Jill & Yannick

Paus.

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: soundcloud.com

Autor

Jill & Yannick

Categorie

Comedy

Site-ul podcastului

soundcloud.com

Cel mai nou episod

24 oct. 2026

Unde asculți?

Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curând

Podcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor

Descarcă din Google Play Instalează gratuit Android aproape 10 mil. descărcări · nota 4,8 iOS în curând

Episoade

#19 Dee mat der Fuesent 22.02.2020

Haut geet et em d'Föös, déi 5. Joreszäit, de Fasching an de Karneval. Wéi eng Verwirrungen ee mat Schwanecostumer a rosa Joggingen kann ausléisen, firwat zu Köln Doudelueden ronderëmgedroe ginn a wéi eng Zuchfaart ee kann zur Bei maachen, gitt dir wéi ëmmer just hei gewuer.

#18 Dee mam Doud 08.02.2020

De Januar war onendlech laang, mir ware krank an d'Welt steet virum Ënnergang. Dofir ass et elo eriwwer mam Spaass. Mir klären, wéi ee sëch am Lineheart zu Doud blaméiert an ob de Rumpelstilzchen a Wieklechkeet d'Beyoncé ass. #RIP #jesuisPaus.

#17 Dee mat der Digitaliséierung 18.01.2020

En Episod tëscht Jamba-Monatspaket, Exhibitionismus a Pappen op Facebook.

#16 Dee mam leschten Episode 01.01.2020

#16 Dee mam leschten Episode by Jill & Yannick

#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special 25.12.2019

#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special by Jill & Yannick

#15 Dee mam Christmas-Shopping 14.12.2019

Mir investigéiere knallhaart a sozialkritesch, wéi de Lëtzebuerger sech an der Adventszäit behëlt. Realitéit: Mir lästeren a jugéieren an engem Akafszenter, schwätzen iwwer Prostitutioun an terroriséieren zwou Fraen. Vill Spaass mat der éischter "On Tour"-Folleg vu PAUS!

#14 Dee mam Kino 30.11.2019

Adventszäit a Besënnlechkeet? Ugh, as if! Hei ginn et people living their best Kino-life. Ënner anerem dobäi sinn d'lëtzebuergescht Britney Spears, den Ice Cube an der Kannerdisco an den Inspector Gadget beim Nacho-Stand.

#13 Dee mam "cliffhanger" 17.11.2019

Mir entschëllegen eis fir deen technesche Problem. Eise Podcast hat decidéiert sech selwer ze "cliffhangen". Dofir hunn mer eng kleng Iwwerraschung fir iech an en neien Episode eropgelueden, wou just déi lescht dräi Minutte vum "Pet Peeve" Episode feelen. Vill Spaass mam wuel kierzten Episode, deen der op Paus wäert héieren!

#12 Dee mam "Pet Peeve" 16.11.2019

Och an dësem Episod schwätze mir erëm iwwer Themen, déi d'Welt beweegen: Wat ass eigentlech e Pet Peeve, wei éng däitsch TV-Perséinlechkeet brauch elo DRINGEND eng Paus a wat der Däiwel ass aus eisem Facebook-News Feed ginn?

#11 Dee mat der Verännerung 02.11.2019

D'ass erëm Zäit fir eng PAUS. ... Firwat mir haut net eleng sinn, weie Beauty-Trend méi ustrengend ass ewéi all Ëmweltkatastroph a wisou geschwënn all Berliner Hipster jalous op Kielen kuckt.

#10 Dee Mam Jubiläum 19.10.2019

Eng XXL-Folge fir déi 10. Episod ze feieren: Nach méi Gesang, nach méi praktesch Liewenstipps a Neies zur Sunlicht-Affär. Plus d’grouss Fro: Ween ass de Mendes?

#9 Dee mat der Sprooch 05.10.2019

Mir klären haut den Attraktivitéitsgrad vun eise Nolauschterer, firwat mir amfong Amerikaner sinn an ob et e lëtzebuergescht Wuert fir Croissant gëtt. PLUS: eng exklusiv Preview vum neie "Rammstein"-Lidd.

#8 Dee mat der rentrée 20.09.2019

Wéi kann ee mat enger Schachtel eng ganz Primärschoul a Panik versetzen? Wéi dreift ee mat "Nivea"-Crème Biosproffen an de Wahnsinn? Jugendleche Leichtsinn, Drama an Trauma zum Schoulufank – haut bei "Paus.".

#7 Dee mam Hierscht??! 07.09.2019

Haut gëtt et bei PAUS. alles, wat dir géint den Hierschtblues braucht. Enner anerem: Aner Podcasts, Verkéiersproblemer an eng lescht Dosis Summer-TrashTV. #PSL #OhmeinGottwiedummdubist

#6 Dee mam Festival 24.08.2019

Weie Festival ass wei d'Bierenger Kiermes mat Glitzer? Wat ass schlëmmer: Glutenintoleranz oder d Sophia Thomalla? A weie Promi ass dru schold, dass Festivals en général gecancelled sinn? Dat a villes méi gëtt et haut bei PAUS. #infulencer #freedom

#5 Dee mat de "Wutbürger" 10.08.2019

Wouriwwer reegt Lëtzebuerg sech op? Sténken, Sëcherheetsklaameren, sexuell Belästegung a nach villes méi – haut bei "PAUS.".

#4 Dee mat der Generatioun Y 04.08.2019

X, Y, Z... de Yannick an d'Jill léieren endlech d'ABC, beschwätzen der Kanzlerin hier sexy Fotoen a froe sech, ob de Niveau vun der aktueller Generatioun sou déif ass wei d Boxen vun där virdrun. Intro geschwaat vum Wencke Fiedler

#3 Deen vun Lëtzebuerg 04.08.2019

Aarmt Lëtzebuerg ?!1!1!!! Hu mir méi ze bidden wéi onfrëndlech Türsteher an Exhibitionisten am Parkhaus? Fannt et eraus an der neier Episode vu "Paus".

#1 Dee mat der "Soap" 04.08.2019

Wat den Jo Gerner an den Homer Simpson gemeinsam hunn a wisou Soaps eis moudesch ruinéieren. Plus: Wat hunn de Yannick and d Jill mat Schauspiller vun "Unter Uns" ze dinn? Dëst a villes méi haut bei "Paus".

#2 Dee mam Trash TV 04.08.2019

Haut op der Dageskaart: Fremdscham für Fortgeschrittene. Wou huet dem Bauer Guy seng Fra hier Hochzäitsschung hier? Sind wir nicht alle ein bisschen Harald? Äntwerten op dës a nach aner existenziell Froen ginn et elo am "Paus"-Podcast.

Ascultă podcastul Paus. în Replaio

Radio și podcasturi într-o singură aplicație - gratuit și fără înregistrare. Instaleaz-o azi și nu rata lansarea

Descarcă din Google Play

Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice