radio 100,7

Aktuelles

News LB ↓ 50 episodes

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jun 8, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Eng politesch Prioritéit 22.12.2023

Een Zuch mat Verspéidung, eng verpasste Korrespondenz. Wann d‘Pünktlechkeet net stëmmt, da kann och dee klengsten Deplacement séier eng éischter nerveg Ugeleeënheet ginn. An der Schwäiz kann engem dat kaum geschéien. Pünktlechkeet am ëffentlechen Transport ass hei net nëmmen eng Erwaardung vun deenen, déi en notzen, mee och eng politesch Prioritéit. D‘Fuerpläng si souguer un d‘Sitzunge vum Parlame...

Haftstrofe fir Membere vu Spionage-Reseau 20.12.2023

Gëschter stoungen a Pole 14 Membere vun engem Spionage-Reseau viru Geriicht, dee sech aus russeschen, belarusseschen an ukrainesche Staatsbierger zesummegesat huet. Si goufe schëlleg gesprach, wéinst Spionage an dem Versuch vu Sabotage, zum Beispill andeems si versicht hunn Zich mat Hëllefsgidder un d‘Entgleisen ze bréngen. Hir Opträg hu si iwwer d‘Applikatioun Telegram kritt, bezuelt goufe si a K...

"Bewosst sinn, wat een iwwerhaapt brauch" 24.11.2023

Et ass Black Friday, een Dag, deen am Zeeche vum Konsum steet - sief et "offline“ an de Butteker, oder um Internet. Wien am Commerce aktiv ass, hofft schonn ee Mount viru Chrëschtdag gutt Geschäfter ze maachen. D'selwecht geet et deenen, déi gäre shoppe ginn. Mee ginn et Saachen, op déi een am Shopping-Elan soll oppassen? Jo, seet de Konsumenteschutz ULC. De Christophe Fröhling huet sech do mat de...

Kreuzfahrtschiffe bald unerwünscht? 13.11.2023

Majestätische Berge, wilde Wasserfälle, tiefblaue Fjorde: Norwegens Westküste zieht Menschen aus der ganzen Welt an. Die meisten kommen mit dem Kreuzfahrtschiff. Doch die schwimmenden Hotel-Bunker sind Fluch und Segen zugleich. Die Kreuzfahrten sorgen für Arbeitsplätze in den Touristenorten, aber sie bringen auch viel Dreck mit sich, die Schiffe verschmutzen Luft und Wasser an den Fjorden. Das ist...

11.09.2023
Brésil: Quand le plastique devient vertueux 08.09.2023

D'après l'OCDE, d'ici 40 ans, plus de 1.000 millions de tonnes de déchets plastique seront stockées au fond des rivières, lacs et océans. Pour faire face à ce fléau, des initiatives locales se multiplient. Comme à Salvador de Bahia, au nord-est du Brésil, où un anthropologue français a créé la Plasticaria. Cette entreprise produit des meubles et des objets à partir du plastique recyclé. Une démarc...

Frankräich: Debatt ronderëm d'Abaya 06.09.2023

A Frankräich gëtt d'Schoulrentrée vun enger Debatt ronderëm d'Abaya begleet. Dëst Kleedungsstéck gëtt traditionell vu muslimesche Fraen a Meedercher gedroen an ass zanter dësem Schouljoer verbueden. Net all Schülerinnen hale sech awer dorun. Vu Paräis eise Korrespondent Max Tholl

Ee Joer gratis Maison-relaisen 05.09.2023

Elo hätt ee kënne mengen, da géife vill méi Kanner ageschriwwe ginn. Mee dat ass net agetrueden. Déi gefaarten Enkpäss sinn nämlech ausbliwwen. Dat krut d'Stéphanie Bisenius vun Acteuren um Terrain confirméiert.

Chamberwalen: De Walkampf huet offiziell ugefaangen 04.09.2023

A knapp fënnef Wochen - de Sonndeg, den 8. Oktober - wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. Déi offiziell Campagne huet dëse Weekend ugefaangen. Erklärunge vum Jean-Claude Franck

Liewenmëttelsécherheet op der Fouer 30.08.2023

Fir datt Dir beim Iessen op der Schueberfouer op déi néideg Liewensmëttelhygiène ziele kënnt, ass d'ALVA am Asaz, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire. D'ALVA, fréier einfach d'Santé genannt, kontrolléiert d'ganz Joer iwwer Restauratiounsbetriber a Supermarchéen zu Lëtzebuerg a suergt esou fir e gewëssen Qualitéitsstandard an der Liewensmëttelhygiène. Op der Fouer sinn eng D...

