Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Author

Poterkëscht

Category

Education

Podcast website

www.inll.lu

Latest episode

Jul 7, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Am Supermarché an e Kaffi drénke goen (A2) 22.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog am Supermarché, an duerno lauschtere mir zwou Persounen no, déi zesummen e Kaffi an eppes z'iesse bestellen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Am Supermarché A: Ups, ech hunn d’Akafslëscht doheem vergiess! B: O! Weess de dann nach ongeféier, wat drop steet? A: Jo, mee ech hoffen, datt ech näischt vergiessen. B: A...

Nëssmaart, Nuits des Musées a Kiermes am Duerf (B1) 17.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: Nëssmaart an Nuits des Musées Michelle: Salut Tony, wéi geet et dir? Tony: Jo, et geet, de Weekend hätt kënnen e bësse méi laang sinn. Michelle: A sou? Firwat dann dat? Bass de midd? Tony: Jo, ech hat de Weekend e volle Programm. Du weess jo, dass mäi Frënd an ech eng Fernbezéiung hunn a wa mir eis gesinn, da wëlle mir esou vill wéi méiglech ënnerhu...

Zwou Weebeschreiwungen (A2) 15.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir zwou Weebeschreiwungen. Am éischten Dialog erkläert eng Persoun de Wee fir bei si heem mam ëffentlechen Transport, an am zweeten Dialog huet eng Persoun sech am INLL am Sall geiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Weebeschreiwung 1: Mam ëffentlechen Transport A: Moie Marie! Ech wunnen elo zu Märel. Kënns du mech eng Ké...

D'Ëffnungszäiten (A2) a formell / informell (A1) 10.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt eppes iwwer d'Ëffnungszäiten, an duerno erkläre mir iech den Ënnerscheed tëschent duzen an dierzen, also der informeller an der formeller Form. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript D'Ëffnungszäiten an der Stad Iwwer Ëffnungszäite schwätzen (A2)    Luc: Salut Melanie, hues du de Weekend schonn eppes vir?  Melani...

Tiny House a Kleederschaf ausraumen (A2) 07.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, dass d'Lara geschwënn an en Tiny House plënnert. Duerno héiere mir, wéi eng Frëndin där anerer hëlleft, fir hire Kleederschaf auszeraumen. --- Transkript Tiny House A: Hallo Lara! Deng Mamm seet, dass du geschwënn an en Tiny House plënners! Wéi flott!  B: Jo, ech wëll elo net méi bei menger Mamm wunnen an de Moment fannen ech zu...

Den Hierscht a Pappendag (A2) 03.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer den Hierscht a Pappendag zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript Den Hierscht Mir wollten elo iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten, déi een zu Lëtzebuerg am Hierscht maache ka schwätzen. Vläicht inspiréiert Iech dat, déi eng oder déi aner Aktivitéit auszeprobéieren. Am Hierscht ass et mëttlerweil n...

Ukommen zu Lëtzebuerg (B1) 01.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mam Manon a mam Elif, déi eis e bëssen iwwer hir éischt Zäit zu Lëtzebuerg erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir zwou Persoune bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwert hiert Liewen hei zu Lëtzebuerg erzielen. Manon, firwat bass du op Lëtzebuerg komm?  Manon: Moien!...

D'Alphabet (A1) 26.09.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Alphabet op Lëtzebuergesch. Mir héieren och e Beispiller, wou d'Alphabet trainéiert gëtt. --- Transkript D'Alphabet op Lëtzebuergesch D’Alphabet op Lëtzebuergesch  A wéi Adress  B wéi Bus  C wéi Computer  D wéi Dokter  E wéi Elteren  F wéi Famill  G wéi Gebuertsdag  H wéi Handysnummer  I wéi Informatiker  J wéi Joreszäit  K wéi K...

Alldag mat Kanner (B1) a Message um Repondeur (A1) 24.09.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog tëschent Elteren iwwer hir Kanner. Duerno lauschtere mir, wéi eng Mamm e Message op de Repondeur vum Dokter schwätzt. --- Transkript Alldag mat Kanner Paul: Hallo Maria, wéi ass et, du gesäis e bësse midd aus? Maria: O, fro net.. Paul: Wéi dann? Wat ass lass? Maria: Ech sinn immens iwwerfuerdert mat deem Klengen. Geet et dir...

Sech kenneléieren (B1) 18.09.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! --- Transkript: Sally: Daniela, kann ech dir eng Fro stellen? Daniela: Jo, natierlech. Sally: Okay... Also Daniela: Wou bass du gebuer wgl.? Daniela: Ech sinn a Rumänien zu Bucharest gebuer. Ech hunn awer och direkt eng Fro fir dech, Sally: Wéini bass du gebuer? Sally: Ech sinn den 18. September 1986 gebuer. Daniela: Dann hues du jo haut Gebuertsdag! Alles Guddes...

Sech am INLL umellen (A2-B1) 04.09.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An dësem Episod erkläre mir iech, wéi dir iech an engem Cours am INLL umelle kënnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Fir déi Persounen, déi d’lescht Semester schonn e Cours am INLL gemaach hunn, fänken d’Aschreiwungen schonn den 10. September un. Dës Persounen hunn also schonn e MyINL Konto a kënne sech via hire Konto aschreiwen.  Fir déi Persounen...

D'Schueberfouer (A2) 21.08.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Schueberfouer. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Lynn : So, Pit, ech hu gelies, datt d’Schueberfouer dës Woch ufänkt. Wat ass dat eigentlech ?  Pit : Jo, dat ass richteg ! D’Schueberfouer fänkt dëst Joer den 23. August un. Se ass all Summer vun Enn August bis Ufank September. Et ass eng riseg Kiermes hei an der Stad um...

