radio 100,7

Fiasko Fest

News LB ↓ 115 episodes

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Oct 25, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales 25.10.2026

Zukunftsplanung ass net sou einfach. Dat weess och d’Laure Cales, grad dann, wann een sou vill scho gemaach an erlieft huet. Et ass net ëmmer einfach no vir ze kucken, wann ee weess, wat hannert engem läit. Dat mécht eppes mat engem. A natierlech, do kennt dem Luc Spada seng Invité bei Fiasko Fest net derlaanscht ze erzielen, ass den Iwwergang vun "Living the dream" op "de Buttek zouma...

S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint 18.10.2026

De Maxime Toussaint ass dräi Joerzéngten al an Head of Podcast beim Journal. De Luc Spada huet sech fir dës Episod bei Fiasko Fest e Medieprofi an d’Sendung geholl. E Mënsch, deen et also méi gewinnt ass hannert an net virun dem Mikro ze sinn. Mee Ausname bestätege bekanntlech d’Reegel a sou wonnert een sech och net, datt de Maxime, quasi als Hobby, och nach Proff ginn ass, obwuel hien sech ni an...

S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji 11.10.2026

FR Kodji a grandi avec les mangas, les dessins animés et le hip-hop. Ce sont ces influences qui façonnent son univers : l'espièglerie, l'inspiration, l'émotion. Et ce n'est pas toujours simple de laisser cette espièglerie s'exprimer face aux obstacles administratifs, ni de se discipliner. Mais c'est notamment depuis que l'invité de Luc Spada a rencontré sa copine...

S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen 04.10.2026

De Georg Poensgen fënnt se net einfach ze beäntweren, déi eng Fro, wat een als Mënsch ausmécht. Sécher ass d’Mënschlechkeet, iergendwou tëscht Modelen, Mental Health an Diplomatie. Gedriwwe vun der Empathie an enger Welt voller Krisen, ass dem Georg säin Haaptmotor aus dëser Welt eng besser ze maachen. Esou gutt et geet an och selwer fir sech eraus fannen, wat et wierklech ass, wat hie wëll. An do...

S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl 27.09.2026

Kann ee vun Affer schwätzen, wann ee sech et selwer erausgesicht huet? Héichleeschtungssport ze maachen, gewannen ze wëllen an u Kompetitiounen deelzehuelen. An sech dofir dann ëmmer erëm disziplinéieren? Net wierklech, mengt d’Para-Liichtathletin Katrin Kohl. Grad wann een e bëssi méi al gëtt, wann de Kierper engem séier seet, wann een net genuch geschlof huet oder sech änlech „Feeler“ erlaabt hu...

S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel 20.09.2026

Deen ee Béier do. Iergendwou zu New York an enger Bar. An awer war de Politiker Marc Angel mat sengem deemolege Partner een drénken: ënner Leit sinn, nei Mënsche kenneléieren, eng gutt Zäit hunn. An obwuel de Marc Angel kee jalouse Mënsch ass, ass dat keng Garantie, dass net awer eppes geschéie kann. An et ass eppes geschitt an enger Zäit, wéi sou oft, wou et wierklech net hätt misse sinn. Enger Z...

S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli 19.07.2026

Op der Sich no deene Biller, déi ee villäicht nach net sou gesinn huet. Dat ass definitiv eng wichteg Motivatioun fir d’Nora Kehli Filmer ze maachen. Dat ass déi eng Erausfuerderung. Eng aner ass dovunner liewen ze kennen. Stolz op dat sinn, wat ee mécht an awer och d’Elteren net ze enttäuschen. Grad dann, wann een sech och nach géint eng Karriär beim Stat entscheet huet. Do stellt sech séier d’Fr...

S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke 12.07.2026

Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten: Hierkonft, Sexualitéit, kënschtlerescht Schaffen. Awer sécher ass: Fir den Oke ass do, wou hien hierkënnt, nämlech aus Lagos, Nigeria, déi dreiwend Energie fir seng Konscht a säi Liewen. An trotzdeem fillt hie sech als Lëtzebuerger, och wann him de Wee vun der I...

S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler 05.07.2026

Net onbedéngt méi wëllen, awer trotzdeem méi wëllen. Iergendwéi sou. De Ben Bauler, deen nieft de Bünen an den Theateren zu Lëtzebuerg e bekannt Gesiicht ass, ass net deen, dee Karriär maache muss, awer wat soll dat schonn heeschen? Matt ënnert anerem der Fro vum Éiergäiz gëtt sech am Luc Spada sengem Fiasko Fest ausernee gesat. Obwuel mir jo awer alleguerte wëssen, dass sech um Enn näischt plange...

S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa 28.06.2026

Komesch, dat ass e Wuert, dat den Haaptzoustand vun der Julie Costa beschreift. Also wuel verstanen, net de Luc Spada, Moderator vu Fiasko Fest, géif seng Invitée esou bezeechnen, mee d’Chargée de communication an d’Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer. Gedriwwe vum Virwëlz an enger ënnerlecher Onrou erzielt si iwwer hiert Bedürfnis déi net latzeg Säite vu Lëtzebuerg ze weisen...

S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz 21.06.2026

D’Liz Braz ass Politikerin an no de Walen, wou et kloer gouf, datt si an d’Chamber kéim, konnt si et net wierklech gleewen. Net vu Freed, mee méi esou wéi wa si dat net verdéngt hätt. Si war dach just jonk an naiv an hat keng Erfarung. Dat ka jo dann net wierklech wouer sinn, oder? Et geet awer natierlech net just ëm Politik bei Fiasko Fest, dem Luc Spada sengem Podcast iwwer Scheiteren, mee eeben...

S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin 14.06.2026

Dat huet deemools scho wéigedoen. Och nach haut behaapt den Edwin Aldin, datt dat mat där enger Band do, déi hien zesumme mat engem Kolleeg gegrënnt huet, wierklech ee vu sengen einsaamste Momenter war. Wann op eemol alles ewechbrécht: d’Identitéit, d’Karriär an och d’Bezéiungen zu senge Kolleegen. Et war definitiv en Héichpunkt am Katalog vum Museker a Produzent senge perséinleche Scheitermomente...

S03E38 Heiansdo deet et wéi: Frédérique Colling 07.06.2026

D’Schauspillerin a Comedian Frédérique Colling huet net onbedéngt d’Gefill, datt si ëmmer dee beschten Timing huet. Vill Entscheedungen hätten och méi fréi getraff kënne ginn. Da misst een och net schwaach falen, wann eng Fra ee kësst. Mee wéi mir dacks an der Sendung Fiasko Fest vum Luc Spada léieren: Esou einfach ass et eben oft net. Och net op der Spillplaz, wuertwiertlech. Wou Leit einfach net...

S03E37 Heiansdo deet et wéi: Laurent Agostino (Live) 31.05.2026

Den éischte Fiasko Fest Live am TNL ass mam Laurent Agostino. Dem Luc Spada säin Invité schwätzt ganz offen doriwwer, wéi et ass behënnert ze sinn a wat dat genau heescht. Hie fënnt et richteg vill iwwert sech a seng Behënnerung ze schwätze fir och deene Persounen ze hëllefen, déi sech do méi schwéier dinn. Souwuel matt dem Fakt selwer behënnert ze sinn, wéi och domadder, wéi een d’Wierder richteg...

S03E36 Heiansdo deet et wéi: Laurent Prim 24.05.2026

Fiasko Fest mam Laurent Prim ass warscheinlech eng vun den emotionaalste Sendunge fir de Luc Spada, zanterdeem hien iwwert all déi Momenter, déi net sou gutt lafen, um Radio 100,7 schwätzt . Et ass schwéier eppes ze beschreiwen, wat ee vergiesse well, obwuel et geschitt ass. Et muss een also leiere matt eppes ëmgoen, wat een net well, dass et geschitt ass. Mee och wann een et vergiess huet, heesch...

S03E35 Heiansdo deet et wéi: Simone Asselborn-Bintz 17.05.2026

Ween ass d’Simone Asselborn Bintz? Virun allem eng Fra vun hirem Mann, Mamm vu Kanner. Oder: Virun allem eng Partnerin. Dat ass wichteg ze wëssen. Esou fänkt d’Sendung un. An sou geet et weider: Heiansdo wier si och gären e Mann. Dofir gëtt et och e Grond. De gitt dir dann exklusiv bei Fiasko Fest mam Luc Spada gewuer. Mee och: D’Sendung fänkt lëschteg un, mä wéi et sech fir Loser gehéiert, ass ne...

S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi 10.05.2026

Et ass okay net ëmmer disziplinéiert ze sinn, natierlech. Mee wann ee seng Ziler erreeche wëllt, brauch et dann awer e bëssi dovun. An dann och nach Uni ofgebrach, jonk Papp ginn ... de Ricardo Prosperi huet e wäite Wee hanner sech. An awer: Näischt war eng méi grouss Erausfuerderung wéi sech der Trauer, nom Doud vun engem noe Mënsch, ze stellen, erzielt dee jonken Entrepreneur dem Luc Spada bei F...

