radio 100,7

Al Schanken

News LB ↓ Odcinki: 58

De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7

Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: www.100komma7.lu

Autor

radio 100,7

Kategoria

News

Strona podcastu

www.100komma7.lu

Ostatni odcinek

8 lis 2026

Gdzie słuchać?

Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótce

Podcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów

Pobierz z Google Play Zainstaluj za darmo Android prawie 10 mln pobrań · ocena 4,7+ iOS niedługo

Odcinki

Al Schanken 08.11.2026

Time Goes By Like Hurricanes And Faster Things (The Allman Brothers Band, Ain’t Wastin’ Time No More) Zäit geet effektiv ganz séier erëm – mee de Sound aus dem US-amerikanesche Süden ass am Fong zäitlos, Zanter de 70er Joren ass Southern Rock eng fest Komponent, dacks mat e puer Gittaren an der éischter Rei déi gären am Uptempo lassleeën. Charakteristesch fir de Genre sinn awer och Nummeren am Lai...

Al Schanken 01.11.2026

Jesus Died For Somebody’s Sin, But Not Mine (Patti Smith, Gloria) Mat hirem Debut-Album ‘Horses’ huet d’US-Amerikanerin Patti Smit 1976 direkt e Megaerfolleg gefeiert – hir Karriär ass bis haut eenzegaarteg, dat als gefeiert Multi-Task-Kënschtlerin (Musek, Literatur, Molerei, Fotografie, ...). Eng Live-Versioun vun ‘Horses’ déi sämtlech Lidder vun der Studioproduktioun proposéiert ass 2005 erausko...

Al Schanken 25.10.2026

Come Closer And See, See Into The Trees (The Cure, A Forest) Rock-Klassiker vu Bands, déi Rockgeschicht geschriwwen hunn (The Cure, Talk Talk, Manfred Mann’s Earthband)… de Lou Reed mat Jazzsaxophon an akustesche Gittaren – awer ouni Drums… de Sammy Hagar (ex-Van Halen) an den Australier Duffo déi sech mat Coverversiounen u Bekanntes erowoen... Playlist: 01. Sammy Hagar – Personal Jesus (Sammy Hag...

Al Schanken 18.10.2026

Wild Thing You Move Me, But I Wanna Know For Sure (Chip Taylor, Wild Thing) Vill Livetracks an dëser Stonn mat Gittaristen, déi an der alleréischter Liga spillen: D’Carolyn Wonderland als Concertstipp am Sang a Klang , an deen am Mee verstuerwenen US-Museker Chip Taylor, deem seng Kompositioun ‘Wild Thing’ als rauen Troggs-Cover bekannt gouf – hei ass hie selwer akustesch mat dësem Track op der Bü...

Al Schanken 11.10.2026

And If You Say Run, I’ll Run With You (David Bowie, Let’s Dance) Den David Bowie mat ongewinnte Live-Versiounen vun zwee vu sengen Top-Hits ... Echo & the Bunnymen mat Live Tracks an engem Heemspill zu Liverpool ... den Debutalbum vun Audioslave ëm de Chris Cornell ... an eng ural Ugangs 70er Schank aus dem eenzegen Album vun der US-Band Felt ... Playlist: 01. Mark Lanegan Band – Floor Of The...

Al Schanken 04.10.2026

If I Keep Holding Out, Will The Light Shine Through? (Pearl Jam, Come Back) D’Band vum Eddie Vedder 2006 Live am Minnesota mat Opnamen aus hirer Official Bootleg Series ... Erënnerungen u Mark Lanegan, Chris Cornell a Scott Weiland ... a vill Beats per Minute méi mat allerhand Loops am Uptempo fir den Ale Schanken-Buttek zouzemaachen ... Playlist: 01.Pearl Jam – Black (live) (Live In St. Paul, 200...

Al Schanken 27.09.2026

I Walk Through Confusion With A Smile On My Face (Ride, Natural Grace) EngRees uechter déi musikalesch 90er op der brittescher Insel ... mat lässegeBritpop-Gittaren, engem Schotz Shoegaze a ville groussen Nimm déi dacks hautnach aktiv sinn ... awer och mat Erënnerungen u méi kuerzlieweg Acts vundeemools ... an als Ofschloss mat Straicher déi de Richard Ashcroft mat and’Spill bréngt ... an anere Wi...

Al Schanken 20.09.2026

How You Get Your Kicks For Living? (Lou Reed, Kicks) De Rolling Stones-Gittarist Keith Richards mat engem Band-Klassiker - ouni déi gewinnte Matmuseker mee mat Privatband ... Deep Purple déi am Royal Albert Hall hiren 2012 verstuerwene Keyboarder a Komponist Jon Lord zelebréieren ... an de New Yorker Lou Reed deen un e puer Kicks vu sengem New York-Kultalbum ‘Coney Island Baby’ erënnert ... Playli...

Let’s go live! 14.11.2025

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken: mir si mat der irescher Formatioun Thin Lizzy mam Frontmann Phil Lynott an de Siwwenzeger Joren ënnerwee, d’Patti Smith war 2004 Invitée um renomméierte Festival vun de Vieilles Charrues an der Bretagne an als Ofschloss ass et de Rhytmus aus dem Süde mat Calexico, Willy De Ville a Manu Chao. Playlist: 1. Motorhead - Heroes (Motörizer, 2008) 2. Thin Liz...

Jones Gang & Jeff Beck live 24.10.2025

Hannert dem Numm "Jones Gang" steet den Drummer Kenny Jones, dee bei de "Small Faces" an de "Faces" gespillt huet. Nom Doud vum "The Who"-Batteur Keith Moon huet hien deem seng Plaz bei Daltrey a Co. ageholl. 2004 huet de Kenny Jones fréier Matspiller a Gäscht mat op d’Bün geholl fir un d'Karriär vum 1997 verstuerwene Ronnie Lane ze erënneren. D'Opname sin...

Let’s groove! 10.10.2025

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht an dëser Stonn omnipresent ... och bei méi rezenten ale Schanken! Playlist: 1. Kings Of Leon - Family Tree (Mechanical Bull, 2013) 2. Black Keys - Eagle Birds (Let’s Rock, 2013) 3. Alabama Shakes - Always Allright (single, 201...

Soul and Funk 03.10.2025

An den Al Schanken geet de Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dës Kéier a Richtung Soul a Funk ... Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen. Playlist: 1. Maceo Parker - Rock Steady (Soul Food: Cooking With Maceo, 2020) 2. Gil Scott-Heron - The Bottle (Winter In America, 1974) 3. Eric Burdon & War - Spill The Wine (War, 1970) 4. Temptat...

Let’s go live! 26.09.2025

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken: mir si mat der irescher Formatioun Thin Lizzy mam Frontmann Phil Lynott an de Siwwenzeger Joren ënnerwee, d’Patti Smith war 2004 Invitée um renomméierte Festival vun de Vieilles Charrues an der Bretagne an als Ofschloss ass et de Rhytmus aus dem Süde mat Calexico, Willy De Ville a Manu Chao. Playlist: 1. Motorhead - Heroes (Motörizer, 2008) 2. Thin Liz...

Ben Harper live 19.09.2025

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker Ben Harper souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier an der Hollerecher proposéiert: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden, e Concert tëschent Optrëtter zu München an zu Frankfurt. Am Bagage hat hien deemools an der Haaptsaach säin drëtte Studioalbum “The Will To Live“. E gudde Grond (méi), den Owend e puer Live-Tracken vun him...

The Stranglers live 11.07.2025

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun -, déi Mëtt de Siwwenzeger Joren mat enger Mëschung aus Rock, Punk an New Wave iwwerrascht hunn. Mat derbäi ass hei och e 4-Track-Ofstiecher an d’Joer 1991 - mat den Debutwierker vu Pearl Jam (“Ten”) an de Smashing Pumpins (“Gish”), mam Nirv...

Psych Pop a Space rock 27.06.2025

D’Lemon Clocks, Wooden Shjips, d’Allah-Las a Babe Rainbow si Bands aus der haiteger Zäit, déi awer gären an d’Vergangenheet ofdauchen, wat hire Sound ugeet: de psycheedeleschen Touch ass ganz dacks derbäi an erënnert un d’Enn vun de Sechzeger Joren, wéi dëse Genre Héichkonjunktur hat. Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn och zwee Pionéier vum Sp...

