radio 100,7

Voix d'auteurs

News LB ↓ 49 episodes

D'Bicheraktualitéit a Frankräich

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jun 21, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Laurent Seksik 10.04.2023

"Tuez-moi, sinon vous êtes un assassin." Dat sinn déi lescht Wierder vum Franz Kafka un de Robert Klopstock, deen drop an drun ass, dem Schrëftsteller déi lescht Morphiumsprëtz ze ginn. Dat ass och den Ausgangspunkt vum Laurent Seksik sengem Roman "Kafka ne veut pas mourir", deen viru Kuerzem bei Gallimard erauskoum. De Laurent Seksik ass zu Gaascht beim Jean Portante.

Henri Godard 26.12.2022

2021 ass eng Wallis voller Manuskripter vum Louis Ferdinand Céline mysteriéis opgetaucht. Dorënner "Londres", ee 500 Säiten déckt Buch. E literareschen Leckerbissen, deen de Céline Spezialist Henri Godard am Gespréich mam Jean Portante ënner d'Lupp geholl huet.

Anne Lorho 25.12.2022

"L'aveuglé" heescht deen éischte Roman vun der jonker franséischer Romancière. De Guillaume, alias William, dee mat néng Joer duerch eng Explosioun blann gouf, muss léieren an enger Welt ouni Liicht ze liewen ... Ëmsou méi schwéier ass et fir hien, well hien duerch d'Explosioun och seng Nues verluer huet. De Jean Portante ënnerhält sech mat der Schrëftstellerin.

Tahar Ben Jelloun 30.10.2022

Den Tahar Ben Jelloun ass zu Gaascht beim Jean Portante. "Le plus beau pays du monde" heescht säin neit Buch, dat virun dräi Wochen a Frankräich erauskoum. Kee Roman dëst Kéier, mee 14 Kuerzgeschichten an deenen sech sympathesch a manner sympathesch Personnagen zu Casablanca, Tanger oder Fès mam marokkaneschen Alldag ausenanersetzen.

Paule Constant 23.06.2022

De Jean Portante reest mat der franséischer Schrëftstellerin Paule Constant an hirem Roman "La cécité des rivières" an Afrika. Den Haaptpersonnage vum Roman, de Wëssenschaftler Eric Roman, huet grad den Nobelpräis kritt a begleet de franséische President, deen op offizieller Staatsvisitt um schwaarze Kontinent ass. Wat den Eric Roman nach net aant, ass, datt hie wärend där Rees op traumatiséierend...

Josselin Guillois 01.05.2022

Dee jonke Schrëftsteller Josselin Guillois ass beim Jean Portante zu Gaascht. No engem éischten Roman, "Louvre", virun dräi Joer, koum virun e puer Wochen "Le coeur d'un père" vun him eraus. De Papp, vum Buch, ass de Moler Rembrandt, a wie Papp seet, muss och Jong soen. Titus heescht dësen. Hien erzielt eis säi schwéiert Verhältnis zu sengem Papp, mee och, wéi de Moler, a siwen Deeg, säi gréisst M...

Jean Rouaud 18.04.2022

Et ass déi véierte Kéier, datt de Jean Rouaud, dee jo scho mat sengem éischte Roman "Les champs d'honneur", 1990, de Goncourt krut, beim Jean Portante zu Gaascht ass, an der Emissioun Voix d'auteurs. Dës Kéier schwätzt de Jean Rouaud iwwer säi Buch, dat virun e puer Wochen erauskoum, a wat den Titel "Qui terre a, guerre a" dréit. De Jean Rouaud huet schonn zanter e puer Joer dem Roman de Réck gedr...

François-Henri Désérable 01.01.2022

De Grand prix du roman vun der Académie française goung dëst Joer un den François-Henri Désérable fir säi Roman "Mon maître et mon vainqueur". Eng Liebesgeschicht, an där de Revolver, mat deem de Verlaine op de Rimbaud geschoss huet, eng wichteg Roll spillt. Grënn genuch, fir datt de François-Henri Désérable zu Gaascht beim Jean Portante ass, fir iwwer säi gekréinte Roman ze schwätzen.

La Constellation Rimbaud 13.05.2021

Den Arthur Rimbaud steet am Mëttelpunkt vum neie Buch vum franséische Romancier Jean Rouaud, dat ënner dem Titel "La Constellation Rimbaud". Deen huet nämlech, nodeems hie wéi e Koméit duerch de Paräisser Dichterhimmel geflunn ass, der Poesie definitiv de Réck gedréint. Firwat de Rimbaud dat gemaach huet, ass nach bis haut schwéier nozevollzéien, ma de Jean Rouaud huet do seng Iddien.

