radio 100,7
Fiasko Fest
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
S01E15 Mir sinn all Loser: Carole Chaine a Ben Olinger 07.06.2024
Mir schwätzen iwwer Gefiller, iwwer Angscht, iwwer Schüler:innen a Proffen. An dat zesumme mat der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, der Carole Chaine. An och dobäi ass de Ben Olinger. Bekannt ginn ass hien als Radiosmoderator a mat senger Sendung “Ben’s Club“ op Eldoradio. Hien huet an hat ëmmer ganz vill ze soe mee weess och mëttlerweil, wéini et besser ass näischt ze soen. Ass dat elo gutt o...
S01E14 Mir sinn all Loser: Antonia Ganeto a Franziska Peschel 02.06.2024
Et war einfach ze vill fir d’Matgrënnerin vu Finkapé,Antonia Ganeto. Ze vill vun allem an dat déi ganzen Zäiten. Dat heescht awer elo net, datt d’Antonia Ganeto näischt méi ze soen huet. Si brauch just heiansdo eng Paus, oder de richtege Moment. An dovu ginn et der genuch, zanterdeem d'Franziska Peschel zu Lëtzebuerg wunnt an dat war net emol geplangt. Mee elo ass alles okay, et ass gemittlech. As...
S01E13 Mir sinn all Loser: Chaild a Lea Linster 26.05.2024
D’Lea Linster huet et gepackt. Dat stëmmt an dat weess déi international renomméiert Kächin selwer. Mee einfach war et net ëmmer. Scheiteren a Risiken agoe waren ëmmer Deel vum Wee. E Wee, op dee si stolz ass. An e Wee, deen de Popsänger Chaild nach ze goen huet. E Wee, deen ëmmer méi zu engem authenteschen "Ech" féiert.
S01E12 Mir sinn all Loser: Dr. Carole Bauer an Tullio Forgiarini 19.05.2024
Kriibs ass dat Theema am Alldag vun der Dr. Carole Bauer. Do stellt sech natierlech och ëmmer d'Fro, wéi hir Relatioun zum Liewen an zum Doud ass. A wat huet dat alles mat Paräis ze dinn? Dozou weess och de Schrëftsteller Tullio Forgiarini genuch ze soen. Hie schwätzt gären an och gäre vill. Wou dat hiféiert? Zesumme mam Luc Spada siche mir no Äntwerten.
S01E11 Mir sinn all Loser: David Angel an Enrico Lunghi 12.05.2024
Den David Angel ass Zentralsekretär fir den OGBL an ass zënter senger Jugend aktivistesch ënnerwee. An anere Wierder: Hie pfleegt eng gewësse Sträitkultur. Weider ass den Enrico Lunghi zu Gaascht, deen a senger Vergaangenheet och e Sträit erlieft huet, dee Konsequenzen no sech gezunn huet. An eigentlech wollt de Luc Spada guer net sou vill iwwert "dat" Theema schwätzen, et ass awer trotzdeem gesch...
S01E10 Mir sinn all Loser: Yaya an Nicool 05.05.2024
De Yannick Schumacher aka Yaya ass en Influencer. Hie gesäit sech awer virun allem als Entertainer. Als Entertainer, den och Grafiker ass a stänneg scheitert. An d’Nicool waart och schonn emol stonnelaang op engem Feldwee op den ACL, brauch vill Opmierksamkeet a seet iwwert sech selwer, datt et ustrengend ka sinn. An och Trash Tv kann (oder muss?) e wichtegen Deel vum kreative Prozess sinn. E Gesp...
S01E09 Mir sinn all Loser: Sacha Bachim a Kimberly Nelting 28.04.2024
De Sacha Bachim hat Corona an huet sech gelangweilt. Also huet hien einfach mol e Bestseller geschriwwen. De Psycholog a Buchauteur wëll säi Wësse weiderginn an sou Leit hëllefen, wann se d’Gefill hunn, si géife scheiteren. D'Kimberly Nelting oder neierdéngs Kimberly Darcy-Mae war Europa- a Weltmeeschterinam Karate an huet um Héichpunkt vun hirer Karriär opgehal an decidéiert Schauspillerin ze gin...
S01E08 Mir sinn all Loser: Karel Lambert a Marlène Kreins 21.04.2024
De Karel Lambert wëllt e gudde Mënsch sinn an huet d’Zil, datt a fënnef Joer all eenzel Persoun zu Lëtzebuerg mindestens ee Kleedungsstéck am Schaf huet, wat fairtrade ass. D’Marlène Kreins curatéiert d’Centres d’Arts zu Diddeleng an ass sech hirer Responsabilitéit iwwer de Choix, wéi eng Kënschtler:innen ausgestallt ginn oder net, ganz bewosst. De Luc Spada mécht sech mat sengen Invitéen op eng R...
S01E07 Mir sinn all Loser: Sandra Lieners a Georges Goerens 14.04.2024
D'Sandra Lieners ass Sportlerin a Molerin an de Georges Goerens (Bartleby Delicate) ass de Frontsänger vu Seed To Tree, eng Hallschent vum Musekerduo Englbert a Programmateur vun der Kufa. D'Sandra an de Georges philosophéiere mam Luc Spada iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.
S01E06 Mir sinn all Loser: Josée Hansen an Alex Monteiro 07.04.2024
Als Journalistin war d'Josée Hansen richteg frech. Bereit si et? Vläicht. E bëssi. Mëttlerweil ass si méi roueg ginn, wat awer och sécher mat deem neien Job am Kulturministère zesummenhänkt. Wat sech awer ni ännere wäert, ass d'Angscht eppes ze verpassen. Net méi kënnen "dobäi" ze sinn. Dat gesäit de Comedien a Psycholog Alex Monteiro ganz änlech. Um Ball bleiwen, sech net einfach zefridde ginn. H...
S01E05 Mir sinn all Loser: Yannick Lieners a Fabienne Dimmer 31.03.2024
De Yannick Lieners ass de Grënner vum Plooschterprojet, Sportler, Schoulmeeschter an och u Leukemie erkrankt. De Yannick bezeechent sech selwer als e Kämpfer. An d'Fabienne Dimmer ass Venue Managerin vum Atelier, fir "Catch a smile" aktiv a sëtzt am Gemengerot zu Diddeleng. Heiansdo mécht si och guer näischt. Wéini dat ass, entscheet d'Fabienne awer am léifste selwer. Wéi mat Situatiounen ëmgoen,...
S01E04 Mir sinn all Loser: Blanche Weber, Cosimo Suglia 24.03.2024
D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement Ecologique an iwwerzeegten Idealistin, och wann et der allgemenger Weltsituatioun net immens gutt geet. An de Cosimo Suglia ass lëtzebuergesche Schrëftsteller, dee seng Echecken och gäre mat a seng Literatur fléisse léisst. Gläichzäiteg versicht de Luc Spada sech a punkto Optimismus.
S01E03 Mir sinn all Loser: Vera Hoffmann, Angel Cara 17.03.2024
D’Vera Hoffmann ass Leeferin a misst hir Trainingssituatioun radikal veränneren, fir erëm gutt Zäiten ze lafen. An d’Angel Cara léisst sech gären Zäit mat hirer Karriär an huet och kee Problem domat, wann een hir Musek net feiert. De Luc Spada freet no.
S01E02 Mir sinn all Loser: Luc Feit an Isabelle Marinov 10.03.2024
D'Isabelle Marinov huet hire Beruff als Juristin gehaasst. An ass elo erfollegräich Schrëftstellerin vu Kanner- a Jugendbicher. An trotzdeem ass et net einfach mat de Suen. Net anescht ass dat mam bekannte Lëtzebuerger Schauspiller Luc Feit, dee genee weess, wéi et ass ze scheiteren. An och weess, datt dat deen eenzege Wee fir e räicht Liewen ass. En déift an éierlecht Gespréich iwwer Liewen, den...
S01E01 Mir sinn all Loser: Joanne Goebbels a Maz 03.03.2024
D’Joanne Goebbels wier et bal ginn: Directrice vun der Nationalbibliothéik. An de Maz wollt op d’Eurovisioun op Malmö, awer och dat gouf näischt. Wéi gi si mat hiren Echecken ëm? Dat wëllt de Luc Spada an engem éierleche Gespréich mat der Directrice Adjointe vum Kolléisch an dem Rapper Maz wëssen.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.