Jill & Yannick

Paus.

Comedy DE ↓ Odcinki: 245

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Koniecznie odwiedź stronę podcastu i wesprzyj twórcę: soundcloud.com

Autor

Jill & Yannick

Kategoria

Comedy

Strona podcastu

soundcloud.com

Ostatni odcinek

24 paź 2026

Gdzie słuchać?

Podcasty w aplikacji Replaio Radio Już wkrótce

Podcasty trafią do aplikacji już wkrótce. Zainstaluj teraz i jako pierwszy zobacz nowe podejście do podcastów

Pobierz z Google Play Zainstaluj za darmo Android prawie 10 mln pobrań · ocena 4,8 iOS niedługo

Odcinki

#194 Dee mat der Syphilis am A 24.10.2026

Toc toc, qui frappe à votre porte? Et sinn d'Jennifer Aniston an d'Reese Witherspoon aus der Podcastwelt! Nodeems déi läscht Episod verschlof gouf, gëtt et haut en "Dopamine Cocktail" mat allem vu Festivitéite bis Flirterkennungsprobleemer a vu Postleitzuele bis Pansexuals.  Mir ware mam Carrie um Nëssmaart, d'Vicky war mam Margot beim Céline, ee vun eis gouf vum Beyoncé vu Butschebuerg erkannt an...

Dee mat de wedelnden Zerwéiten 03.10.2026

Mir sinn erëm do, wann den Hierscht kënnt – an zwar mat Scholdgefiller a rage bait am Gepäck!  Äre Liblingspodcast (alias den hateful ally an de Mann mam Teint um Nippel) diskutéieren haut iwwer Gaytown, memento.lu an (on)impressive Filmer. Et gi frozen margarita faces, Strëppen a rüsteg Rentner, mee och Hochzäits hot takes a lunch ghosting.  Wisou googelt een de Bergdoktor? Ass e Cineast einfach...

#192 Dee mam Teachermemes 12.09.2026

An der leschter Summerpaus. gëtt et – passend zu der Rentrée – education.lu-core mam Batman vum Lëtzebuerger Léierpersonal: dem Teachermemes.  Mir maachen d'Klammer an der Klammer a widmen eis verhalenskreative Kanner, Traumata aus der Schoulzäit, engem ausgeléistenen Alarm an der eegener Vakanze-Bucketlist. Et gëtt zeréckgeruddert, iwwer d'Paie vun den Enseignanten diskutéiert a Liblings-memes be...

#191 Dee mam Cat 04.09.2026

Nues zou an Oueren op – an enger olfaktoresch erausfuerderender Kuliss ass d'Catherine Nothum haut an der Summerpaus! Äre Liblingspodcast brennt drop, mat him iwwer seng Erfarung an der ESC-Jury, real life "TikTok"-Kommentarer a Bichertipps aus dem Bookclub ze schwätzen. Et gëtt seriöen Hochzäitsgossip, déi Lénksradikal vun Neustadt, Wuessen mat iwwer 30, Fouer-Iessen an e bësse "Meh".  Mat dobäi...

#190 Dee mam Philippe 29.08.2026

An dëser Summerpaus.-Episod ass de "Monster"-Sommelier an Nr.1-"TikTok"-Hustler Philippe a.k.a. Argent Difficile zu Gaascht. Mir geheien den Hometrainer an d'Waasser, hänken eis un d'Paart a schwätze mat him iwwer dutch memes, de Kreativitéit-Endboss a seng Vue op d'Marie Curie.   Donieft geet et och ëm Dram-Sponsorings, onerwaarte Film-Favoritten  a Gossip aus der Gaming-bubble. Mat dobäi si Bier...

#189 Dee mam Julie 23.08.2026

Am "Pitcher" vun der Stad gëtt et e "Summerpaus."-Get-Together vun ärem Liblingspodcast mam Julie vu "Luxembourg does it best" – wat fir eis direkt hannert dem Beyoncé an dem Guillaume kënnt!  Et gëtt net nëmmen iwwer Lëtzebuerger Musik-gems geschwat, "Fann de Portugis" gespillt a Content-Grauzonen diskutéiert, mee mir ginn och illegal an droppen déi bescht Summer Hits (vu K-Pop bis Monrose).  Mat...