Alexandre Postel 13.09.2020

De Jean Portante ëmfänkt de jonke franséische Schrëftsteller Alexandre Postel, dee bei Gallimard de Roman "Un automne de Flaubert" erausginn huet. Hie rekonstituéiert an dësem Roman e laange Mount, am Hierscht vum Joer 1875, wou den Auteur vu "Madame Bovary" sech an der Bretagne zeréckgezunn huet, zu Concarneau, a do alles mécht, ausser schreiwen. De Flaubert ass an enger déiwer Kris a brauch Dist...

Hélène Gaudy 30.08.2020

De Jean Portante ëmfänkt déi jonk franséisch Schrëftstellerin Hélène Gaudy fir iwwer hiert Buch "Un monde sans rivage" ze schwätzen. Et handelt sech ëm e Roman, dee vun engem realen Evenement ausgeet, nämlech eng Expeditioun an engem Loftballon iwwer den Nordpol. Dräi Männer wëllen, 1897, fir d'éischt d'Banquise iwwerfléien, mee hire Ballon fält erof, a wärend dräi Méint ieren déi Dräi um Äis, éie...

Hubert Haddad 16.08.2020

Am August koum dem Haddad säin neie Roman "Un monstre et un chaos" eraus. D'Buch war direkt op der éischter Lëscht vun der Selektioun vum Prix Renaudot. Et beschreift d'Liewen am Ghetto vun Lodz a Polen, deen d'Nazien an e risegen Industriezentrum verwandelt hunn, wou Zéngdausende vu Judden als Sklave fir d'Drëtt Räich hu misse schaffen, andeems si hiert Iwwerliewe géint Aarbecht ausgetosch hunn....

Patrick Deville 02.08.2020

De Jean Portante huet de Romancier Patrick Deville, deen am August 2019 säin neie Roman a Frankräich erausginn huet, empfaangen. "Amazonia" ass den Titel. Et ass dës eng fantastesch Rees vun der brasilianescher Küst bis zum Pazifik, an där de Patrick Deville, mat sengem Fils Pierre, op d'Spuer vun onzielege Fuerscher, Abenteuerer, Schrëftsteller, historesch Personnagen, asw. lancéiert ass. Eng spa...

Hélène Gaudy 29.12.2019

De Jean Portante ëmfänkt déi jonk franséisch Schrëftstellerin Hélène Gaudy fir iwwer hiert Buch "Un monde sans rivage" ze schwätzen. Et handelt sech ëm e Roman, dee vun engem realen Evenement ausgeet, nämlech eng Expeditioun an engem Loftballon iwwer den Nordpol. Dräi Männer wëllen, 1897, fir d'éischt d'Banquise iwwerfléien, mee hire Ballon fält erof, a wärend dräi Méint ieren déi Dräi um Äis, éie...

Hubert Haddad 10.11.2019

Am August koum dem Haddad säin neie Roman "Un monstre et un chaos" eraus. D'Buch war direkt op der éischter Lëscht vun der Selektioun vum Prix Renaudot. Et beschreift d'Liewen am Ghetto vun Lodz a Polen, deen d'Nazien an e risegen Industriezentrum verwandelt hunn, wou Zéngdausende vu Judden als Sklave fir d'Drëtt Räich hu misse schaffen, andeems si hiert Iwwerliewe géint Aarbecht ausgetosch hunn....

Patrick Deville 29.09.2019

De Jean Portante huet de Romancier Patrick Deville, deen am August 2019 säin neie Roman a Frankräich erausginn huet, empfaangen. "Amazonia" ass den Titel. Et ass dës eng fantastesch Rees vun der brasilianescher Küst bis zum Pazifik, an där de Patrick Deville, mat sengem Fils Pierre, op d'Spuer vun onzielege Fuerscher, Abenteuerer, Schrëftsteller, historesch Personnagen, asw. lancéiert ass. Eng spa...

Jean Rouaud 25.03.2018

Jean Rouaud est l'invité de Jean Portante dans cette édition de Voix d'auteurs. Jean Rouaud, une voix singulière et exigeante entrée avec fracas dans le paysage littéraire français en obtenant en 1990 le prix Goncourt pour son premier roman "Les champs d'honneur". Bien des livres plus tard il vient de publier, chez Grasset, un petit bijou "La splendeur escamotée de frère Cheval", un livre proposan...

Listen to the Voix d'auteurs podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.