radio 100,7
Klassik Aktuell
De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Abandonen an de Museksschoulen 08.08.2025
De Stater Conservatoire huet mat 3 bis 3,5 Prozent Abandonen e weiderhi stabillen Taux, deen am nationale Verglaich déif ass. D’Gesetz vum 27. Mee 2022 hätt dorop eigentlech och keen Afloss gehat. Allerdéngs kéint een d’Abandone quasi zu 100 Prozent ersetzen, well d’Waardelëschten zimmlech laang sinn.
Instrumenter aus Recup' 07.08.2025
De franséische Kollektiv Du grain à moudre baut Instrumenter aus recuperéierte Materialer: Ënner anerem aus Dousen, Plastiksfläschen oder och Gummishändschen. Mat dobäi ass de Geiebauer Benoit Poulain, deen d'Leit aus dem Kollektiv forméiert huet, aus allem an näischt Instrumenter ze bauen. Näischt geet verluer, näischt gëtt erschaf, alles gëtt ëmgewandelt, dat ass hiert Konzept. Am Kader vun...
Neptunium: Véier Frënn a véier Gittaren 06.08.2025
24 Gittaresäite gläichzäiteg héieren? Dat ass méiglech fir Neptunium. Dat ass e franséische Gittare-Quartett aus der Paräisser Regioun mat véier Frënn, déi sech zanter hire Studie kennen. Den 8. August spillen déi véier e Concert de Midi an der Villa Vauban. Op der Affiche sti vill verschidde Komponisten a Stiler. Et geet vu Rameau a Berlioz bis Dvořák a Vivaldi. Dat besonnescht ass awer net nëmme...
Eng nei Form, Musek ze erliewen 05.08.2025
D'Siemens AG an d'Bayresch Staatsoper hunn de Klang vum Nationaltheater zu München digitaliséiert. Entstanen ass also een digitalen Zwilling vum Nationaltheater. D'Uerdnung vun Orchesteren oder verschidde Konfiguratioune vum Sall kënnen esou an engem 3D-Modell simuléiert ginn. Dëst soll et Museker:innen an Dirigenten an Dirigentinnen erlaben, d'Klangwierkung scho virun der éisc...
Chouermusek fir den Trounwiessel 04.08.2025
"Domine, salvum fac magnum ducem nostrum Guillelmum" - "Här, beschütz eise Grand-Duc Guillaume": Mat dësem Text sicht d'Maîtrise Ste Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg ASBL am Hibléck op den Trounwiessel mat engem Concours no enger neier Motett fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume. De Concours gouf zesumme mam Kulturministère initiéiert. De Marc Dostert, Dirige...
Den Eechternoacher Uergelsummer - ee musikalescht Joerzéngt 01.08.2025
De Jos Majerus ass Titularorganist vun der Iechternacher Basilika an organiséiert zënter Ufank un den Eechternoacher Uergelsummer. Dëse start 2025 a seng mëttlerweil 10. Editioun. Dëst Joer sti mam Organist Maurice Clement, Jos Majerus, Ralf Hansjosten an dem Cellist Benedikt Hansjosten souwuel national wéi och international Artisten an der Basilika um Programm. Mee wéi eng Relevanz den Uergelsumm...
Update zum Taux d'Abandons vu Musekschüler 30.07.2025
De Claude Schlim, Sous-Direkter vum Escher Conservatoire, huet dem 100,7 d'Statistike vu sengem Gebai matgedeelt. Den Taux d'Abandons ass schonn zënter dem Schouljoer 2018/19 geklommen, also virun der Aféierung vun deem Gesetz, dat gratis Coursen erméiglecht. De Claude Schlim huet och Hannergrondinformatiounen zum Fonctionement vum Finanzéierungssystem ginn, déi erklären, wéi et zu Onkäs...
100. Gebuerstdag - Mikis Theodorakis 29.07.2025
De Mikis Theodorakis gëtt op engem 29. Juli 1925 gebuer. Haut ass hien als Komponist, Schrëftsteller a Politiker bekannt. Iwwer 96 Joer, an deenen de Museker Mikis Theodorakis lieft, entstinn iwwer 1.000 Kompositiounen an 1964 duerch de Film “Alexis Sorbas”, de Museksgenre Sirtaki. Mat senger Kompositioun gëtt hien zu engem weltwäite Phenomeen. De Mikis Theodorakis engagéiert sech net just an der...
