Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Author

Poterkëscht

Category

Education

Podcast website

www.inll.lu

Latest episode

Jul 7, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

E Life-Update a vun engem Auslandsemester erzielen (B1) 06.05.2025

 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eng aner op de Flughafe siche kënnt an iwwer hiert Liewen erzielt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer vun hirem Auslandsemester a Spuenien erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick ).

Iwwer Recycling schwätzen (B1) 01.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Recycling zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Recycling  A: Wou leien déi giel Tuten?  B: Wéi eng giel Tuten?  A: Ma déi fir de Plastik!  B: Du mengs déi blo Tuten!  A: Sinn déi zu Lëtzebuerg blo? An Däitschland si se giel. O mei! Ech hoffen, hei ass net alles anescht.  Kanns du mer wannechgelift erklären, wéi dat...

En Abonnement annuléieren (A2) 29.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Abonnement annuléieren Automatesch Stëmm:  Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat. Mataa...

Meteo a Vëlo fueren (A2) 24.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt eng Wiederprevisioun, an duerno héiere mir, wéi zwou Persoune Pläng fir de Weekend maachen- Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Eng Wiederprevisioun   Da Komme mer elo zu der Meteo fir de Weekend:  Den Abrëll weist sech dëse Weekend vu senger beschter Säit! E Samschdeg erwaart eis e frëndleche Mix aus Sonn a Wolleken. D’T...

Iwwer Blutt spende schwätzen (B2) 22.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut erzielt eis eng Persoun iwwer hir Erfarung mat Blutt spenden. Wann dir och Bluttspender wëllt ginn, fannt dir méi Informatiounen op www.dondusang.lu. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht kee Moodle-Account, klickt einfach op "Access as guest".

Pläng fir Ouschteren an eng Wanderung (A2) 16.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer hir Pläng fir den Ouschterweekend schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou aner Persounen eng Wanderung an de Mëllerdall plangen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Pläng fir Ouschteren  A: An, hues de schonn eppes vir fir den Ouschterweekend?  B: Jo, natierlech! Mir maachen de volle...

Am Buchclub (B1) 09.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen zesummen am Buchclub iwwer e Buch schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Buchclub A: Ok, mir kënnen ufänken: Wéi huet iech de Roman gefall? Ech si gespaant! B: Ech hunn d’Buch gëschter Owend nach séier fäerdeggelies. Ech war net esou motivéiert. Leider huet et mir net esou gutt gefall. A: Dat ass schued! Wë...

E Rendez-vous ofsoen & de Schlëssel verluer (A2) 03.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen telefonéieren an e Rendez-vous ofsoen. Duerno lauschtere mir, wéi eng Persoun doheem no hirem Schlëssel sicht. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Acess as guest''.

Am A1-Sproochecours & en Abrëllsgeck (B1) 01.04.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir eng Situatioun an engem A1-Sproochecours. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am A1-Sproochecours  P : Gudde Moien, alleguer! Wéi geet et iech ?  A & B: Ganz gutt !  P: Haut maache mir eng kleng Widderhuelung vum leschte Cours. Eva, kanns du dech virstellen a soen, vu wou s du kënns ? Formuléier duerno eng Fro fir däin...

Bretzelsonndeg & beim Bäcker (A2) 27.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut erziele mir iech e bëssen iwwer Bretzelsonndeg. Passend zum Theema héiere mir duerno en Dialog an enger Bäckerei. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Bretzelsonndeg  A: Salut Alain! An, hues du schonn deng Bretzel fir Bretzelsonndeg kaf?  B: Bretzelsonndeg? Wat ass dat? Kléngt gutt, mee ech hunn nach ni eppes dovun héieren.  A: Seriö? Dat ass eng g...

Rendez-vous an de Kino & d'Auer gëtt geréckelt (A2) 25.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen e Rendez-vous fir an de Kino ausmaachen. Duerno schwätze mir nach iwwer d'Summerzäit an d'Auer, déi dëse Weekend geréckelt gëtt. - D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

An der Crèche: Mat den Elteren iwwer e Problem schwätzen (A2) 20.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Op Nofro vum Ministère hu mir haut erëm en Episod zum Theema Crèche fir iech. Mir héieren, wéi eng Educatrice eng Mamm iwwer e Problem mat hirem Kand informéiert. Vill Spaass! - Transkript Educatrice: Madamm Horváth, hutt Dir nach ee Moment Zäit, fir iwwer de Máté ze schwätzen?  Mamm: Jo, natierlech. Ass alles ok?  Educatrice: Et ass näischt Schlëmmes, mee mir hu...

Dialog op der Post & an der Urgence (A2) 18.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun wéinst engem Pak op der Post reclaméiert. Duerno héiere mir en Dialog vun enger Urgence am Spidol. Vill Spaass! ---- D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir brauch kee Kont, klickt einfach op ,,Access as guest''.

