radio 100,7
Al Schanken
De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Let’s go live! 14.11.2025
Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken: mir si mat der irescher Formatioun Thin Lizzy mam Frontmann Phil Lynott an de Siwwenzeger Joren ënnerwee, d’Patti Smith war 2004 Invitée um renomméierte Festival vun de Vieilles Charrues an der Bretagne an als Ofschloss ass et de Rhytmus aus dem Süde mat Calexico, Willy De Ville a Manu Chao. Playlist: 1. Motorhead - Heroes (Motörizer, 2008) 2. Thin Liz...
Jones Gang & Jeff Beck live 24.10.2025
Hannert dem Numm "Jones Gang" steet den Drummer Kenny Jones, dee bei de "Small Faces" an de "Faces" gespillt huet. Nom Doud vum "The Who"-Batteur Keith Moon huet hien deem seng Plaz bei Daltrey a Co. ageholl. 2004 huet de Kenny Jones fréier Matspiller a Gäscht mat op d’Bün geholl fir un d'Karriär vum 1997 verstuerwene Ronnie Lane ze erënneren. D'Opname sin...
Let’s groove! 10.10.2025
Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht an dëser Stonn omnipresent ... och bei méi rezenten ale Schanken! Playlist: 1. Kings Of Leon - Family Tree (Mechanical Bull, 2013) 2. Black Keys - Eagle Birds (Let’s Rock, 2013) 3. Alabama Shakes - Always Allright (single, 201...
Soul and Funk 03.10.2025
An den Al Schanken geet de Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dës Kéier a Richtung Soul a Funk ... Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen. Playlist: 1. Maceo Parker - Rock Steady (Soul Food: Cooking With Maceo, 2020) 2. Gil Scott-Heron - The Bottle (Winter In America, 1974) 3. Eric Burdon & War - Spill The Wine (War, 1970) 4. Temptat...
Let’s go live! 26.09.2025
Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken: mir si mat der irescher Formatioun Thin Lizzy mam Frontmann Phil Lynott an de Siwwenzeger Joren ënnerwee, d’Patti Smith war 2004 Invitée um renomméierte Festival vun de Vieilles Charrues an der Bretagne an als Ofschloss ass et de Rhytmus aus dem Süde mat Calexico, Willy De Ville a Manu Chao. Playlist: 1. Motorhead - Heroes (Motörizer, 2008) 2. Thin Liz...
Ben Harper live 19.09.2025
De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker Ben Harper souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier an der Hollerecher proposéiert: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden, e Concert tëschent Optrëtter zu München an zu Frankfurt. Am Bagage hat hien deemools an der Haaptsaach säin drëtte Studioalbum “The Will To Live“. E gudde Grond (méi), den Owend e puer Live-Tracken vun him...
The Stranglers live 11.07.2025
Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun -, déi Mëtt de Siwwenzeger Joren mat enger Mëschung aus Rock, Punk an New Wave iwwerrascht hunn. Mat derbäi ass hei och e 4-Track-Ofstiecher an d’Joer 1991 - mat den Debutwierker vu Pearl Jam (“Ten”) an de Smashing Pumpins (“Gish”), mam Nirv...
Psych Pop a Space rock 27.06.2025
D’Lemon Clocks, Wooden Shjips, d’Allah-Las a Babe Rainbow si Bands aus der haiteger Zäit, déi awer gären an d’Vergangenheet ofdauchen, wat hire Sound ugeet: de psycheedeleschen Touch ass ganz dacks derbäi an erënnert un d’Enn vun de Sechzeger Joren, wéi dëse Genre Héichkonjunktur hat. Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn och zwee Pionéier vum Sp...
Dear Jerry 20.06.2025
Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesummen, fir un hiren 1995 verstuerwene Frontmann ze erënneren. D’Initiativ goung aus vun de fréiere Grateful-Dead-Museker Mickey Hart, Phil Lesh, Bill Kreutzmann a Bobby Weir. Ënner de villen Invitéë waren ë. a. de Reggae-Museker Jimmy Cliff, de Peter Frampton, L...
Lemmy’s side project 06.06.2025
The Head Cat war fir de Lemmy Kilmister seng Zort Niewebeschäftegung, wa seng Haaptband Motorhead mol Paus hat. Niewent him (Bass a Gesang) hunn nach den Drummer Slim Jim Phantom vun de Stray Cats an de Gittarist Danny B. Harvey (The Lonesome Spurs/The Rockats) matgemaach. Gespillt goufen al Rock ‘n‘ Roll Nummeren, Rockabilly an Hitten aus de foffzeger a sechzeger Joren. D’Head Cats goufen 1999 ge...
Klangwelten 30.05.2025
Et ass d’Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, an där sech Zäit geholl gëtt fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt, et ass e Schotz Progrock derbäi, et gëtt un der Ambiance vum Lidd geschafft déi een op eng raffinéiert Manéier mathuele soll ... Playlist: 1. Robert Plant - Great Spirit (Fate Of Nations, 1993) 2. Mer...
Lou Reed live 16.05.2025
Dem Lou Reed seng Karriär huet a senger Heemechtstad New York ugefaang. Mëtt de sechzeger Joren war hie Matgrënner vun der Band ‚Velver Underground‘, déi vum Pop Art-Kënschtler Andy Warhol ënnerstëtzt gouf. De Songwriter, Gittarist a Sänger huet 2011 säi läschten Album opgeholl: ‚Lulu‘ ass eng Zesummenaarbecht mat der Band ‚Metallica‘. An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwo...
Golden Earring live 09.05.2025
Déi hollännesch Band Golden Earring gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021 - mat der schwéierer Krankheet vum Matgrënner George Kooymans gouf deemols e Schlussstréch gezunn. “Radar Love“ um Album “Moontan“ war 1973 de Megahit fir de Quartett. Mee och scho virdru konnt Golden Earring eng etlech Kompositiounen an den Charts placéieren, dëst uechter ganz Europa. Drä...
Guns N’ Roses live 02.05.2025
Gëtt d’Luxexpo um Kierchbierg den 28. Juli ieren eng Zort Paradise City? Wait and see ... An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co.! Playlist: 1. Guns N’ Roses - Paradise City (live) (Live Era ’87-’93) 2. Izzy Stradlin - Cuttin’ The Rug (Izzy Stradlin and the Ju Ju Hounds, 1992) 3. Slash feat. Iggy P...
Mad Dogs and Englishmen 25.04.2025
Mad Dogs and Englishmen: mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, déi den Englänner aus Sheffield a 56 Deeg uechter net manner wéi 48 Stied an den USA geféiert huet ... mat eegenem gelounte Bandfliger, fir deemoleg Zäiten en absolutte Luxus. Eng ustrengend an deier Tour, déi wuel e Grammy-nominéierten Duebelalbum an...
In concert 18.04.2025
Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams. Playlist: 1. Talk Talk - Such A Shame 2. Talk Talk - It’s My Life (allebéid: Live at Montreux, 1986) 3. Paul Weller - Remember How We Started / Doninoes (Live Wood, 1994) 4. Paul Weller - If I Only Could Be Sure 5. Paul Weller - The Bottle (allebéid: Bonus Disc “Studio 15...
Fluid architecture 04.04.2025
Fluid architecture D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn. Déi Bausteng a Form vu Lidderzeilen uneneesetzen, Stéck fir Stéck, an dës - begleet vun Nouten - zum fäerdege Song zesummebauen. Oder wéi d’Kanadierin Joni Mitchell seet: “I see music as fluid architecture.”...
Technicolour Dreams 28.03.2025
Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen, mat Rock/Pop, dee sech an de psychedeelesche Beräich erawot an esou dem Zäitgeescht vun deemools absolut Rechnung dréit. A mat Bands, deenen hir Produktiouen och haut nach op de Radioe lafen ... oder awer déi komplett aus dem Vergiess mussen erausgehol...
The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner 21.03.2025
Déi US-brittesch Band The Pretenders gouf 1978 gegrënnt … an d’Band ronderëm déi charismatesch Frontfra Chrissie Hynde ass bis haut aktiv. Ee bis ewell leschten Album (“Relentless“) koum 2023 eraus. Déi grouss Zäit vun de Pretenders war déi éischt Hallschent vun den 80er, wou weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken. E Bl...
Jerry Garcia live 14.03.2025
Den Jerry Garcia (1942-1995) war de Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead, huet awer och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht. Dacks sinn et bei him laang Stécker déi - besonnech live - vill Improvisatioune vun alle bedeelegte Museker proposéieren, seele gëtt dobäi op d‘Auer gekuckt, et rullt gemittlech an nawell gären op eng absolut laidb...
07.03.2025
Op eiser Playlist stinn eng etlech Tracken aus dësem Genre mat Interpreten an Interpretinnen, déi sech Zäit dofir huelen - déi meescht Lidder an dëser Stonn ginn iwwer 6, 7 oder méi Minutten. Keent dovunner koum - wéi dat nawell üblech war - an enger staark gekierzter Versioun eraus (de sougenannte radio edit), fir datt se “radiotauglech“ waren an net wéinst Iwwerlängt direkt am Archiv gelant sinn...
Keb‘ Mo‘ live 28.02.2025
De Keb‘ Mo‘ (biergerlechen Numm: Kevin Moore, Joergang 1951) steet zanter iwwer 50 Joer op der Bün. 2017 war hien, zesumme mat sengem amerikanesche Landsmann Taj Mahal zu Déifferdeng um Bluesfestival ... an huet do voll iwwerzeegt. Am Asaz an dëser Stonn ass säin duebele Live, “The Hot Pink Blues Album” vun 2017. E Wierk, dat dem Keb‘ Mo‘ seng Karriär a säi Mix aus Songwriting an dacks liicht verj...
In concert 21.02.2025
Véier Mol geet et an dëser Stonn an de Concert: d‘Amerikanerin Beth Hart ass Invitée vun den zwee Top-Gittaristen Joe Bonamassa a Jeff Beck, déi 2022 verstuerwe Christine McVie ass d’Haaptprotagonistin bei eisen Tracks vu Fleetwood Mac, de Kanadier David Clayton-Thomas erënnert u seng Zäit als Frontmann vun der Jazz-Rock-Formatioun Blood Sweat & Tears an de Mick Fleetwood steet mat Kolleegen o...
Entspaant op Vältesdag 14.02.2025
Gemittleche Rock, dacks akustesch virgedroen, relax an ofgehaangen Tracks, vun Zäit zu Zäit e klenge Schotz Groove: op Vältesdag geet et an der Emissioun éischter entspaant zou. Deemno: zeréckleeën an de Grëff an déi musikalesch Archivkëscht einfach genéissen! Playlist: 1. Pietà Brown - Precious Game (In The Cool, 2005) 2. Aña Canas - Rock n Roll (Volta, 2012) 4. 3. Calvin Russell - One Meat Ball...
Special Marianne Faithfull 07.02.2025
Mat Live-Opnamen erënnere mir an dëser Stonn un d’Marianne Faithfull. Déi englesch Musekerin an Actrice ass den 30. Januar am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Sämtlech Lidder si vun der Compilatioun “The Montreux Years“, eng Zesummestellung vun Optrëtter um Festival an der Schwäiz tëschent 1995 an 2009. Den “Alabama Song” a “Mack The Knife“ fënnt een um Album “20th Century Blues“ (1996). Playlist: 1....
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.