Jill & Yannick

Paus.

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: soundcloud.com

Autor

Jill & Yannick

Categorie

Comedy

Site-ul podcastului

soundcloud.com

Cel mai nou episod

24 oct. 2026

Unde asculți?

Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curând

Podcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor

Descarcă din Google Play Instalează gratuit Android aproape 10 mil. descărcări · nota 4,8 iOS în curând

Episoade

#43 Dee mat 2020 - Deel 2 01.01.2021

Am zweeten Deel vum grousse Joresréckbléck geet et ënnert anerem em den Tekken aus der Geriatrie, eng mysteriéis Podcast-Verschwörung an d'lëtzebuerger Luxuspanik. Mat dobäi ass awer och nach de "Nerv aus Gold", e Schoss Linguistik a Neies vun der "Petit Beurre"-Saga.

#42 Dee mat 2020 - Deel 1 31.12.2020

2020 war e... Joer. Am éischten Deel vum Réckbléck op déi lescht 12 Méint ginn et ënner anerem bescheide Virsätz, Konversiounstherapien an telefonesch Iwwerfäll.

#41 Dee mat Chrëschtdag 24.12.2020

Raindrops on roses and whiskers on kittens... ginn et haut NET. Dofir awer technesch Hürden (sponsored by Jill), den Jimmy Glitschi, Hollywoodstar-Mobbing a Christmas-NoGos. Firwat waarden d'Lëtzebuerger an der Schlaang? Wat mëcht d'Isabelle Huppert nach nieweberufflech? A wisou ass "Evacuate The Dancefloor" nach ëmmer dat chrëschtdaglëchst Lidd? All deene Froen gëtt sech an enger extra festlecher...

#40 Dee mat der Dankbarkeet 20.12.2020

Advent, Advent, 2020 brennt! Eng weider Episod ouni vill Chrëschtdag, dofir awer mat Exposing a Cancelling. Ob d' Yåkz-Affär, d' Double-Tap-Kontrovers oder de Fall vum mysteriéise Foto-Partner - hei gëtt alles ugeschwat. Diddeleng, Déifferdeng an de ganze Rescht... Educatiounssystem bass du dat Allerlescht? Och dobäi: Liwwer-Highlights fir déi aktuell Zäit, Serientipps an eventuell och nees d'No A...

#39 Dee mat de Fans 29.11.2020

Eng garantéiert chrëschtdagsfräi Episod um 1. Advent! Mat dobäi si vill Leit, vun deene mir Fan sinn: eis Nolauschterer, d'No Angels, de Banksy vu Keel an den Dieter Bohlen featuring Thomas Mann. Dir wëllt tonneweis Z-Promis, dei garantéiert déifgrënnegst Songtexter an Tipps fir erfollegräicht Starstalking? Say no more and listen to PAUS.

#38 Dee mat der Enttäuschung 08.11.2020

Nee, et ass net nëmmen eng Folleg iwwer Amerika. Haut gëtt et net-enttäuschende Schampes, medial Ofgrënn aus den 2000er an de Wendler. Plus: d'Emily in Paris, zwee Sashas an ee geféierleche Rod Stewart esouwéi nei erfonnte Riedensaarten an Traumatesches vum FKK. #DenDéngensass #egal #ToxicMasculennyty #PausamSonntag

#37 Dee mat den 2000er 24.10.2020

Wat ass dat Eenzegt, wat méi grujeleg ass ewéi Halloween an d'Joer 2020 zesummen? Genee: d'Moud aus de fréien 2000er. Also paakt de Strass-Sonnebrëll aus, geheit den extra klénge Schal em den Hals an zitt den "Zicke"-T-Shirt eng Kéier riet, well et ass Zäit fir Horror! Nieft moudesche Faux-Pas an ënnerschätztenen Trends gëtt et och nach Poledance, eise Bandnumm an Avantgardismus an der Primairesch...

#36 Deen ouni Deprime 09.10.2020

Et gëtt kal, naass an ongemittlech – an et ass och nach 2020! Mat enger extra laanger Folge vum Bildungspodcast äres Vertrauens ass och dës Joreszäit kee Probleem. Fänkt eng Käerz un, huelt d'Decken an d'Taass Téi eraus a prost mat eis op e glamouréisen Hierscht! The girls and the gays, Hollänner am Taj Mahal, Kantinnevibes am Restaurant a Game of Thrones an der Galerie Lafayette si mat dobäi. Et...

