radio 100,7

Um Bols

News LB ↓ 13 episodes

Lëtzebuerg virun de Chamberwalen. Wat si Suergen, déi d’Leit hei am Land hunn? A wat sinn déi grouss Sujeten, déi beweegen? Déi grouss Repoortage-Serie.

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: www.100komma7.lu

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Oct 5, 2023

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

“Déi Tauxen hu mech bal ruinéiert” 05.10.2023

Duerch déi héich Zënse sinn d’Aktivitéiten um Wunnengsmaart, wat de Kaf a Verkaf vun Haiser ugeet, ëm 47 Prozent par rapport zum leschte Joer gefall. Zanter bal zwee Joer probéiert d’Sara hiert Haus ze verkafen - ouni Erfolleg. D’Ana Angel huet sech mat der Sara am eidelen Haus getraff.

Zementindustrie: Ouni CO2 geet et net 04.10.2023

Vun allen Industrieberäicher ass d‘Zementsindustrie eng vun deenen, déi am meeschten CO2-Emissioune produzéiert. Déi geplangten Dekarboniséierung fir de Klimaschutz stellt och déi Lëtzebuerger Zementindustrie virun e groussen Challenge.

Chamberwalen: Fir d’éischte Kéier wiele goen 03.10.2023

Vill Jonker ginn e Sonndeg fir d‘éischte Kéier wielen. Op enger Table ronde am Lycée Aline Mayrisch huet de Pierre Reyland véier Premièreschüler:inne, déi fir d‘éischte Kéier wiele ginn, begéint a mat hinnen iwwer hir Erwaardunge fir dës Chamberwale geschwat.

Mam Zuch vun Ëlwen an d’Stad - an dat all Dag 28.09.2023

Mol net eng Woch ass et hier, datt ganz Lëtzebuerg am Stau stoung. Ee schwéiert Accident op der A1 hat dofir gesuergt, datt d’Autobunn komplett huet misse gespaart ginn. Fir Leit, déi all Dag mam Auto op d’Schaff fueren, heescht dat: vill Gedold matbréngen. Mam ëffentlechen Transport entkënnt een zwar esou engem Trafik, Gedold muss een trotzdem matbréngen. Mir hunn eng Fra begleet, déi d’Gedold hu...

Aarm sinn zu Lëtzebuerg 27.09.2023

197 Mënschen ouni Daach iwwer dem Kapp goufen zejoert eleng an der Stad gezielt. D’Donkelziffer dierft awer méi héich sinn. An: Eng 10.500 elengerzéiend Eltere ginn et zu Lëtzebuerg, bal 30 Prozent dovunner befanne sech, de leschten Zuele vun STATEC no, ënner der Aarmutsgrenz. Mir hu mat Betraffene geschwat.

Schoulrentrée … op Franséisch 25.09.2023

D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer. De Pierre Reyland war kucken, wat d'Kanner an Enseignanten do schon alles geléiert hunn an der franséischer Filière.

"Ech si gären den Duerfdokter" 21.09.2023

De Kevin Prohaska ass zanter sechs Joer Hausdokter zu Housen. Mat Leif a Séil. Mee Leit wéi hie si schwéier ze fannen. E Reportage vum Rick Mertens

Schraasseger Prisong: Méi Plaz, manner Tensiounen 20.09.2023

Am Schraasseger Prisong sëtzen zanter der Ouverture vum Uerschterhaff zu Suessem viru gutt néng Méint just nach hallef esouvill Detenuen. Eng 250 Männer an Untersuchungshaft sinn am Ufank vum Joer vu Schraasseg an den neie Centre Pénitentiaire op Suessem geplënnert. Eng absolutt Necessitéit fir de Prisong zu Schraasseg kënne méi human ze gestalten, esou wéi et am Gesetz vun der Reform vum Strofvol...

Remboursement vun der Psychotherapie: "Et traue sech méi Leit ze kommen." 18.09.2023

Zanter dem 1. Februar gëtt d’Psychotherapie vun der Gesondheetskeess rembourséiert. No jorelaangen Diskussiounen tëschent der Federatioun vun de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess kréie Mineuren elo 100 Prozent an Erwuessener 70 Prozent pro Therapie-Seance zeréckbezuelt. Wat huet sech zanter dem Remboursement geännert? D'Marlène Clement huet bei enger Patientin a bei enger Psychotherapeutin...

Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg: Wou sinn eis Jonker? 14.09.2023

Wou ass déi jonk Klimabeweegung zu Lëtzebuerg eigentlech drun? D'Ana Angel huet sech mat der fréierer Spriecherin vu Youth for Climate Zohra Robin Barthelemy getraff.

Dezentraalt Schaffen: “Mir bréngen de Büro bei Iech” 13.09.2023

Ëmmer méi Betriber zu Lëtzebuerg maache Satellittebüroen no bei de Grenzen op, fir de Frontalieren, déi bei hinne schaffen, dee stonnelaange Stau all Dag ze erspueren. Dat hëlleft och de Betriber attraktiv fir d'Frontalieren ze bleiwen. Vill vun hinne froen sech, op et sech haut nach lount, op Lëtzebuerg schaffen ze goen.  E Reportage vum Pierre Reyland

Aarbechtszäitverkierzung Zwee Betriber, zwou Meenungen 12.09.2023

Ass eng gesetzlech Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich zu Lëtzebuerg wichteg fir d‘Liewensqualitéit vun de Salariéen ze verbesseren? Oder kéint dat der Kompetitivitéit vun de Betriber schueden? Dat ass eng vun de Froen, déi an dëser Campagne fir d‘Chamberwalen den 8. Oktober diskutéiert gëtt. Wat soe concernéiert Betriber a Salariéen? D’Marlène Clement huet bei zwee Lëtzebuerger Betr...

Ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg: „Hei si mir sécher“ 11.09.2023

Annerhalleft Joer dauert de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain elo schonn. Zanterhier hunn iwwer 24 Millioun Ukrainer an Ukrainerinnen hir Heemecht verlooss. Dëst geet aus engem Rapport vum UN Flüchtlingsrot (UNHCR) ervir. Ronn 6.000 hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt. D’Ana Angel huet zwou ukrainesch Fraen zu Lëtzebuerg getraff.

Listen to the Um Bols podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.