radio 100,7
Aktuelles
Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Impressioune vun der Journée du Portugal 08.06.2026
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.
Eternal Tango kommen zeréck fir ee Concert 15.04.2026
Eigentlech gëtt et d'Band zanter 14 Joer net méi, elo gouf awer annoncéiert, datt si den 21. Juni op der Fête de la Musique zu Keel spillen. De Steve Kugener huet doriwwer mam Bassist vun der Band, dem Tom Gatti, an dem Organisateur vun der Fête de la Musique, dem Pascal Useldinger geschwat.
Gender-safety-gap 07.03.2026
Iwwer de sougenannte Gender-safety-gap bei der Verkéierssécherheet gëtt aktuell nees vill diskutéiert – an am Virfeld vum Weltfraendag de Sonndeg ass et ëmsou méi en Theema. Den Gender-safety-gap beseet, datt Frae bei Autosaccidenter ee méi héije Verletzungsrisiko hu wéi Männer. Weiblech Crash-Test-Dummys kéinten heirunner eppes änneren.
Gender Safety Gap 06.03.2026
Fraen hu bei Autosaccidenter ee méi héije Risiko wéi Männer. Dat ass och esou, well d'Sécherheet éischter mat engem Männerkierper getest gëtt. Weiblech Crash-Test-Dummye kéinten heirunner eppes änneren.
D'Lëtzebuerger an Zeen setzen 04.10.2025
Haut, 4.10., ass dem Grand-Duc seng feierlech Tournée uechter d'Land. 5 Statioune si virgesinn: Gréiwemaacher, Wolz, Stengefort, Diddeleng an den Ofschloss ass hei an der Stad. Fir e wéineg méi iwwer de Programm vun haut gewuer ze ginn, huet d'Paule Rodesch sech mam Laurent Loschetter, dem Direkter vum Atelier ënnerhalen.
Trounwiessel: Vill Leit an der Stad 04.10.2025
Historesch Moment gëschter fir Lëtzebuerg: Den Trounwiessel ass vollzunn. An der Stad virum Palais an um Knuedler haten sech gëschter e puer Dausend Leit versammelt fir bei deem historeschen Dag dobäi ze sinn. Op groussen Ecrane konnte si d‘Ofdankung vum Grand-Duc Henri am Palais an dann den Eed vum neie Grand-Duc Guillaume an der Chamber live materliewen. Besonnesch gefreet gouf sech op d‘Presenz...
Fir den Trounwiessel sinn e puer Dausend Leit an der Stad 03.10.2025
Vum Trounwiessel hunn, wéi et schéngt, och d’Geschäftsleit an d’Restaurateuren am Stadkär profitéiert. Den Eric Ewald huet sech ëmgehéiert an nogefrot. Dobäi hu sech 4 vun hinnen, deenen hir Butteker, Caféen a Restauranten net wäit vum Palais ewech sinn, allzäit zefridde gewise mam Zoulaf, dee si bis kuerz no der Mëttesstonn haten.
Trounwiessel: Dausende Leit an der Stad 03.10.2025
Dir hutt et sécher mat kritt: Lëtzebuerg huet en neie Grand-Duc. De Moien waren an der Stad déi offiziell Zeremonië fir d‘Ofdankung vum fréieren an d‘Vereedegung vum neie Staatschef. An enger feierlecher Zeremonie an der Chamber gouf deen neie Grand-Duc Guillaume vereedegt. A virum Palais hunn Dausende Leit op dee fir si wichtegste Moment gewaart ...
Trounwiessel: Stëmmungsbild aus der Stad vum Knuedler 03.10.2025
De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie begéinen dem Public um Knuedler.
Live virum Palais: déi groussherzoglech Famill um Balcon 03.10.2025
Eise Reporter Pierre Reyland mellt sech vun der Plaz.
Live aus der Chamber: d'Vereedegung 03.10.2025
De Grand-Duc Guillaume leet säin Eed virun der Chamber of.
Live aus der Chamber: virun der Vereedegung 03.10.2025
Eise Reporter Pierre Reyland mellt sech kuerz virun der Vereedegung vum Grand-Duc Guillaume.
Konklav 08.05.2025
Leit aus der ganzer Welt hunn sech op d’Péitersplaz zu Roum versammelt. Si wëllen de berüümte wäissen Damp gesinn deen d’Wiel vun engem neie Poopst nom Doud vum Franziskus haut annoncéiere kéint. Bis elo gouf et just schwaarzen Damp ze gesinn, dat heescht dat déi 133 Kardineel an der Sixtinescher Kapell nach keng Zweedrëttel-Majoritéit fonnt hunn. Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu Roum an...
Wat ännert mam Handyverbuet an der Grondschoul? 26.04.2025
Mir hu bei verschiddenen Acteuren nogefrot.
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn? 12.06.2024
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie 03.06.2024
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie fänken dëse Méindeg an England un. D'Veterane gi fir d'éischt op Portsmouth am Süde vum Land, wou d’Kommandozentral war, éier e puer vun hinnen duerno iwwer den Äermelkanal an d'Normandie ginn. Si si bal 100 Joer al, mee wat si erlieft hunn, wéi si jonk waren, deemools de 6. Juni 1944, den Dag vun de Landungen an der Norm...
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht 19.04.2024
De Björn Höcke gëllt als ee vun den ëmstriddenste Politiker an Däitschland. Hien ass Chef vun der AFD an Thüringen, déi vum Landesverfassungsschutz als rietsextrem agestuuft gouf an ënner Observatioun ass. Ëmmer nees si Riede vum Höcke an d’Diskussioun geroden. An elo steet hien dowéinst viru Geriicht. Hien kritt virgehäit, NS-Vocabulaire a Symboler vun terroristeschen a verfassungsfeindlechen Org...
De Senegal steet viru grousse Verännerungen 29.03.2024
Deen neie Staatschef Bassirou Diomaye Faye ass eréischt viru Kuerzem aus dem Prisong entlooss ginn, wou hie wéinst de Protester vun de leschte Jore souz. Virun allem déi jonk Senegaleese setze vill Hoffnung an hien. D'ARD-Korrespondentin Dunja Sadaqi huet Detailer.
Rumänien will Vorreiter bei Atomenergie werden 22.03.2024
In Rumänien wird gerade eine neue Anlage von Mini-Atomkraftwerken gebaut, die ersten in Europa. Rund 90 Kilometer nördlich von Buraktest sollen sie am Rande eines Dorfes entstehen, auf einem Platz, auf dem bis vor eineinhalb Jahren ein Kohlekraftwerk stand. Die Technologie dazu kommt aus den USA.
D'Koalitounsgespriecher an Holland si virukomm 15.03.2024
Am November, no de Parlamentswalen an Holland, hat de Riets-Populist Geert Wilders nach triumphéiert. Seng riets-extreem Anti-Islam-Partei war stäerkste Kraaft ginn, si hat awer keng Majoritéit kritt. Virgëschter huet de Geert Wilders da matgedeelt, datt hin op d‘Mandat vum hollännesche Regierungschef verzicht, well keng aner Partei hien als Regierungschef ënnerstëtze wollt. Elo gouf et eng Duerch...
De Klimawandel aus dem Bléckwénkel vun de Fraen 08.03.2024
Extreem Hëtzt, schlecht Recolten an aner Geforen: den Impakt vum Klima, deen ännert, kréie Fraen a Meedercher méi ze spiere wéi Männer. Dat Bild ergëtt sech aus Temoignagen a Fuerschungsaarbechten, op déi d'Fraenorganisatioun vun der UNO - UN-Women Däitschland haut um Weltdag fir Fraerechter hiweist. D'SWR-Reporterin Stefanie Peyk huet mat der Responsabeler geschwat.
Weider Verhaftunge méiglech 01.03.2024
Nodeems déi presuméiert RAF-Terroristin Daniela Klette virun zwee Deeg festgeholl gouf, hofft d‘Police elo iwwer d‘Enquête u weider Membere vun der Beweegung ze kommen. Eppes schéngt elo scho kloer: d‘Daniela Klette huet jorelaang zu Berlin en Duebelliewe geféiert, ouni opgeflunn ze sinn. Den ARD-Korrespondent Helmut Eickhoff mat engem Resumé vun deem, wat bis elo gewosst ass.
Die türkische Rüstungsindustrie boomt 19.02.2024
Am Krich tëscht Russland an der Ukrain ginn opp der ukrainescher Säit erfollegräich Droonen aus der Tierkai angesaat. Am Kaader vun hierem 100ten Gebuertsdag huet d’Tierkai bei enger Parade um Bosporus houfreg hiert éischt Flugzeugträger-Schëff présentéiert. Do doniewt baut d’Land eegen U-Booter, Kampfhelikopter an Kampfjets. Tierkesch Verdeegungs-Firmen exportéiren an Tëschenzäit an iwwer 170 Län...
Weltwirtschaftsforum Davos: KI in aller Munde 19.01.2024
In Davos in der Schweiz geht heute das 54. Weltwirtschaftsforum zu Ende. Seit Montag diskutieren dort hochrangige Vertreter aus Politik und Wirtschaft über die dringendsten Probleme und Fragen unserer Zeit. Auf der Tagesordnung natürlich der Ukraine-Krieg und der Krieg zwischen Israel und der Hamas. Einer der prominentesten Gäste in Davos war am Dienstag der ukrainische Präsident Wolodymyr Selensk...
Hëllef- a Fleegedéngschter hu sech de Wiederkonditioune missen upassen 17.01.2024
Op Grond vun de Wiederkonditioune koum et bei den Hëllef- a Fleegedéngschter am Land haut zu manner Asätz wéi soss op engem Dag. Fir Leit, déi awer méi op Soinen ugewise si wéi anerer, gëllt allerdéngs z. B. bei Hëllef doheem a bei Help eng Hierarchie vun de Passagen, dem jeeweilege Grad vun der Ofhängegkeet no. Den Eric Ewald huet de Moie bei deenen zwee Hëllef- a Fleegeservicer nogefrot, wéi si...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.