#35 Dee mat de Feeler 26.09.2020

Mir sti mat der Ironie-Sireen am Duerchzuch a ginn erëm Tipps, dass et kraacht: Vu Kamellen-Outlets iwwer Old School Musekpiraterie a gratis innovativ Geschäftsiddien ass nees alles dobäi. Och eng "Action"-Libeserklärung, en Appel un d'Museksindustrie a Soundeffekter fir aarm Leit stinn haut um Programm. Fir eng extra Portioun "utz utz utz" ass gesuergt an et gëtt en Enthüllungsbericht iwwer Sekte...

#34 Dee mat de Snowflakes 14.09.2020

TRIGGER-WARNUNG: Leit mat Angscht viru Musek a Gesang sollten dës Episod iwwersprangen. Haut geet et ënner anerem em dem Jill séng nei Karriär dem Yannick säin Tommi-Schmitt-Trauma an e Sandwich-Lidd. Mir sinn och elo de Pressekonferenzpodcast an diskutéieren aktuell Gender-Kontroversen. Plus: Ironie-Sireenen, Vëlofuerer mat Alu-Helm, d'Cher, de Louis de Funès a woke Sitcom-Tipps.

#33 Dee mat der Vakanz 29.08.2020

Mir paken eis Wallis a mir huele matt... d'Von Nassaus op de Kanaren, Mendes-Flashbacks an Dschungelcamp-würdeg Backpack-Trips. Mat am Gepäck sinn och e gewëssene Granzlevel wéinst Vakanzemangel (ee vun eis) an de Versuch, eng national Institutioun ze bestiechen (deen aneren) souwéi déi schlëmmste Matratzen an déi schéinst Aussiichten.

#32 Dee mam Summerlach 2.0 15.08.2020

Et ass nach ëmmer August a nawell leeft iwwerhaapt näischt. Dofir gëtt et haut en erfrëschende Cocktail aus e bëssen 80er, Maccaroni am Dëppen, enger gudder Prise Koks, e puer Ohrwürmer, geféierlechem nostalgeschen Iessen an enger Grëtz Trash-TV. Enjoy chilled!

#31 Dee mam Summerlach 05.08.2020

Den August ass dëst Joer zwar héichsummerlech, mee nach méi ereignislos wéi soss. Dir braucht Beschäftegung? Say no more! Mir hu Brochlandungen am Fernsee an an der Zeitung fir iech, de neisten Dior-Parfum, eist Lieblingsalpaka, e Kaddo vum Beyoncé, Psychoterror a Realitéitsverloscht. Also alles wéi ëmmer. #crèmtiechan #dotärMaskun #maachtengPaus

#3O Dee mam Drëssegsten 18.07.2020

Endlech aus der Datz eraus: PAUS. feiert seng 30(st Episod)!!! Dofir hu mir eis eng national TV-Koryphäe invitéiert, déi hire Besuch ab der éischter Minutt bereit huet. Mir schwätzen iwwer Hollänner, Schëllerpolster an Immobilien. Stréckt iech un fir e Galopp duerch d’Film- a Fernsehlandschaft mat Autosaccidenter, Verwirrungen em d’“Sunlicht“-Affär a ville knusprege Geschichten.

#29 Dee mam Horoskop 11.07.2020

Don't call it a comeback! D'Yolanda an d'Miss Costa Rica si frou, endlech erëm do ze sinn a liewenswichteg Froen ze klären: Wéi eng T-Shirten huet de Keeleclub Nidderfeelen? Si Swarovski-Figuren en Zeechen vu Selbsthass? Wéi geet et dem Brad Pitt? Enner aanerem geet et och em houfreg léiend Zwillingen a komplett onemotional Kriibsen, plus Krawallbürsten a Leit, déi ze extra fir all Stärenzeeche si...

#28 Dee mat Mammendag 14.06.2020

Eng Episod voller Special Effects (alias technesche Probleemer a buerende Noperen) a Mammen vun allen Zorten. Eng vun hinnen kritt esouguer de „Gëllene Nerv“ vun eis iwwerreecht. Och nach dobäi sinn d’ Liewensretter vun Esch, d’ Mammegeräisch par excellence an eng Portioun Onwëssen zu „Game of Thrones“. PLUS: Weieng TV-Mamm déi legendäerst Frisur huet a mat wéi enger de Yannick sech besonnesch ver...

