...
S02E25 Mir scheiteren ëmmer nach: Anne Reding a Julie Conrad 16.03.2025
D’Julie Conrad ass Designerin, also: keng Kënschtlerin. Wat do eigentlech den Ënnerscheed ass, erkläert si dem Luc Spada. Wat d'Design- an d'Konschtwelt jiddefalls gemeinsam hunn, ass, datt a béide Welten Iddie vunenee geklaut ginn. Déi zweet Invitée ass d’Anne Reding, ënner anerem d'Presidentin vu Cultur’All. Wéi ass hei de Stand? Muss ee vill kämpfe fir der ganzer Gesellschaft Kul...
S02E24 Mir scheiteren ëmmer nach: Christophe Strotz an Jeremy Palluce 09.03.2025
De Christophe Strotz ass elo CEO vu Linster Studios, quasi Chef, dat seet hien awer net esou gären. Wat hien eis awer seet, ass, datt et immens wéideet, wann engem d’Achillesseen räisst. Dat klaakt esou haart, datt een et richteg héiere kann. Wat kënnt nach alles?, wëllt de Luc Spada vum Kënschtler Jeremy Palluce wëssen. Genee weess hien et net, mee sécher ass: Hie wëllt e grousse Kënschtler ginn....
S02E22 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Kohn a Patrick Galbats 23.02.2025
De Patrick Galbats hätt net geduecht, datt een iwwer Sue schwätzt an awer schwätzt hien doriwwer. Awer natierlech och just, well de Luc Spada nofreet, esou wéi een et vun him bei Fiasko Fest gewinnt ass. An dann ass do nach d’Fro: Wat ass en Artiste-photographe? Ass dat e Choix? Alles ass e Choix, och beim Paul Kohn a grad och dann, wann et ëm Zäit geet, a wéi ee sech déi Zäit am beschten andeelt....
S02E21 Mir scheiteren ëmmer nach: Gilbert Pregno a Sahra Mandres 16.02.2025
Fiasko Fest mam Gilbert Pregno a Sarah Mandres ass e grousse Best of mat villen Tréine vu Begeeschterung, vun Trauregkeet, voll mat Liewen an natierlech och dem Doud. A wéi dat esou dacks ass, wann e Psycholog mat am Raum ass, gëtt och iwwer Eltere geschwat, awer och iwwer Fëmmen oder net méi fëmmen. An um Enn gëtt Merci gesot. Wisou? Vläicht huet et mat der leschter Fro vum Luc Spada ze dinn ...
S02E20 Mir scheiteren ëmmer nach: Antoine Grimée a John Wolter 09.02.2025
Den Antoine Grimée ass Illustrateur, ënner anerem vum Buch “L’arnaque des nouveaux pères“, an dat ass schonn emol e gudden Ausgangspunkt fir iwwer déi eege Fiaskoen ze schwätzen. An hei spuert och de John Wolter, Museker, net mat Éierlechkeet. Et entsteet e gemeinsaamt Gespréich mam Luc Spada, dat net un Tréinen an un Déift spuert. Awer och Humor an Hoffnung fannen hir Plaz.
S02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis 02.02.2025
D’Nathalie Oberweis huet lescht Joer hiert Mandat am Stater Gemengerot opginn. Zanterdeem huet si méi Zäit, schafft elo als Proff an awer vermësst si et keng Plattform méi ze hunn. Dat ass et nämlech wat ee brauch, wann een eppes bewierke wëllt an deene Leit eng Stëmm ginn, déi keng hunn. Ganz aner Ziler huet den Daniel Balthasar, dee virun allem eppes wëllt: Musek maachen. Ouni Musek ass hien net...
S02E18 Mir scheiteren ëmmer nach: Alain Welter an Anny Keller 26.01.2025
Den Alain Welter huet nach ni Fiasko Fest gelauschtert. De Luc Spada huet hien trotzdeem invitéiert. De Moler vu Koler ass gären ënnerwee, awer fillt sech och „am Duerf“ ganz wuel a sicht seng Wouerecht iergendwou tëscht Credibilitéit a Mainstream. Déi zweet Invité ass d’Anny Keller. Si ass an der Pädagogik doheem. Laang huet si um Terrain geschafft, awer mëttlerweil fillt si sech och „am Büro“ ga...