#188 Dee mam Yannick (Nummer Zwee) 09.08.2026

Haut an der "Summerpaus." geet et breetgefächert quer durch den Garten mat enger Instanz, enger Ikon, enger gudder Maus: De Yannick kläert zesumme mat ärem Liblingspodcast net just d'Ierfschaftsreihefolg an analyséiert (méi oder manner) berüümte Wunnengen, mee liwwert och den "hot priest II" a beschwätzt popkulturell Polemiken (en Hënner, e Rack, e Schung). Tëscht "Scary Movie"-Enttäuschungen, der...

#187 Dee mam Jordi 25.07.2026

Hey hey! An der éischter "Summerpaus." kënnt de Springinsfeld an "Early Bird" Jordi Wagner (méi oder manner) zu Wuert: Dem Yannick säin Jet Set-Reespartner verréit eis, ob et him am Äishockey-Stadion wierklech net kal war, ob hien d'"No Angels" kennt a wien d'Urgestein vum cinematic content zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem gi mir gewuer, wat et mat der "Dubai Sekte" op sech huet, wéi eng Serien seng...

#186 Dee mam melancholeschen Tennis 12.07.2026

Dës Episod ass fir d'Küken, déi d'Nascht verloossen a fir all d'Lackéierer a Lisas!  Mir waren eenzel zesummen op engem Concert, erënneren eis un d'eege Schoulzäit a léien emol net am Noutfall. Et gëtt iwwer "Confessions II" an "Heated Rivalry II", den "Toxic Seventy-one" a pedagogesch (In-)Kompetenz geschwat. Haut ginn et och hot priests a sexy Mäerder, de Baby Reindeer-Mann an de Billy Elliott-B...

#185 Dee mat de Stitzercher 27.06.2026

Haut fille mir eis, ewéi wa mir an e Fön eragetrëppelt wären, ruffe "Vive de Guy" a sangen de komplette "Body Talk"-Album – lowkey vision. Ee vun eis kritt vläicht eng Kaz oder gëtt bestuet, deen aneren ass eng Seriefigur aus den 2000er. Nieft ale Mediemänner a séisse Marketingmausis geet et haut nach ëm en Exhibitionist am Bësch, Police-Probleemer wéinst de "Francopholies" an ein Orakel namens Ca...

#184 Dee mat de Lëtzebuergays 14.06.2026

Et ass Pride Month an dofir gëtt haut Scheet/d zerwéiert. Mir sinn NRW fir iech mat an d'Boot vum Puls der Zeit ze huelen!  Et geet haut zwar net em Leni Riefenstahl-Remakes oder "Muriel's Wedding", dofir awer ëm eng Pressekonferenz fir Millennials (Thema: vocal stims), onreguléiert Emotioune bei der Männer-Fussball-WM a MyGuichet.lu-hate.  Tëscht Gebuertsdagskaddoen, Generatiounskonflikter a gehu...

#183 Dee mam Mord vum Cédric 30.05.2026

Zeréck aus dem prollegen Zürich an aus der Privatklinik sinn d'Heidi an d'Clara aus der Podcastwelt nees fir iech do – natierlech audio only! Ee vun eis war am "Boy Aquarium", deen aneren am Video vum ING-Marathon. Tëscht häerzege Serie-Pappen an underrated 90's Girlgroups geet et an dëser Folg ëm den 2. Agenda, de Lavalott an Empörung an der oppener Schwemm.  Vläicht schreiwe mir haut e klengen T...

