Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: soundcloud.com
Autor
Jill & Yannick
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
24 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Dier 5 04.12.2021 4:00
Dier 5
Dier 4 03.12.2021 2:42
Dier 4
Dier 3 02.12.2021 1:41
Dier 3
Dier 2 01.12.2021 8:07
Dier 2
Dier 1 30.11.2021 3:29
Dier 1
#63 Dee mam 1. Advent 28.11.2021 33:41
Es weihnachtet sehr – och wann emol nach net Dezember ass. Dëst Joer gëtt et zwar kee legendäre Merch, mee awer trotzdeem Kaddoen (iwwregens komplett vegan)... Huelt de Spekulatius eraus a feiert mat eis de Kick-Off vun der Chrëschtzäit! Traditionell am Christmas spirit geet et NATIERLECH em dem de Konjunktiv, Kino-Drama an eis däitsch Alter Egos. Déi éischt Käerz um Paus.-Adventskranz fänken Spec...
#62 Dee mam Kontrollverloscht 21.11.2021 1:05:27
Chaos! Aggressioun! Extra vill Anglizismen! Ier et chrëschtdaglech-besënnlech gëtt, ass elo de Moment, fir eng Kéier de Punkt op den i ze setzen. No engem Prolog vun Album-Rezensiounen féieren är Conducteuren vum Struggle-Bus 2021 iech duerch alles, wat de Bluttdrock an d Luut dreift: neie Corona-Wansinn, den Jake Gyllenhaal, d Joer 2007, Ënnerwäsch an der Afaart, de Contrôle Technique a Leit, déi...
#61 Dee mam Crime Podcast 06.11.2021 1:16:43
Ze spéit fir Halloween, mee nach ze fréi fir Chrëschtdag… dofir gëtt Paus. haut kuerzerhand zum Prime Time Crime Podcast! Move over, "Zeit Verbrechen", well de Sherlock Yåkz an d'Jīll Marple beschäftege sech mat engem glamouréis-mysteriéise Mordfall op Marbersbuedem. Ass een automatesch schëlleg, wann een en Jeanshierm an e wäisse Rollcoll unhuet? Misst ee fir schlecht Wuertwitzer an de Prisong a...
#60 Dee mat de Blogger Awards 23.10.2021 35:47
Ganz nom Motto "Alle Enden haben zwei Würste" schléisse mir d'Paus.-Summertour mat enger kuerzer knackeger "on the road"-Folge of: D'Bibi an Tina aus dem Podcast-Game huelen iech mat an den Hotel Royal op d'Blogger Awards! Virdrun gëtt et e klengen Update mat Peffermënztéi (oder Kamill?), feuilletonräifer Theaterkritik an enger Luxair journey. Sëtzt ee plakeg op engem Päerd? Spréngt een aus der Fë...
#59 Dee mat der Nuit des musées 10.10.2021 1:24:50
Fir déi 20. Nuit des Musées huet de City Museum eis op d'Leit lassgelooss – an hei ass de Best of vum Podcast-Marathon aus eiser neier Stuff! Um Sëlwertablett ginn et international, sympathesch an engagéiert Gäscht, déi deelweis schonn en Hallefmarathon hannert sech haten, ier si mat eis iwwer hier Highlights vum Owend a vun der nächster Zäit geschwat hunn. Wou, wann net hei, geet et an enger eenz...
#58 Dee mam Mil 19.09.2021 1:23:06
Einen haben wir noch... live aus de Rotonden a featuring Cargolux, Luxair an Qatar Airways. Wir haben vom Feeling her ein gutes Gefühl, well haut ginn et Indian Summer vibes mam Hans Dampf in allen Gassen: dem Mil! Et gi geplatzte Bommen aus der Lëtzebuerger Musiksszeen, eng Grëtz Aggressioun a villes, wat am Fussball schief leeft. Och d'Stars a Stärercher kommen nees net ze kuerz: Wat hunn de Maa...
#57 Dee mam Mina 05.09.2021 1:01:22
Are we the drama? Is it us? Ënner Zäitdrock hunn är Stressicas haut e pitch(er) perfect Gespréich mat kengem aneren ewéi dem Dr. Dr. Mina Lebowitz – the voice of her generation. Wéi lauschtert ee Paus. richteg? Stierwen Podcasts elo aus? Ass d'Nicki Minaj amfong vu Lëtzebuerg? Virun enger legendär-rockeger Kuliss ginn et Impfgéigner-Tipps, moudesch Generatiounskonflikter a vegan Geforen. Mat dobäi...
#56 Dee mam Schumacher-Knepper 23.08.2021 56:53
Zu Vino sagen wir nie "no"... an dofir si mir on tour op der Musel! Bei eise Kolleege vu Schumacher-Knepper gëtt et Hollywoodglamour mam Marty McFly an der Prinzessin Leia. Wéi et dëst Joer mat de Wënzerfester ausgesäit, weie Promiwäin sech just als Esseg fir d'Zalot eenegt a wéi engem VIP-Wënzer ee wierklech traue kann – hei gitt dir ët gewuer. Dir kennt "AOC" nëmmen aus dem US-Kongress...
#55 Dee mam Summerupdate 07.08.2021 1:13:37
Summer-Paus. ass fir déi aner – hei gëtt et e klenge Special zu allem, wat an der (méi oder manner) waarmer Joreszäit (méi oder manner) wichteg war. Niewebäi gëtt och nach mat engem gudden Téi op 2 Joer Podcast ugestouss. #humble #blessed Tëschent pedagogesche Korypheen a Metal of the Unicorns ginn et net just déi hottest Summertipps, animalesch Interluden an Hip(po) Kanner, mee och alle...
#54 Dee mam Ophalen 11.07.2021 1:18:17
Den Titel schwätzt fir sech.
#53 Dee mam sportleche Pride Month 27.06.2021 50:40
"I just think that sports are stupid.", fir et mam Amy Schumer ze soen... De Béla Réthy an de Marcel Reif vun der Podcast-Szeen analyséieren haut fir iech d'Konzept Fussball, gymnastesch Fashion-Highlights an NFL-Stippis. Mat dobäi sinn och Ungarn an Däitschland, en expressiven Nacho, Pixar-Waasserkreaturen an d'Chipmunks. Et geet zwar net ëm Abseits oder Foul, dofir awer em essentiell Froen: Wéie...
#52 Dee mam Queer Coding 14.06.2021 1:29:56
Och dës Kéier gëtt et eng five hundred twenty five thousand six hundred minutes laang Folge zu Éieren vum Breitmann! Nom Motto "esouwäit ech mech ieren..." gëtt den Themen Linguistik, Filmwëssenschaft an Soziologie op den Zant gefillt. Ob Erzéiung mat Telefonsbicher, d'Entwëcklerin vun der Triggerwarnung oder och de Romain als Gucci-Designer – äre Bildungspodcast geet nees dohin, wou et...
#51 Dee mam Gender 30.05.2021 58:39
Är Lieblings-Castaways presentéieren iech haut den offiziellen Apero zum Pride Month. De Yannick offenbart, firwat d'Gemeng schold u senger sexueller Orientéierung ass and d'Jill ass insgesamt aggressiv. Ob LNS oder ZLS, 80er Filmclassics oder Instrumenter*innen (Witz in honor of Thomas Gottschalk) – den Gendergap vun de Podcasts deckt nees knallhaart Wourëchten op. Trotzdeem bleift nach Zäit...
#50 Dee mam Fofzegsten 16.05.2021 1:21:51
Started at „Belle Etoile“, now we’re here… Säit mëttlerweil 50 Episoden gëtt mat angeneemem Dezibelwäert an enger grousser Portioun Bescheidenheet iwwer alles an näischt diskutéiert an Dommheet gesellschaftsfäeg gemaach. Zouverlässeg minimal zäitverzögert per Videokonferenz analyséiere mir de grandiose Succès vum aflossräichste Podcast aus dem Land, schwätzen iwwer Highlights a méi oder manner rea...
#49 Dee mat de (guilty) pleasures 02.05.2021 1:11:54
Haut gëtt et gläichermoossen flott a penibel – also alles ewéi ëmmer. Nom Motto „Sief e bëssen voller Wëssen“ gëtt dem Cro säi musikalescht Parallelliewen opgedeckt, e Paradigmenwechsel am Virnumm-Game diskutéiert a skandaléisen dog shaming thematiséiert. Et gëtt vläicht eng nei lëtzebuergesch Supergroup, the return of Bobby Ferreira an e grousse Kategorie-Comeback mat intellektuellem Gaaschtoptrë...
#48 Dee mat de Bicher 19.04.2021 1:47:13
Paus. ass operstanen a kënnt mat enger Episod a "Wetten Dass"-Längt ëm den Eck. Haut ginn et net just extra vill zäitlech Verzögerungen (#Internetverbindung #ondiraitlesud) mee dir gitt esouguer gewuer, firwat d’Jill eng Mëschung vum Lana del Rey an dem Henry VIII. ass a wei eng vläicht 10 Meter grouss Iwwerraschung de Yannick huet. Mat dobäi sinn och asiatesch Philosophien, eis fantastesch Nolaus...
#47 Dee mat der Spiritualitéit 28.03.2021 1:04:19
Wir sagen einfach "hello"! Mat mindestens engem 5. Sënn fir Mentalisten, déi wéi Schauspillerinnen ausgesinn a Social Media Kommentarer vu blonden Ikonen gëtt et haut nach méi onerklärbar ewéi soss. Dir gitt gewuer, wat geschitt, wann den Zirkus an der Staat ass, weie legendäre Reality TV-Moment ee net dierf verpassen a firwat mir ab elo "Paus - de Relativiéierungspodcast" sinn. Mir proph...
#46 Dee mat de Manéieren 14.03.2021 1:29:33
Mais âllo quoi? Haut gëtt et d’„Sendung mit der Paus.“ zum Thema „Manéieren“ am XXL-Format. Enner anerem gëtt Knigge-konform iwwer Reflux-Schwieregkeeten, Frisureprobleemer a Schong-Diskussiounen geschwat. Mir këmmeren eis och ëm Racheakter am Eenzelhandel an Gender Struggles um Dësch an um Tennis. Alt erëm kommen och Froen op, ewéi zum Beispill: Wéi heescht dem Jeannie säi béisen Zwilling? Firwat...
#45 Dee mam verluerene Sch**** 27.02.2021 1:06:07
U k, hun? Et ass d'Zäit vun de verluerene Nerven, Rëss an de Schosselen, geistiger Umnachtung & people losing their shit. Dofir ginn an dëser Folg parlamentarësch Froen zu Reinigungsfachkräften, Drag Race, Fluglinnen mat Existenzängscht an Impfungs-"Hunger Games" gestallt. Mëssverständnesser mam Bob, mental Totalausfäll mam Mohammed a Computertipps ginn et nach on top. Plus: e klengen Äddi un de g...
#44 Dee mam Comeback 13.02.2021 1:07:10
D’ass nees Kiermes am Duerf! Mir si net zu Dubai, mee back in the Paus. Et ass Zäit fir „Dee mam Comeback“ oder och nach „Die große Promi-Folge“ mat eise Kolleegen Caro, Tommi, Amira, Britney, Judy, Dino, Chaild, Tun, Yannick, Natascha, Meli, Thomas, Janin, Micky, Steffen, Jürgen, Ben an David. Eng Stonn Gejäiz PLUS e gratis Soziologie-Grundkurs, penibel Trendsportaarten, den Ofstuerz vum Joerh...
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice