Speakeasy

Speakeasy Podcast

Society EN ↓ 177 episodes

Fir all Är philosophesch Froen...

Author

Speakeasy

Category

Society

Podcast website

soundcloud.com

Latest episode

Jul 8, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Short #1 - Mobilisatioun 17.10.2022

An Europa ass Krich, an et gi Léit géint hiren Wëllen mobiliséiert. Wat wär, wann dat zu Lëtzebuerg géif passéieren? Wéi verdroen sech Wehrpflicht an Demokratie? Den Thomas Koenig huet sech e puer Gedanke gemaach.

Stolpersteng 24.09.2022

Wéi wichteg ass d’Mémoire? A wéi commémoréieren mer richteg? Firwat iwwerhaapt engem gedenken, wiem gedenke mer, a fir wen eigentlech? D’Stolpersteng sinn eng Aktioun, di di Froen erëm aktualiséiert hunn, a fir Diskussioun gesuergt hunn. Fir ze verstoen, wéi en Denkmal un d’Opfer vun den Nazien problematesch ka sinn, hunn ech beim Françoise Brück a mam Jacques Delleré nogefrot.

Alligator-River-Story 01.09.2022

Sex, Jalousie, Léift, Gewalt, Verrot, Ausbeutung (an Alligatoren?), en gutt Rezept fir en spannenden Film, oder awer och dat ideaalt Rezept fir en moraleschen Problem! Ass hei all Mënsch en Opfer, oder sinn et alles Täter? Oder ass d'Situatioun an dësem Fall esou trubel wéi d'Gewässer vum Floss, nieft dem d'Drama stattfënnt? Haut diskutéieren ech mam Félix Koch iwwert di sougenannten Alligator-Riv...

Muss d'Police mech schützen? 26.07.2022

Et kéint ee mengen, d’Missiounen vun der Police wären de Schutz vum Bierger an d’Erhalen vu Sécherheet a Fridden. Mee an den USA ass dat awer net esou, do huet d’Police keng föderal Obligatioun, déi Saachen ze maachen. Wéi ass et dann zu Lëtzebuerg? Huet d’Police en devoir de protection? Ech war bei d’Simone Beissel, fir Äntwerten op meng Froen ze kréien.

Batman, Superjhemp a Vigilantismus 25.07.2022

Eng Fro, di mer eis am Speakeasy oft gestallt hunn, ass, ob de Batman an de Prison gehéiert. Philosophéieren kann een vill doriwwer, wat da lo richteg ass, oder moralesch noutwenneg. Mee wat seet d’Gesetz? Däerf den eenzelen Bierger fir Recht an Uerdnung suergen? Däerf een sech als Superheld verkleeden an den Batman nomaachen? A firwat erlaabt den Superjhemp-Film sech souvill Fräiheeten mam Realis...

Vum Tram gepaak 25.07.2022

Soll ech een Onbekannten opferen, fir der puer ze retten? Oder soll ech mech op kee Fall amëschen? Däerf ech een aktiv ëmbréngen, fir aneren Liewen ze retten? Di Froen ginn an am Trolley-Problem an an sengen ville Varianten op gehäit. Mee dës Kéier wollt ech net wëssen, wat ethesch besser wär. Dës Kéier interesséieren ech mech dofir, wat d’Gesetz zum Trolley-Problem ze soen huet. Eng Diskussioun m...

Zwergenwäitworf 26.06.2022

Ass Zwergen-Werfen onwürdeg? Haut stelle mer eis net d’Fro, wéi wäit ee goen kann, mee wéi wäit ee werfen soll. Oder éischter op een iwwerhaapt werfen soll. Däerf een de Leit am Numm vu bestëmmten Prinzippien eppes verbidden, wat se maachen wëllen, oder net? Mir probéieren, déi Fro ze beäntweren, an diskutéiere béi eisem philosopheschen Kaffiskränzschen iwwert Zwergenwerfen, Beleidegung vu reliéis...

Krich, wat, firwat a wat elo? - E Gespreich mam Petz Bartz 06.03.2022

De Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze verschafen.

Pandemie, fake news an d'Presse 24.01.2022

Lügenpresse, am Déngscht vun der Diktatur, Propaganda-Apparat…der Presse gëtt villes virgeworf. An an der Pandemie ass de Phänomen just nach méi intensiv ginn. Wéi erlieft d’Presse déi Situatioun? A wouhier weess ech, dass ech der Presse trauen kann? E Gespréich iwwert fake news a Journalismus an enger Pandemie mam Jean-Claude Franck (Chefredakter vum 100,7) a mam Guy Weber (Informationsdirekter v...

Wat däerf e Journalist soen? 10.01.2022

Muss d'Presse neutral sinn, oder méi pädagogesch? Däerf se parteiesch berichten? Däerf se pejorativ Ausdréck benotzen? Ech hu mam Petz Bartz iwwert d'Neutralitéit vun der Presse geschwat.

Interview Simone Beissel - Part 3 27.12.2021

Ofschléissend zu mengem Gespréich mam Simone Beissel diskutéieren mer och d’Fro: Hätt een d’Verfassungsreform net missten dem Vollek via Referendum ënnerbreeden? D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution

Interview Simone Beissel - Part 2 27.12.2021

An dëser Episod diskutéieren ech mam Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform, iwwert bestëmmten Artikelen vun der Verfassungsrevisioun, z. B. zur Unitéit vum Land, den nationale Symboler, der Reliounsfräiheet, de Mënscherechter, der Impfpflicht, asw. An selbstverständlech stellen ech d’Fro: Wat ass mam Artikel 11 an den droits naturels de la personne passéiert? D'Säit vun der Cham...

Interview Simone Beissel - Part 1 27.12.2021

Wat ass dat iwwerhaapt, eng Verfassung? Wou kënnt eis hier? Firwat kréie mer eng Revisioun? Di Froen diskutéieren ech mam Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform. D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution

D'Verfassungsreform - e Gespréich mam Simone Beissel (ganz Versioun) 27.12.2021

Eis Verfassung: Et sollt eng néi ginn, lo gëtt et eng Erneierung vun der aktueller. Mee firwat iwwerhaapt? A wat ass iwwerhaapt eng Verfassung? Wat steet dran? An wat ass mat Referenden? Déi Froen, an nach vill anerer, hunn ech dem Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform, gestallt. D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution

The Coolness Series Ep.4: International coolness 23.09.2021

Was ist cool? Qu’est-ce qui est cool ? Wéi wär et, wa mer d’Fro mol net op lëtzebuergesch stellen, mee Auslänner froen, wat si dovun halen? Zum Gléck gëtt et der genuch hei am Land, war et relativ einfach, dësen läschten Deel vun der Enquête-„Micro-Trottoir“ ze realiséieren. Haut gëtt Coolness dann op Franséisch mam Philippe, op Éisträichesch mam Claudia (mat luxo-britescher Ënnerstëtzung vum Ryan...

Coolness Series Ep.3: Der Enquête zweiter Teil! 23.09.2021

Wat ass coolness? D’Enquête leeft weider! Dës Kéier hunn ech de Max am Interview, vun dem ech mer erhoffen, dass säin Psychologen-Standpunkt néi Perspektiven op de Problem werft. An dono schwätzen ech mam Mario a mam Diane, di leider net d’Chance haten, an den fréien 80er op d’Welt ze kommen, mee dofir warscheinlech eng ganz aner Approche zur Fro hunn.

Den DemokratieLabo - Secherheet oder Fräiheet? 06.08.2021

Episod 4/4 iwwert den DemokratieLabo vum Zentrum fir politesch Bildung. Wann mer de Choix hunn tëscht Privatsphäre oder Fräiheet, a méi Sécherheet, wat wär eis méi wichteg? Wär en Iwwerwaachungsstaat d’Léisung fir all eis Kriminalitéitsproblemer? Kann eng Demokratie iwwerhaapt ouni Privatsphäre funktionéieren? Am Gespréich mat dobäi: d’Véronique Bastian, de Jacques Delleré an den Gilles Lanners.

Den DemokratieLabo - Den "echte Lëtzebuerger": echt, typesch oder just normal? 04.08.2021

Den DemokratieLabo - Episod 2b/4 Wat ass en echte Lëtzebuerger? An der 2. Episod ( https://soundcloud.com/speakeasylux/wat-ass-en-echte-letzebuerger) vun eiser Serië zur Expo "den DemokratieLabo" vum ZpB hu mer probéiert, ob di Fro ze äntweren. Haut kommen ech mam Jacques Delleré nach emol op di Fro zeréck. Mee amplaz Äntwerten op d'Fro ze sichen, stelle mer d'Fro an Fro! Fir méi Infos zur Expo: w...

Den DemokratieLabo - Fair a gerecht? 04.08.2021

Den DemoLabo - Episod 3/4 Mir hunn zwar all di selwecht Rechter, mee mir sinn awer net all gläich. Dofir hu mer och net all di selwecht Chancen. Wat wär dann elo fair? Dass mer all zum Schluss dat selwecht Resultat kréien, oder all di selwecht Chancen hunn, zu dem Resultat ze kommen? Oder geet Gläichberechtegung duer? Wéi wäit – falls iwwerhaapt – ass d’Allgemengheet verantwortlech fir d’Situatiou...

Den DemokratieLabo - Wat ass en echte Lëtzebuerger⚧? 01.08.2021

Den Demokratie-Labo - Episod 2/4 Wat ass en echte Lëtzebuerger? Komplizéiert Fro, fir en komplext Thema! Et ass schonn schwiereg genuch ze bestëmmen, wat da lo iwwerhaapt e Lëtzebuerger ass, oder wat „lëtzebuergesch“ soll sinn. Mee wat dann och nach en „echte“ Lëtzebuerger soll sinn… An der Expo „Den Demokratie-Labo“ vum Zentrum fir politesch Bildung gëtt di Fro gestallt. An mir hunn se natierlech...

Den DemokratieLabo 28.07.2021

Episod 1 vu 4 Streiden an diskutéieren iwwert Demokratie? Klengt perfekt! D’Annelise Scheuren erkläert dem Speakeasy, wourëm et bei der Expo „Demokratie-Labo“ vum Zentrum fir politesch Bildung geet. www.demokratielabo.lu

Gender Wage Gap 23.07.2021

Gender wage gap Wourëm geet et? Ass et en Problem, oder en alen Hutt ? Firwat ? Wou kënnt en hier a wat kann een maachen? Eng Diskussioun iwwert Geld, Ongerechtegkeeten, Perspektiven, Zuelen, Analysen, Weltbiller, a Gerechtegkeet. Gespréichspartner: D’Vera Dockendorf an d’Milena Steinmetzer

The Coolness Series Ep.2: Deel 1 vun der Enquête 19.07.2021

Deel 1 vun der Enquête. Wat ass Coolness? Wat oder ween ass cool? Kann een et définéieren? Kann een et fannen? Gëtt et Coolness u sëch oder ass alles eng Saach vun Interprétatioun? Di Froen an nach vill méi stellen ech mengen Interviewees am éischten Deel vu menger Enquête. Haut am Gespréich: Den François Wirion, d'Amélie Fisch an d'Anna Oeltges an d'Nora Schleich. Hei fannt Der d'Gespréich mam Fé...

Kant touch this? 27.06.2021

En Doktorat an der Philo - Thèse, hypothèse, foutaises? D'Nora Schleich ass säit kuerzem Doktor an der Philosophie. Seng Dissertatioun huet den Titel "Zur Bestimmung der Funktion der Einbildungskraft in der ‘Analytik des Erhabenen‘". Wat muss een sech ënnert engem philosopheschen Doktorat virstellen? Firwat deet een sech esou eppes un? Wat bréngt et engem? Wat bréngt et der Mënschheet? A wouran be...

Coolness Series Ep.1: The Project 14.05.2021

Coolness – wat ass dat? Et ass schwéier ze gräifen, wat sech hannert dësem Konzept verstoppt. E Grond méi, fir et ze probéieren. An dësem eischten Deel iwwerlée mer emol haart, wat cool ass a wat net. Am Gespréich: den Félix Koch

Listen to the Speakeasy Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.