Cecilia Said Vieira
Ceci, Do You Love Me?
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)
Author
Cecilia Said Vieira
Category
Podcast website
Latest episode
May 4, 2025
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
CECI ASKS: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg? 11.09.2021 1:03:23
STAFFEL 2 - Ceci Asks: Wéi beaflosst de Klimawandel Lëtzebuerg? Eeeendlech rëm Podcasts! Dat heiten ass déi éischt Episode vun der neier Staffel vun ärem lieblings lëtzebuergesche Podcast Ceci, Do You Love Me? Ech wollt déi nei Saison direkt mat enger special Edition Episode ufänken. Ceci Asks: Dir kennt et schonn! Eng Fro - 3 Gäscht - 1 Thema. An deene leschte Méint huet Lëtzebuerg de Klimawandel...
#19 Maxime Weber - Tëscht Aktivismus, Bicher & Legosteng. 26.06.2021 48:52
De Maxime Weber ass mech zu Berlin besiche komm - Hien hat et amfong net wäit, well en selwer hei zu Kreuzberg wunnt :) Mir hunn iwwert vill verschidden Theme geschwat: Enner anerem iwwert Leit déi seng Aarbecht als Aktivist géint Rietsextremismus verurteelen, mais awer och iwwert seng Passioun ronderëm Musek, Videoen a Filmer. Wärend dem Gespréich ass mir opgefall, dass de Maxime een ultimativen...
#18 Nadine Robert - Z’iwwerliewen ass eng Konscht. 13.06.2021 50:09
An dëser Episode hunn ech ee méi aussergewéinlecht Gaascht zu Besuch. D'Nadine Robert ass eng 63 Joer jonk Lëtzebuergerin, wat sech vu ville Leit an hirem Alter ervirhieft. Ech gesinn si als Kämpferin un, well d'Nadine et am Liewen net ëmmer liicht hat. Sie erzielt eis e bëssen iwwert d'Vergaangenheet an och erkläert si eis, wisou si sou grousse Fan vun der jonker Generatioun ass. Obwuel mir ee gr...
CECI ASKS - Wéi wäit duerf Musek goen? 29.05.2021 41:19
Dat heiten ass déi alleréischt Episode vu menger neier Rubrique: CECI ASKS An der Rubrique geet et drëms, dass an enger Episode Leit aus dem selwechte Beräich, déi selwecht Fro gestallt kréien. Dat ganzt gëtt vun engem Lidd begleet, den an der Folg de roude Fuedem ass. D'Lidd gett jeweils an all CECI ASKS Episode un d'Thema ugepasst. "Wéi wäit duerf Musek goen?" Déi Fro kruten an dëser...
#17 Elisa Meyer - Dramjob Profi Kuschlerin 15.05.2021 54:06
Profi Kuschlerin? Jo dir hutt richteg gelies. Dat ass dem Elisa Meyer säi Job. Fir déi déi schonn e bësse méi laang a mäin Podcast ralauschteren, wëssen, dass ech ëmmer op der Sich sinn no Leit déi onkonventionell Jobs hunn. Dat heiten ass wuel den ongewéinlechste Job wouriwwer ech hei jeemools geschwat hunn. Dir hutt vill Froen iwwert dat Thema gestallt an ech hunn der e puer rausgepickt an dem E...
#16 Ivan Leal Martins - Rape Culture zu Lëtzebuerg 02.05.2021 52:02
TRIGGERWARNUNG: THEMA VERGEWALTEGUNG & SEXUELL MËSSHANDLUNG ‼️ Den Ivan Leal Martins huet sech bei mir gemellt, fir seng Geschicht z’erzielen. Hien ass vu sengem Hausdokter sexuell mësshandelt ginn a schwätzt oppen iwwert dat Thema. Vergewaltegungen, sexuell Mësshandlung an alles wat mat dem Thema ze dinn huet duerfen NET mei zu Lëtzebuerg tabuiséiert gi. Zemools well et leider an eisem Rechts...
#15 Jana Degrott - Politik bei den Jonken? D'Jana peeckt aus! 17.04.2021 56:25
Uff, wou soll ech ufänken? An dëser Episod schwätzen d'Jana an ech iwwert d'Hannergrënn vu senger Aarbecht. Hat verréit eis, dass a punkto Politik nach ganz vill gemaach muss ginn fir déi Jonk a Minoritéiten besser z'integréieren. A senger Aarbecht muss hat oft mat Ignoranz a Diskriminéierung kloer kommen. A genau dowéinst probéiert ha alles fir eppes dogéint ze maachen a genau aus dem Grond bewon...
