radio 100,7
Level up
Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
007 First Light - Blockbuster fir d'Manett 08.07.2026
Dat neit Bond-Videospill ass e grousse Succès – zu Recht, fënnt den Yves Stephany. D'Spill fillt sech un, wéi en interaktive Film. De Gameplay ass ofwiesslungsräich a kuerzweileg, D'Dialogen an de Voice Acting sinn um selwechten Niveau wéi déi besser Bond-Filmer. D'Geschicht ass spannend an hält ee bei der Staang. “007 First Light” ass perfekt fir d'Waardezäit bis GTA 6 ze iwwe...
Unreal Engine 01.07.2026
Wann haut e grousst Videospill erauskënnt, leeft hannendrun dacks Technologie vun enger eenzeger Firma: Epic Games. Vill Leit kennen Epic virun allem duerch d‘Videospill “Fortnite”, mee den eigentlechen Afloss vun der Firma geet vill méi wäit. Well Epic huet net nëmme Spiller gebaut, mee eng Technologie, déi haut e groussen Deel vun der Gaming-Industrie undreift, d'Unreal Engine.
Meccha Chameleon 24.06.2026
E Chamäleon passt sech faarweg senger Ëmgéigend un. A genee déi Iddi steet och am Mëttelpunkt vu “Meccha Chameleon”. An dësem Multiplayer Verstoppchesspill moolt ee sech selwer direkt an d'Spillwelt eran a probéiert mat der Ëmgéigend ze verschmëlzen. Wat simpel kléngt, suergt fir iwwerraschend vill Chaos a ganz vill lëschteg Momenter.
Metal Gear Solid Delta 17.06.2026
Eng Neioplag vum Videospill "Metal Gear Solid 3", dat 2004 erauskoum. D'Videospill presentéiert e spannenden Agenten-Actionthriller, deen eis mat an 1960er Joren hëlt a real Geschichten aus der Zäit opgräift. Allerdéngs ass hei och eng Grëtz Iwwernatierleches mat eragemëscht. Spilleresch bitt de Remake net vill Neies, optesch huet d'Spill awer e grousse Sprong gemaach.
Particulitix 10.06.2026
Explosiounen a ganz vill Géigner gläichzäiteg um Bildschierm. Particulitix ass en Indie Videospill vum Solo Entwéckler Workshop Geek, bei deem een sech duerch riseg Géignerwelle kämpft a säi Charakter mat neie Fäegkeeten ëmmer weider ausbaut. Mat senger futuristescher Neon Grafik, Spezialattacken a komplett absurde Momenter, gëtt aus engem simplen Shooter no e puer Minutten een eenzegt digitaalt C...
Vu FIFA zu EA Sports FC: D’Geschicht hanner der grousser Trennung 03.06.2026
Iwwer Joerzéngte war FIFA de Synonym fir virtuelle Fussball. Mee no engem Sträit ëm Milliounen ass d’Partnerschaft tëschent der FIFA an EA zerbrach.
Pragmata - E Shooter, deen net just Pappe begeeschtert 27.05.2026
Pragmata ass en neit Abenteuer-Spill vu Capcom, dat an enger Moundstatioun spillt. Déi gëtt vun enger béiser KI kontrolléiert. Eigentlech hätt de Hugh Williams keng Chance fir vum Mount nees z'entkommen. Mee glécklecherweis trëfft hien e klengt Meedchen, mat extraordinäre Fähegkeeten: E mächtegen Android an engem klenge Kierper. Pragmata ass eng ronn Affär, déi een an 11 knackege Stonnen duer...
Saros 13.05.2026
An dësem Sci-Fi-Videospill verkierpert een e Söldner, deen als Deel vun enger Expeditioun, rausfanne muss, wat mer der Expeditioun geschitt ass, déi virun hinnen op de Planéit geschéckt goufen.
Spannend Noriichten aus der Gaming Welt 06.05.2026
De Pierre Bellion presentéiert d'Neiegkeeten aus der Gaming Welt.
Tomodachi Life 29.04.2026
No iwwer 12 Joer ass d'Videospill “Tomodachi Life” zeréck op der Switch. Nees dobäi erëm ee komplett absurden Inselchaos mat den eegene Miis, de Figuren aus dem Spill. Dës Kéier mat vill méi kreative Méiglechkeeten, méi Individualiséierung an nach méi Plaz fir eegen Iddien.
Spannend Noriichten aus der Gaming Welt 22.04.2026
De Pierre Bellion huet den Datum vun der Verëffentlechung vum Gangster Rollespill "Grand Theft Auto 6", eng Rumeur iwwer en neit "Herr der Ringe"-Spill an e Geheimtipp.
Subliminal 15.04.2026
En Horrorspill mat héijem Usproch: Subliminal hëlt ee mat a verstéierend Raim, vu Poollandschafte bis zu Indoorspillplazen. D'Spill beandrockt mat extreem realistescher Grafik, mee schreckt of duerch grujeleg Puzzelen .
Zwee Videospiller am Genre vun 2D- Kampfspiller 08.04.2026
Deen neitsten “Street Fighter“-Deel, nämlech dee 6., deen 2023 erauskoum, a “Guilty Gear Strive”, dee wéi seng Virgänger nees virun allem wéinst der Opmaachung aus der Konkurrenz ervirstécht, nämlech eng Mëschung aus Heavy Metal / Rock’n Roll-Elementer mat Anime Ästhetik.
Resident Evil: Requiem 01.04.2026
Jumpscares garantéiert! De Gilles Schreurs stellt deen 9. Deel aus der "Resident Evil"-Rei vir, dem Survival-Horror-Computerspill.
Pokémon Pokopia 25.03.2026
Pokémon mol ganz anescht: An Pokémon Pokopia gëtt net gekämpft, mee gebaut. Als Ditto stellt een eng zerstéiert Welt nees hier,lackelt nei Pokémon un an erlieft eng Mëschung aus Animal Crossing, Minecraft an Dragon Quest Builders, mat iwwerraschend vill Déift, Nostalgie an engem ganz eegene Charme.
Anno 117 18.03.2026
De siwenten Deel aus der Anno-Réi, dat eis dës Kéier mat an d'Welt vun de Réimer mathëlt. Wéi déi Deeler virdru geet et hei drëms eng eege Stad opzebauen an no de Besoine vun den eegenen Awunner ze kucken. Par Rapport zu de Virgänger ginn et hei e puer Ännerungen an d'Spill kann och virun allem wéinst sengem Setting a senger Atmosphäre punkten.
Slay the Spire 2 11.03.2026
No laangem Waarde kënne sech Fans vun Deckbuilder-Videospiller freeën: "Slay the Spire 2" ass endlech eraus. Wéi beim Virgänger baut ee säin eegent Kaartendeck op, kombinéiert Fäegkeeten a kämpft sech Etage fir Etage duerch e mysteriéisen Tuerm. Nieft neie Charakteren, Kaarten a Géigner bréngt d’Fortsetzung och eng moderniséiert Grafik a fir d’éischt en offizielle Koop-Modus fir bis zu véi...
Roadside Research 04.03.2026
D’Universum ass 13,8 Milliarde Joer al. Et gëtt onendlech vill Galaxien an eventuell esouguer ausserierdescht Liewen. Am Videospill “Roadside Research” spillt ee genee esou ee Wiesen, getarnt als Tankstellepersonal. Am Kär ass et e Koop-Management Spill, an deem ee sech ëm eng Tankstell këmmere muss an de Betrib um Lafen hält. Gläichzäiteg verstoppt sech hanner dem Alldag eng vill méi grouss Aufga...
Mewgenics 25.02.2026
E Videospill mat enger interessanter Iddi: Et muss ee Kazen ziichten an duerno da mat hinne kämpfen. Et muss ee probéieren de Kazen déi bescht Genen a Fäegkeeten ze ginn. De Yves Meyer stellt eis dat kuriéis Videospill vir.
YAPYAP 18.02.2026
“YAPYAP” ass en neit Koop-Spill, dat perfekt an d'Rei vu Lethal Company an änlechen Titele rapasst. Hei spillt een Zauberschüler:innen, déi an den Tuerm vun engem rivaliséierenden Zauberer abriechen. Amplaz ze looten muss ee randaléieren, fir eng gewësse Quot ze erfëllen. Dat Besonnescht um Videospill: Zauberspréch ginn an de Mikro geschwat, well just esou hir Magie funktionéiert.
Skate Story 11.02.2026
E Videospill, bei deem een op engem Skateboard ënnerwee ass. Allerdéngs fiert een hei net duerch Skateparken, mee duerch d'Ënnerwelt.
Routine 04.02.2026
Eng verlooss Moundstatioun, Bildschiermer a Luuchten déi flackeren a Roboter, déi duerch däischter Korridore patrulléieren an ee joen. Routine ass e Survival Horrorspill, an deem een op enger verloossener Raumstatioun um Mound erausfanne muss, wat mat de Mënschen do geschitt ass. Déi ganz Atmosphär erënnert staark un Alien Isolatioun a riicht sech u jiddereen, dee psychologeschen Horror gär huet m...
Hytale 21.01.2026
E Videospill, op dat vill Leit bal zéng Joer gewaart hunn. Eng riseg, faarweg Sandbox Welt voller Detailer, interessante Kreaturen, epesche Landschaften an enger vun de turbulentsten Entwécklungsgeschichte vun de leschte Joren. Hytale ass no laangem hin an hier endlech spillbar, aktuell awer nach an engem ganz fréienEarly Access.
Battlefield 6 14.01.2026
Den Yves Meyer schwätzt iwwer deen neitsten Ofleeër vun enger vun de bekanntste Videospill-Serien. E Multiplayer-Shooter, bei deem also vill verschidde Spiller op d'Schluechtfeld kommen a sech bekämpfen.
Tavern Keeper 07.01.2026
Eng eegen Taverne opbauen, Gäscht zefridde stellen a Chaos managen: D'Videospill “Tavern Keeper” ass aktuell am Early Access verfügbar, kënnt awer schonn elo extreem gutt un. Am Spill erschaaft ee seng ganz perséinlech Taverne an erlieft eng Mëschung aus Management, Storytelling a léiwer Fantasy Atmosphär, mat immens grousser kreativer Fräiheet an Humor.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.