Si 5 Prozent vill? 28.07.2025
Den CSV-Deputéierte Jean-Paul Schaaf huet den 22. Juli 2025 dorop higewisen, datt 5 Prozent vun de Schüler:innen am Conservatoire du Nord hir Coursë wärend dem Schouljoer ofbriechen. Dat féiert zu Onkäschte vu ronn enger hallwer Millioun. Dofir fuerdert de Jean-Paul Schaaf (Éischte Schäffe vun Ettelbréck a President vum SYVICOL - Syndicat intercommunal des villes de Diekirch et d’Ettelbruck pour l...
Concert dëse Samschdeg live bei eis op der Antenn 25.07.2025
Op sengem Summerconcert spillt den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg Beethoven, Schnittke a Mozart. Invitéiert gëtt och bei dësem Projet e bekannte Solist. Dës Kéier steet den Orchester mam Felix Klieser op der Bün. Den däitschen Hornist ass nieft sengem musikaleschen Talent och dofir bekannt, datt hien de Cor ganz anescht spillt wéi aner Hornisten. Hie gouf ouni Äerm gebuer an huet dofi...
20 Joer Philharmonie op Foto 24.07.2025
4 Fotografen a Fotografinne suerge wärend der Saison vun der Philharmonie dofir, dass all Concert, all Event op Bild festgehale gëtt. Mëttlerweil sinn esou eng 108.000 Fotoen entstanen, aus deenen ee lo am Kader vum 20. Anniversaire déi 40 monumentaalst ausgestallt goufen. De Lex Kauffmann vum opus huet een Tour duerch d'Ausstellung gemaach an e puer Anekdoten zu de jeeweilege Biller opgeschn...
Skalljö Sommarorkester - géint Clichéen ugoen 22.07.2025
Virun zwee Joer war de Skalljö Sommarorkester schonn eemol op Besuch zu Lëtzebuerg. Dëse Freideg, de 25. Juli zitt et si da fir ee weidere Concert an de Park vun der Villa Vauban fir ee Concert de midi. De Skalljö Sommarorkester ass eng schweedesch Formatioun, déi sech 2013 gegrënnt huet. Nach haut trieden déi haaptberufflech Profimuseker:innen all Summer bei enger Tournée duerch Europa op, bäi dä...
Klassesch Concerten ënner der Woch 21.07.2025
Och wärend der Summervakanz bitt den opus 100,7 ronderëm d'Auer Concerten u fir nozelauschteren oder live matzeerliewen. De Lex Kauffmann mécht een Iwwerbléck vun all de Concerten, déi deemnächst op der Antenn wéi och an der Mediathéik vum opus 100,7 ze héiere sinn. Den Highlight: E Samschdeg iwwerdroe mir e Concert live aus dem Mierscher Theater mam Orchestre National des Jeunes du Luxembour...
Bach on Bike 18.07.2025
Den 20. Juli kann een e ganz besonnesche Velostuer maachen. De Start ass op der Mierscher Gare, an a puer Etappe fiert een op Schëndels, Mamer, Kohler a Péiteng. Bei all Statioun kann een e Concert mat Musek vum Johann Sebastian Bach lauschteren. De Rosch Mirkes, President vun der Bach-Vereenegung Lëtzebuerg huet mam Marie Trussart iwwer de Programm geschwat an ënner anerem verroden, wéi de Projet...
Neien Episod vum Podcast Hanner den Téin 17.07.2025
Hanner den Téin ass ee Podcast iwwer zäitgenëssesch Musek mam Pit Brosius. Den Dirigent trefft sech mat Musekerinnen a Museker a wëll vun hinne wëssen, wat si an hirem Liewe beweegt an un der Neier Musek inspiréiert. Et entsteet eng Aart Schnuppercours mat kuerze musikalesche Beispiller a vill spannend Anekdoten. Am mëttlerweil siwenten Episod ass d’Geiistin Sandrine Cantoreggi op Besuch. De virtu...
Lëtzebuerger séngt an der Liederhalle Stuttgart 16.07.2025
Genee wéi säi Papp, ass och den Olivier Nilles Bariton-Sänger. Hien ass Mëtt 20, nach am Studium, an elo um Wee fir eng professionell Karriär opzebauen. Säin Debut an der Liederhalle zu Stuttgart ass den 19. Juli, wou hien zesumme mam Brenzhaus Orchester optrëtt. Um Programm stinn dräi Lieder vum Schubert, ënner anerem och an enger verschaffter Versioun vum Wolfgang Rihm - e Komponist, mat deem de...
