Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Author

Poterkëscht

Category

Education

Podcast website

www.inll.lu

Latest episode

Jul 7, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Op der Aarbecht: Agenda a Mataarbechter (A2) 23.09.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer d'Aarbecht. Fir d'éischt héiere mir den Agenda vun enger Persoun. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer zwee Mataarbechter schwätzen. Vill Spaass! - Transkript Aarbechtsagenda Sekretärin: Gudde Moien, Här Müller. Wéi geet et Iech haut?  Chef: Gudde Moien, Monique. Et geet mir gutt, merci. An Iech?  Sekretärin: Ganz gutt, merc...

Um Policebüro (A2) 17.09.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir zwee Dialoger um Policebüro. Vill Spaass beim Nolauschteren! Transkript: Declaration de perte  Polizist: Gudde Moien, Madamm. Wéi kann ech Iech hëllefen?  Madame Goedert: Gudde Moien. Ech wollt eng Déclaration de Perte maachen. Ech hu mäi Portmonni verluer.  Polizist: Ok. Wéini hutt Dir gemierkt, datt Dir Äre Portemonni net méi hutt?  Madame Goede...

De Sproochentest 10.09.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir e speziellen Episod fir iech: mir schwätzen iwwer de Sproochentest. Am éischten Deel héiere mir, wéi dir iech fir de Sproochentest umellt an op wat dir um Dag vum Examen oppasse musst. Duerno héiere mir e Beispill vun enger Kandidatin, déi den éischten Deel vum mëndlechen Test (Interaktioun / Gespréich iwwer en Theema) mécht. Duerno soe mir och, ob d&...

INLL: Fir en Niveau orientéiert ginn (A1) 27.08.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwë sinn erëm Orientéierungsgespréicher am INLL. De 15. an de 16. September 2025 kënnt dir an den INLL kommen, an en Orientéierungsgespréich maachen. Dir schwätzt mat engem Lëtzebuergeschproff a gitt an e Cours orientéiert. Haut héiert dir, wat iech an esou engem Gespréich erwaart. Huelt iech äre Rendez-vous elo fir en Orientéierungsgespréich op MyINLL. - Tra...

Um Flughafen 2: Vun enger Vakanz erzielen (A2) 13.08.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dem João an dem Sofia seng Vakanze waren. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Vun enger Vakanz erzielen João: O Sofia, scho rëm du! Wat eng Iwwerraschung! Wéi geet et dir?  Sofia: Mir geet et gutt, merci. Wéi geet et dir? Wéi war deng Vakanz?  João: Super! Mir waren, wéi geplangt, a Portugal bei meng Famill. D’Kanner hu sech esou ge...

Um Flughafen 1: An d'Vakanz fléien (A2) 30.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Vakanz. Am éischten Dialog héiere mir, wéi zwee Frënn sech um Flughafen treffen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun säi Gepäck ancheckt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Um Flughafen João: Hallo! Wat méchs du dann hei? Gees du och an d’Vakanz oder ass et eng Geschäftsrees?  Sofia: O Mamm, nee, ech fléien endlech Vakanz! An du?...

Vëlosummer a Berodung mat engem Personal Trainer (A2) 16.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir fir d'éischt en Dialog iwwer de Vëlosummer, an duerno héiere mir, wéi eng Persoun mat engem Personal Trainer schwätzt. - Den Transkript fir dësen Dialog fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Aktivitéite fir Jugendlecher an der Vakanz (B1) 10.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Mammen doriwwer schwätzen, wat fir hir Kanner an der Vakanz maachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E Studentenjob   A: So, wat maachen deng Kanner an der Grousser Vakanz?  B: De Jonah schafft ee Mount an engem Supermarché an d’Eva schafft dräi Wochen an enger Maison Relais.  A: Wow! Immens!  B: Dat war net ëmmer sou! Viru...

Freed um Schreiwen am INLL 08.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Sophie Gitzinger an d'Aude Forestier bei eis am Studio. D'Sophie ass Lëtzebuergeschproff am INLL an hält de Cours ,,Freed um Schreiwen''. Hatt erzielt eis e bëssen iwwer de Cours. D'Aude ass eng vun den Apprenanten aus dem Cours. Hatt liest eis ee vu sengen Texter vir. Den Text gouf vum Aude Forestier am Kader vum Cours &quot...

Tenue fir eng Hochzäit an op eng Mottoparty goen (A2) 03.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen iwwer d'Tenue fir op eng Hochzäit schwätzen. Am zweeten Deel schwätzen zwou Persounen doriwwer, wat si op eng Mottoparty undoe sollen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick! ). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest'&...

Vegan sinn & traditionell an alternativ Medezin (B1) 01.07.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger anerer iwwer hir vegan Ernärung erzielt. Duerno schwätzen zwee Kolleegen iwwer traditionell an alternativ Medezin. - D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei ( klick !). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Renovatioun an e Miwwel opbauen (B1) 26.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng Renovatiounsaarbecht schwätzen. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen zesummen e Bett opbauen. - Transkript: Eng Wunneng renovéieren  A: Moie Jenny, wéi ass et? Ech hunn héieren, du an de Marc, dir plënnert geschwënn?  B: Jo, mir hunn endlech eppes fonnt, wat an eise Budget gepasst huet. Et ass en zimmlech grousst...

Réckbléck Nationalfeierdag a fir en Test léieren (A2) 24.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! - Transkript: Réckbléck - Nationalfeierdag Emma:  Salut Alma! Hues de gutt gefeiert fir Nationalfeierdag? Alma:  Hallo Emma! Jo, ech hat e super Owend! Emma:  Cool, wat hues du da gemaach? Alma:  Ech si géint aacht Auer mat enger Frëndin an d'Stad gefuer. Et ware scho vill Leit do an d'Stëmmung war richteg flott. Mir sinn duerch d’Stad getrëppelt a ware bei déi v...

En Hond adoptéieren an Déiererubrik (A2) 19.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Hausdéieren. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persounen doriwwer schwätzen, en Hond z'adoptéieren. Duerno héiere mir eng Annonce um Radio, an där zwee Déiere vermësst ginn. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Hond adoptéieren A: So, ech iwwerleeë schonn eng Zäit, fir en Hond z’adoptéieren. Elo hunn ech endlech genuch...

Gutt Noriichten (B1) 17.06.2025

Moien an häerzlech wëllkomm an der Poterkëscht. Wa mir d’Noriichten um Radio lauschteren, dann héiere mir meeschtens schlecht Noriichten: Krisen, Accidenter, Sträit – a just heiansdo positiv Noriichten. Haut maache mir dat anescht. An dësem Episod erziele mir iech just gutt Noriichte vun de leschte Méint bis haut.  Mir hoffen, datt mir iech den Dag esou e bësse méi schéi maache kënnen:    Gesondhe...

An de Supermarché goen (A1) 12.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin en Audio-Message mat enger Akafslëscht schéckt. Duerno héiere mir, wéi d'Frëndin am Supermarché ass an d'Produkter keeft. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Akafslëscht  (Audio-Message) D: Hallo Martine, ech si schonn am Auto a kann elo net méi schreiwen. Ech schécken dir e klengen Audiomessage mat...

Kleng Accidenter (B1) 10.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer kleng Accidenter. Fir d'éischt héiere mir, wéi eng Persoun sech an de Fanger geschnidden huet. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun enger Frëndin erzielt, datt si de Réck wéi huet. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: E klengen Accident  A: Au!  B: Wat ass?  A: Ech hu mech an de Fanger geschnidden!  B: Hal en ënner...

Aktivitéiten op der Aarbecht & Eleng an der Vakanz (A2) 05.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun hirem Patron vun hiren Aktivitéiten op der Aarbecht erzielt. Am zweeten Deel erzielt eng Persoun hirer Frëndin, wat si an hirer leschter Vakanz gemaach huet. Transkript: Aktivitéiten op der Aarbecht Patronne: Moien Här Welter! Wéi geet et Iech haut?  Aarbechter: Bonjour! Et geet mir gutt, merci. An Iech?  Patronne: Och ganz gutt,...

En Ausfluch buchen & Aktivitéiten am Alter (B1) 03.06.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen en Ausfluch plangen. Duerno héiere mir, wéi zwou Frëndinnen iwwer Aktivitéiten am Alter schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Ausfluch buchem A: Hänks de rëm um Handy?  B: Jo, pardon, ech buche grad eng Rees fir meng Mamm a mech. ‘t ass mäi Gebuertsdagskaddo fir meng Mamm.  A: Kee Problem. Sc...

De Marathon zu Lëtzebuerg (A2) 28.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer de Marathon an der Stad Lëtzebuerg schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: De Marathon zu Lëtzebuerg  A: Salut Vinz, hues du e Samschdeg den Owend schonn eppes vir ?  B : Nee, nach net. Firwat ?  A : Ech lafe mat e puer Frënn beim ING Night Marathon mat – awer just de Semi, also den hallwe M...

Iwwer Upcycling schwätzen (B1) 22.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mat iech iwwer d'Theema Upcycling. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Upcycling   A: So, d’Kanner léieren de Moment, wéi ee richteg recycléiert, mee ech wëll hinnen och gär weisen, wat een nach alles mat Offall maache kann. Du hues mer d’lescht Joer vun dengem Upcycling-Projet erzielt, oder?  B: Genee! Dat war fir mä...

Aktivitéite fir d'Kanner zu Lëtzebuerg (A2) 20.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer Aktivitéiten, déi ee mat de Kanner zu Lëtzebuerg maache kann, schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Aktivitéite fir d’Kanner  Luc: Salut Anna, salut Samira! Wéi geet et iech haut?  Anna: Salut Luc! Ganz gutt, merci. Ech kucke grad, wat ech de Weekend mat de Kanner maache soll. Wéi geet et dir Samira?  S...

Ukommen zu Lëtzebuerg: Administrativ Prozeduren (A2) 15.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Zu Lëtzebuerg ukommen   Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll.  Stéph...

Fräizäitaktivitéiten (A1) a Moiesroutine (A2) 13.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen hir Moiesroutine beschreiwen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Iwwer Fräizäitaktivitéite schwätzen (A1)  B: Myriam, wat méchs du gär an denger Fräizäit?  M: Ech liese gär Bicher. Liese mécht mir Spaass. An du, Ben, wat méchs du gär an denger Fräizäit?...

Interview mam Bruno de Pinho (B2) 08.05.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Auteur Bruno de Pinho am Studio. Hie schwätzt mat eis iwwer säi Buch ,,Vergréisser deng Taass... an hal op, dech ze beschwéieren''. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

Listen to the Poterkëscht vum INLL podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.