Seng Liewensgeschicht erzielen (B1) 07.08.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Selma am Studio. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht (Niveau B1). Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Moderator: Moie Selma a wëllkomm an der Poterkëscht. Mir soen dir Merci, dass du bereet waars mat eis deng Liewensgeschicht ze deelen. Erziel eis emol fir d’éischt, wéi s du iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm bass. Selma: Ech soen...

Eng Entspanungsübung (B1) 24.07.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Mir maachen zesummen eng kleng Entspanungsübung. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Haut maache mir eng Entspanungsübung zesummen. Fir dësen Exercice braucht dir 5 Minutten Zäit an eng roueg Plaz.  Setzt Iech op e Stull oder leet Iech op de Kannapee, Äert Bett oder op de Buedem oder eventuell op d’Plage an de...

En Ausfluch an e Grillfest plangen (A2) 11.07.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut ass de leschten Episod virun der Summervakanz. De Summer publizéiere mir just all zwou Wochen en neien Episod, an dat mëttwochs. Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt zwou Persounen, déi en Ausfluch plangen, an duerno zwou Persounen, déi e Grillfest organiséiere wëllen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: En Ausfluch plangen A : Moie Pit...

Vakanzepläng an eng Postkaart (A2) 09.07.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir e puer Frënn, déi zesummen eng Vakanz fir de Summer plangen. Duerno lauschtere mir d'Postkaart, déi si aus der Vakanz geschéckt hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Dialog Anna: So, hutt dir scho Pläng fir de Summer?   Tom: Also ech nach net. Ech géif awer gär an eng Stad goen. Wat denkt dir?  Lara: Dat kléngt super ! Wuer sol...

D'Lola aus Spuenien (A2) a Porte ouverte am INLL (B2) 04.07.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir fir d'éischt e klengen Interview mam Lola aus Spuenien. Duerno héiere mir e puer Andréck vun der Porte ouverte am INLL, déi den 29. Juni 2024 war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Fir dësen Episod ass keng Transkriptioun verfügbar.

Aussprooch: éi - äi (A1) 02.07.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir erëm bëssen d'Aussprooch. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Tranksript:   A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “e Accent aigu, i” an “ä, i”?  B: Dat ass eng gutt Fro!       D’Aussprooch vum “e Accent aigu an i” ass [ɜɪ]. Denk un Englesch “Hey”           oder “Ey”.       So eng Kéier: [ɜɪ].  A: [ɜɪ]  B: Tipptopp!       So eng Kéier “Äddi”. ...

De Charakter: Stärenzeechen (A2) 27.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Stärenzeechen an déi verschidde Charaktereegenschafte vun de Stärenzeechen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Laura: So, Julie, weess du zoufälleg, wat de Max am Horoskop ass? Du kenns dech jo esou gutt domat aus.  Julie: Jo, hien huet den 10. Februar Gebuertsdag, dofir ass hie Waassermann. An dat passt gutt bei hien: h...

Eng schlecht Vakanz (A2) 25.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Sproochnoriicht vum Ariane. Hatt erzielt eis vu senger Vakanz, déi leider net esou flott war. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Hallooo! Pardon, datt ech sou spéit äntweren, ech hunn deng Sproochnoriicht elo réischt gelauschtert. Deng Vakanz kléngt jo wonnerbar! Ech si frou, dass de dech erhuele konnts!  Eis Vakanz war bis elo le...

De Summer an Nationalfeierdag (A2) 20.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer de Summer. Duerno héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi iwwer Nationalfeierdag schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: De Summer Mir schwätzen iwwert d’Wieder, mee och iwwert verschidden Aktivitéiten oder Fester, déi et zu Lëtzebuerg am Summer ginn. Vläicht inspiréiert Iech dat, dat eent oder dat anert auszep...

Aussprooch: ei - éi (A1) 18.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut trainéiere mir d'Aussprooch a konzentréieren eis op ,,ei'' an ,,éi''. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Wat ass den Ënnerscheed tëschent “d,e,i,e,r” an “D, é (e Accent aigu), i, e r”?  B: “deier” ass de Géigendeel vu “bëlleg”, z. B. en Haus ass deier, eng Ketten aus Gold ass deier.  A: Ok.  B: Mir schreiwen “deier” mat  d...

Am Kleederbuttek an d'Wallis paken (A2) 13.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeder. Fir d'éischt héiere mir en Dialog am Kleederbuttek. Duerno lauschtere mir enger Koppel no, déi hir Wallis fir d'Vakanz péckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Am Kleederbuttek Verkeeferin : Gudde Moien ! Wéi kann ech Iech hëllefen ?  Cliente: Moien! Ech sichen e Rack fir op eng Hochzäit.  Verkeeferin: Wat fi...

Iwwer Veräiner schwätzen (A2) 11.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Mir maachen en Interview mat zwou Persounen, déi eis iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Speakerin : Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut schwätze mir iwwer Veräiner. Bei eis am Studio sinn haut d’Lisa an de Markus, déi eis e bëssen iwwer hir Fräizäitaktivitéiten erzielen. ...

E Kaddo fir Mammendag (B1) 06.06.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht. Haut hu mir e speziellen Episod fir Mammendag. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: So, hues du schonn e Kaddo fir Mammendag?  B: Nee, nach net.  A: De Blummestack d’lescht Joer war immens schéin, mee mir kënnen hir net all Joer dat selwecht schenken.  B: Ech hu virun e puer Deeg e Video mat den „Top 10 Kaddoe fir Mammendag“ gesinn. Do war eppes Flo...

Listen to the Poterkëscht vum INLL podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.