radio 100,7
Voix d'auteurs
D'Bicheraktualitéit a Frankräich
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Olivier Rasimi 21.06.2026
De leschte Gaascht virun der grousser Vakanz an der Voix d’Auteurs vum Jean Portante ass den Olivier Rasimi. Hien huet viru Kuerzem bei den Editions Actes Sud e Buch erausginn, “Saint Max”, dat déi lescht Jore vum franséischen Dichter a Moler Max Jacob erzielt, vu senger reliéiser Retraite zu Saint-Benoît-sur-Loire bis zu sengem Doud am Camp vun Drancy, wou d’Nazien hien 1944 deportéiert haten. Ma...
Jean Rouaud - La Maison imaginaire 10.05.2026
Eng vun den interessantste Stëmme vun der franséischer haiteger Literatur ass de Jean Rouaud, deen 1990 de Goncourt krut mat sengem Roman les champs d’honneur. Schonn oft war hie Gaascht vum Jean Portante an der Emissioun Voix d’Auteurs. Des Kéier kënnt hien iwwert säin neit Buch "La Maison imaginaire" schwätzen, dat viru kuerzem bei Gallimard erschéngen ass. E Buch op hallwem Wee tëschent...
Tahar Ben Jelloun 22.03.2026
1973, zwee Joer nodeems hien a Frankräich agewandert war, huet de franko-marokkanesche Schrëftsteller Tahar Ben Jelloun eng bal 40 Joer laang Kollaboratioun mat der franséischer Zeitung Le Monde ugefaangen. Erstaunlech fir e jonken Awanderer aus dem Maghreb. Dat war 14 Joer éier hien de Goncourt krut fir säi Roman “La nuit sacrée”. Virun e puer Woche koum elo bei Gallimard ënnert senger Fieder e B...
Justine Bo 08.02.2026
Virun e puer Woche koum der Justine Bo hiren neie Roman "Si tu traversais les eaux" bei Gallimard eraus. Et ass d'Geschicht vun engem klenge Meedchen, dat nodeems seng ganz Famill a Bessarabien vu russeschen Zaldote massakréiert gouf, fortleeft an, zu Cherbourg, am Hotel Atlantique lant wou d’Flüchtlinge, déi an Amerika awandere wëllen, gesënnert ginn, éier si sech aschëffe kënnen. Bi...
Adelaïde Bon 11.01.2026
Viru sechs Joer war d’Adelaïde Bon schonn zu Gaascht an der Voix d’Auteurs vum Jean Portante, mat hirer net fiktiver Erzielung “La petite fille sur la banquise”, an där si erzielt, wéi si, an der Kandheet vergewaltegt gouf, a wéi schwéier et ass, dat a Wierder auszedrécken. Virun e puer Méint koum hiren éischte Roman eraus, “Puisque l’eau monte”. Hei si mir an der Fiktioun, mat enger jonker Fra, d...
Khosraw Mani 30.11.2025
Den afghanesche Schrëftsteller Khosraw Mani ass mat sengem Roman “Rattraper l’horizon” zu Gaascht beim Portante. Hien ass zanter 2015 Refugié a Frankräich an huet säi Buch op Franséisch geschriwwen. Mat sengem Haaptpersonnage, dem “Jeune homme”, iere mir an der Stad Kabul, nodeems 2001 d’Taliban verjot goufen. “Rattraper l’horizon” ass e ganz originelle Bildungsroman, an deem déi grouss Geschicht...
Rentrée littéraire a Frankräich 05.10.2025
Wéi all Joer komme fir d’Rentrée littéraire a Frankräich bal 500 nei Bicher eraus. Well et onméiglech ass all d’Romaner ze liesen, stellen de Jean Portante an de Jeff Schinker Iech hir aacht Coup-de-coeure vir.
Mathias Énard 23.03.2025
Virun zéng Joer war de Mathias Énard, deen am November 2015 de Goncourt fir säi Buch “Boussole” krut, scho mol zu Gaascht beim Jean Portante an der Emissioun Voix d’auteurs. Dës Kéier ass hien invitéiert fir iwwer deen éischte Band vu senger Quadrilogie “Mélancolie des confins” ze schwätzen. “Nord” ass den Ënnertitel. E melancholesche Spadséiergang duerch d’Stad Berlin, hir Stroossen, hir Kneipen...
Jeanne Benameur 09.02.2025
Gläich dräi Bicher vun der Jeanne Benameur, déi scho viru fënnef Joer Gaascht an der Voix d’Auteurs war mat hirem Roman “Ceux qui partent”, koumen dëse Januar a Frankräich eraus: de Roman “Vivre tout bas”, den Essai “Vers l’écriture” an de Gedichtband “Nous vous parlons d’amour”. Am Gespréich mam Jean Portante geet si dës Kéier haaptsächlech op hire Roman an. “Vivre tout bas” ass d’Geschicht vun e...
Ingrid Glowacki 12.01.2025
Déi jonk Schrëftstellerin Ingrid Glowacki an hiren éischte Roman "La poète aux mains noires" sinn d’Gäscht vum Jean Portante. Am Roman geet et ëm eng Fra am 19. Joerhonnert, Marie Talbot ass ee vun hiren Nimm, déi, well si eng Fra war, a vu ganz bescheidener sozialer Hierkonft, am Schiet bliwwen ass a bal vergiess gouf, obscho si eng wonnerbar Sculptrice war. Mee opgepasst, et handelt sech bei dës...
Patrick Deville 27.10.2024
Viru méi wéi 20 Joer huet de Patrick Deville e Schreifprojet gestart, deen hien “ABRACADABRA” genannt huet. Et handelt sech ëm eng Serie vun 12 Romaner, mee opgepasst, Romaner ouni Fiktioun. Dat heescht, datt just d’Aart a Weis se ze schreiwe mam Roman ze dinn huet. A senge Bicher huet de Patrick Deville sech virgeholl ronderëm d’Welt ze reesen, fir aner Reesender, Schrëftsteller, Artisten, Wëssen...
D’Rentrée littéraire 22.09.2024
Fir déi éischt Episod vun der 12. Saison huet de Jean Portante ausnamsweis kee franséischen Auteur zu Gaascht, mee e Kompliz, de Jeff Schinker. Zesumme geheien si hire kritesche Schrëftsteller-Bléck op d’Rentrée littéraire mat hiren Honnerte vu Romaner an Essayen a presentéieren eisen Nolauschterer a Nolauschterinnen eng Rëtsch nei Bicher, fir déi si e Coup de cœur hunn.
Léa Veinstein 15.08.2024
Op zwee Ziedelcher huet de Franz Kafka, viru sengem Doud, säi Frënd, de Max Brod, beoptraagt bal all seng Manuskripter ze verbrennen. Wat dësen awer net gemaach huet. Vun den Nazie wiere se och verbrannt ginn, wann de Max Brod se net nach eng Kéier gerett hätt. Dat erzielt d’Léa Veinstein an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, dat si viru Kuerzem bei Flammarion erausginn huet. Si war bei...
D’Lydie Salvayre 23.06.2024
D’Lydie Salvayre, déi 2014 de Goncourt krut mat hirem Roman “Pas pleurer”, an déi méi wéi eng Kéier zu Gaascht bei Voix d’Auteurs war, ass nees d'Invitée vum Jean Portante. Dës Kéier awer net mat engem Roman, mee mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel. Eng Od un d’Lidderegkeet, géint d'Aarbecht, déi d'Mënschen alienéie...
Max de Paz - La manche 01.05.2024
E ganz jonke Schrëftsteller ass dës Kéier de Gaascht vum Jean Portante, Max de Paz ass säin Numm. Hien huet viru kuerzem säin éischte Roman bei Gallimard erausginn. "La manche" ass den Titel. E Buch also iwwert d'Heeschen, wat jo, och hei zu Lëtzebuerg en aktuellt Thema ass. An "La Manche" klëmmt de Max de Paz an de Kapp vun engem jonke Clochard an erzielt an der éischter Persoun d'Liewenskonditio...
Léa Veinstein 31.03.2024
Op zwee Ziedelcher huet de Franz Kafka, viru sengem Doud, säi Frënd, de Max Brod, beoptraagt bal all seng Manuskripter ze verbrennen. Wat dësen awer net gemaach huet. Vun den Nazie wiere se och verbrannt ginn, wann de Max Brod se net nach eng Kéier gerett hätt. Dat erzielt d’Léa Veinstein an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, dat si viru Kuerzem bei Flammarion erausginn huet. Si ass bei...