#182 Dee mat der Botox-Fee 16.05.2026

Berouegt iech emol alleguer! Haut gëtt vun ënnen erop geschwat an am selwechte Boot bis zum Muskelkater geruddert. Tëscht Aluhut-Fashion a gekréngeltem Graffiti spille mir Polo an Argentinien, hunn eng faszinéierend Maschinn op eis Wonschlëscht geschriwwen a liesen aus eisem geheime Journal vir.  Et dierf een zwar näischt méi soen, mee Plaz fir psychologesch Studie bleift ëmmer – haut ënner anerem...

#181 Dee mam maale Rosalía 02.05.2026

Ugestach an opgestëppelt gëtt et haut eng Episod, déi zweemol opgeholl gouf.  Den Hangryman an d'Fra ouni Zäitmanagement hunn hiert Häerz an déi richteg Bunn gelenkt a liwwere one sided beef mam nationale Radio, Kölner (méi oder manner) Promis, e mäerderesche Buchtipp an e Powernap op der Wildwasserbahn.  Den Dresscode ass "Kommioun", mee och "Nuesschnappech an Zwier", d'Theme schwanken tëschent R...

#180 Dee mam (feelende) Schummen 18.04.2026

Et ass net all Dag Kiermes, och wa Kuch gebak gëtt – är "Witches of Eastwick" sinn haut vreckt am Fréijoer, mee trotzdeem fir iech do!  Wann dës Episod e Film wär, géing en zimmlech sécher "The Fast and the Furious – Tokyo Ofdrift" heeschen. Maacht iech also prett fir Themespréng vu "Coachella" bis Militärmusik. Ënner anerem geet et ëm d'Weltrettung duerch d'Zara Larsson, d'Reallife-"Kimmy Schmidt...

#179 Dee mat der Clientskaart am "RITUALS" 04.04.2026

At the end of the day... ass dëse Podcast eng gemeinsam Evolutioun – dat hunn d'lëtzebuergescht Winona Ryder a Julia Roberts an der Ouschter-Episod erausfonnt a ginn dofir eppes un d'Gesellschaft zeréck: déi beschten Hondsnimm, eng sënnvoll Petitioun an Hëllef bei engem laang iwwerfällege Rebranding: Männer! E puer Gudder hu mir och scho mat am Gepäck: den Tino Marino, de Jean Jujarin, den Hugo Ge...

#178 Dee mam Filmfest-Féiwerdram 22.03.2026

Et ass 5 vir 12 (fir dem Yannick seng Nerven)!  De séisse Poetiker Paco an d'obnoxious Fra am Fliger sinn zwar dout vu bannen, mee trotzdeem do, fir mat iech alles Wichteges aus de leschten zwou Wochen ze beschwätzen – ënner anerem geet et ëm en onproblematesche "Royal Court", e problematesche Promi-Fall, d'Menopause bei de Sopranos an dem Ricky Martin säi Chihuahua. Et werfen sech nees pertinent...

#177 Dee mam Organhandel am Spa 07.03.2026

Är relatable Hustlers – a.k.a. d'lëtzebuergescht Gina-Lisa an den Thanos vun de Männerentschëllegungen – sinn endlech nees do an hunn eng Folg an Iwwerlängt mat dobäi! Tëscht Fatima-änleche Visiounen, engem wichtege Lipödem-Opruff an dem taktloseste Lidd um Sat.1 enthülle mir dem Christine säi "Lieblingsplatz", berichten déi explosiivst Geschichten (Net laachen!) an David Lynch-änlech Erzielungen....

#176 Dee mat der Hepatite am Heizungskeller 21.02.2026

Et ass Zäit fir Deel 2 vun eiser Episod! Mat dobäi sinn d'Rita an de Rafael, d'Anna Delvey vu Lëtzebuerg an de vulgäerste vocal stim. Et geet ëm nerveg Leit zu LA, Buddhismus op engem Been, Kräische mam Shakespeare an "The Jills have eyes".  Alt erëm gi vill Froen opgeworf, ewéi zum Beispill: Gëtt et eng nei "Sunlicht"-Affär? Wéi grouss ass den Ënnerscheed tëscht Freigeist a Luftikus? A natierlech...

