radio 100,7

Zeenewiessel

News LB ↓ 36 episodes

Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

May 11, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

S04E06: Wéi ee Saumon an der Uelzecht 11.05.2026

An den 1950er gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben erleedegt? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel a Charlotte Bruneau. Mat der Ënnerstëtzung vum Semir Demic, Jo Diseviscourt, Jean-Claude...

S04E05: Ugezaapt 04.05.2026

Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist, ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen. Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwreg? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei...

S04E04: Stad, Land, Floss 27.04.2026

De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen. Den Transkript vun...

S04E03: Ugepifft! 20.04.2026

Zënter den 1960er huet d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg sech op Mëllech- a Fleeschproduktioun spezialiséiert. Elo ginn et am Land eng 180.000 Ranner. Mam Resultat, datt enorm Quantitéite Gülle als Dünger op de Felder lant. An ze vill Dünger dréit dozou bäi, datt Flëss a Baachen erstécken. Muss de Véibestand reduzéiert ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . Zeenewiessel gëtt produzé...

S04E02: Gekläert? 13.04.2026

Laang huet Lëtzebuerg wéineg a Kläranlagen investéiert a krut dowéinst och eng Milliounestrof vun der EU. Elo sinn d'Anlagen EU-konform, mee fir d'Uelzecht nach ëmmer eng ze grouss Belaaschtung. D'Flosspartnerschaft Uelzecht huet sech dowéinst géint de Bau vun enger Jugurtsfabrik zu Beetebuerg gewiert. Déi griichesch Molkerei Fage ass schlussendlech net komm. Mee et muss ëmmer méi k...

S04E01: De Präis vum Fortschrëtt 13.04.2026

Vum Mëttelalter bis an d’19. Joerhonnert war d'Uelzecht mat hire Millen ee Wuesstemsmotor. Mat der Industrialiséierung lant ëmmer méi Knascht am Waasser, d'Uelzecht gëtt zu enger Kloak. Mee d'Zäiten ännere sech: An den 1960er, bei engem Geriichtsprozess ëm d’Schwämm op der Gantebeensmillen, steet d’Uelzecht op eemol am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Gestridde gëtt iwwer eng Fro,...

S04E00: Trailer 06.04.2026

D'Uelzecht ass an engem schlechten Zoustand. Si fléisst eemol queesch duerch Lëtzebuerg a kritt zimmlech alles ze spieren, wat hei geschitt. A Lëtzebuerg soll seng Gewässer bis Enn 2027 eigentlech an ee gudden Zoustand bréngen. Wéi kann d'Uelzecht dat Zil jee erreechen, wa Bevëlkerung a Wirtschaft weider wuessen? Dëse Froe ginn d'Charlotte Bruneau an d'Pia Oppel a 6 Episoden no...

S03E05: Chefsaach 27.10.2025

De Gerard Anduyan dreemt haut nach dovunner, als Independant ze schaffen a säin eegene Chef ze sinn. Mee amplaz ass hien an eng Geriichtsaffär mat enger Plattform verwéckelt, fir déi hien als Livreur geschafft huet. Dës Affär weist, wéi schwiereg et fir Plattformaarbechter:inne ka sinn, hir Rechter ze verteidegen. Wëllt Lëtzebuerg de legale Kader veränneren, fir datt dat an Zukunft méi einfach gët...

S03E04: Nei Spillreegelen 20.10.2025

An der EU schaffen ëmmer méi Leit fir digital Plattformen. An dat deels ënner prekäre Conditiounen. Dorunner soll sech mat enger neier Direktiv elo eppes änneren. Mee wéinst gréisserem Widderstand gouf dëse Projet staark verwässert. Wat mécht déi nei Reegele fir d’Plattformekonomie esou ëmstridden? A ginn d’Rechter vu Plattformaarbechter:innen elo gestäerkt? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Se...

S03E03: Uber-raschung 13.10.2025

Digital Plattformen, déi iwwer eng App Servicer ubidden, hunn net ëmmer Succès mat hirem Geschäftsmodell. An engem wichtege Secteur krute si sech zu Lëtzebuerg bis haut net duerchgesat: D’Taxiwiesen. An dat obwuel d’Taxi-App Uber scho virun zéng Joer versicht huet, sech hei ze lancéieren. Aus strategesche Grënn, wéi intern Dokumenter vun der Firma, déi sougenannt "Uber Files", weisen. &#34...

Zeenewiessel um Prix Europa 09.10.2025

De Radio 100,7 ass dëst Joer fir de Prix Europa nominéiert. Als éischte Lëtzebuerger Medium iwwerhaapt. Eis Zeenewiessel-Serie “Carambolage” iwwer d’Caritas-Affär ass fir de Präis vun der beschter europäescher Audio-Investigatioun am Rennen. Zesumme mat Produktioune vun der BBC, der RTBF, der ARD a vun enger Dosen aneren ëffentlech-rechtleche Medien. D’Pia Oppel mellt sech aus dem Runfunkhaus vum...