Nach keng Reglementatioun vun der Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg 29.08.2023

Anescht, wéi et am Koalitiounsaccord virgesi war, koum et an dëser Legislaturperiod zu kenger Reglementatioun vun der Plattformaarbecht zu Lëtzebuerg. Gemengt sinn domat Déngschtleeschtungen, déi iwwer eng Online-Plattform vermëttelt gi wéi zum Beispill e Liwwerservice fir Iessen aus Restauranten. De sozialisteschen Aarbechtsminister Georges Engel huet seng Meenung an de leschte Méint geännert a m...

Bréissel decouragéiert d'Autosfuerer 28.08.2023

Vum Auto op de Vëlo: Dat schéngen an der Stad Bréissel ëmmer méi Leit ze maachen. Viru genee engem Joer gouf mat "Good Move" en neie Mobilitéitsplang lancéiert - dee virun allem d'Automobiliste sollt decouragéieren, duerch de Stadzentrum ze fueren. Gläichzäiteg goufen nei Vëlospisten ageféiert a Foussgängerzonen ausgebaut. Enger éischter Evaluatioun no weist de Plang däitlech Resultater: Par rappo...

Donald Trump huet sech zu Atlanta den Autoritéite gestallt 25.08.2023

Hien ass do am Staat Georgia wéinst senge Versich d'Walresultat 2020 ze beaflossen ugeklot. Et ass déi véiert Uklo géint de fréieren US-President. An alle Fäll seet hien, hie wier onschëlleg a seet och weiderhin ouni Beweiser, datt d'Walresultat manipuléiert gouf. Eise Korrespondent Philip Crowther huet méi Detailer vun Atlanta.

Demande fir dräi nei EU-Sproochen 24.08.2023

24 Sproochen sinn den Ament an der Europäescher Unioun offiziell unerkannt. Lëtzebuergesch ass bekanntlech keng dovunner. De Grand-Duché huet bis elo ni esou eng Demande bei der EU agereecht, och wann d'Diskussioun heiansdo opkoum. Spuenien awer huet elo esou eng Ufro gemaach - an zwar, datt nieft dem kastileschen, och katalounesch, galizesch a baskesch als EU-Sprooch sollten unerkannt ginn. Op d'...

Au Brésil, l'esclavage donne encore son nom à des rues 23.08.2023

C'est aujourd'hui la journée internationale du souvenir de la traite négrière et de son abolition. Une date particulièrement importante au Brésil, dernier pays à avoir aboli l'esclavage, en 1888. À Salvador de Bahia, qui a vu débarquer des centaines de milliers d'africains, le projet "Salvador Esclavagiste" a été lancé en juillet 2020 par un groupe d'historiens. Objectif? Recenser les rues, places...

Airbnb Reglementatioun: "Wichteg fir e faire Wettbewerb" 22.08.2023

Kuerzzäitegt Verloune vun Hebergementer am Stil Airbnb wäert vu September u reglementéiert ginn. Et wäert e Seuil fir Iwwernuechtungen ageféiert ginn - wann deen iwwerschratt gëtt, mussen d'Bedreiwer en Droit d'Etablissement hunn. Fir de François Koepp vun der HORESCA ass dat e wichtege Schratt fir géint deloyal Konkurrenz virzegoen an de Wunnengsmaart ze entlaaschten. D'Morgane Weidig huet Detail...

Geplangten EU-Subsiden däitlech ënner dem US-Plang 21.08.2023

Viru genee engem Joer huet den amerikanesche President Joe Biden ee Gesetzespak lancéiert mat generéise Subventioune fir d'Industrie méi klimafrëndlech ze maachen. Zanterhier gouf massiv investéiert, Observateure schwätze vun engem richtegen Industrieboom. D'Äntwert vun der EU dorop fält am Verglach éischter bescheiden aus. D'Propos, déi d'Europäesch Kommissioun Enn Juni op den Dësch geluecht huet...

