radio 100,7
Level up
Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Ausbléck op 2026 31.12.2025
Op wéi eng Videospiller, déi 2026 erauskommen, freeë sech eis Videospill-Experten an -Expertinnen am meeschten? De Pit Walté huet beim Yves Meyer, Patrice Sadler a Sophie Kucharzyk nogefrot.
Réckbléck op 2025 24.12.2025
DeN Yves Meyer, d'Sophie Kucharzyk an de Patrice Sadler erzielen eis, wat hir Liblingsspiller 2025 waren.
Ball x Pit an Absolum 17.12.2025
"Ball x Pit" ass e Block-Breaker mat Shooter-Elementer, dat Ganzt a Pixelgrafik. “Absolum” ass eng flott Reimaginatioun vum Beat-em Up-Genre am Stil vun enger Bande dessinée. Béid Videospiller wäerten deene gefalen, déi Fans vun alen Arcade-Spiller sinn.
Ghost of Yotei 10.12.2025
E Videospill dat eis an dat aalt Japan mathëlt. Et geet ëm d'Geschicht vum Atsu, dat sech un de Männer räche wëll, déi seng Famill ëmbruecht hunn. Am Laf vum Spill gi mer dann ëmmer méi Hannergrënn gewuer.
Mimesis 03.12.2025
“Mimesis” ass en neit Coop-Horror Survival Spill, dat perfekt an d’Rei vun Titele wéi Lethal Company, R.E.P.O. an Headliners passt. Mat enger aler Tram fiert een op verloosse Plazen, sammelt Géigestänn, erfëllt eng Quot a muss dobäi de Mimesis entkommen. Dës Géigner imitéieren d'Spiller:innen op eng immens realistesch Manéier a bréngen en intensive Mix aus Spannung an Humor mat sech, deen een...
ARC Raiders 26.11.2025
En Extraction Shooter, deen zimmlech villes richteg mécht. Eng kloer artistesch Linn, spannend Interaktioune mat anere Spiller an en detailräiche Leveldesign maachen “ARC Raiders” zu engem vun de bessere Spiller vum Genre. Wat och iwwerzeegt: Et kënnt gutt optimiséiert op de Maart a leeft erstaunlech propper.
Keeper 19.11.2025
“Keeper” ass en atmosphärescht Adventure-Videospill vum Studio Double Fine. Et kënnt ganz ouni Dialog aus an erzielt eng beréierend Geschicht iwwer e Liichttuerm an e klenge Vull. Zesumme reesen déi Zwee iwwer eng aussergewéinlech schéin Insel mat surreale Kreaturen, magesche Ruinen an impressionante Landschaften.
"Bye Sweet Carole" 12.11.2025
“Bye Sweet Carole” ass e komplett op der Hand gezeechent Horror-Adventure-Videospill. Et erënnert vum Gameplay hier u “Little Nightmares”, vermëscht awer eng märchenhaft Disney-Ästheetik mat déifgräifenden Theeme wéi Angscht, Verloscht a gesellschaftlechen Drock. Eng poetesch Geschicht iwwer e Meedchen, dat net esou liewe wëllt, wéi d’Welt et verlaangt, an dat versicht, d’Geheimnis ronderëm seng v...
"Monster Train 2” 05.11.2025
En Deckbuilding-Kaartespill, an deem een op der Säit vu Monsteren an Dämone géint d’Arméie vum Himmel kämpfe muss.
RV There Yet? 29.10.2025
D'Spill, iwwer dat am Moment jidderee schwätzt. Véier Pappe gi bei e Séi fir ze fëschen, Béier ze drénken an e grousst Feier ze maachen. Den Heemwee gëtt zum Problem: D'Strooss ass gespaart an de grousse Camper muss duerch onméiglechen Terrain manövréiert ginn. Gottseidank ginn et Seelwannen... Et ass absurd, komesch an aus iergendengem Grond ustiechend. Fir den Yves Stephany ass RV Ther...
The Annual Ghost Town Pumpkin Festival 22.10.2025
The Annual Ghost Town Pumpkin Festival ass e gratis Online-Spill vum A Short Hike-Entwéckler Adamgryu. Zesumme mat anere Spiller schnëtzt ee Kürbissen, entdeckt eng charmant amerikanesch Stad mat Oktober-Flair a sammelt Ofzeechen a klenge Minispiller. Dat Festival gëtt et just eemol d’Joer am Oktober, an duerno heescht et waarde bis d’nächst Halloween.
Deadly Days: Roadtrip 15.10.2025
E giele Schoulbus, eng Hellewull Zombien an eng gutt Portioun Chaos. An Deadly Days: Roadtrip kämpft een sech mat skurrillen Helden duerch eng postapokalyptesch Welt voller Loot, Bensinn a verréckter Waffen. D’Spill kombinéiert Action, Strategie an e besonnesche Pixelcharme zu engem Roguelite-Abenteuer mat engem eenzegaartegen Inventar-System.
Megabonk 08.10.2025
E Spill, bei deem ee sech géint ëmmer méi grouss Welle vu Géigner muss stellen. E Spill, dat sech awer och net all ze eescht hëlt.
"No, I’m Not a Human" 01.10.2025
D'Videospill spillt an enger Welt, an där d’Sonn explodéiert ass an d’Hëtzt dobausse liewensgeféierlech ass. Am Haus muss een all Nuecht entscheeden, wien duerch d’Dier dierf an ob et sech ëm e Mënsch oder eng geféierlech Kreatur handelt. Entwéckelt gouf den Titel vum russeschen Indie-Studio Trioskaz, verëffentlecht vum Publisher Critical Reflex, dee schonn ongewéinlech Spiller wéi “Mouthwash...
Grounded 2 24.09.2025
Véier Teenager, eng Firma mat hannerlëschtege Pläng an eng Welt, déi op eemol vill ze grouss ass. “Grounded 2” féiert d’Geschicht vun de geschrumpfte Kanner aus dem éischten Deel weider a bréngt méi Biomen, nei Géigner an eng nach méi déif Story. Mat Ameisen, Spannen a ville klenge Begleeder kritt d’Survival-Abenteuer eng ganz nei Dimensioun.
Hollow Knight: Silksong 17.09.2025
En 2D Jump and Run-Spill, bei deem een als Haaptcharakter Hornet verschidde Welten entdecken a sech dobäi géint vill Géigner duerchsetze muss. Den Yves Meyer stellt eis d'Spill vir.
Peak 09.07.2025
Chaos, Scouten um Limitt an e Bierg voller Gefor. PEAK ass e Koop-Kloterspill, e kooperatiivt Spill, dat Survival-Mechanike mat Witz a Spannung verbënnt. Wien zesumme fluchen, laachen a sech duerch d’Schluchten zéie wëllt, däerf dat Spill net verpassen.
Astro Bot + Jump and Runs 02.07.2025
Dës Kéier geet et ëm e ganze Spill-Genre, awer och ëm ee Vertrieder dovunner.
South of Midnight 25.06.2025
E mysteschen amerikanesche Süde voll mat alem Folklor, Bluesmusek a faszinéierende Wiesen: “South of Midnight” ass eng atmosphäresch Action-Aventure, déi eng narrativ Déift, ee Stop-Motion-Animatiounsstil an ee gudde Soundtrack zesummebréngt.
Dune: Awakening 18.06.2025
Ee Wüsteplanéit, Sand, Hëtzt an natierlech Sandwierm. Beim Survival Spill "Dune: Awakening" muss een en Iwwerliewenskënschtler sinn, fir weiderzekommen. Bau eng Basis, produzéier Waffen a virun allem iwwerlief! De Patrice Sadler stellt d'Videospill vir.
POOLS 11.06.2025
An dësem atmosphäresche Walking-Simulator wandert een duerch en endlosen, realistesch wierkende Schwämmkomplex. D’Angscht kënnt hei net duerch klassesch Jumpscares, mee duerch d’Gefill verluer ze sinn an enger Welt, déi vertraut ausgesäit, mee sech iergendwéi net richteg ufillt.
Impressioune vun der Gameland 04.06.2025
Leschte Weekend war an der Schongfabrick zu Téiteng de Gameland 6: Beyond Buttons, wou sech vill Gamer versammelt haten. Hei konnt een da ganz vill Spiller ausprobéieren, ganz neier awer och e puer aler, fir d'Nostalgie. De Patrice Sadler war op der Plaz an huet Impressioune gesammelt.
Sunderfolk 28.05.2025
Sunderfolk ass een taktescht Couch Coop Rollespill, bei deem ee mat bis zu 3 Kolleegen op eng fantastesch Aventure geet. Déi innovativ an erfrëschend Steierung iwwer de Smartphone mécht aus Sunderfolk ee Spill, dat een och gutt mat onerfuerene Gamer spille kann. De Patrice Sadler stellt Sunderfolk fir.
Doom: The Dark Ages - De Klassiker nei erfonnt 21.05.2025
Déi neisten Episod an der Doom Franchise iwwerzeegt mat engem innovative Kampfsystem. D'Grafik, de Sound an de Gameplay maachen d'Spill zu enger ronner Geschicht. Frënn vu brutale Shootere kommen op hir Käschten, mengt den Yves Stephany.
Clair Obscur: Expedition 33 14.05.2025
E Spill, dat esou ee grousse Succès huet, datt esouguer den Emmanuel Macron dem franséischen Entwécklerstudio gratuléiert huet. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt a stellt et eis fir.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.