TankenTrio
TankenTrio
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#52 END OF AN ERA 13.10.2024 1:21:35
Allerléiwsten an träisten Trankentrio Zuhörer*innen Mat schwéiren Häerzen muss ären lieblings Trio sech vun sengem Häerzensprojet trennen. Mir soen zwar “auf Wiederhören“ mee lo gett eis Tankentrio Dier zou gemach. An dëser Folge machen mir mat iech zesummen een Réckbléck iwwert eis Podcast Joeren, wéi mir gestart hunn, wou mir elo stinn an wou mir eis an 5 Joer gesinn. Mir soen net, dat mir nie m...
#51 Nennen ma se mol: Antwerpen 03.06.2024 1:17:00
Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerd...
#50 Let's raise a final toast 07.04.2024 1:23:19
Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!
#49 Dry January 28.01.2024 1:21:59
Yuuhuuuu, eis Wanterpaus ass erëm riwwer, d‘Examen si geschriwwen an den Dry January ass och geschwënngepackt. Lauschtert ra fir d‘Fortsetzung vum Lea senger Handy-Story ze héieren eppes kenne mir verspriechen, déi ass nach net färdesch! Och ee ganz spannenden „Wousst du schonn“ hu mir rëm mat dobäi an d‘Kategorie Buh-Mënsch ass erweidert ginn. Ofschléissend war Thema Dry January um Dësch, wei war...
#48 Merry Crisis 24.12.2023 1:10:56
Merry Crisis everyone! Pünktlech fir d'himmlische Zeit kennt eng nei Folge vun eis raus, falls da vun de Familieniessen kuerz flüchte wëllt. Vum Vero sengem zukünftegen Mann, zum Waxing bis hin zu Christmas ass alles dobäi. Iwwregens, wat hält dir vun der traditioneller Bûche? Mir héiren eis am nächste Joer, Kussi.
#47 Bumerang 26.11.2023 1:13:17
Moin Moin, mir erzielen iwwert eis 11.11 Erliefnes a wat haut nach um Programm steet, ausser wat a bei eis an de leschte Woche lass war: rëm zur Ofwiesslung eng Buh-Fra an hire Karma, wisou Piloten eigentlech net dierfen dat selwecht iessen an ee klengen Abléck an d’Truecrime-Welt. Mee domat end eis Folge net, mee dir kritt och nach ee klengen Abléck op d’Crème de la crème: déi nei Regierung. Leen...
#46 Pizza Wurstel 05.11.2023 1:11:42
Moin, Servus, Buon Dia! Haut um Menü steet eng séiss Entrée nämlech Pizza Hawaii. Hutt der iech scho mol gefrot wisou déi sou heescht? D'Vero kläert op. Als Haaptgang steet eng gutt Portioun Opreegung iwwert de Buh-Mensch de gemengt huet dem Lea säin Handy ze klauen. Eisen Dessert huet leider ee bëssi méi batteren Nogoût. Et geet em de Verloscht vun enger Comedy Ikone, ganz genau de Matthew Perry...
#45 Vun der Long op d'Zong 15.10.2023 1:10:33
Wei den Titel et scho seet, huele mir an dëser Folge absolut kee Blat virun de Mond. Ganz judgy urteele mir iwwert eis Lëtzebuerger Gesellschaft, sief et eise Buh-Mënsch oder dat aktuellt Thema: d‘Walen. Sidd also prett fir eng ganz subjektiv an emotional geluede Folge, mir verspriechen iech, langweileg gëtt et iech op alle Fall net!
#44 Lea alleine auf Sri Lanka 24.09.2023 1:23:58
No 2 Méint, hu mir et rëm fäerdeg bruecht eis un Table Ronde ze setzen. Wéi ëmmer gitt dir vun eiser aktueller Liewenssituatioun geupdated. Sidd dir prett fir ee ganz onerwaarten Bumensch, dem Pippa säin Cadeau un d'Claire an dem Lea seng Solo Travel Exeprience?
#43 Wohnzimmeratmosphäre 16.07.2023 1:13:42
Mir fänken net laang un mat: We‘re back, well mir hunn et opginn,reegelméisseg rëm do ze sinn, d‘Liewen mëscht eis ëmmer rëm een Strëch duerch d'Rechnung! Dofir welcome an eiser neier Wohnzimmeratmosphäre, lost iech vun eisem Gebabbels verzauberen. Mir huelen iech mat op den Harry Styles Concert, op eisen Danzgala bis hin zur Eurovision. Zousätzlech kritt der nach e puer richteg gutt aner Podcast...
#42 Mammendag ass net Thema vun der Folge 11.06.2023 1:19:29
First things first: Happy Mama Dag! Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend...
#41 Syphilis Oder Physalis? 21.05.2023 1:28:07
Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!
#40 Vun London iwwer Hamburg, direkt an d'Pensioun 23.04.2023 1:06:01
Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill...
#39 The New TankenTrio 02.04.2023 1:02:08
Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!
#38 Woman Life Freedom (ژن، ژیان، ئازادی) 04.12.2022 48:43
Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den...
#37 Claire alleine auf Bali 06.11.2022 1:35:05
MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen...
#36 Summer Edition 07.08.2022 50:56
Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alle...
#35 Surprise 2.1 24.07.2022 1:21:53
Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!
#34 WE ARE BACK 10.07.2022 1:05:58
No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat o...
#33 Däin secheren Hafen Part II 17.04.2022 54:58
Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z. B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden h...
#32 Däin secheren Hafen Part I 03.04.2022 50:00
Sidd der prett vir ären Horizont ze erweideren? Dann sidd der elo hei genau richteg! An dëser Folge schwätzen mir iwwert een ganzt spannend Thema an zwar: Oppen Bezéiungen. Wat genau ass dat? An huet dat iwwerhaapt iergend een Sënn? Wei stinn mir eigentlech dozou? Mir hunn eis mat dem vir eis friemen Thema befaasst an ganz vill nei an spannend Erkenntnisser gewonnen. Also lauschtert ran.
#31 Okaaay let's go 20.03.2022 48:12
Mol rëm eng Kéier hunn mir eis geduecht iech mat enger vun eisen berüümten Laberfolgen, vun deenen ellenen Noriichten vun eiser Welt ofzelenken. Vorweg mussen mir iech awer virwarnen, dass mir an dëser Folge iwwert Inhalter laberen, déi iech warscheinlech wéineg interesséieren MEE si ass dowéinst ëmsou méi witzeg! Also loosst iech net entgoen wei mir eng gutt an lëschteg Stëmmung verbreeden andeem...
Special Episode : Russland-Ukrain Krich 01.03.2022 1:09:52
Dir sidd villäicht verwonnert, dass mir net op engem Sonnden des Folge rausbréngen. Dat leit ganz einfach dorun, dass mir et als wichteg empfonnt hunn iwwert dat aktuellt Thema, den Russland-Ukrain Krich, ze schwätzen. Einfach erklärt wëllen mir iech puer wichteg historesch Andréck zu dem ganzen Konflikt ginn. Natierlech hunn mir och eis perséinlech Meenungen rabruecht souwéi eis momentan Gefillsl...
#30 Couch Potato 06.02.2022 1:30:22
Ready vir mat eis an d‘Welt vun den beschten Filmer, lieblings Serien an spannendstem Trash Tv anzetauchen? Genau doriwwer laberen mir dréi nämlech an dëser Folge. Ween vun eis ass wuel den gréissten Filmekenner? An ween ass den totalen Géigendeel? Wei stinn mir zu Trash Tv an wat sinn eis guilty pleasure? Alles dat gitt der hei gewuer!
#29 Vogelperspektive 23.01.2022 55:21
Dës Folge beschäftegt sech mat engem Thema oder besser gesot mat engem Begrëff den jidderengem méi wéi bekannt an den och méi wei mënschlech ass, nämlech: Feeler. Och wann verschidden Leit mengen, si wieren fehlerlos, verstoppt sech dach ëmmer den een oder aneren Feeler iergendwou. Mir hunn eis mol selwer gefrot wéi mir mat eisen Feeler emgin bzw. op mir eis déi selwer agestoen kennen. Natierlech...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.