S03E02: Fräie Fall 06.10.2025

Bei de Liwwerplattforme kann een net nëmme séier eng Aarbecht fannen. Et kann ee se och séier nees verléieren. Wéi d’Elena Mendichi vun der Plattform Wolt gespaart gëtt, wëllt si sech wieren. Mee si fënnt keen, dee si dobäi ënnerstëtzt. Wéi enge Risike sinn d’Leit ausgesat, déi fir Liwwerplattforme schaffen? A wie fänkt si op, wa si struewelen? "Ausgeliwwert" ass déi drëtt Serie am Zeenewi...

S03E01: Schéin nei Aarbechtswelt 29.09.2025

D’Plattformekonomie lieft vun engem Verspriechen: Hei kann ee séier an onkomplizéiert Sue verdéngen. Genee dat huet den Ibrahim Alibrahim motivéiert sech bei der Plattform Wolt unzemellen. Hie liwwert Iesse bei Clienten, déi hir Bestellungen iwwer eng App maachen. Den 32 Joer ale Syrer ass mat senger Famill op Lëtzebuerg geflücht. An der éischter Episod vun “Ausgeliwwert” begleet de Léonardo Kahn...

S03E00: Trailer 22.09.2025

Ëmmer méi Liwwerplattformen etabléiere sech zu Lëtzebuerg. Hanner deene puer Klicken, déi et brauch, fir iwwer eng App e Burger ze bestellen, verstoppt sech eng nei Aarbechtsrealitéit fir Honnerte vu Leit hei am Land. Schafe Liwwerplattforme prekär Aarbechtskonditiounen? A wéi verännert déi digital Plattformekonomie méi generell d'Aarbechtswelt? Dëse Froe geet de Leonardo Kahn a fënnef Episod...

Schlechte Schüler E06: Net vu schlechten Elteren 27.07.2025

Op der Stater Gare gëtt iwwer d'Schoul gestridden. A besser situéiert Elteren huelen Afloss. Wéi geet d'Politik mat deenen Tensiounen a méi generell mat der sozialer Segregatioun an eise Schoulen ëm? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de...

Schlechte Schüler E05: Am Speckgürtel 27.07.2025

Déi sozial Ënnerscheeder sinn zu Lëtzebuerg grouss. A Kanner aus besser situéierte Famille schneiden am Schoulsystem däitlech besser of. Kann d'Schoul an deenen deiere Gemenge ronderëm d'Stad also bleiwen, wéi se ass?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D&#0...

Schlechte Schüler E04: En français, s'il te plaît 27.07.2025

Zu Schëffleng léiert vun der Rentrée 2022 un, eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'F...

Schlechte Schüler E03: Esch international 27.07.2025

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul. Kënnen dës nei Schoulen him hëllefen an d'Problemer vun eisem Schoulsystem léisen?  An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech...

Schlechte Schüler E02: Zeréck an d'Zukunft 27.07.2025

An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d'Schoul, a si stellen d'Fro: Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.  htt...

Schlechte Schüler E01: Op den Ufank kënnt et un 27.07.2025

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours? An eiser Doku-Serie "Schlechte Schüler" aus dem Joer 2022 ass haut nach grad sou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat an d&#039...

Schlechte Schüler: Trailer 27.07.2025

Déi franséisch Alphabetisatioun soll vun der Rentrée 2026 un an alle Grondschoulen ugebuede ginn. Dee Projet geheit Froen op. Froen, op déi Dir an eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler" eng ganz Rei äntwerte fannt. Dës Serie aus dem Joer 2022 ass haut nach grad esou aktuell, dowéinst publizéiere mir déi 6 Episoden elo och hei am Zeenewiessel. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen I...

The Caritas Affair 07.07.2025

Hutt Dir Kollegen, mat deenen Dir bis elo net iwwer d’Hannergrënn vun der Caritas-Affär diskutéiere konnt, well se kee Lëtzebuergesch schwätzen? Ma da sot hinne gäre Bescheed, well et gëtt elo och eng Versioun mat engleschen Ënnertitelen. Deelt dëse Link also gäre mat jidderengem, dee kéint interesséiert sinn. Den Zeenewiessel-Team seet Merci!

S02E08: Net just ee Bedruch 02.06.2025

An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëschent Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Virementen a Spuenie gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chrono...

S02E07: International Konsequenzen 19.05.2025

Mëtt September 2024 ass kloer: D'Caritas muss hir international Aktivitéite stoppen. Dausende Mënschen an deenen äermste Länner op der Welt spieren d'Konsequenze vum Milliounebedruch. Eng 100 Leit am Laos an am Südsudan verléieren hiren Job. Firwat gouf anescht wéi bei den nationalen Aktivitéite vun der Caritas keng Léisung fonnt?  Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . "Caram...

S02E06: Politesch Decisiounen 12.05.2025

Mat hirer Decisioun der Caritas an der Suite vum Milliounebedruch bis op Weideres keng Sue méi ze iwwerweisen, huet d'Regierung am Summer 2024 de Kader gesat. An de Caritas-Krisecomité huet doropshin ënner groussem Zäitdrock no Léisunge gesicht. Sinn déi richteg Decisioune geholl ginn? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem...

Listen to the Zeenewiessel podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.