S02E17 Mir scheiteren ëmmer nach: Anouk Faber an Florence Sunnen 19.01.2025
D’Scheitere fänkt scho mam éischte Saz vun der Sendung un an dat huet mam Nonumm vun der éischter Invité, d’Schrëftstellerin Florence Sunnen, ze dinn. Hei léiert de Luc Spada, wat sou zwee Punkten op engem „u“ ausmaache kënnen - Oder eben och net. Allgemeng kann een alt erëm vill bei Fiasko Fest léieren. Natierlech iwwert d’Liewen, iwwert den Doud, awer och Europa. Hei weess d’Anouk Faber vill ze...
S02E16 Mir scheiteren ëmmer nach: Georges Metz a Josée Lorsché 12.01.2025
De Georges Metz ass Direkter vum Service National de la Jeunesse an de Luc Spada sicht no der emotionaler Äntwert, wisou ee sech sou staark fir d’Jugend engagéiert. Muss een do selwer eng ustrengend Jugend gehat hunn? Déi zweet Invitée bei Fiasko Fest ass d’Politikerin Josée Lorsché, déi iwwer hir Feeler vun de leschte Jore schwätzt, wann et dann iwwerhaapt Feeler waren.
S02E15 Mir scheiteren ëmmer nach: Christiane Kremer a Luan Lamberty 05.01.2025
"Luan? Wëllt Dir traureg a faarweg sinn?" Dat war eng vun den éischte Froen, déi de Luc Spada an der éischter Emissioun Fiasko Fest vum neie Joer 2025 dem Kënschtler Luan Lamberty gestallt huet. An zesumme mat der zweeter Invitée, der Journalistin a Verleeërin Christiane Kremer stelle mir eis d’Fro vum Alter a wéi deen sech eigentlech esou ufillt. An um Enn schwätze mir iwwer déi Themen, i...
S02E14 Mir scheiteren ëmmer nach: Magaly Teixeira a Yannick Muller 29.12.2024
De Yannick Muller (oder Bobby Bieles) schwätzt net gären, mee benotzt léiwer seng Hänn, als DJ oder och fir ze molen. Hie schwätzt mam Luc Spada iwwer Widderhuelung, Kreativitéit, a wou hei de Lien zum Scheiteren ass, a wéi doraus e Buch entstoe kann. Fir datt eppes geschéie kann, muss et heiansdo wéidoen. Eng Iwwerzeegung, déi och d’Magaly Teixeira deelt, déi bei Fiasko Fest ënner anerem iwwer hi...
S02E13 Mir scheiteren ëmmer nach: Chantal Maquet a Frank Wies 22.12.2024
An dëser Fiasko Fest geet et ëm Moral a Recht, ëm Muppen an d'Elengsinn, ëm Strof a Verzeiung, Punk Rock a Schold. Dofir huet de Luc Spada den Affekot Frank Wies an d’Kënschtlerin Chantal Maquet bei sech an de Studio agelueden. An d’Moral vun der Geschicht: Net kräischen, well et war schéin. An dat muss gefeiert ginn. A wann een um Enn näischt ze soen huet, ass dat guer net esou schlëmm.
S02E12 Mir scheiteren ëmmer nach: Elise Schmit a Sacha Hanlet 15.12.2024
D’Elise Schmit ass Schrëftstellerin a spéitstens mat Covid gouf hir kloer, datt Elengsinn näischt fir si ass. Och datt Schreiwe richteg haart ka sinn, huet si an de leschte Jore missen erliewen. Net vill anescht ass dat och an der Musek, weess de Sacha Hanlet (Them Lights), deen zweeten Invité bei Fiasko Fest. Säi gréisste Problem bei der musekalescher Kreatioun ass d'Schreiwen. Vill méi wich...
S02E11 Mir scheiteren ëmmer nach: Antoine Pohu 08.12.2024
Dës Emissioun ass eng Aart Special Edition. De Luc Spada gouf vun enger Invitée setze gelooss, an do war et just nach een: De Schrëftsteller Antoine Pohu. Iwwer bal eng Stonn huet de Luc Spada domadder Zäit gehat, mat him iwwer Schreiwen Ängscht, a Succès ze schwätzen, awer och iwwer Kriticken a wat et heescht, wann een op de Radio ageluede gëtt an op eemol mierkt, datt ee just ageluede gouf fir g...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.