radio 100,7

Al Schanken

News LB ↓ 50 episodios

De Rock'n'Roll-Kolléisch um 100,7

Autor

radio 100,7

Categoría

News

Web del podcast

www.100komma7.lu

Último episodio

14 de nov. de 2025

¿Dónde escuchar?

Podcasts en la app Replaio Radio Muy pronto

Los podcasts llegarán muy pronto a la app. Instálala ahora y sé el primero en descubrir una forma totalmente nueva de vivir los podcasts

Descárgala en Google Play Instálala gratis Android 5 M+ de descargas · valoración de 4,8 iOS muy pronto

Episodios

Nick Cave an David Bowie live 31.01.2025

Am Juni 2000 war den David Bowie (1947-2016) Gaascht vun der BBC an där hirem Music Theatre zu London - en Optrëtt dee kuerz virum Bowie-Gig um Festival zu Glastonbury opgeholl gouf an deen de Museker a seng Band an Topform dokumentéiert. Fir vill huet dëse Concert dee vu Glastonbury selwer an de Schiet gestallt ... obwuel deen net schlecht war! Am Abrëll elo ginn et da 25 Joer, datt den Nick Cave...

The New Barbarians Live 24.01.2025

Hannert dësem Bandnumm verstoppt sech e Side Project vum Rolling Stones-Duo Ron Wood / Keith Richards. Am Fréijoer 1979 sinn déi zwee Gittariste mat Musekerkolleegen uechter Kanada an d’states getourt, am selwechte Joer gouf et et och en Optrëtt um Knebworth-Festival am Viirprogramm vu Led Zeppelin - an dat war et dann och schons fir d’New Barbarians, wou och nach de Faces-Keyboarder Ian McLagan d...

Down Macon, Georgia 17.01.2025

De Sound vun der legendärer southern rock-Formatioun The Allman Brothers Band ass den Owend omnipresent an den Ale Schanken – ouni d’Band selwer, dofir awer mam laangjärege Gittarist Warren Haynes a senger Band Gov’t Mule, mat Live Tracks vum Bandgrënner Gregg Allman ( 1947 - 2017) déi hien doheem zu Macon, Georgia opgeholl huet a mat der hollännescher Leif de Leeuw Band, déi hire Virbiller gläich...

Carla Olson a Mick Taylor live 10.01.2025

Am Repertoire vum Duo Carla Olson / Mick Taylor ginn et eng Hellewull Erënnerungen un de Sound an un d’Kompositioune vun de Rolling Stones ... wat kee Wonner ass: den Taylor war bis 1974 Gittarist bei de Stones a gräift hei, zesumme mat der US-Rockfra Carla Olson op eng etlech Nummeren aus där Zäit zeréck. Zesumme stoungen si de 4. Mäerz 1990 am Roxy zu Hollywood op der Bün. Och viru Publikum pres...

Cactus live 03.01.2025

Haarde Rock mat engem Schotz Boogie oder Blues - dat war d’Rezept vun der US-amerikanescher Band Cactus, déi aus fréiere Membere vu Vanilla Fudge entstanen ass. Mat dëser Kombinatioun hat si ufanks de 70er och hei an Europa Erfolleg, speziell mat hirem Live-Album, deen 1972 um Mar Y Sol Pop Festival op Puerto Rico opgeholl gouf. Ee bis ewell leschten Album vu Cactus ass “Tightrope“ aus dem Joer 20...

Let’s go live! 27.12.2024

Et geet et an de Concert - mam Eric ‘Slowhand’ Clapton, mat der argentinesch-texanescher Kombinatioun LA Mississippi / Billy F. Gibbons (a ZZ TOP-Repertoire!) a mat Kult aus Australien, dem Angus & Co an hirem éischte Live-Album. Playlist: 1. Eric Clapton - White Room (live) (Forever Man, 2015) 2. Eric Clapton - Cocaine (live) (idem) 3. Eric Clapton - Sunshine Of Your Love (live) (idem) 4. LA Miss...

Zeréck am Ring! 13.12.2024

Déi eng hunn no 16 Joer Paus erëm en Album erausbruecht deen - düster a voller Weltschmäerz - iwwerzeegt, déi aner versti sech erëm no munch Divergenzen a ginn op eng direkt ausverkaaften Tour: The Cure an Oasis sinn allebéid mam Begrëff Comeback verbonnen. A mat Oasis ass och de Britpop a säin Ëmfeld aus den 90er Joren erëm ugesot ... an däers ass dofir och eng déck Schëpp derbäi! Playlist: 1. Li...

Ian Hunter and Calvin Russell live 06.12.2024

Mott The Hoople war ufanks de 70er Joren d’Formatioun vum Ian Hunter (Joergang 1939). Support koum deemols vum David Bowie, dee fir si produzéiert a geschriwwen huet. 1974 huet dem Englänner seng Solokarriär ugefaangen, an déi dauert bis haut: am héijen Alter huet den Hunter nach rezent zwee Wierker erausbruecht, “Defiance Part 1“ a “Part 2“, erauskomm 2023/2024. Den Texaner Calvin Russell (1948-2...

Catfish live 22.11.2024

Mat Catfish ronderëm de Bandgrënner Bob Hodge kënnt an dëser Al Schanken-Stonn eng sécherlech net esou bekannte Band an den Asaz. Catfish stoung manner an der alleréischter Rei, wat de Bekanntheetsgrad betrëfft, si waren éischter “local heroes“ am US-Bundesstat Michigan. D‘Band huet et trotzdeem och bis an de renomméierten New Yorker Filmore East gepakt. Rock vollgepaakt mat enger décker Portioun...