#175 Dee mam Familienzwist & der Zwietracht 08.02.2026

Hochzäitssträit! 17-järeg Mammen! Geschlechtskrankheeten (duerch Zopp)! UNISEX-TOILETTEN! Déi hei Episod huet alles. D'Susan Sarandon an d'Goldie Hawn aus der Lëtzebuerger Podcastwelt spieren d'Fréijoer an zerwéieren iech haut comédiséiert Vulgaritéit, Geröllheimer Gays an en Touch "Chicago".  Dierf een säin Therapeut emaarmen? Ass d'North West d'Erika Mann vu senger Zäit? An ass d'Zahide de Mozar...

#174 Dee mam Gebrachginn vum Erich Kästner 24.01.2026

Haut gëtt et Eskapismus vum Feinsten mat antiker Housewives-Konscht, Beckham-Meme-Gold an Tradwife-Mentalitéit aus der Lëtzebuerger "TikTok"-Szeen. Tëscht Anefuerschung a BDSM-Storyen gi kënschtleresch Kéip gemoolt, sech vill geräuspert a Leit geblockt.  Mat dobäi sinn ënner aanerem d'OG-Barbara, d'Fatima vum "Alima", eng besonnesch delusional Drag Queen an "Die 20 Wildesten".  Mir froen eis: Si m...

#173 Dee mam singenden Telegramm 11.01.2026

Am neie Joer ass bei ärem Liblingspodcast alles beim Alen: Et gëtt sech ënnerbrach, dass d'Fatze fléien, mat 300 Dezibel gelaacht an d'Thema am Sekonnentakt gewiesselt – haut ganz nom Motto: "Nach müd' kommt blöd". Spontan ewéi e Stëppche starte mir an d'Joer Nummer 7 (!) a mat dobäi sinn zum Beispill d'Kim aus Amerika (a seng Regime-Pokemons), d'"Rocky Horror Picture Paus" an e nationale Podcast-...

#172 Dee mam putegen Outfit 31.12.2025

Wëllkomm bei der "Rocky Horror Uptight Show" mat äre Sisters aus der "Orangerie"! Am grousse Réck- a Viirausbléck 2025/26 ginn et esou hallef informativ News fir d'neit Joer, de Yåkz am "Alpha Male"-Modus (lusch an der Dusch) an eng ruinéiert Welttour (Tortikolli). Tëscht Chaos a Comfort Zones berichte mir och iwwer Böller-Budgets, den Doud vum Museksvideo an e rietsen Aarm, deen no lénks weist. N...

#171 Dee mam Twerken am Asia Market 23.12.2025

Surprise a god jul! D'indirekt Chrëschtdagsbeliichtung ënnert de Podcasts guidéiert iech duerch dem little baby Jesus säi grousse Moment an huet net Weirauch, Gold a Myrrhe mat dobäi, mee suspicious silence, Tattoo tea an d' wicked witch (flip it around). Et geet haut ëm "Spotify"-Ageshaming, penibel Ufroen un de Bréifdréier, random acts of kindness an (in-)kompetent Mënschen an an ausserhalb der...

#170 Dee mam bloe Fuedem 14.12.2025

Léif Dammen, Hären a non-binary friends... D'Joer geet dem Enn zou an d'Maria an de Jesus aus der Podcastszeen ("Lux"-edition) si prett fir d'Chrëschtdeeg esou besënnlech ewéi méiglech ze maachen: vu réierenden Doppelmaus-Momenter iwwer ëffentleche Liebesbekundungen bis hin zu spaassegen Aufgabe fir är Adventszäit ass alles mat dobäi! Dir musst d'Land net verloossen, fir internationale Feeling ze...

Słuchaj podcastu Paus. w Replaio

Radio i podcasty w jednej aplikacji - za darmo, bez zakładania konta. Zainstaluj już dziś i nie przegap premiery

Pobierz z Google Play

Replaio nie jest wydawcą podcastów; nazwy audycji, okładki i audio należą do ich autorów i są rozpowszechniane przez publiczne kanały RSS