Jack Kerouac 26.12.2023
E ganz besonnescht Buch zu Gaascht beim Jean Portante ... Vun engem Auteur, deen net dofir bekannt ass, op Franséisch ze schreiwen. Et handelt sech sech ëm den Jack Kerouac, eng vun den zentrale Figure vun der amerikanescher Beat Generation. 1952 schreift hien e Roman, deen den Titel “Sur le chemin” dréit. Net ze verwiessele mat sengem Kultroman “On the Road”. Neen, “Sur le chemin” huet de Kerouac...
Jean Rouaud - Comédie d'automne 01.11.2023
Am November 1990 krut de franséische Schrëftsteller Jean Rouaud fir säin éischte Roman "Les champs d’honneur” onerwaart de Goncourt Präis. Aner méi bekannt Auteure waren d’Favoritten, mee de Jury, vum Hervé Bazin presidéiert, huet entgéint all Pronosticken den Outsider Rouaud, deen Zeitungsverkeefer an engem Kiosk war, gekréint. 33 Joer méi spéit erzielt den deemolege Laureat a sengem Buch “Comédi...
Den Auteur Jérôme Garcin.. 29.05.2023
Firwat empfënnt de Jérôme Garcin de Besoin vu sengen Doudegen ze schwätzen? A wéi e Geheimnis verstoppt sech an senger Famill? Dat seet hien eis a sengem neie Buch 'Les Fragiles', wou en mat vill Zäertlechkeet a Feigefill sengen zwee leschten Doudegen, senger Mamm a sengem Brudder Laurent, e Graf voller Wierder schenkt.
Den Auteur Jérôme Garcin.. 29.05.2023
Firwat empfënnt de Jérôme Garcin de Besoin vu sengen Doudegen ze schwätzen? A wéi e Geheimnis verstoppt sech an senger Famill? Dat seet hien eis a sengem neie Buch 'Les Fragiles', wou en mat vill Zäertlechkeet a Feigefill sengen zwee leschten Doudegen, senger Mamm a sengem Brudder Laurent, e Graf voller Wierder schenkt.
Tahar Ben Jelloun 18.05.2023
Wat heescht friem goen an engem Land, wou den Adultère gesetzlech verbueden ass? Wat heescht sech scheede loossen an enger Traditioun, wou de Mariage als éiweg ugesi gëtt? A sengem neie Roman "Les amants de Casablanca" taucht den Tahar Ben Jelloun eis an d'Kontradiktioune vum Marokko vun haut, tëschent Traditioun a Modernitéit.
Tahar Ben Jelloun 18.05.2023
Wat heescht friem goen an engem Land, wou den Adultère gesetzlech verbueden ass? Wat heescht sech scheede loossen an enger Traditioun, wou de Mariage als éiweg ugesi gëtt? A sengem neie Roman "Les amants de Casablanca" taucht den Tahar Ben Jelloun eis an d'Kontradiktioune vum Marokko vun haut, tëschent Traditioun a Modernitéit.
Andreï Makine 01.05.2023
Wat geschitt, wann op eemol 15 Deeg am Kalenner verschwannen? An eng Léift an deene verschwonnenen Deeg ënnergeet. Dat ass den Ausgangspunkt vum Andreï Makine, deen 1995 de Goncourt an de Femina Präis krut, sengem neie Roman "L'ancien calendrier d'un amour". Mat am Hannergrond eng Fresk vu Russland - den Éischte Weltkrich, d'Oktoberrevolutioun, de Biergerkrich, den Exil, den Zweete Weltkrich, asw....
Andreï Makine 01.05.2023
Wat geschitt, wann op eemol 15 Deeg am Kalenner verschwannen? An eng Léift an deene verschwonnenen Deeg ënnergeet. Dat ass den Ausgangspunkt vum Andreï Makine, deen 1995 de Goncourt an de Femina Präis krut, sengem neie Roman "L'ancien calendrier d'un amour". Mat am Hannergrond eng Fresk vu Russland - den Éischte Weltkrich, d'Oktoberrevolutioun, de Biergerkrich, den Exil, den Zweete Weltkrich, asw....
Laurent Seksik 10.04.2023
"Tuez-moi, sinon vous êtes un assassin." Dat sinn déi lescht Wierder vum Franz Kafka un de Robert Klopstock, deen drop an drun ass, dem Schrëftsteller déi lescht Morphiumsprëtz ze ginn. Dat ass och den Ausgangspunkt vum Laurent Seksik sengem Roman "Kafka ne veut pas mourir", deen viru Kuerzem bei Gallimard erauskoum. De Laurent Seksik ass zu Gaascht beim Jean Portante.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.