An enger Crèche schaffen (A2) 13.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am éischten Dialog vun haut héiere mir, wéi eng Persoun sech bei enger Frëndin informéiert, wat fir en Diplom ee brauch, fir an enger Crèche ze schaffen. Duerno héiere mir, wéi eng Stagiaire mat hirem Tuteur schwätzt an Aktivitéite proposéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - D'Transkript vun dësem Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account...

Interview mam Luc Spada (B2) 11.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut hu mir de Museker, Schrëftsteller a Schauspiller Luc Spada bei eis am Studio. Mir schwätzen e bësse mat him iwwer seng kreativ Aarbecht a seng nei EP, ,,Alles nur Poetry''. Méi Informatiounen iwwer de Luc a seng Musek fannt dir op sengem Site . Wann dir seng Musek gär live héiere wëllt, kënnt dir dat den 18. Mäerz 2025 an der Abtei Neim...

Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2) 06.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Säin Dramhaus beschreiwen Ben: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt?  Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken?  Ben...

Gespréicher mat Elteren iwwer d'Kanner (A2) 04.03.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger iwwer Kanner. Am éischten Dialog rifft eng Educatrice aus der Crèche der Mamm un, well hiert Kand krank ass. Am zweeten Dialog geet et ëm e Kand, wat an der Spillschoul Sträit mat engem anere Kand hat. Vill Spaass beim Nolauschteren! - D'Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Dir braucht keen Account, klickt...

Special: 1 Joer Poterkëscht 27.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht !  Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. D’Poterkëscht existéiert elo genee ee Joer. Den éischten Episod ass den 22. Februar 2024 erauskomm.  Hei e puer Zuelen a Fakten zum Podcast.  D’Poterkëscht sinn... Stand haut: 85 Episoden, an dat sinn alles an allem ongeféier 6 Stonnen Audiomaterial a mir hunn et fäerdegbruecht, fir iwwer 1300 Follower ze kréien. Et lau...

En Dag an der Crèche (A2) 25.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi e Papp säi Meedchen an d'Crèche siche geet, a vun der Educatrice den Dagesoflaf erzielt kritt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript vun dësem Episod kënnt dir ënnert dësem Link noliesen. Dir braucht keen Account, klickt einfach op "Access as guest".

Fuesent zu Lëtzebuerg (A2) 19.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Fueszäit zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Schued! Geschwënn ass d’Fuesent scho rëm riwwer! B: Waars de op engem Fuesbal? A: Ech war souguer op zwee Fuesbaler an op zwou Kavalkaden! B: Wow! Du hues vill Energie! Als wat waars de da verkleet? A: Ech war eng Kéier als Prinzessin an eng Kéier als Maus verkl...

Op eng Hochzäit goen (B1) 13.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript Aluedung op eng Hochzäit    A: O, kuck emol! Ech sinn op eng Hochzäit invitéiert ginn!  B: Ou?! Vu wiem dann?  A: Vum Marie a vum Bruno.   B: Da lies emol vir, wat op der Invitatioun steet !  A: Ok, ee Moment … Léift Lucie, du bass heimat häerzlech invitéiert, dee schéinsten Dag vun eisem Liewe mat eis ze feieren.  B: Wéi romantesch!  A: De 15. Juni...

Vältesdag (B1) 11.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! E Freideg ass de 14. Februar, also Vältesdag. Haut lauschtere mir en Dialog, wou eng Koppel iwwer dëst Theema diskutéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Vältesdag A: So, du weess jo, geschwënn ass Vältesdag.  B: Wat ass geschwënn?  A: Ma, Vältesdag.  B: Hei, nee, fänk net erëm un! Ech hunn dir dach d’lescht Joer schonn erkläert, datt ech dee blöden...

Vum Wantersport erzielen (B1) 06.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vum haut héiere mir, wéi d'Schivakanz vun de Frënn aus dem leschten Episod war a wat si alles gemaach hunn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Iwwert eng Schivakanz schwätzen   A: Hallo! An wéi war är Schivakanz? Schued, datt mir eis do net iwwert de Wee gelaf sinn. Ech war och do mat de Kanner  B: Jo, den Tony sot mir, dass dir och do wa...

An de Wantersport fueren (B1) 04.02.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Personen hir Walliss fir an de Wantersport paken. Duerno héiere mir e Gespréich am Auto. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt wgl. einfach op ,,Access as guest''.

Liichtmëssdag (B1) 30.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer eng Lëtzebuergesch Traditioun, Liichtmëssdag. Wat dat genau ass, héiere mir haut. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Hallo Luc! Ech hu viru Kuerzem vun enger lëtzebuergescher Traditioun héieren, déi ech nach net kennen: Liichtmëssdag. Kanns du mir soen, wat dat ass?  B: Natierlech! Liichtmëssdag gëtt zu Lëtzebuerg all Joer de...

Listen to the Poterkëscht vum INLL podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.