#27 #BLM 05.06.2020

#27 #BLM by Jill & Yannick

#26 Dee mat der Première 15.05.2020

An dëser Episod gi just déi wichteg Froe gestallt: Gëtt et zu Ibiza e Studenterabatt? Wéi oft kann d’Jill „domm Kou“ an enger Sendung soen? Wat sinn dem Yannick seng lescht Wierder um Sterbebett? Ass Thon eigentlech Poulet? An enger spezieller Episod fir déi vun der Coronakriis gebeutelt Primaner 2020 gëtt et zwar KENG sexy Strandstories, dofir awer Lloret-Geschichten, de „Faust“ an 10 Sekonnen a...

#25 Dee mat den Urban Legends 02.05.2020

Mir si rëm back together (wann och just virtuell)! Dës Kéier gëtt doriwwer debattéiert, wat iwwerhaapt eng Urban Legend ass an ënner anerem iwwer den Utopolis, Läichen a Männer aus der Atert geschwat. Dobäi gëtt et nach déng Kolleegen, déi soss ni Schäiss erzielen, Penibeles vum Tennis an dem Yannick säi Verwandtschaftsverhältnis zu engem däitsche Rocker.

#24 Dee mat den Challenges 18.04.2020

An Zäiten ewéi dësen verdreiwen sech d'Leit nach méi ewéi soss d'Zäit mat Challenges an ähnlëche Geschichten. Mir opferen eis op a probéieren der e puer fir iech aus. Enner anerem këmmere mir eis nach em essentiell Themen ewéi Polizisten op TikTok a Lieblingsmemes. PLUS: latäinamerikanesch Feierdeeg, traumatesch Besich beim Schouldokter a firwat de Yannick onbedéngt beim Marie Antoinette sengem Do...

#23 Dee mam YouTube 05.04.2020

Haut schwelge mir an Erënnerungen un déi gutt al YouTube-Zäiten a këmmeren eis em essentiell Froen wéi "Ass Tik Tok de neie YouTube?", "Ween der Däiwel ass d'Kombucha-Girl?" a natierlech "Ass Boomerang Tik Tok?" Mir hunn YouTube-Quarantän-Tipps mat schlampeger Animatioun, chauvinistesche Rapper a Beauty-Gurus mat iwwerrannte Mammen – PLUS d'Netflix-Must-Views fir iech an är ganz Mischpoke. Ausserd...

#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha 26.03.2020

#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha by Jill & Yannick

#22 Social Distancing Spezialepisod 22.03.2020

Eeeeeh....cuarentena... ay! Mir sollen, respektiv DÄERFEN doheem bleiwen a probéieren dowéinst, per Videochat sozial ze sinn. Et ginn ënner anerem folgend Froen beäntwert: Ass de Yannick schold un der Schwéngspescht a Spuenien? Wéi vill 90er ass ze vill fir e Quarantäne-Outfit? PLUS: technesch Probleemer, Podcast-Gossip, Ieselen, Beschäftegungstipps an e puer Gaaschtoptrëtter. Stay safe, stay insi...

#21 Dee mam Self Care 15.03.2020

Well e gewëssene Virus der vill vun eis zu enger Paus (pun intended) zwéngt a fir d'Saach nach méi schlëmm ze maachen, gëtt et haut e Spezialepisod mat Buzzfeed, Beverly Hills an Dehnübungen. Ob géint d'Langweil oder den aktuell nach méi stressegen Aarbechtsalldag, we got your back ++ WARNING: Et gëtt iwwerduerchschnëttlech vill gesongen. ++ P.S. : Merci all deenen, déi weiderhin am Gesondheetssec...

#20 Dee mat den Drag Queens 07.03.2020

Oh yes she better do! Entertainment, Popkultur, Konscht, politescht Statement... Drag ass méi ewéi Männer a Fraekleeder. Haut gëtt et e gratis Crashkuer an donieft këmmere mir eis och em Bodyguards, Sexismus an den onsympatheschste Podcaster.

Ascultă podcastul Paus. în Replaio

Radio și podcasturi într-o singură aplicație - gratuit și fără înregistrare. Instaleaz-o azi și nu rata lansarea

Descarcă din Google Play

Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice