LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
LGS Zeltgepëspers
Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen. Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS ZeltgepëspersAb elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren. Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo
Author
LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Category
Podcast website
Latest episode
Jul 1, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Zeltgepëspers #15 - Tëscht Foulard a Krawatt 01.07.2026 34:48
An dëser 15. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir op zwee ganz speziellen Eventer ënnerwee. Den 23. Juni hate mir d'Chance fir am Sënn vum Nationalfeierdag op der Receptioun an der Philharmonie dobäi gewiescht ze sinn. Mat eisem Mikro hu mir eis do op d'Sich no anere Guiden a Scoute gemaach a konnten niewebäi nach e puer Gespréicher mat ganz spannende Perséinlechkeeten afänken. Den 29. Ju...
Zeltgepëspers #14 - Neies vum Bealtaine a Mini Grupperot 01.06.2026 46:23
An dëser 14. Episod vum LGS Zeltgepëspers huele mir iech mat op zwee Eventer déi an dësem Mount am, a ronderëm d'Keltenhaus um Neihaische stattfonnt hunn. Um Mini Grupperot Austausch hu mir mat ville Jonken a Chef, déi de Mini Grupperod bei sech am Grupp ëmsetze, geschwat a mat hinnen ausgeschafft, wat den aktuellen IST an de SOLL Zoustand vum Mini Grupperod ass a wéi een dëse ganz konkret an...
Zeltgepëspers #13 - Wat hunn d'Kelten um Neihaische verluer? 01.05.2026 1:02:24
An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem grousse Bealtaine Festival stécht, a wat d'Ekipp ronderëm den Native Village soss nach alles sou mécht. Wann dir interesséiert sidd bei engem vun de ville Beräicher vum Native Village m...
Zeltgepëspers #12 - Duty to others: Zesumme Brécke bauen 01.04.2026 52:49
An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg organiséieren a si hunn eis erzielt, wéi een als Lokale Grupp bei dësen Aktivitéite mathëllefe kann. Wann dir als lokale Grupp interesséiert sidd, eng Aktivitéit fir Scouts4Refugees ze organiséieren, Ki...
Zeltgepëspers #11 - Staark wéi e Bam 01.03.2026 1:20:07
An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem mam Georges Christen iwwer seng Zänndoktesch a seng ganz Optrëtter, déi hien iwwert d'Joren hat, mam Chris iwwer d'Zesummenaarbecht vun den LGS mam SNJ, mat verschiddene Participanten a Staff...
Zeltgepëspers #10 - Bewosst keng Spueren hannerloossen 01.02.2026 37:55
An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een oder aanere Grupp bei sech am Home hänken huet a vun hirer nohaltegkeets Checklëscht mat där een als Chefekipp säi Weekend oder Camp méi nohalteg gestalte kann. Méi Informatiounen zu desem Aarb...
Zeltgepëspers #09 - Challenge accepted: Mérite Jeunesse 01.01.2026 38:24
An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat zertifizéiere loosse kann. Mam Sara vu Leideleng a mam Kevin vu Beetebuerg schwätze mir dann nach doriwwer, wéi de Mérite Jeunesse an der Praxis ausgesi kann a kréien domat e puer Ablécker an hie...
Zeltgepëspers #08 - D'Zukunft gehéiert eis 01.12.2025 58:35
An dëser 8. Episod vum LGS Zeltgepëspers tauche mir eng Kéier e bëssi méi déif an d'Thema Participatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an. Zesumme mam Tom Ketter vum ZpB schwätze mir iwwer déi verschidde Piliere vu Participatioun, wéi ee Kanner a Jugendlecher sënnvoll matbestëmme loosse kann a wat fir Virdeeler aus fréien Erfarunge mat Participatioun entstinn. No dëser méi theoretescher Afé...
Zeltgepëspers #07 - Eis RaRo an der ganzer Welt verdeelt 01.11.2025 25:00
An dëser 7. Episod schwätze mir mat engem RaRo an engem Clanchef iwwer de RaRo Lancement an iwwer déi verschidden Odysseeën, déi nächst Joer stattfanne wäerten. Zousätzlech dozou kritt dir nach e klengen Iwwerbléck ëm wat et bei dësen Odysseeën amfong geet a wéi se vum World Thinking Day ënnerstëtzt ginn. Och de Jules war am Juli nees mat sengem Mikro ënnerwee an huet sech um Mystaria ëmhéieren. P...
Zeltgepëspers #06 - Tëscht Politik a Benevolat 01.10.2025 56:40
An dëser 6. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Méiglechkeet mam Minister Claude Meisch iwwer Benevolat an de Wäert vum Scoutismus zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Heen huet eis ënner anerem erkläert wat seng Aufgaben als "Guiden a Scoutsminister" sinn a wéi d'Scoutsbeweegung vun uewen erof ënnerstëtzt gëtt. Zousätzlech dozou hu mir mam Marc a mam Angelique iwwer hier Zäit als Com...
Zeltgepëspers #05 - 750 Wëllefcher am Häerz vu Stroossen 01.09.2025 23:40
An dëser 5. Episod vum LGS Zeltgepëspers hu mir eis mat de Campcheftaine vum Nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" ennerhalen. Si hunn eis e puer méi genau Abléck an déi ganz Organisatioun ronderëm de Camp ginn an eis erzielt wéi dëst nationaalt Event mat ongeféier 750 Wëllefcher ofgelaf ass. Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcas...
Zeltgepëspers #04 - Zäitrees mam Jéiss: Erzielungen aus senger Zäit als Scout 01.08.2025 23:58
An dëser 4. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir e ganz interessant Gespréich mam Jos Loos, genannt de Jéiss, deen eis e puer flott Geschichten aus senger laanger Zäit als Scout erzielt huet. Vun Theme wéi dem internationale Camp JUBICA, bis zu Erzielungen aus senger Zäit als internationale Commissaire war alles dobäi. Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche...
Zeltgepëspers #03 - Andréck vum AbsurdCup an FAQ mat de Programmcommissairen 01.07.2025 40:41
Fir déi drëtt Episod vum Zeltgepëspers ware mir op den AbsurdCup zu Ettelbréck e puer Andréck afänken wouvu mir iech e Best-of presentéieren. Mir hunn AvEx, hier Chef an d'Ekipp interviewt fir iech en authenteschen Androck vum Dag ze bidden. Zousätzlech hu mir d'Cathy an de Charel aus der Programmekipp op Besuch, déi eis Froe wéi: "Firwat brauchen d'LGS eng Programmekipp?", oder "Wat ass de Minigr...
Zeltgepëspers #02 - Tëscht Trëppeltier an Trophäen 01.06.2025 52:05
An dëser zweeter Episod vum Zeltgepëspers kritt Dir e ganz exklusive Bléck hannert d'Kulisse vu 4 nationalen Aktivitéiten, déi sech am leschte Mount bei den LGS ofgespillt hunn. Am Interview hu mir de Georges an den JJ, déi eis eppes iwwert den Oflaf vun der dësjäreger Special Edition vum IronScout erzielen, wéi och d'Jil, den Hugo, d'Chloe an de Max, déi eis jeeweils hier Erliefnisser...
Zeltgepëspers #01 02.05.2025 12:04
Episode 1
Zeltgepëspers #00 02.05.2025 4:18
Prolog
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.