radio 100,7
Europa Aktuell
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert? 08.07.2026
Sielen ass sech d’Parlament esou eens - déi nei Reegele gi vun enger ganz breeder Majoritéit gedroen. Déi gutt Nouvelle ass: D’Rechter vun de Passagéier ginn net beschnidden. Dofir hat sech d’Europaparlament an de Verhandlunge mat de Memberlänner agesat. D’EU-Länner haten nämlech laang drop bestanen, datt d’Airlinen an Zukunft hire Clienten eréischt bei gréissere Retarden eng Kompensatioun ausbezu...
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler 26.06.2026
Bei de weiderhi ganz héijen Temperaturen dobausse souze gëschter um Kierchbierg d’EU-Ëmwelt-Ministere beieneen - fir op en Neits iwwer d’EU-Klimaziler ze diskutéieren. Virun allem Däitschland, mee och verschidden osteuropäesch Länner stellen dat bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor weider a Fro. D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn an eng ofgeschwächte Versioun vun d...
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren 24.06.2026
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen. Detailer vum Danièle Weber
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord 19.06.2026
Den europäesche Budget suergt all siwe Joer fir Sträit ënner de Memberlänner: Traditionell sti sech zwee Campe géintiwwer: déi, déi méi, an déi déi manner Sue wëllen ausginn. Wat steet dës Kéier um Spill a wou steet Lëtzebuerg? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU? 21.05.2026
Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn. D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst...
Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt 20.05.2026
Zanter datt d’Strooss vun Hormuz zou ass, schéissen d’Präisser fir Düngemëttel an d’Luucht: D’Baueren an Europa kréien d’Suitte vum Krich am Iran ganz konkret ze spieren. Si fuerdere méi Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun. Déi awer reagéiert elo net direkt. Gëscht huet den zoustännegen EU - Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, säin Aktiounsplang fir d’Düngemëttelen (dee scho méi...
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding? 20.05.2026
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat? An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert 13.05.2026
Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht. D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, fënnt zum Beispill den EU...
EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris 06.05.2026
Verschidde grouss Länner vun der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’EU sollt zesummen op d’Energiekris reagéieren. Si fuerderen zum Beispill eng zousätzlech Steier op exzeptionell Gewënner fir Energie-Entreprisen oder méi labber Budgetsreegelen, fir Investitioune méi einfach ze maachen. Bréissel awer wénkt of. D’EU-Kommissioun wëllt den Ament keng gemeinsam europäesch Mesurë proposéieren...
Peter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen 30.04.2026
De Peter Magyar, dee frësch gewielten zukünftegen ungaresche Premierminister war gëschter op zu Bréissel op Besuch - hie gouf souwuel vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun wéi och vum Conseilspresident Antonio Costa empfaangen. Bei den héichrangege Gespréicher dierft et virun allem ëm eent gaange sinn: Wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir datt déi nei ungaresch Regierung vun...
Informellen EU-Sommet: EnergieKris: wéi koordinéiert geet d'EU vir? 23.04.2026
D’Energiekris a wéi an der Europäescher Unioun soll dorop reagéiert ginn - dorëms geet et haut a muer op engem informellen EU-Sommet op Zypern. D’Staats- a Regierungscheffe wäerten als éischt d’Mesuren ënner d’Lupp huelen, déi d’Europäesch Kommissioun gëschter proposéiert huet. De Krich am Iran an d’Hëllef fir d’Ukrain si weider Sujeten um Ordre du jour an den zukënftegen EU-Budget, bei deem Lëtze...
Gabriele Bischoff EU-Deputéiert (SPD) 22.04.2026
An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass: Rieds geet vum Reglement, datt d’Securité Sociale-Systemer ënner de Memberlänner koordinéiert soll ginn. Fir de Grand Duché geet et do ëm vill Suen. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir E...
EU-Defense-Kommissär: Ukrain kéint Deel vun EU-Arméi sinn 20.04.2026
D’Ukrain sollt integral an den europäesche Verteidegungssystem integréiert ginn. Dat hat déi lescht Woch den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert. Net géint déi Iddi weist sech elo den EU-Kommissär fir d’Verteidegung. D’Europäesch Unioun misst ee System op d’Bee setzen, deen iwwer just d’Länner vun der Unioun erausgeet. An d’Ukrain hätt duerch hir Experienz mam Krich an der Waffepr...
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten 14.04.2026
An der EU gouf e Sonndeg den Owend op ville Plazen opgeotemt: Datt de Viktor Orbán an Ungarn no 16 Joer ofgewielt gouf, gouf zu Bréissel allgemeng ganz positiv opgeholl. Den ungaresche Premier blockéiert zanter Joren ëmmer nees Decisiounen op europäeschem Niveau - elo gëtt erwaart, datt eng méi konstruktiv Approche en vue ass. An Ungarn ass ëmgedréit d’Hoffnung grouss, datt Bréissel déi agefrueren...
Péter Magyar: Dee Politiker, deen de Viktor Orbán kéint klappen 07.04.2026
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel? 30.03.2026
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet. Ee Bléck op de Walkampf, deen op Héichtoure leeft - mat eiser EU-Korrespondentin, Danièle Weber, déi op der Plaz ass. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU-Parlament: EU-US-Deal soll u Konditioune geknäppt ginn 26.03.2026
D’Europaparlament stëmmt iwwert den EU-US-Handelsaccord of, nodeems d’Diskussiounen doriwwer widderhuelt op Äis geluecht gi waren. D'Parlament hat dee Vott ausgesat, no de Menacë vum Donald Trump, fir d’Taxen nees an d’Luucht ze setzen an d’USA domat gedreet hate Grönland ze annektéieren oder awer nodeems dat iewescht Geriicht an den USA déi amerikanesch Douanestaxen als net gülteg deklaréier...
Internationaalt Recht an Irankrich: EU-Parlament ass sech net eens 12.03.2026
An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert. D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt. Europa kéint net weider iwwer...
Ali Akbar: eng Paräisser Legend 05.03.2026
Zanter 1973 verkeeft den Ali Akbar Dageszeitungen an de Stroossen, Caféen a Restauranten am Paräisser Staddeel Saint-Germain-des-Prés. Hien ass dee leschte sougenannte “vendeur de journaux à la criée” a Frankräich, vläicht esouguer an Europa. Fir säin Engagement krut hien am Januar eng Éierung vum President Macron - een ale Bekannte vum Zeitungsverkeefer. De Max Tholl huet den Ali Akbar op senger...
EU-Kommissioun wëllt keen extraen EU-Fonds fir sécher Ofdreiwunge schafen 27.02.2026
Bréissel verweist en Vue vun der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My voice my choice op den Europäesche Sozialfonds, dee kéint fir den Accès op Avortemente geholl ginn.
Stierfhëllef a Frankräich huet eng weider Hürd geholl 26.02.2026
D'Deputéiert vun der Assemblée nationale hu sech fir déi entspriechend Gesetzespropos ausgeschwat. Eise Korrespondent Max Tholl analyséiert den Debat.
Les PFAS au Parlement européen 24.02.2026
Les PFAS, ces substances chimiques plus connues sous le nom de “polluants éternels”, vont faire parler d’eux, cette semaine, au Parlement européen. Des discussions auront lieu cet après-midi, entre eurodéputés et experts, sur l’accumulation dans nos cours d’eau et nos aliments de PFAS hautement persistants utilisés dans les pesticides. Demain, d’autres députés débattront, eux, de l’importance des...
Multi-Speed-EU: Lëtzebuerg kéint de Kierzeren zéien 18.02.2026
An der EU kënnt eng al Iddi nees op: Een Europa mat zwou Vitessen - gemengt ass, datt sech verschidde Länner zesummendinn an a bestëmmte Beräicher ouni de Rescht zesummeschaffen. An den Traitéen ass dës sougenannte “coopération renforcée” virgesinn - et gouf awer meeschtens probéiert, dee Fall ze evitéieren. Mee, en vue vum ekonomeschen Drock, deen an der Lescht staark gewuess ass, schéngen elo ve...
No de Walen a Portugal - wien ass den Antonio Seguro? 14.02.2026
Mir hu mat der Chefredaktesch vu Contacto a Radio Latina, Manuela Pereira, iwwer d'Prioritéite vum zoukënftege President vu Portugal geschwat. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Bettel iwwert EU-Indien-Handels-Accord: Lëtzebuerg ass dofir 27.01.2026
Engem Handels-Ofkommes mat Indien steet d’Lëtzebuerger Regierung positiv géintiwwer, sou de Xavier Bettel am 100,7-Interview. Virun allem am Beräich vun de Finanze gesäit hie “grouss Opportunitéiten” fir de Grand Duché. D'Danièle Weber huet mam Aussen- an Handelsminister geschwat.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.