radio 100,7
Klassik Aktuell
De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Jidderengem de Bach méi no bréngen 16.09.2025
De Bach ass deene meeschten e Begrëff, och wann ee sech net mat klassescher Musek auskennt. Hien ass wuel dee bekanntste Komponist aus der Zäit vum Barock an hien huet vill verschidde Wierker geschriwwen. Dorënner och ronn 300 Kantaten. Déi opzeféieren, ass d'Zil vum Ensembel fir al Musek Ad Libitum. Den 21. September steet den nächste Concert an där Serie um Programm an der Kierch zu Bartren...
Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie 12.09.2025
Beim Wuert Bibliothecaire denkt een normalerweis u Bicher a Bibliothéiken - mee et ginn awer och Orchester-Bibliothecairen - an dat och an der Philharmonie um Kierchbierg. Dat sinn d’Pauline Marmaï an d’Kalvine Antoine. Ee Groussdeel vun hirer Zäit verbrénge si an den Archiven mat alle Nouteblieder an der Philharmonie, mee si sinn och wärend de Concertsprouwen an deels wärend de Concerten dobäi. F...
90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt 11.09.2025
Haut, den 11. September, feiere mir den 90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt. Hien ass ee vun de bedeitendste Komponiste vun eiser Zäit. De Pärt ass bekannt fir seng experimentell a gläichzäiteg markant roueg a spirituell Musek. Den opus 100,7 mat engem Réckbléck.
International Staren zu Diddeleng um FIMOD 10.09.2025
Zanter 2002 fënnt all Joer de Festival International de Musique d’Orgue de Dudelange statt. Dëst Joer kann een do nieft dem Diddelenger Titularorganist Alessandro Urbano och grouss International Stare wéi de Wayne Marshall, de Baptiste-Florian Marle-Ouvrard oder de Jean-Baptiste Robin lauschtere goen. Gläichzäiteg kann een do am Moment och déi zéngt Editioun vum Internationalen Uergel-Concours mat...
Ravel a Pärt 09.09.2025
Wéi kéint ee besser engem Komponist säi Gebuertsdag feieren, wéi mat engem Concert, deen him gewidmet ass? Genee dat ass dëse Summer de Fall, an net just fir ee Komponist, mee direkt fir zwee: de Maurice Ravel an den Arvo Pärt feieren allebéid e ronne Gebuertsdag. Fir dem Ravel seng 150 Joer gëtt et ee Concert ze héieren, dee fir den Ulass vum Internationale Pianofestival an der Provence gespillt...
184. Gebuertsdag vum Antonín Dvořák 08.09.2025
Datt ausgerechent en europäesche Komponist der klassescher Musek aus Amerika eng nei Identitéit soll ginn, ass bal e bësse paradox, an dach ass genee dat dem Dvořák gelongen. Den tschechesche Komponist ass an einfache Verhältnisser opgewuess a sollt eigentlech Metzler ginn, mee seng Léift fir d’Musek huet sech scho fréi gewisen. Esou fänkt hie schonn a jonkem Alter u mat Komponéieren. Säin Duerchb...
158. Gebuertsdag vun der Amy Beach 05.09.2025
D'Amy Beach ass déi éischt US-amerikanesch Fra, déi eng Sinfonie komponéiert. Um Enn vum 19. Joerhonnert war deen Domaine männlech gepräägt. D'Komponistin ass zu Boston opgewuess a war schonn als klengt Meedchen ee richtegt Wonnerkand. Net nëmmen um Piano an an der Musek, mee och allgemeng. Mat nëmmen dräi Joer huet si entscheet, liesen ze léieren. Hir Wierker ginn deemools international...
De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag 04.09.2025
Den Anton Bruckner bleift als Meeschterwierker vun der klassescher Musek an Erënnerung, an dat obwuel hien zu senger Zäit net ëmmer seriö geholl ginn ass. Haut ass de Bruckner mat senge Sinfonien a reliéise Wierker bekannt, mee dat war awer net ëmmer sou. Réischt ganz spéit, am Alter vu 40 Joer, huet hien ugefaange mat komponéieren. Dat gouf awer mat vill Kritik an Zweifel begéint, mee hien huet s...
Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival 03.09.2025
D'Kammerata Luxembourg steet zanter 40 Joer fir d'Promouvéiere vun der Kammermusek. Dobäi ass et de Museker:inne besonnesch wichteg déi zäitgenëssesch Musek erëm méi an de Vierdergrond ze réckelen. Zanter hirer Grënnung hunn si zum Beispill 13 Wierker fir den Ensembel schreiwe gelooss, an dat vu Komponisten déi alleguer op déi eng oder aner Aart a Weis eng Verbindung mat Lëtzebuerg hunn....
For Piano ... or not? 02.09.2025
"Pour Elise" vum Beethoven oder dem Chopin seng Nocturnë ginn dacks um Piano gespillt an och op Albumen opgeholl. Wéi ass et zum Beispill mam Tschaikowski sengem “Schwanensee”-Ballet oder dem Debussy senger “Prélude à l'après-midi d'un faune”? Déi Wierker goufen original fir aner Instrumenter komponéiert, mee et ginn awer ëmmer méi Transkriptiounen, déi d'Spillen um Piano er...
Militärmusek goes Openair 01.09.2025
D'Käercher Gréiweschlass ass zënter e puer Joer well d'Location fir de Concert vun der Militärmusek Ufank September. Wou déi lescht Jore musikalesch Lännerreesen- oder Mëttelalter-Programmer zesummegestallt goufen, erënnert een dëst Joer un den 2020 verstuerwenen a fréiere Chefdirigent André Reichling. Hien huet ënner anerem 1989 déi offiziell Hymn vun der NATO komponéiert. Am Gespréich...
4'33 vum John Cage 29.08.2025
E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, an dach ass et méiglech. Den John Cage hat eng grouss Faszinatioun fir d'Stell a Musek ouni vill Téin. Säi Wierk "4`33" ass revolutionär, well keng eenzeg Nout ze héieren ass. D'Première ass de 29. August 1952 bei Woodstock am US-amerikaneschte Staat New York. De Publikum war ganz entsat. Den John Cage hat also eppes gemaach, wa...
The Dora Journey 28.08.2025
Am Mëttelpunkt vum Podcast "The Dora Journey" steet d'Geschicht vun enger Komponistin aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert, déi der Gesellschaft d’Stier bitt an där hiert Liewe mat enger grousser Tragik verbonnen ass. A siwen Episoden erzielen d’Carole Mallinger Leyers an d’Annalena Castagna vum Trio Dora der Dora Pejačević hiert Liewen. Dobäi geet et ëm d’Vue vun der Gesellschaft op eng...
Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt 27.08.2025
Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeho...
Concerten um radio an opus 100,7 26.08.2025
Och wärend der Summervakanz versuerge mir Iech mat Live-Matschnëtter a Concerte ronderëm d'Welt. Egal op Uergel, Trompett, Piano oder mat ganzem Orchester. Egal ob Barock, Romantik oder Nei Musek. Wat déi nächst Deeg esou usteet, gitt Dir hei gewuer.
Musique dans la Vallée 2025 25.08.2025
Op Initiativ vu fënnef Gemenge laanscht d'Atert, nämlech Attert (an der Belsch), Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden ginn d'Musique dans la Vallée organiséiert. Eng Rees an d’Kläng vun der barocker Musek, d’Vertounung vun der ganzer Wierk-Panoplie vu verschiddenste Komponisten oder musikalesch Entdeckungsreesen an déi geeschtlech a weltlech Kultur aus Osteuropa. An och wann een d’Frënn...
Hanner den Téin 22.08.2025
Wat inspiréiert un zäitgenëssescher Musek? Wéi traut een sech u komplett Nei Musek? An wéi ënnerriicht ee Kompositioun respektiv schreift ee Musek fir Kanner? All dës Froe ginn am Podcast “Hanner den Téin” thematiséiert. Ee Podcast vum opus 100,7.
Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen 20.08.2025
"Wou d’Uelzecht - Stad" ass e Projet vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der englescher Kënschtlerin S.L. Grange, deen Iech mat op eng Klangrees duerch de Stater Gronn, dem Pafendall a Clausen hëlt. Et ass eng immersiv Entdeckungsrees laanscht d’Uelzecht, déi unhand vu Soundcollagen, Kompositiounen, Gedichter an Erzielungen, Geschichten iwwer de Floss, mee och iwwe...
Musica Senza Frontiere 19.08.2025
De Marek Dutkiewicz ass Museker an Cellist beim Ensembel Musica Senza Frontiere. Eng Formatioun vu 6-7 Museker:innen, déi sech a verschiddene Constellatioune bei Concerten zesummendoen a barock oder klassesch Musek interpretéieren. Mee de Museksgoût ass gären och ee gutt Stéck méi modern. Wichteg ass dem Ensembel, wéi den Numm et scho verréit, keng Grenzen ze berücksichtegen a verschidde Kulturen...
Wat hu Superman, E.T. an Harry Potter gemeinsam? 18.08.2025
Egal wéi al mir sinn, d'Musek vun de Filmer “E.T”, “Harry Potter”, oder eebe “Superman” huet eis iergendwéi gepräägt. Mir erkennen all déi bekannte Melodien aus Filmer wéi “Kevin - Allein zu Haus”, “Indiana Jones” a “Jurassic Park”. Tatsächlech hunn déi Filmer all eng Gemeinsamkeet: hir Musek gouf vum Komponist John Williams komponéiert. D'Marie Trussart schwätzt mam Angie Maquil iwwer d...
"Net just een Interpret, mee ee Recréateur." 14.08.2025
De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller ass ee bekannt Gesiicht an der nationaler, mee och internationaler Klassikzeen. Och an der neier Saison sinn nees eng Rei Concerte programméiert, déi mat grousser Suergfalt vum Programm hier erausgesicht ginn. Säi kënschtleresche Credo ass et, esou de Museker, sech an de jeeweilege Komponist oder Komponistin eranzeversetzen. Wéi dat an der Praxis genee ausgesäit...
“Et ass magesch esou vill Leit weltwäit ze erreechen” 13.08.2025
Kuzguncuk ass ee ganz historesche Quartier op der asiatescher Säit vun Istanbul. Do hat d’Pianistin a Komponistin Büşra Kayıkçı laang hire Studio mat hirem Piano an hiren Opnamgeräter. Si kënnt vun Istanbul an huet och do studéiert. Net nëmme klassesch Musek, mee och Innenarchitektur. Fir si beaflosst dat eent dat anert. Mat hiren eenzegaartegen a ganz intimen Improvisatiouns-Concerte begeeschtert...
De Queer Choir 12.08.2025
All Donneschdeg um 19 Auer gëtt et am Rainbow Center an der Stad eng Chouerprouf: De Queer Choir Luxembourg ass en inklusive Chouer, dee vu Rosa Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt. Dëse ganzen August gëtt de Fokus op déi spirituell Musek gesat. De Chouer séngt nämlech all Joer am Kader vun der interreliéiser Zeremonie vu Rosa Lëtzebuerg, esou wéi wärend der Chrëschtzäit. Am Gespréich mam Marie Trussart e...
Dem Carillonneur Fabrice Renard seng 26 Joer zu Iechternach 11.08.2025
Et si vill flott Momenter, op déi de Carillonneur Fabrice Renard mat Stolz an Dankbarkeet zeréckkuckt. 26 Joer laang war hie Carillonneur an domat mat verantwortlech fir d'Klackespill an der Basilika vun Iechternach. An der Summerpaus organiséiert hien och 2025 nees "Les Ballades du Carillon", wou d'Visiteuren e Bléck hannert d'Kulisse vun dësem historeschen Instrument kréie...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.