Dear Jerry 20.06.2025

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesummen, fir un hiren 1995 verstuerwene Frontmann ze erënneren. D’Initiativ goung aus vun de fréiere Grateful-Dead-Museker Mickey Hart, Phil Lesh, Bill Kreutzmann a Bobby Weir. Ënner de villen Invitéë waren ë. a. de Reggae-Museker Jimmy Cliff, de Peter Frampton, L...

Lemmy’s side project 06.06.2025

The Head Cat war fir de Lemmy Kilmister seng Zort Niewebeschäftegung, wa seng Haaptband Motorhead mol Paus hat. Niewent him (Bass a Gesang) hunn nach den Drummer Slim Jim Phantom vun de Stray Cats an de Gittarist Danny B. Harvey (The Lonesome Spurs/The Rockats) matgemaach. Gespillt goufen al Rock ‘n‘ Roll Nummeren, Rockabilly an Hitten aus de foffzeger a sechzeger Joren. D’Head Cats goufen 1999 ge...

Klangwelten 30.05.2025

Et ass d’Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, an där sech Zäit geholl gëtt fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt, et ass e Schotz Progrock derbäi, et gëtt un der Ambiance vum Lidd geschafft déi een op eng raffinéiert Manéier mathuele soll ... Playlist: 1. Robert Plant - Great Spirit (Fate Of Nations, 1993) 2. Mer...

Lou Reed live 16.05.2025

Dem Lou Reed seng Karriär huet a senger Heemechtstad New York ugefaang. Mëtt de sechzeger Joren war hie Matgrënner vun der Band ‚Velver Underground‘, déi vum Pop Art-Kënschtler Andy Warhol ënnerstëtzt gouf. De Songwriter, Gittarist a Sänger huet 2011 säi läschten Album opgeholl: ‚Lulu‘ ass eng Zesummenaarbecht mat der Band ‚Metallica‘. An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwo...

Golden Earring live 09.05.2025

Déi hollännesch Band Golden Earring gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021 - mat der schwéierer Krankheet vum Matgrënner George Kooymans gouf deemols e Schlussstréch gezunn. “Radar Love“ um Album “Moontan“ war 1973 de Megahit fir de Quartett. Mee och scho virdru konnt Golden Earring eng etlech Kompositiounen an den Charts placéieren, dëst uechter ganz Europa. Drä...

Guns N’ Roses live 02.05.2025

Gëtt d’Luxexpo um Kierchbierg den 28. Juli ieren eng Zort Paradise City? Wait and see ... An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co.! Playlist: 1. Guns N’ Roses - Paradise City (live) (Live Era ’87-’93) 2. Izzy Stradlin - Cuttin’ The Rug (Izzy Stradlin and the Ju Ju Hounds, 1992) 3. Slash feat. Iggy P...

Mad Dogs and Englishmen 25.04.2025

Mad Dogs and Englishmen: mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, déi den Englänner aus Sheffield a 56 Deeg uechter net manner wéi 48 Stied an den USA geféiert huet ... mat eegenem gelounte Bandfliger, fir deemoleg Zäiten en absolutte Luxus. Eng ustrengend an deier Tour, déi wuel e Grammy-nominéierten Duebelalbum an...

In concert 18.04.2025

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams. Playlist: 1. Talk Talk - Such A Shame 2. Talk Talk - It’s My Life (allebéid: Live at Montreux, 1986) 3. Paul Weller - Remember How We Started / Doninoes (Live Wood, 1994) 4. Paul Weller - If I Only Could Be Sure 5. Paul Weller - The Bottle (allebéid: Bonus Disc “Studio 15...

Fluid architecture 04.04.2025

Fluid architecture D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn. Déi Bausteng a Form vu Lidderzeilen uneneesetzen, Stéck fir Stéck, an dës - begleet vun Nouten - zum fäerdege Song zesummebauen. Oder wéi d’Kanadierin Joni Mitchell seet: “I see music as fluid architecture.”...

Słuchaj podcastu Al Schanken w Replaio

Radio i podcasty w jednej aplikacji - za darmo, bez zakładania konta. Zainstaluj już dziś i nie przegap premiery

Pobierz z Google Play

Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS