Poterkëscht
Poterkëscht vum INLL
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Eng Wunneng beschreiwen (A2) 04.06.2024 3:39
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir erëm iwwer d'Theema Wunnen. Fir d'éischt lauschtere mir e Voice Message, an duerno héiere mir e Gespréich, wou eng Ariichtung beschriwwe gëtt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: 1. Deel Hallo Pit ! Wéi versprach schécken ech dir en Audiomessage, iwwer d’Appartement, dat ech de Moie kucke war. Du weess jo, datt ech scho laang...
Vun engem Date erzielen (A2) 28.05.2024 2:10
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun engem Rendez-vous (Date) erzielt (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Ech erzielen iech mol eng witzeg Geschicht. Ech war de leschte Freideg op engem Date. Ech hunn den Typ op enger Dating-App kenne geléiert an ech wëll jo keen no sengem Ausgesi beurteelen, mee hien huet guer net esou ausgesi wéi op d...
Iwwer Vakanz schwätzen (A1-A2) 23.05.2024 4:00
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Fir d'éischt héiere mir en Dialog, wou eng Persoun um Telefon iwwer hir Vakanz schwätzt (Niveau A1). Duerno héiere mir eng Koppel, déi eng Vakanz plangt (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1: Mamm: Moie Philippe! An, wéi ass et an ärer Vakanz? Philippe: Super! Haut sinn et 30 Grad an d’Sonn sch...
Op e Konveniat goen (A2) 21.05.2024 2:31
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Persoun iwwer de Programm vun hirem Konveniat schwätzt (Niveau A1-A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Denk drun, e Samschdeg ass mäin 20-Joer-Konveniat. Da sinn ech net heiheem. B: A jo! Wéi ass dann de Programm? A: De Rendez-vous ass um 10.30 bei der Schoul, mee et fänkt um 11 Auer un. Mir maachen en...
Wat hues du gëschter gemaach? (A2) 16.05.2024 2:47
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hiren Dag vu gëschter schwätzen. (Niveau A2.1-A2.2) Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Tranksript: Laure: Moien Alex! An, wéi war däin Dag gëschter? Alex: Salut! Gutt. Ech si géint néng Auer opgestanen an hu mer direkt eng Taass Kaffi gemaach. Du sinn ech eng Véierelstonn mam Hond trëppele gaang an duerno hunn ec...
Gesondheet a Rotschléi (A2) 14.05.2024 4:02
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwee Dialoger iwwer d'Gesondheet (Niveau A2.2). Eventuell sinn e puer interessant Rotschléi fir iech dobäi. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Dialog 1 Luca : Moie Melanie, wéi geet et ? Melanie : O, net esou gutt. Ech mengen, ech hu mech erëm erkaalt. Luca : O nee, dat deet mer leed. Waars de scho beim Dokter ? Melanie : Ne...
Dagesoflaf an Hobby: Salsa (A2) 09.05.2024 3:20
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Episod vun haut héiere mir, wat en Doktorand a sengem Alldag mécht. Duerno erzielt d'Mara eppes iwwer säin Hobby, Salsa danzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Dagesoflaf vun engem Doktorand Ech stinn normalerweis moies géint sechs Auer op. Ech drénke séier e Kaffi, maache mech fäerdeg a fueren da mam Bus an den INLL. Ech gi véier Mol d’Woch um siw...
Akafsgewunnechten (A2) 07.05.2024 3:17
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Iwwer Akafsgewunnechte schwätzen Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Akafsgewunnechten. Mir hunn zwee Invitéen am Studio, d’Sarah an den Thomas. Sarah: Moien! Merci fir d’Aluedung. Thomas: Salut! Et freet mech och, hei ze sinn. Moderato...
Gesondheet: Dokter an Apdikt (A2) 02.05.2024 3:33
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Gesondheet. Fir d'éischt héiere mir e Gespréich beim Dokter an duerno lauschtere mir en Dialog an der Apdikt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Beim Dokter Rezeptionistin: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen? Patientin: Bonjour. Ech hunn haut e Rendez-vous beim Dokter Weber um 10 Auer. Rezeptionistin: Kën...
Transportmëttelen zu Lëtzebuerg (A2) 30.04.2024 2:54
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An der Emissioun vun haut schwätze mer iwwer Transportmëttelen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkriptioun: Speakerin: Wëllkomm an eiser Emissioun „Op der Rull“. Mir hunn haut dräi Persounen am Studio, fir iwwert d'Transportmëttelen zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Julie, du bass haut mam Tram an de Studio komm. Ass dat richteg? Julie: Jo. Da...
Aussprooch: De Buschtaf ,,r’’ (A1) 25.04.2024 5:24
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir trainéieren zesummen d’Aussprooch vum Buschtaf ,,r’’. - - - Transkript: Mir prononcéieren de [x] an de [ʀ] allen zwee op der selwechter Plaz, uewen, hannen am Mond. Sot eng Kéier „Buch“. An elo [x]. Do wou dir de [x] produzéiert, produzéiert dir och de [ʀ]. [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] : Sot eng Kéier [x]_[ʀ]_[x]_[ʀ] An elo: [ʀ]...
De Stot maachen (A2) 23.04.2024 3:39
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot. Vill Spaass beim Nolauschteren! - - - Transkript: Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen? Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an...
Den Aarbechtsalldag (A2) 18.04.2024 4:31
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hiren Dagesoflaf op der Aarbecht erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dem Emma säin Dag D’Emma erwächt moies géint siwen Auer. Hatt steet op, deet sech un an drénkt Kaffi. Normalerweis drénkt hatt eng Taass Téi an ësst e Jughurt mat Uebst a Müsli. Dobäi scrollt hatt meeschtens um Hand...
Hobbyen: Lafen a Schwammen (A2) 16.04.2024 3:52
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mer zwou Persounen no, déi eis eppes iwwer hir Hobbyen erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lafen Mäin Hobby ass lafen. Ech hunn et immens gär, dobaussen an der frëscher Loft ze trainéieren. Dräimol d’Woch doen ech moies meng Lafschong un a ginn eng hallef bis eng Stonn an de Park oder an de Bësch lafen. Ech lafen net immens...
E Rendez-vous ausmaachen (A2) 09.04.2024 2:01
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fra: O nee... D'nächst Woch en Donneschdeg, hu mir den Oralexamen am Lëtzebuergeschen. Mann: Jo. Ech si schonn e bëssen nervös. Fra: Solle mir zwee zesumme léieren? Mann: Dat ass eng gutt Iddi. Da kënne mir eis gutt preparéieren. Fra: Hues du e Mé...
E Rezept: Kniddelen (B1) 02.04.2024 2:43
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir eng speziell Episod fir iech. Mir héieren en traditionellt lëtzebuergescht Rezept: Kniddelen! Vill Spaass beim Nolauschteren (a beim Kachen)! --- Transkript: Yuuka: O nee... Eise Frigo ass jo nach ëmmer eidel! Ben, du wollts dach haut akafe goen. Ben: Ech gi muer de Moien an de Supermarché. Ech hat haut ze vill Aarbecht an ech hat guer keng Zäit. Yuuk...
Fréijoer a Liblingsplaz zu Lëtzebuerg (A2) 28.03.2024 2:57
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Duerno lauschtere mir dem Marielle no, wat eis eppes iwwer seng Liblingsplaz zu Lëtzebuerg erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: D’Fréijoer Haut schwätze mir e bëssen iwwert d’Fréijoer zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am...
Meng Famill (A1) 26.03.2024 2:01
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Famill (Niveau A1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Luc: Gudde Moien, mäin Numm ass Luc an ech stellen iech haut meng Famill vir. Ech sinn zënter 8 Joer bestuet a meng Fra heescht Sandrine. D'Sandrine huet 37 Joer an hatt huet de 27. Abrëll Gebuertsdag. Zesummen hu mir zwee Kanner, de Vinz an d'Lorie. Meng Elteren...
Iesspreferenzen (A1) an e Kommentar am Restaurant (A2) 21.03.2024 3:50
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Iessen. Fir d'éischt lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir Iessgewunnechte schwätzen (Niveau A1). Duerno gi mir an de Restaurant a mir lauschteren zwou Persounen no, déi hiert Iesse kommentéieren (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Iwwer Iessgewunnechte schwätzen Max : So Anna, du bass jo Veganerin,...
Pläng a Projete fir d'Zukunft (A2) 19.03.2024 2:13
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi iwwer hir berufflech a privat Pläng fir d'Zukunft schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Kelly: Moie Gilles! An, wéi leeft et mat dengem Engleschcours? Gilles: Salut! Ma gutt, merci! Ech gi jo dräimol d’Woch an de Cours an hu scho vill Saache geléiert. Et ass awer zimmlech intensiv an ech muss vil...
Aussprooch: D'Vokaler (A1) 14.03.2024 4:17
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod: Mir trainéieren zesummen d'Aussprooch (Prononciatioun) vun de Vokaler. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Lëtzebuergeschen hu mir dës Vokaler: i, u, e, o, a. Dozou gehéieren och d'Ëmlauter mat Treema: a mat Treema: ä, e mat Treema: ë, o mat Treema: ö, u mat Treema: ü. Elo trainéiere mir d'Aussprooch zes...
Hobbyen: Sangen a Fitness (A2) 14.03.2024 3:57
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir zwou Persounen no, déi eppes iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Hobby: Chouer Alex: Zoé, du bass dach an engem Chouer. Ech wëll nees méi sangen a sichen hei zu Lëtzebuerg e Chouer. Ech hu schonn Erfarung, well ech zu Budapest siwe Joer an enger Chorale war. Zoé: Jo, ech sinn an de...
Meng lescht Vakanz (A2) 07.03.2024 2:14
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog tëscht dem Laurent an dem Anne, déi iwwer hir lescht Vakanz schwätzen (Niveau A2.2). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Anne: Hallo Laurent, wéi war deng Vakanz? Du waars dach mat denge Kanner ënnerwee, oder? Laurent: Jo! Mir si fir zwou Woche mam Auto an Holland op d’Küst gefuer. Et war wierklech flott, an d’Kanner hate vil...
Check-in am Hotel & Weebeschreiwung am INLL (A2) 07.03.2024 3:13
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Fir d'éischt lauschtere mir en Dialog am Hotel, an duerno héiere mir eng Weebeschreiwung am INLL (Niveau A2.1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Check-in am Hotel Cliente: Gudde Mëtteg! Ech hunn eng Reservatioun op den Numm Hoffmann. Receptionnist: Gudde Mëtteg, Madamm Hoffmann! Wëllkomm am Hotel Schéi Vu...
Sech virstellen (A1) 29.02.2024 2:57
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d’éischt dem Aicha no. Hatt erzielt eis eppes iwwer sech. Duerno héiere mir en Dialog tëscht zwou Persounen, déi sech kenneléieren an e Rendez-vous ausmaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Monolog Moien! Mäin Numm ass Aicha Ismaali. Ech kommen aus Tunesien, vu Monastir. Ech schwätzen Arabesch, Franséisch an e bëssen En...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.