Paul Rodgers live 08.11.2024

Mat de Formatioune Free a Bad Company huet hien an den Enn Sechzeger a Siwwenzeger als Stëmm gläich e puer Rockklassiker interpretéiert (“Allright Now”, “Can’t Get Enough”, “Bad Company”, …), fir de Projet Queen + Paul Rodgers koum et ufanks den 2000er zur Zesummenaarbecht mam Duo Brian May/Roger Taylor, och solo ass den Erfolleg net ausbliwwen: de Mann aus Middlesbrough (Joergang 1949) zielt zu d...

Et geet ëm d‘Lidd 01.11.2024

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist. Si erzielen, jiddwereen op eege Manéier, Erlieftes an Zesummegeschriwwenes, reell oder fiktiv Geschichten, déi hinnen um Häerz leien. Meeschtens geschitt dat op eng méi roueg a poséiert Manéier, esouguer wann - wéi beim Leonard Cohen - eng g...

It’s only rock’n’roll… 18.10.2024

Fënnef Joer virdru ware Jagger/Richards a Co. op Tournée uechter d’States, erauskomm ass dobäi den zweete Live vun der Band ‘Get Your Ya Ya’s Out!’ deen am September 1970 op de Maart koum. Dësen héichgelueften Album ass den Owend mat dräi Tracks derbäi. Nei an der Band war deemools de Gittarist Mick Taylor, deen de Brian Jones ersat huet. Hien hat schonns kuerz op ‚Let It Bleed‘ (November 1969) ma...

Bob Dylan – live & revisited 11.10.2024

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen - mol méi, mol manner bekannt Opname vu Musekerinnen a Museker, déi ‚his Bobness‘ op hir Manéier interpretéieren. Sämtlech Tracks an dëser Stonn si signéiert Bob Dylan. Den Titel vun der Compil...

Calexico live 04.10.2024

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren. Fir den 20. Gebuertsdag vun dësem Wierk koum 2023 eng “Anniversary Deluxe Edition” op hirem Label Quaterstick eraus. Als Bonus Disk ginn et hei 10 Tracken aus dem Concert, deen d’Band ëm den Duo Joey Bur...

Eng nei Saison fir déi al Schanken! 27.09.2024

Eran an eng nei radio 100,7-Saison fir d’Emissioun Al Schanken, an där et ëm Rock a Pop vu gëschter a virgëschter geet. Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn, et lafe grousse Klassiker, mee och kuerzlieweg One-Hit-Wonder, Live-Matschnëtter gehéieren...

Al Schanken 13.09.2024

(Rediff. vum 31.5.24) Playlist: 1. Courtney Barnett - Charity (Tell Me How You Real Feel, 2018) 2. Wooden Shjips - Already Gone (V, 2018) 3. Screamin’ Trees - Sworn And Broken (Dust, 1996) 4. Robin Hitchcock & the Venus 3 - I’m Fallin’ (Goodnight Oslo, 2009) 3. Heartless Bastards - Skin And Bone (Arrow, 2012) 4. Gov’t Mule ft. Ty Taylor - Bring On The Music (Shout, 2013) 5. Otis Taylor & Alvin You...

06.09.2024
Al Schanken 30.08.2024

(Rediff. vun 12.8.24) Rockin’ the 90ies! Playlist: 1. Blur - Jubilee (Parklife, 1994) 2. The Stone Roses - Love Spreads (Second Coming, 1994) 3. Primal Scream - Rocks (Give Out But Don’t Give Up, 1994) 4. Soundgarden - Black Hole Sun (Superunknown, 1994) 5. Alice In Chains - No Excuses (live) (Unplugged, 1996) 6. Alice In Chains - Down In A Hole (Unplugged, 1996) 7. Smashing Pumpkins - Thirty Thre...

23.08.2024
16.08.2024
09.08.2024
Al Schanken 02.08.2024

(Rediffusioun vum 16.2.24) Playlist: 1. Pavlov’s Dog - Song Dance (Pampered Menial, 1975) 2. The Beatles - Magical Mystery Tour (Magical Mystery Tour, 1967) 3. Pink Floyd - See Emily Play (The Piper At The Gates Of Dawn, 1967) 4. The Doors - Love Me Too Times (Strange Days, 1967) 5. Thin Lizzy - Dear Miss Lonely Heart (live) (coffret Rock Legends, 2020) 6. Thin Lizzy - Dancin In The Moonlight (liv...

Vertounte Geschichten 26.07.2024

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ... (Rediff. vum 9.2.24) Playlist: 1. Paul Weller - Cold Moments (22 Dreams, 2008) 2. Terry Callier - Lazarus Man (TimePeace, 1998) 3. Nick Drake - Poor Boy (Bryter Layter, 1971) 4. PJ Harvey & Ramy Essam - The Camp (The Camp, 2017) 5. Patti Smith - Mother Ros...

Osibisa live 12.07.2024

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt. Alleguer hu si déi Zäit zu London gelieft an hire Mix aus de Wuerzele vun doheem a westlechem Rock an Jazzaflëss hu si als “criss cross rhytms that explode with happiness” bezeechent. Déi grouss Zäit vun Osibisa war an de Siwwenzeger Joren, wou d...

Back to the seventies (2/2): 1975-1979 28.06.2024

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi net anescht ze erwaarden huet och d’Musekindustrie séier matgezunn a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum. Doriwwer rieds geet iwwregens am éischten Track vun dëser Emissioun, an deem Pink Floyd net vill Guddes iwwer déi giereg Plackenindustrie erzielen. Eng etlech vun den Nimm, déi op der Playlist...

Escucha el podcast Al Schanken en Replaio

Radio y podcasts en una sola app - gratis y sin registro. Instálala hoy y no te pierdas el estreno

Descárgala en Google Play

Replaio no es editor de podcasts; los nombres de los programas, las portadas y el audio pertenecen a sus autores y se distribuyen a través de canales RSS públicos