Concerte ronderëm d'Auer 15.07.2025
Och wa vill Concertshaiser an d'Summerpaus ginn, bitt den opus 100,7 ronderëm d'Auer Concerten u fir nozelauschteren. De Lex Kauffmann mécht een Iwwerbléck vun all de Concerten, déi deemnächst op der Antenn wéi och an der Mediathéik vum opus 100,7 ze héiere sinn.
Musikalesch Liesung um Éiner Wënzerdag 14.07.2025
“Mosella” ass e Gedicht iwwer d'Musel, geschriwwe vum réimeschen Dichter Decimius Magnus Ausonius. Deen huet sech schonn deemools am 4. Joerhonnert mat Tréier a Lëtzebuerg gutt auskannt. Den Dënschdeg, 15. Juli, kritt deen historeschen Text zu Éinen en neit Liewen an enger Liesung vum Lex Roth, mat passender Musek gespillt vum Ensemble Vocal Sainte Cécile. Dat am Kader vum Éiner Wënzerdag, en...
Klassik am Hesper Park 10.07.2025
Dëse Freideg, 11. Juli um 8 Auer owes, kann een zu Hesper am Park en Open-Air-Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg kucke goen. Ënner der Leedung vum Jonathan Kaell begleede si ënner anerem och den Cellist Mathis Grisò. Um Programm Wierker vun David Popper, Ethel Smyth oder och Isaac Albeniz. D’Marie Trussart huet mam Dirigent ënnert anerem doriwwer geschwat, wat fir Challenges op en Orch...
Jonk Lëtzebuerger bei internationale Concoursen 09.07.2025
Wien zu Lëtzebuerg op de Musekschoulen a Conservatoiren en Instrument léiert ass et gewinnt, reegelméisseg Prüfungen oder Examen ze maachen. Fir e puer geet dat awer net duer. Verschidde jonk Schüler:inne maachen och mat bei nationalen an internationale Museksconcoursen. Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt un der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg, dat ze erméiglechen. Hir Schülerin C...
Mam "Mount Everest" op éischt Tournée 08.07.2025
Et ass den Ofschloss vun engem Austauschprogramm tëschent dem Publikumsorchester vum Konzerthaus Berlin an dem Orchestre Place de l'Europe. Concerte ware geplangt an der Lëtzebuerger Philharmonie an am Konzerthaus um Gendarmenmarkt zu Berlin. Gëschter Owend war de leschte Concert an der däitscher Haaptstad. Duerch dëse Projet hat den Orchestre Place de l'Europe, kuerz OPE, d'Méiglec...
E musikalesche 4-Gäng-Menü 07.07.2025
All fënnef Sënner matenee verbannen - dat mécht een net bewosst an net all Dag. Beim nächste Concert vum Ensembel United Instruments of Lucilin an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen de Sonndeg 13. Juli gëtt et net nëmmen Nei Musek vum US-Amerikaner Aaron Einbond ze genéissen, mee gläichzäiteg och ee 4-Gäng-Menü als Mëttegiessen. Dee gëtt op der Plaz zesummegestallt vun de Chefkäch Carlo Sauber...
Kinnekswiss loves... LIVE 03.07.2025
Um Programm stinn um Concert samschdes, den 5. Juli, Extraiten aus dem Georges Bizet senger Oper "Carmen", dem Wolfgang A. Mozart senger Oper "Le nozze di Figaro" an dem Georg Friedrich Händel senger Oper "Serse". Dëse Concert am Kader vum Festival Kinnekswiss loves... vun der Stad Lëtzebuerg ass de leschten Optrëtt vum Gustavo Gimeno als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Ph...
Nei Saison vum CAPE 02.07.2025
De CAPE, de Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, huet de Programm fir d'Saison 25-26 virgestallt. An déi start mat enger neier visueller Identitéit, déi deen iwwerschaffte Fokus illustréiere soll. Am Mëttelpunkt soll vun elo un d'Communautéit esou wéi eng méi partizipativ Approche stoen. Dofir ginn niewent der gewinnter Offer nach Workshoppen an interaktiv Projeten ugebueden, déi d'...
Studéieren an zesumme sangen! 01.07.2025
De Chouer vun der uni.lu organiséiert ee Concert de 6. Juli Nomëttes um 5 Auer an der Mäerteskierch zu Diddeleng. An deem Kader kollaboréiert den uni.lu Chouer mam Chouer vun der Universität des Saarlandes. Dirigent ass de musikaleschen Direkter an Dirigent vum uni.lu Chouer Thomas Gareau. Um Programm steet Musek vu Komponisten déi aus dem “Norde” kommen. Et ass A Capella Musek an och Musek zesum...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.