S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet 03.05.2026

Un deem ganze Misär ass näischt Positives ze gewannen. Do brauch et keng verkläerte Romantik. Et ass een eleng an et muss een eleng do duerch. Wann eng schwéier Krankheet een erwëscht, kann ee sech am beschte selwer hëllefen. An am Fall vun der Kënschtlerin Chantal Maquet war déi eenzeg Chance, datt, um Ufank vun der ustrengender Therapie, net wäit vun hirer Wunneng zu Hamburg, eng Piscine opgemaa...

S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven 26.04.2026

Eppes ass sécher: Wa beim Marianne Donven keen doheem ass, verléisst si hiert Haus direkt erëm. Si huet gäre Leit ronderëm sech. An ass och gäre fir Leit do. Eege Besoinen huet si eegener Ausso no komplett ofgeschaaft. Et gi jo schliisslech genuch Leit, déi nach ni an hirem Liewe Vakanz gemaach hunn. Oder an der Sauna waren. Wéi hänkt dat alles zesummen? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no...

S03E31 Heiansdo deet et wéi: Tania Brugnoni 19.04.2026

D’Tania Brugnoni ass Directrice vum MNAHA, elengerzéiend Mamm a ganz bewosst net an enger Bezéiung. A wéi et sech bei Fiasko Fest mam Luc Spada esou gehéiert, geet et och ëm déi donkel Stonnen, an deenen d’Hoffnung eleng net méi dréit. Fir déi ze iwwerwanne muss een zwar net gleeweg sinn, mee esou e klengt Stoussgebiet ka sécher net schueden. Egal a wéi eng Richtung. Virun allem, wann ee fréi gelé...

S03E30 Heiansdo deet et wéi: Lena Rocca 12.04.2026

E bëssi vun allem, vill Sport, als Model schaffen, un enger E-Sport Weltmeeschterschaft deelhuelen, awer och eng Karriär als Sängerin ustriewen a Biologie studéieren. D’Lena Rocca mécht vill. Vun allem e bëssi, näischt sou richteg? Gutt Fro! Sécher awer net méi zeréck an déi eng Schoul. Do, wou een ee vun deene “Komesche” war a sech net verstane gefillt huet. De Luc Spada freet no, awer et ass all...

S03E29 Heiansdo deet et wéi: Jessica Lopes 05.04.2026

D’Duechter vun enger elengerzéiender Mamm, Schrëftstellerin vun engem Buch a Soziologin, d’Jessica Lopes, weess wéi et ass, wann ee vill Fräiheet huet dat ze maachen, wat ee wëllt. Heescht also och, datt een e bëssi "egal wat" maache kann, éier een dann esou lues op de richtege Wee kënnt. Een, dee si souguer mat engem Master ofgeschloss huet. An haut? Et ass net ëmmer einfach en Deel vum S...

S03E28 Heiansdo deet et wéi: Christophe Reitz 29.03.2026

Pragmatesch kann deChristophe Reitz (All Reitz Reserved) zimmlech gutt. Wéini dës Eegenschaft ubruecht ass (oder eben och net), erkläert de Museker dem Moderator LucSpada bei Fiasko Fest. Mee souvill sief verroden: Et huet natierlech mat Bequeemlechkeet ze dinn, mee net nëmmen. Och mat Angscht, mee net nëmmen. Et ass ni just dat eent oder dat anert, mee ëmmer bësse vun allem. An dohëlleft et sech...

S03E27 Heiansdo deet et wéi: Krick 22.03.2026

D’Krick ass zum Zombie ginn. Dat war éier si ugefaangen huet sech op hir Karriär als Musekerin ze konzentréieren. An domat och eng Iddi dovun ze kréien, wat et heescht fräi ze sinn. D’Fräiheet sech net zu eppes ze zwéngen, wat ee guer net wëllt a vläicht och guer net kann. Dat wier den Ufank. An da wier do nach dat mam sensibel sinn. Eigentlech eng gutt Saach, wéi de Luc Spada bei Fiasko Fest meng...

S03E26 Heiansdo deet et wéi: Alessia Bicchielli 15.03.2026

Wéi eng Maschinn schaffen, einfach weider, net op den eegene Kierper lauschteren, alles fir d’Karriär. Datt dat net onbedéngt de richtege Mindset fir ee muss sinn, huet d’multidisziplinär Kënschtlerin a Moudendesignerin Alessia Bicchielli um eegene Kierper fir sech misse feststellen. Allgemeng kann ee soen, datt si hier Studienzäiten zu Mailand net a beschter Erënnerung huet. Wat alles geschitt as...

Listen to the Fiasko Fest podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.