Speakeasy
Speakeasy Podcast
Fir all Är philosophesch Froen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
PhiloFlow Fir GSO #12 - Den Peter Singer 31.01.2025 20:45
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie 01:02 - Wat ass Utilitarismus? 01:45 - Biographie Part 2 04:28 – Textanalyse 14:42 – Iwwerbléck 18:19 - Pr...
Radikal am Alldag? 26.12.2024 31:46
Extremismus, Terrorismus, Konspirationismus - mir kennen all Léit, déi "ë bësse méi komesch Iddien”. Mee et schéngt der ëmmer méi ze ginn. A et schéngt, wéi wann se ëmmer manner Problemer hätten, hir komesch Iddien als eppes ze verkafen, wat eigentlech guer net komesch méi ass...Wee wees, vläit ass ee jo esouguer selwer ee vun deenen. Wat maachen ech, wa meng Famill oder Frënn op emol schéngen sec...
Gerechtegkeet am Krich? 24.11.2024 43:54
Wéini däerf ech op Kanner schéissen ? Wéini däerf ech op Fraen schéissen ? Am Krich stellen sech vill Froen, am modernen Krich nach vill méi. Sinn Zivilisten haut de facto legitim Zieler ? Däerf ech Massevernichtungswaffen asëtzen, a wa jo, wéini? Wat däerf ech maachen, wann den Feind keng Uniform unhuet? Déi Froen diskutéieren ech mam Norbert Campagna, Philosoph, Professer an Auteur zu e puer Wie...
Schüler-Froen zur Kris am Noen Osten 12.10.2024 55:37
D'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.
Formel 1 an Fairness - Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? 20.09.2024 25:11
Geet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Formel 1 an Fairness - Di selwescht Regelen fir all Mënsch? 19.09.2024 32:15
Ass Formel 1 en fairen Sport? A wann jo, firwat gëtt dann net all Pilot oder Écurie gläich belouhnt. An dëser Episod gi mer méi am Détail op di berühmt-berüchtegt Course zu Abu Dhabi 2021 an…wéi fair war dat, an kann een sech Weltmeeschter nennen, wann een den Titel quasi geschenkt kritt? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Philosophesch Wanderung? 13.09.2024 22:34
Haut si mer dobaussen, an maachen eng Wanderung mam Pascale Worré vun Philo-Life. Hatt proposéiert säit kuerzen dat Konzept, an mir froen no, wat sech dohannert verstoppt!
Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancengläichheet? 22.08.2024 37:35
Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d’F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Top 3 Events fir 2024 09.02.2024 33:17
Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz
Keng Stëmm fir Fraen? 09.02.2024 39:45
Firwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer
Israel-Gaza mam Petz Bartz 14.01.2024 32:54
Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d’Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext? Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis? Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren,...
Punition, réinsertion, pardon? 08.01.2024 37:30
Punition, réinsertion ou pardon ? Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l’interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l’écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est purgée ? Sentence purgée, faute pardonnée ? Je vais poser ces questions à Karim Elkhmlichi, un psycholog...
Qui va volontairement en prison? 20.12.2023 25:34
Aujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d’aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux ! Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes embrassent cette carrière unique avec des détenus au quotidien ? Je vais parler de cela avec Karim Elkhml...
Äddi a Merci #12 - Doud a Statistik 3/3 27.11.2023 22:18
Ass et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z’erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et eraus ze fannen! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh. Hei geet...
Äddi a Merci #11 - Doud a Statistik 2/3 17.11.2023 31:29
Wat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz an d’Stéphanie Saleh....
Äddi a Merci #10 - Doud a Statistik 1/3 31.10.2023 36:39
Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d’Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d’Claudia Bors, d’Jill Pütz...
Wahl-Campagne an Journalismus 15.09.2023 38:46
Stellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn? Bref: Wéi leet een sech un, fir en Walkampf neutral an sachlech ze managen. Déi Froen diskutéieren ech mam Guy Weber, Informatiouns-Di...
Äddi a Merci #9 - Suizid a Präventioun 13.09.2023 54:10
Suizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem Dr. Fränz D'Onghia, dem Direkter vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale.
(Inter?)national-Walen 21.08.2023 37:17
An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d’Theorie...
Äddi a Merci #8 - Bei de Pompjeeën 01.08.2023 30:29
An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam Béatrice Kabers, mam Pit Gries a mam Jeff Gotting.
Äddi a Merci #7 - Beim Doudegriewer 20.07.2023 41:28
Wat mécht en Doudegriewer eigentlech? Wéi geet een mental domat am, um Kierfecht ze schaffen? An dëser Episod vun “Äddi a Merci – E Liewen mam Doud” geet et op de Märeler Kierfecht, wou ech mam Luc Theis a mam Marc Conradt iwwert hiren professionellen Alldag schwätzen.
Ukraine mam Petz Bartz #3 17.07.2023 31:44
Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.
Walrecht ab 16? 12.07.2023 30:13
Ech diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.
Äddi a Merci #6 - Beim Paschtouer 14.06.2023 55:42
Wéi seet een Äddi? Wat denkt oder fillt een als Paschtouer, wann een eng Doudemass hält oder en Begriefnis begleet? Wéi leeft dat ganzt iwwerhaapt of? