radio 100,7

Europa Aktuell

News LB ↓ 50 episodes

Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 8, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

US-Menacë splécken d'EU: Weider Dialog oder Fauscht op den Dësch? 21.01.2026

D’EU ass sech net eens, wéi op déi neisten Annonce vum amerikanesche President Donald Trump soll reagéiert ginn. Wéi wäit d’Positiounen auseernee ginn, weist ee Stëmmungsbild queesch duerch d’Parteien Europaparlament. Déi zwou Parteien, déi zu Lëtzebuerg an der Regierung an enger Koalitioun sinn, si komplett anerer Meenung.

Solidaritéit mat Grönland 14.01.2026

D'Souveränitéit vu Grönland wier net negociabel, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament David McAllister.

D'EU-Kommissioun erlaabt méi staatlech Subventiounen 27.12.2025

Zil ass et, Secteuren, déi besonnesch vill Energie verbrauchen, méi kompetitiv ze maachen an ze verhënneren, datt sech méi Entreprisen aus Europa zeréckzéien. Detailer vum Danièle Weber

EU-Parlament: Wéi robust ass déi pro-europäesch Plattform? 26.11.2025

Am Europaparlament rumouert et - virun allem nodeems déi lescht Woch d’Europäesch Vollekspartei eng Majoritéit zesumme mam riets-extreeme Bord gesicht (a fonnt) huet - d’Brandmauer no riets wier gebrach, esou de Reproche vun de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen. Elo freet ee sech, wéi et virugeet. Zum Beispill beim Vott haut iwwer dat an der Tëschenzäit ëmstriddent Reglement iwwer d’Defor...

Chaotesch Deeg an der Belsch 25.11.2025

Et gëtt een Accord fir een neie Budget an der Belsch. Mee dat ass net nëmmen eng gutt Nouvelle. E Streik riskéiert d'Land ze paralyséieren. Mir maachen de Point mat eiser Korrespondentin Agathe Cherki.

Drogegewalt a Frankräich 22.11.2025

Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt...

Pensiounsreformpläng an Däitschland 21.11.2025

Och an Däitschland suergt eng ugekënnegt Pensiounsreform fir vill Diskussiounen, esouguer bannent der Koalitioun. Explikatioune vun eisem Korrespondent Matthias Kirsch

Drogegewalt a Frankräich 20.11.2025

Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt...

Kritik u Vereinfachung vun EU-Dateschutzgesetzer 19.11.2025

Déi aktuell Europäesch Kommissioun ënner hirer Presidentin Ursula von der Leyen huet bekanntlech d’Simplificatioun administrative ganz uewen op hir Agenda gesat. Elo soll do eng weider Etapp agelaut ginn an een neie Pak vu vereinfachte Reegele presentéiert ginn: Dës Kéier geet et ëm Gesetzer, déi déi digital Welt reegele sollen. D’Zil vun de proposéierten Ännerunge wier et, Entreprisen ze entlaasc...

Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz 15.11.2025

Ass d’Brandmauer no riets elo definitiv gebrach? Déi Fro gëtt sech am Europaparlament gestallt - no engem Vott de Donneschdeg iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz. Fir een ofgeschwächten Text vun där Direktiv huet nämlech eng Majoritéit gestëmmt, déi sech haaptsächlech aus Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei a vu rietsen- respektiv rietsextreeme Fraktiounen zesummegesat huet. Dat...

EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz? 08.11.2025

No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon huet et um Enn awer nach geklappt: D’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner si sech de Mëttwoch eens ginn iwwer en europäescht Klimazil fir 2040 - um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass Flexibilitéit. D’Länner an do...

Belsch: De Bart de Wever bleift Premier - mee fir wéi laang? 07.11.2025

Mir froen eis Korrespondentin Agathe Cherki, wat hanner der belscher Regierungskris stécht.

EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz? 06.11.2025

No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon si sech d’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn iwwer een europäescht Klimazil fir 2040. Um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass “Flexibilitéit”. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manne...

Albanien: Ee vun de Frontrunner fir Member vun der EU ze ginn 04.11.2025

Néng Kandidate sti vrun der Dier, fir Member vun der EU ze ginn. D'EU-Kommissioun presentéiert haut, Dënschdeg, 4.11., de Rapport doriwwer, wou si an deem Prozess dru sinn. Als éischt, an där File vu Länner, fir an d’EU eranzekommen, ass de Montenegro, duerno kënnt Albanien. Den Europadeputéierten Andreas Schieder, éisträichesche Sozialdemokrat a Rapporter vum Europaparlament iwwer Albanien e...

EU-Liwwerkettegesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss 03.11.2025

D’EU-Parlament sollt sech näischt vun de Staats- a Regierungscheffe virschreiwe loossen, seet de Marc Angel. Den LSAP-EU-Deputéierte war ee vun deenen, dee sech net un ee Kompromëss gehalen huet, deen no wochelaange Verhandlungen tëschent de Fraktioune vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberale fonnt gi war.

Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz 28.10.2025

D’Propose fir d’Reglement géint d’Entwaldung ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, sou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun a schwätzt sech weider dofir aus, datt Lëtzebuerger Betriber gréisstendeels misste vun de Reegelen befreit ginn. D'Fro ass, wéi vill aner Länner sech där Positioun uschléissen.

EU-Sommet: keng Visiounen 25.10.2025

Ukraine, Klima - den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kuckt zréck op de EU-Sommet vum Donneschdeg a stellt fest, datt déi 27 sech erëm an der Konscht vum Kompromëss üben.

Russescht Staatsverméigen benotzen: D'Iddi koum net virun um EU-Sommet? 24.10.2025

Um EU-Sommet gëscht goufe keng konkret Decisioune geholl - zum Beispill net doriwwer ob d’Ukrain da soll déi Sue vum russesche Staat, déi zanter dem Krich an der EU blockéiert sinn, zur Verfügung gestallt kréien. Och déi ëmstridde Fro, mat wéi engem Klimazil d’EU op d’Klimakonferenz Mëtt November a Brasilie fiert, ass op bliwwen. Wat heescht dat? Ass d’Iddi, déi russesch Suen ze benotzen quasi vum...

EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un 18.10.2025

D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall - elo muss geliwwert ginn - dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Si huet den Donneschdeg ee Fahrplang virgeluecht - wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetze mussen - op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang? En...

EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un 17.10.2025

D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall, elo muss geliwwert ginn, dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Bréissel huet e Mëttwoch ee Fahrplang virgeluecht, wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetzen mussen. Op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang a wee...

Frankräich: Kann de Sébastien Lecornu sech als Premier halen? 15.10.2025

Eise Korrespondent zu Paräis analyséiert, wéi déi aner Parteie reagéieren, nodeems de Premier ugekënnegt huet déi ëmstridde Pensiounsreform aus ze setzen.

Frankräich huet nees eng néi Regierung 13.10.2025

Frankräich huet net nëmmen en neien ale Premier mee zanter gëschter Owend och nees eng Regierung, déi haut d’Amt iwwerhëlt an eng schwéier Missioun untrëtt: e Budget duerch d’Parlament kréien a sech méi laang am Amt hale wéi déi dräi Regierunge virun hier. D’Oppositiounsparteien LFI an RN wëllen awer haut schonn e Mësstrauensvote areechen.

Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament 11.10.2025

D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier Luc Frieden den Dënschdeg am Europaparlament. Hie war dohin invitéiert ginn, fir iwwert d’Zukunft vun Europa ze debattéieren. Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit als Lëtzebuerger Regierungschef zwee Mol gemaach. Deemools stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Débat vun haut -...

Bis muer den Owend wäert de franséische President en néie Premier nennen 09.10.2025

Bis muer den Owend also wäert de franséische President Emmanuel Macron en néie Premier nennen. Dat nodeems de Sébastien Lecornu, dee jo um Méindeg demissionéiert hat, 48 Stonne laang mat de verschiddene Parteien diskutéiert hat fir en Auswee aus der politescher Stagnatioun ze fannen an dee schéngt hien och fonnt ze hunn. Op mannst sot hie gëschter op France 2 datt et eng kléng Majoritéit fir e gem...

Analyse mat eisem Paräis-Korrespondent: Frankräich kënnt net zur Rou 07.10.2025

Frankräich kënnt einfach net zur Rou. No der iwwerraschender Demissioun vum Premier Sébastien Lecornu gëschter steet d’Land alt nees ouni Premier a Regierung do an de Wee aus der politescher Kris gëtt ëmmer méi schwéier ze fannen. De President Emmanuel Macron huet de Lecornu beoptraagt bis e Mëttwochowend lescht Gespréicher ze féiere fir awer nach eng Léisung ze fannen.

Listen to the Europa Aktuell podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.