Speakeasy

Speakeasy Podcast

Society EN ↓ 177 episodes

Fir all Är philosophesch Froen...

Author

Speakeasy

Category

Society

Podcast website

soundcloud.com

Latest episode

Jul 8, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Äddi a Merci #4 - Euthanasie 09.05.2023

Den eischten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod treffen ech mech mam Dr. Romain Stein, fir iwwert seng Erfahrungen mat Euthanasie ze schwätzen.

Äddi a Merci #3 - Promenade III 09.05.2023

De Schluss vun menger Promenade duerch den Doud mam Félix Koch. We put the fun in funeral - or do we? Däerf een iwwert Doud laachen, oder ass dat Thema dout-eescht? Dat hei ass den drëtten Deel vun der Serie iwwert den Doud.

Äddi a Merci #2 - Promenade II 09.05.2023

Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op den däitsche Militär-Kierfecht zu Sandweiler. Mir schwätzen doriwwer, wat een nom Doud hannerléisst, oder hannerloossen wëll (an och natierlech iwwert de Krich). Dat hei ass den zweeten Deel vun der Serie iwwert den Doud.

Äddi a Merci #1 - Promenade I 09.05.2023

Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op de Kierfecht zu Clausen. Mir schwätzen doriwwer, wéi mir dem Doud begéint sinn. Dat hei ass den éischten Deel vun der Serie iwwert den Doud.

Um Canapé mam Loschi 15.04.2023

Wien war de Loschi? Respektiv, ween ass de Loschbuer-Mann? Ass hien deen eelste Lëtzebuerger? Wat kënne mer vun him léieren? Wéi eng Bedeitung huet de Loschi fir eis haut? E Gespréich mam Patrick Michaely, dem Direkter vum Natur-Musée

Epistemo #7 – Feyerabend 09.04.2023

Gëtt et eng eenheetlech Methode oder Struktur fir all d’Wëssenschaften? A wat ass eng soirée de feu? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Paul Feyerabend an den epistemologeschen Anarchismus.

Epistemo #6 - Kuhn 09.04.2023

Wéi entwéckelen sech d’Wëssenschaften? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Kuhn an d’Revolutiounen an den Wëssenschaften.

Epistemo #5 - Karl Popper 09.04.2023

Sinn wëssenschaftlech Aussoen ëmmer nëmmen Hypotheesen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Karl Popper an den Falsifikationismus. Link zur Episod iwwert UFOs : https://soundcloud.com/speakeasylux/episod124

U.F.O. - Whiskey Tango Foxtrot? 24.03.2023

Unidentified flying object, unidentified aerial phenomenon – wat verstoppt sech hannert deenen Ofkierzungen? 2021 verëffentlecht de Pentagon den UAP Rapport, 2023 schéissen divers Länner UFO’en of. Mee dat bedeit net onbedéngt, dass d’Aliens do sinn! Oder awer dach? Wéi kënne mer mat Phänomener ëmgoen, di mer net verstinn ? E Gespréich mam Mario Pleimling

Epistemo #4 - Kant 04.02.2023

Wat sinn d'Konditiounen vun der Méiglechkeet vu Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den Immanuel Kant an den Kritizismus.

Epistemo #3 - Locke 02.02.2023

Sinn eis Sënner di exklusiv Quell vun eisem Wëssen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Épistémologie & Philosophie des Sciences An dëser Episod erklären ech den John Locke an den Empirismus.

Epistemo #2 - Descartes 02.02.2023

Gëtt et Wëssen, un dem een net zweifelen kann? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den René Descartes an den Rationalismus.

Epistémo #1 - Eng Aféierung 02.02.2023

Wat ass Épistémologie? Wat ass philosophie des sciences? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique

Philo Pol #5 - Rawls 28.01.2023

Wat sinn d’Prinzipien vun enger Gerechter Gesellschaft? A firwat ass di vernünfteg Äntwert (laut dem Rawls) Fairness? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Rawls. Link zum Podcast mam Taina Bofferding zum Thema Gläichheet an dem Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes https://soundcloud...

Philo Pol #4 - Tocqueville 28.01.2023

Ass de Staat e Frënd oder e Feind vun der Fräiheet? Oder steet de Bierger sech selwer am Wee? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Alexis de Tocqueville.

Philo Pol #3 - Locke 22.01.2023

Wat ass Kontraktualismus? Oder Natur-Recht? A wat huet dat mat Liberalismus ze dinn? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den John Locke.

Philo Pol #2 - Hobbes 22.01.2023

Kann de Mënsch ouni Staat liewen? Kann eng Gesellschaft ouni Staat existéieren? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Hobbes.

Philo Pol #1 - Intro 22.01.2023

Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel politesch Philosophie. An dëser Episod erklären ech, wat politesch Philo ass, an ginn e schnellen Iwwerbléck, wat op der 1e um Programm steet.

De Krich an der Ukraine - 10 Méint méi spéit 21.01.2023

Wat ass an den läschten Méint an der Ukrain passéiert? Firwat? Gesäit een schonn Tendenzen, wéi de Krich wäert weidergoen? Oder wéi en wäert ausgoen? 10 Méint no eisem läschten Gespréich doriwwer hunn ech mech erëm mam Petz Bartz getraff, fir en Follow-Up ze maachen.

Dossier Intro - Cours fir Primaner 19.01.2023

Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Intro. Ech behandelen dobäi follgend Froen: Wat ass Philosophie? Wéi fonctionéiert Philosophie? Wéi eng Beräicher ginn am Fach Philosophie behandelt? Wéi eng Themen deckt d’Kapitel Intro vum Fach Philo of? Wat erwaart een an der Prüfung an am Examen?

Top 3 vun 2022 mam Petz Bartz 18.01.2023

Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz

Short #4 - No army, no problem? 29.12.2022

Wat wär, wann et keng Arméien géifen ginn? Oder wann et kee Krich géif ginn? Ass di beschten Léisung, fir dass kee méi am Krich stierwen muss, net einfach, guer kee Krich méi unzefänken?

Short #3 - Stierwe Fir Mäi Land? 12.12.2022

Däerf e Staat vu senger Bierger verlaangen, an de Krich ze zéien? A wa jo, firwat? Oder firwat net? A wéi eng Weltbiller verstoppen sech hannendrun? E puer Iwwerleeungen vum Thomas Koenig

Gläichheet - En Interview mam Taina Bofferding 22.11.2022

Gläichheet vu Fraen a Männer – wat soll een sech dorënner virstellen? Firwat war den MEGA mol en Ministère vun Chancëgläichheet, an elo ass et een just nach vu Gläichheet? A wat ass mat Gläichberechtegung? Wat verstoppt sech hannert deenen Konzepter an firwat ass de MEGA iwwerhaapt do? En Interview mat der Ministesch Taina Bofferding

Short #2 - Zaldoten 23.10.2022

Conscriptioun an enger Demokratie ass problematesch. Mee wat ass, wann d‘Zaldoten fräiwëlleg fir hiert Land kämpfe wëllen? Oder wann se fir Geld kämpfen? Wéi en Zorten vun Zaldot gëtt et iwwerhaapt? An dësem 2. Short féiert den Thomas Koenig d’Iwwerleeung vum éischten weider.

Listen to the Speakeasy Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.