Manner Aartevillfalt an de Flëss 18.08.2023

D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer ass amgaang ze stagnéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Luxembourg Institute of Science and Technology ervir, déi d'Unzuel u Liewewiesen ouni Wirbelen analyséiert huet. Nodeems sech d'Waasserqualitéit bis 2010 verbessert huet, ass d'Aartevillfalt an de Flëss an de leschte Joren erëm amgaang ofzehuelen. Detailer vum Sophie Schroeder

D'Gesetz iwwer den Ombudsman: Reform schleeft 16.08.2023

Anescht wéi am Koalitiounsaccord vun der Regierung virgesinn, gouf d'Gesetz iwwer den Ombudsman an dëser Legislaturperiod net reforméiert. D'Missioun fir bei Reklamatiounen tëschent dem Bierger an dem Staat ze vermëttelen, gouf deemno net op Servicer erweidert, déi de Staat u privat Acteuren delegéiert. Zum Beispill ass den Ombudsman dowéinst weiderhin net fir Alters- a Fleegeheemer zoustänneg. D'...

Radiologie: Skepsis géintiwwer Investisseuren ass grouss 14.08.2023

Ee Grupp vun Investisseure géif gären en neie Radiologiezentrum fir IRMen, Scanner a Mammographien zu Esch ubidden: Dat ass mam neie Gesetz iwwer de Virage ambulatoire prinzipiell méiglech. Viraussetzung ass awer, datt den Hygie Group ee Spidol als Partner fënnt. Well just Spideeler dierfen déi nei ambulant Antenne bedreiwen, déi d'Gesetz ënner anerem am Beräich vun der Radiologie erlaabt. Mee d'S...

649 Kandidaten trieden den 8. Oktober un 10.08.2023

Bei de Chamberwalen a knapp zwee Méint wäerte méi Parteien oder Gruppéierungen untriede wéi bei de leschte Walen 2018. Viru fënnef Joer waren et der zéng, an dës Kéier wäerten et der 12 sinn, déi allerdéngs net alleguerten an alle véier Walbezierker untrieden. Déi dräi Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng, grad wéi déi véier aktuell Oppositiounsparteien an der Chamber CSV, ADR, Piratepartei an...

EU verurteelt Situatioun am Belarus 09.08.2023

Virun dräi Joer gouf am Belarus de President Alexander Lukashenko erëmgewielt gouf. D'Resultat vun deene Walen, déi vu grousse Protester am Land begleet goufen, gouf international net unerkannt. Och duerno koum et zu groussen Demonstratiounen, déi deels brutal niddergeschloe goufen. Den 9. August stéing fir den drëtte Gebuertsdag vun enger gefälschter Wal am Beralus, schreift den EU-Chef-Diplomat...

Naturkatastroph a Slowenien 08.08.2023

Nom schwéiere Reen de Weekend kämpft Slowenien mat enger Naturkatastroph mat immensen Ausmoossen. Sechs Leit koumen duerch d'Iwwerschwemmungen ëm d'Liewen. De Schued gëtt op iwwer 500 Milliounen Euro geschat. Wat Slowenien elo am dréngendste brauch, a wéi d'Situatioun den Ament a Slowenien ass, dat freet d'Angie Maquil eisen ARD Korrespondent Wolfgang Vichtl a Slowenien.

Make Love not War 07.08.2023

"Maacht Léift, kee Krich": Dat ass de Slogan vun enger Message-Serie, déi déi Lénk op hirer Facebook Säit publizéiert hunn. Den anti-Krich-Slogan steet op digital erstallte Fotoe vun engem plakege Wladimir Putin op engem rosa Päerd, an dem Joe Biden an engem rosa Kostüm als Barbie-Partner Ken. Et war eng ongewinnte Kommunikatiouns-Approche vun déi Lénk, déi och vill negativ Reaktioune verursaacht...

Den Trump plaidéiert (nees) op onschëlleg 04.08.2023

Den Donald Trump huet nees op onschëlleg plaidéiert, dës Kéier am Prozess ëm de Stuerm op de Kapitol de 6. Januar 2021. De fréieren amerikanesche President gouf ënner anerem wéinst Conspiratioun géint de Staat zu Washington ugeklot. Hien huet "wëssentlech falsch Virwërf vu Walbedruch", esou d'Uklo, benotzt, fir seng Supporteren ze encouragéieren d'Walresultat ze stoppen an ze kippen. Weider Inform...

Listen to the Aktuelles podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.