TankenTrio

TankenTrio

Leisure LB ↓ 53 episodes

TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.

Author

TankenTrio

Category

Leisure

Podcast website

soundcloud.com

Latest episode

Oct 13, 2024

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#28 Surprise 1.1 09.01.2022

Eis 7er Rei geet virun, an wéi dir jo mëttlerweil wësst heescht dat, dass et eng néi Surprise Folge gedd! Des Kéier huet d‘Vero eis rëm mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Mat Hëllef vun puer Gäscht hunn mir eis mam Thema Flüchtlingen sou wei hier Integratioun an Inclusioun zu Lëtzebuerg auserneen gesat.

#27 Happy 1st Birthday 26.12.2021

Happy Birthday TankenTrio! Andëser Folge stoussen mir zesummen op eist 1-järegt Jubiläum un. Dobäi hunn mir eis geduecht, dass et passend wier een klengen Joeresreckbleck, mat all den groussen Ereegnisser déi dëst Joer op dëser Welt geschitt sinn, ze maachen. Leent iech zréck,gënnt iech een Drink an loosst 2021 mat eis zesummen auskléngen.

#26 Meenungsfräiheet: Wou sinn d'Grenzen? 12.12.2021

No enger kuerzer Paus, sinn mir zréck mat engem méi eeschten an ganz aktuellen Thema: Meenungsfräiheet. Mir hunn eis d’Fro gestallt: Wat ass Meenungsfräiheet? Wei wäit geet se an ginn et do iwwerhaapt Grenzen? Vun privater Meenungsfräiheet, iwwer Kënschtlerfräiheet bis hin zu ganz hëtzegen Diskussiounen iwwert déi aktuell Corona Situatioun hunn mir dëst Thema auserneen geholl. Schlussfolgernd kenn...

#25 Jealous 21.11.2021

Des Folge geet et em dat Thema wat jiddereen vun eis kennt, wat jiddereen sécher schonn erlieft huet an suguer bal ganz sécher och jiddereen an sech dréit: Jalousie. Hues du dech well gefrot op weiengem Jalousies Level du bass? Wann net dann ass elo den Moment dat mam Tankentrio ze maachen! Ob an enger Bezéiung, Frëndschaft, Famill oder Beruff, et kann een et bal iwwerall erliewen. Lauschtert eran...

#24 Mir vs. eis Elteren 07.11.2021

Generatioun X, Y oder Z,wéi eng ass déi besser? Den éiwegen Generatiouns Konflikt hunn mir des Kéier zu eisem Thema gemaach an eis gefrot wat mir an Zukunft änneren wëllen an wéi eng Wäerter mir gären weider mat op eisen Wee wëllen huelen. Wat kruten mir vun klengem un an d‘Weih geluecht wourunner mir eis haut na halen an bei wéi engen Themen stoussen mir op Géigewand, wann mir Doheem diskutéieren...

#23 Pass op wien du gär hues 24.10.2021

Mir bleiwen nach an eisem Grujel Mount Oktober an zéien eis dat nächst Horror-Thema aus dem Ärmel. Des Kéier geet et em „Horror-Dates“. Wat sinn eis perséinlech Virstellungen vun engem Horror Date an absolut No Gos? Mais och iech hunn mir des Kéier nees mat an d‘Boot geholl an no enger Ëmfro op Instagram (tankentrio_de_podcast) koumen ganz skurril Horror Dates zum Virschäin. Lauschtert bis eran an...

#22 Awerglawen 10.10.2021

Mir sinn am Grujel-Mount Oktober ukomm an passend dozou hunn mir eng Episode iwwer Awerglawen, Horoskoper an Geeschter Geschichten opgeholl. Wat ass Awerglawen iwwerhaapt an ass dat wierklech eppes wat eis am Liewen beaflosst? Och iwwer verstuerwen Séilen, komesch Gestalten an Schicksal-Geschichten hunn mir 3 des Kéier diskutéiert. Et ass nees eng Folge wou mir eisem Gebraddels keng Grenzen setzen...

#21 Surprise 3.0 26.09.2021

Wei soen mir dach ëmmer sou gär beim Tankentrio: Aller Guten Dinge sind 3! An esou sinn ma lo bei eiser Folge Surprise 3.0 ukomm. Och eist drëtt Mitglied war dann elo un der Rei an huet den Rescht vum Trio mam Thema Feminismus iwwerrascht! Zesummen mam CID huet eist Lea eng spannend Diskussioun zu dësem Thema gehat an déi mat deenen aneren 2 wärend der Folge gedeelt an iwwert verschidden Aussoen d...

#20 Kierperbetount Part II 12.09.2021

Eis 20. Episode ass online an domat feieren mir schonn eis 2. Jubiläum! Mir 3 fueren mam Thema vun der Folge 19 virun: Bodyshaming. Dësen Part II geet vill em Body Positivity. Wat ass dat genau? Ass dat wierklech eng gutt Bewegung? Wat ass mat Body Neutrality? Vill Spaass gewënscht an loosst de Schampes mat eis knuppen zur Feier des Tages!

#19 Kierperbetount 29.08.2021

An dëser Folge hunn mir eis mam Thema Bodyshaming auserneen gesat. All Mënsch op dëser Welt ass schonn mat dësem Thema konfrontéiert ginn an wei mir festgestallt hunn droen Social Medias haut zu daags ganz vill dozou bei. Wat ass den perfekten Kierper? Ween definéiert wéini een ze deck, ze dënn, ze grouss, ze kleng oder wat och emmer ass? Wat sinn eis perséinlech Erfarungen domadder an wei sinn mi...

#18 Eng Mutz fir de Wutz 15.08.2021

An dëser Episode schwätzen mir 3 iwwer Verhütungsmittel an stellen eis vill Froen dozou. Wisou verschreiwen Gynekologen esou schnell d‘Anti-Baby-Pëll? Wat fir verschidden Kategorien vun Verhütungsmittel gin et? Wat fir Mëttel gin et fir d‘Männer? No puer Recherchen an mat Hëllef vun Eegenerfahrung diskutéieren mir iwwert dëst wichtegt Thema wat sécherlech vill Leit beschäftegt, och wann do jiddere...

#17 Fro du, so du 18.07.2021

Welcome zu der TankenTrio Froeronn! Mir hunn eis Community opgefuerdert eis e puer Froen ze stellen iwwert déi mir dann ausführlech diskutéiert hunn. Wat waren eis peinlechst Momenter? Leiwer Vergaangenheet oder Zukunft? Hong oder Ee? An nach villes méi! Wann dir méi iwwert eis wëllt gewuer ginn, dann ass dat hei den perfekten Moment dofir.

#16 Erwaardungs-Shot 04.07.2021

Nëmmen keng ze héich Erwaardungen un des Episode (do you get the joke? hehe). An eiser Folge 16 schwätzen mir iwwer Erwaardungen déi mir un eis selwer hunn, un eis Matmënschen an wei mir mat den gesellschaftlechen Erwaardungen emgin. Schnell stellt sech raus dass dat e breet gefächerten Term ass, den jiddereen individuell definéiert an soumat hunn mir hei déi eng oder aner Diskussioun. Opgepasst:...

#15 Schlappentourist 20.06.2021

Viva Vakanz! An eiser Episode 15 schwätzen mir drei iwwer eis lieblings Vakanzen Destinatiounen, Länner an Stied déi eist Häerz erobert hunn mee och vun deenen Vakanzen déi mir kengem recommandéieren géingen. Lauschtert eran wann da eis Weltenbummler Geschichten an e puer witzeg Anekdoten héieren wëllt. Déi nächst Vakanz steet schliisslech bal virun der Dier.

#14 Surprise 2.0 06.06.2021

!Triggerwarning! Mir sinn bei eiser Folge 14 ukomm! Wat heescht dat genau? Ganz einfach: et ass an der 7er Rei an domat nees eng Surprise Folge! Des Kéier iwwerrascht d‘Claire déi aner zwee mat engem Thema vun dem si réischt wärend der Episode gewuer gi. Virun wat hues du Angscht? Domat fänkt eng wichteg Folge un befiert mir riwwer op d‘Panik an Panikattacken gi. Mat engem Avis vun zwee Psychologi...

#13 Gesangsstonn mam Trio 23.05.2021

Welcome to eiser musikalescher Episode! Des Kéier schwätzen mir dréi iwwer Musek. Wat bedeit Musek fir eis? Weieng Lidder kennen mir am Dauer Loop lauschteren an weieng gin einfach guer net? Hei fann dir Song Tipps fir Breakups, Hype ze gin an och déi eng oder aner Gesangseinlage. An och eis letzeboier Musikszene hunn mir mat dobai. Macht iech op vill Throwbacks an Onstëmmegkeeten bereet. Listen a...

#12 Corinna 09.05.2021

Corinna lässt Grüßen! An eiser heuteger Episode hunn mir eis mol eng kéier richteg iwwert Corinna ausgekatzt. Wei geet et eis momentan? Wou ass eis Motivatioun sou drun? An ganz wichteg: Wei fill dir iech eigentlech? Duerch verschidden Temoignagen hunn mir och en Abléck doriwwer kritt, wei et verschiddenen vun eisen Zuhörer*innen esou geet. Vun keng Motivatioun méi hunn, iwwert „stay positive vibe...

#11 Wous du den Summer verbréngs, verbréngs du och den Wanter 25.04.2021

An eiser 11. Folge schwätzen mir dréi iwwert Frëndschaft. Wat bedeit Frëndschaft fir eis mëttlerweil? Léiwer vill Frënn hunn oder geet eis eng Hand voll duer? Frëndschaft zwëschen Mann an Fra, jo oder nee? Wat ass toxesch an wat pusht eis an enger Frëndschaft? En Thema wat nees jiddereen betrëfft an wou jiddereen matschwätzen kann.

#10 verflixt und zugenetzt 25.04.2021

Jubiläumsfolge! An eiser 10. Episode schwätzen mir 3 iwwert dat grousst Thema „Social Media“. Seng Pros, seng Cons an weien Impakt dat alles op eis huet. Ps: Genéisst déi bis elo beschten Qualitéit vun eisem Podcast! Enjoy.

#9 Back to the Future 11.04.2021

Laang huet sech mindestens eent vun eis virun dëser Episode gedréckt. Et geet nämlech em d’Thema Zukunft, wat net ëmmer angeneem kann sinn. Vill oppen Froen kommen op: Wou stinn mir grad? Wéi geet et virun no der Uni? Musse mir lo schonn en konkrete Plang hunn fir déi nächst 40 Joer? Kennen mir nach eis Dreem verwierklechen? Dëst, eis Suergen, eis Visiounen an nach villes méi thematiséieren mir an...

#8 Katz und Maus Spiel 28.03.2021

An dëser Folge hunn mir eis mam Thema "Gewalt" beschäftegt, wat aktuell méi denn je an den Medien ass. En Katz und Maus Spiel wou et leider ëmmer eng Persoun gëtt déi jot an eng déi gejot gëtt. Gewalt un Fraen, an allgemeng un all Mënsch, ass fir eis drei extrem wichteg thematiséiert ze gi. An eiser Gesellschaft leeft nach ëmmer vill schief an et ass un der Zäit Tabuthemen opzegräifen an doriwwer...

#7 Surprise 1.0 14.03.2021

An dëser Folge huet d‘Vero eis mat engem ganz spannenden Thema iwwerrascht. Zu dréi diskutéieren mir iwwert „Stereotypen“, een Sujet den eis alleguer betrëfft an wouriwwer jiddereen sech mol Gedanken kann maachen. Duerch verschidden Point de Vuen goufen eis d‘Aan zur Realitéit opgemaach. An genau dat wëllen mir mat dëser Folge och bei iech bezwecken, et gëtt Zäit sech mat eiser Gesellschaft, eis s...

#6 Fifty Shades of Grey 28.02.2021

D'Welt ass net nëmmen schwaarz an wäiss. Et ginn vill verschidden Gro-Téin an deenen een denken an handelen kann. Sou wéi och wat d'Ëmwelt ugeet. An eiser "grünen Folge" schwätzen mir iwwer Nohaltegkeet, wisou dat grad eis Generatioun beschäftegt an wat mir dofir maachen kennen. Wéi ëmmer gëllt och hei : eis Tipps sollen nëmmen als Denkustéiss gëllen an keen virun de Kapp stoussen. Vill Spaass bei...

#5 Fouss an den Aasch 14.02.2021

Wéi den Titel des Kéier net verréit geet et an dëser Episode em: Selbstliebe. En grousst an wichtegt Thema dat eis dräi den Kapp zum Dämpen bruecht huet. Wat genau ass dat an wéi kennen ma se stäerken? Dëst an wat et mam Titel op sech huet, gëss Du hei gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren an vläicht ass jo den een oder aner Tipp dobäi deens de mat op däin eegenen Wee huelen kanns.

#4 Léiftwéi & Häerzblutt 31.01.2021

An dëser Folge diskutéieren mir iwwert en Thema dat jiddereen scho emol beschäftegt huet : Bezéiungskroom an Singleliewen. Wat erwaart een sech an sengen 20er vun engem Partner? Wat heescht et an Corona Zäiten Single ze sinn? Ass dësen Altersoofschnett vläicht den wou mir eis am meeschten Froen stellen? All des Froen hunn mir eis gestallt an sinn eis sécher dass mir net eleng domat sinn. Wei ëmmer...

Listen to the TankenTrio podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.