Speakeasy
Speakeasy Podcast
Fir all Är philosophesch Froen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
10 Joer Zentrum fir politesch Bildung 08.07.2026 45:41
10 Joer Zentrum fir politesch Bildung – Wat huet sech wierklech verännert? Zënter engem Joerzéngt setzt sech den ZpB fir Demokratie a politesch Bildung zu Lëtzebuerg an. Mee wat huet den ZpB an där Zäit konkret erreecht? Wéi eng Erausfuerderunge hu si missen meeschteren? A firwat genderen si, obwuel si sech als politesch neutral gesinn? An dësem Interview schwätze mir iwwer Erfolleger, Kritik, ges...
D'Kris am Noen Osten 02.06.2026 53:08
Ech interviewen den RTL-Journalist Petz Bartz iwwert d’Kris am Noen Osten. Firwat hunn d’USA an Israel den Iran ugegraff? Wat huet di Attack getriggert? Wéi gëtt se gerechtfertegt? Wee profitéiert vun dem Krich? Hunn d’USA dobäi en Selbstgoal kasséiert? A wéisou sinn esou Saachen iwwerhaapt méiglech? Dat sinn alles Themen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren.
Darf man der Täter gedenken? 24.02.2026 39:15
Warum gibt es einen deutschen Soldatenfriedhof in Sandweiler nahe Luxemburg-Stadt? Weshalb hat Luxemburg ihn nach 1945 zugelassen – und wer ist heute für ihn verantwortlich? Wie gedenkt man Soldaten, die für das nationalsozialistische Deutschland kämpften? Und kann man um Gefallene trauern, ohne das Regime zu relativieren, dem sie dienten? Über diese und weitere Fragen spreche ich mit Diane Tempel...
En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz 04.01.2026 28:08
En Ausbléck op 2026 mam Petz Bartz Wat ginn di wichtegst Events vun 2026? Ech hunn den Journalist Petz Bartz getraff, fir mat him ze kucken, op wat dëst Joer sollt/kéint oder misst oppassen. E puer Stonnen virdrun ass en Diktator entfouert ginn, wat da schonn an di relevant Kategorie kéint falen. Am Gespréich war et op alle Fall en Thema.
Opfer oder Täter? 12.11.2025 46:48
Opfer oder Täter? – Wann Moral op Gehorsam trefft… Wann ech an enger Diktatur opwuessen, do endoktrinéiert ginn, an duerno schrecklech Verbriechen am Numm vu mengem Diktator beginn – weem seng Schold ass dat dann? Sinn ech en Opfer vum System – oder trotzdeem verantwortlech fir dat, wat ech gemaach hunn? Kann een sech mat „Ech hunn just Befeeler ausgefouert“ aus der Affär zéien? A wéini ziele mir...
Den Lustgarten - botanescht Symbol vum Klassekampf? 30.09.2025 58:24
Exotesch Planzen, komplex Waasserfäll, romantesch Landschaften – den Lustgarten ass eng Spillplaz vir den selbstbewossten Räichen, dee weisen wëll, ween di décksten Palm am Gaart huet. Mee den “parc municipal”, deen fir all Mënsch do ass, ass och vläicht just Beschäftegungsthérapie fir den Pöbel…Wat stécht hannert der Loscht um Spazéieren, den groussen Stadt-Parken, den deieren Privat-Gäert? Méi w...
D'Idée vu Lëtzebuerg 31.07.2025 55:22
Lëtzebuerg – e Land, eng Stad, eng (auslännesch) Provënz... oder just eng Iddi? Firwat hu mir e Nationalfeierdag – an net einfach en "Dag vum Siegfried" oder "Dag vum Caesar"? Wéini gëtt eng Iddie zum Fakt? A wien huet iwwerhaapt entscheet, datt mir eng Natioun sinn? Mam Historiker Pit Peporte sichen ech no de Wuerzelen vun eiser Nationalerzielung. Hei den Link zum "À propos" :https://luxembourg.p...
Haut stierft de Bambi - Äddi a Merci #15 30.06.2025 46:21
Wat passéiert mam Jeeër, wann hien en Déier ëmbréngt ? Wéisou mécht een dat ? Wat fillt een dobäi? A wéi een Bléck huet den Jeeër op seng Beute? An der Episod 15 vun der Serie „Äddi a Merci – e Liewen mam Doud“ schwätze mer mam Ryan Shepherd iwwert säin déidlechen Hobby.
Where's the money, Kohnen? - Triple K #01 01.06.2025 41:05
Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich? Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill. Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht, an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut. Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen? Haut geet de Philosoph b...
Äddi a Merci #14 - Deng läschte Kéier! 02.05.2025 45:01
Wat seet den Doud iwwert eis aus? D’Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer. Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt hält besser! Léisunge ginn et wéi gewinnt keng, mee dofir bleiwe mir entspaant an diskutéieren eng läsc...
Wéi geet Konsens? 23.03.2025 42:03
Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d’Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss? Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.
Den Trump-Faktor: Wat bedeit dat fir eis? 24.02.2025 1:00:48
Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU? Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.
Äddi a Merci #13 - Wou spukt et zu Letzebuerg? 09.02.2025 43:55
Wou spukt et zu Lëtzebuerg ? Wee spukt ? Firwat iwwerhaapt ? D’Land ass voll mat Geschichten iwwert Geeschter, den Däiwel, mee Zombies, Vampiren, asw. Fënnt een keng. Haut schwätze mer net mat Léit, di am Beräich „Doud a Stierwen“ schaffen, mee haut schwätze mer iwwert di Ondoudeg. Den Historiker Marc Schoellen erkläert eis, wou et hei am Land -angeblech – spukt Wou spukt et zu Lëtzebuerg? Wee gee...
PhiloFlow Fir GSO #01 - Aféierung an d'Fach 31.01.2025 13:11
Erklärungen zum Fach "Questions Philosophiques" fir d'Première Générale (GSO, GSN, A3D, ...) Wat ass Philo, wat muss ech do maachen? An firwat ass et gutt?
PhiloFlow Fir GSO #07 - Den Walter Biemel 31.01.2025 20:52
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Biemel geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Rond-Point 01:24 – Biographie 02:39 – Texterklärung 03:05 – Trivia “Pop-Art” 04:45 – Trivia „Abstract Art“ 05:...
PhiloFlow Fir GSO #06 - Den Walter Benjamin 31.01.2025 22:36
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Benjamin geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Em wat geet et? 02:45 – Biographie 05:30 – Textanalyse 09:18 – Ausfluch “Massen-Kultur” 11:10 – Re...
PhiloFlow Fir GSO #05 - Aféierung an d'Ästhetik 31.01.2025 25:40
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Intro 01:45 – l’art 02:55 – l’artisanat 04:23 – l’oeuvre d’art 08:06 –...
PhiloFlow Fir GSO #04 - Den Rudolf Carnap 31.01.2025 17:11
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Rudolf Carnap geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro a Biografie 02:32 – Experimentell Method 05:50 – Naturwëssenschaften 07:55 – Sozialwëssenschaften 10:30...
PhiloFlow Fir GSO #03 - Den Karl Popper 31.01.2025 15:32
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Karl Popper geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro 02:05 – Irrwege 02:50 – Deduktioun 04:15 - Induktioun 06:12 – Induktiounsproblem 11:32 - Examensfroen
PhiloFlow Fir GSO #02 - Dossier Epistemologie & Philo Des Sciences 31.01.2025 33:01
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Épistémologie les sciences“ geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Philo des sciences, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 - Em wat geet et? 02:09 - Konzepter an Notiounen 16:41 - Offiziell Froen vum Pr...
PhiloFlow Fir GSO #11 - Aféierung an d'Ethik 31.01.2025 36:51
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Ethik geet? Wat ass Ethik iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:47 - Wat ass Ethik? 07:57 - Froen vum Dossier 08:20 - Qui est autrui? 13:37 - Déieren an der Ethik? 16:25 - Verantwortung fir d'Ëmwelt? 17:37 - Wat ass Verantwortung? 19:09 - Veran...
PhiloFlow Fir GSO #10 - Den Jean-Paul Sartre 31.01.2025 19:43
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Sartre ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:30 – Biographie 02:35 – Textanalyse 08:20 – Beispill vum Handy 10:29 - Prüfungsfroen 13:53 - Fro 1: Wëlle mer wierklech fräi si...
PhiloFlow Fir GSO #09 - Den Thomas Hobbes 31.01.2025 27:44
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Thomas Hobbes geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:20 – Biographie 04:30 – Staat, Muecht an Batman 08:08 - Textanalyse 22:15 - Fro 1: Brauche mer de Staat?...
PhiloFlow Fir GSO #08 - Aféierung an d'Anthropolgie 31.01.2025 32:05
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Anthropologie geet? Wat ass Anthropologie iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:00 - Intro 08:01 - Froen vum Dossier 08:16 - Iwwerbleck iwwert d'Froen 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gese...
PhiloFlow Fir GSO #13 - Den Hans Jonas 31.01.2025 28:50
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Hans Jonas? Oder du wëlls einfach méi zum Prinzip Verantwortung léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:32 – Biographie 01:50 - Textanalyse Abschnitt 1 07:44 - Heuristik der Furcht 14:20 - Abschnitt 3 & 4 17:03 -...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.