radio 100,7
Zeenewiessel
Den 100,7-Doku-Podcast. Spannend a seriell verzielt.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
S02E05: De Bistum 05.05.2025
Am Summer 2024 muss d'Kierch entscheeden, ob si d'Caritas ka retten. No éischte Versich an d'Krisegestioun anzegräifen, léisst de Kardinol Jean-Claude Hollerich déi kathoulesch Hëllefsorganisatioun falen. Firwat? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zim...
S02E04: De Verwaltungsrot 28.04.2025
De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . "Carambolage" ass déi...
S02E03: D'Direktioun 21.04.2025
Den 8. Juli 2024 ass de Generaldirekter Marc Crochet no bal 6 Woche Pilgerrees zeréck um Büro. 59 Milliounen Euro feele schonn, an et ginn nach weider Sue geklaut. Déi véier Direktiounsmemberen diskutéieren déi Woch e puermol iwwer déi schwiereg Finanzlag vun der Caritas. Trotzdeem dauert et néng Deeg bis d'Fraude opflitt. Wéi ass dat méiglech? Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei . &#...
S02E02: D'Banken 21.04.2025
Vum 27. Mäerz 2024 u geet d'Caritas-Finanzdirektesch Sue bei d'Banke léinen. Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro hëlt d'Fondatioun Caritas an de Wochen duerno op. All dës Sue gi geklaut. An d'Organisatioun bleift op engem Bierg Scholde sëtzen. Wéi konnt dat geschéien? "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun eng...
S02E01: D'Finanzdirektesch 21.04.2025
De 7. Februar 2024 kritt d'Caritas-Finanzdirektesch e Mail vum "marc.crochet55(at)gmail.com". Si soll dem Generaldirekter Marc Crochet bei enger geheimer finanzieller Transaktioun hëllefen. An hir Äntwert kënnt direkt: "Ok bien reçu". Wéi verhält d'Finanzdirektesch sech wärend den éischte Woche vun der Fraude? A wéi kann et sinn, datt si op ee Presidententrick eragefall a...
S02 Carambolage: Trailer 14.04.2025
Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass d...
S01E04: De Rechtsstaat 03.02.2025
D'Khadija an d'Imen Salmi ginn am Mäerz 2024 nees expulséiert. Huet de Rechtsstaat an hirem Fall zweemol versot? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel” . Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7...
S01E03: Den Enquêteur 27.01.2025
2013 muss den André Kemmer wéinst senger Verwécklung an ee Geheimdéngschtskandal ënner Eed an der Chamber aussoen. Seng Zesummenaarbecht mam Geheimdéngscht huet mat der Enquête géint den Taoufik Salmi ugefaangen. Mir erzielen, wéi déi Enquête gefouert gouf. "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Kric...
S01E02: De Papp 20.01.2025
Am November 2002 gouf eng Justiz-Enquête géint den Taoufik Salmi lancéiert. War den Terrorverdacht géint hie justifiéiert? A wat fir Konsequenzen hat dëse Verdacht fir hien? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Cl...
S01E01: D'Schwësteren 13.01.2025
Am November 2023 kommen d'Khadija an d'Imen Salmi zeréck op Lëtzebuerg. Firwat goufe si 20 Joer virdrun als kleng Kanner an Tunesien expulséiert? "Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen...
Kollateralschued: Trailer 06.01.2025
Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn? Recherche: Pia Oppel Host: Jean-Claude Franck Froen a Feedback: doku@100komma7.lu
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.