#14 Philippe Schockweiler - Do der Gesellschaft eppes Guddes! 10.04.2021 53:11
An dëser Episode schwätzen ech mam Philippe iwwert verschidde wichteg Themen. Enner anerem Politik, Aktivismus an Inclusioun. Hien huet an all deene Beräicher vill Erfarung kënne sammelen an deelt iech déi mat! Ech konnt ganz vill vum Philippe léieren an ech hoffen, dass et iech och inspiréiert.
#13 Memes of Luxembourg - D'Philosophie vun de Memes 03.04.2021 39:20
Jo dir liest richteg. Memes? Eng ganz Folg nëmmen iwwert Memes? Genau! An dat mam one and only Admin vun der Instagram Säit @memes_of_luxembourg - deen an dëser Episode als „Jempi“ bezeechent gëtt, well hien natierlech anonym wëll bleiwen. Ech verroden dëst Kéier net vill. Loosst iech einfach iwwerraschen! Villmools Merci Jempi fir d‘Laanschtkommen :) Folgt him op Instagram: https://www.instagram....
#12 Isaiah Wilson - Wéi gëtt een zu engem interdisziplinäre Kënschtler? 27.03.2021 50:08
Den Isaiah (aka Saisai) ass an enger Basketfamill opgewuess, mais hien ass den eenzege vu senge Bridder gewiescht den sech dozou entscheet huet eppes aneres ze maachen an zwar ze danzen: Als éischten huet en mat Urban ugefaangen, dono huet en Ballet gedanzt a schliisslech mëscht hien Danse Contemporaine. Scho säit hie kleng ass, danzt hien op allerlee B...
#11 Versavia Peckels - Poledance matzen op der Première 20.03.2021 40:55
An dëser Episode schwätzen d'Versavia an ech iwwert säin Hobby, dem Poledance, a wéi et zu sou Zäiten op der Première leeft. Hat erzielt iech alles wat dir jeemools iwwert Poledancing wësse wollt. Poledancing? ass dat net sou eppes fir Stripper? Nee - scho säit laangem net méi! Dat ass eng unerkannte Sportaart a gëtt zu Lëtzebuerg och an zwou Scho...
#10 Jimmi Harvey - Mask Off: Hannert de Kulissen 13.03.2021 50:58
De Jimmi huet a senger Lafbunn zimmlech vill erlieft a vill gemaach. Hien huet déi ongewéinlechst Projeten a ville Beräicher gehat a mat ville Leit zesumme geschafft fir seng musikalesch a kënschtleresch Carrière virun ze bréngen. Mais leider huet en oft probéiert eng Persoun ze sinn, déi en net gewiescht ass. Dorënner huet en extrem vill gelidden - Angschtzoustänn a Panikattacken hunn fir hie bei...
#9 Melanie Oliveira - Vegan Ernärung, Bodybuilding & Beauty Standards 06.03.2021 49:12
Mäin Gaascht an dëser Episode ass d'Melanie Oliveira. Hat huet als Jugendlecht vill mat sengem Kierper gestruggelt, wat vill jonk Meedercher a Jongen novollzéien kënne. Ech hat selwer als Kand vill Zweiwel u mengem Kierper well ech ëmmer sou ausgesinn wollt wéi d'Models an den Werbunge. Mais doriwwer hinaus schwätzen d'Melanie an ech iwwert vegan Ernärung a Fitness. Kann een als Veganerin, e...
#8 TUYS - Tëscht Harmonie, Topegkeet an Pickled Onions 28.02.2021 1:00:27
An dëser Episode war ech bei den Band Memberen vun Tuys zu Besuch. Den Tun, Yan a Sam wunnen nämlech säit e puer Méint an enger WG zu Kreuzberg (net ze verwiesselen mam Kräizbierg zu Diddléng). Sie erzielen wéi et ass säit jonkem Alter an enger Band ze sinn an wéi sech dat alles zesummen entwéckelt huet. Zemools wann et dorëms geet zesummen Konflikter ze léisen, hunn si hier eegen Aart a Weis fonn...
#7 Criss Steichen - Ouni Passioun geet guer näischt! 20.02.2021 38:20
Eng Bubble an der ech guer net dra sinn, ass der vun der Autoswelt. Zu Lëtzebuerg spillen Autoen eng grouss Roll an doduerch sinn och grouss Communities em dat Thema entstanen. Eng vun deenen huet sech de Criss Steichen ganz vu selwen opgebaut. Ech muss éierlech zouginn, dass ech am Ufank Angscht hat, dass ech bei dem Thema net vill matschwätze kéint, mais et huet sech rausgestallt, dass mir vill...
#6 Amii Watson - Wéi fënnt ee raus wat ee wierklech well? 13.02.2021 54:24
D’Amii an ech hunn schonn als Kanner an der Sandkëscht zesumme gespillt. Et ass spannend ze gesinn, wat no sou laanger Zäit aus eis ginn ass a wéi mir zwee eis entwéckelt hunn. De roude Fuedem den sech duerch d’Episod zitt kann een an engem Wuert beschreiwen an zwar: „Ausprobéieren!“ Dem Amii seng Lafbunn huet extrem vill Héichten an Déiften an ass eng grouss Mëschung vu familiärer Pressure a Beaf...
#5 YAYA - Courage weisen an enger onfairer Welt 06.02.2021 51:30
An deser Episode schwätzen ech mam Yannick Schumacher iwwert ganz wichteg, mais och iwwert onwichteg an trotzdem interessant Themen. Wéi war dem Yannick seng schoulesch Laafbun, wat mecht heen elo, wéi huet heen Homophobie zu Letzebuerg erlierwt an wat ass seng Influencer Erfahrung. Nierwend denen Saachen erzielt en eis och, wéi heen et hikritt a enger onfairer Welt staark ze bleiwen an emmer no f...
#4 Eugénie Anselin - D'Schauspillerwelt & ee Leopardenslip 30.01.2021 54:56
Vum Clownenstage, Basketssterrain an Turnhal bis op d'Bühn a virun der Kamera! Dat beschreiwt ongeféier dem Eugénie Anselin seng Laafbunn. An deser Episode, schwätzen ech mat him doriwwer, wéi een dozou kent als Letzebuergerin an der Schauspillerwelt eecht geholl ze ginn. Säit Bad Banks hunn letzebuergesch Schauspiller endlech un Unerkennung gewonnen. Mais wat heecht dat iwwerhaapt an kann een als...
#3 Christophe Bleser - Den Impakt vu Famill & Gesellschaft 23.01.2021 55:38
Jidderee spillt eng Roll an der Gesellschaft an oft geschitt et, dass Leit eng Roll iwwerhuele mussen, déi net wierklech bei si passt. Mir jonk Lëtzebuerger sinn extrem privilegéiert am Verglach zu aner Länner. Mir hunn bei der Auswiel vun eiser Roll ee Choix. An dat ass och villäicht de Grond, wisou mir et sou schwéier hunn eis fir de richtege Wee z'entscheeden. De Christophe an ech diskutéieren...
#2 Laure Cales - #Girlboss vun Pilea 16.01.2021 50:43
#FastFashion #Motivatioun #SocialResponsibility #secondhand An dëser Folg erzielt eis d'Laure wéi hat dozou komm ass säin eegenen Second Hand Shop an der Stad opzemaachen. D'Entscheedung an den Wee bis dohin waren nämlech guer net sou einfach. Ausserdeem kläert hat eis iwwert d'Thema "Fast Fashion" op an schwätzt iwwert seng Erfarung an enger Naturschutzorganisatioun. Dat alles an wat hat iech op...
#1 Eng kleng Intro 09.01.2021 26:38
Befier ech eng Folg mat engem Gaascht veröffentlechen, erzielen ech iech ebessen iwwert mech an wéi ech opgewuess sinn. Alles wat ech soen, ass mäi Point de Vue, an wéi ech d'Welt an der Schoul an och méi spéit opgeholl hunn. Falls et bei iech aanechters war, dann ass at natierlech verständlech, well jidderee gesäit d'Welt an sengem eegenen Filter. Kee vun iech muss mir Recht ginn, dat ass nett mä...
Ceci - Wen? 08.01.2021 0:45
Dat heiten ass meng Intro, déi an all Folg gespillt gett. Credits ginn raus un den Tun Tonnar, den dat ganzt agesongen an gemixt huet. Merci!
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.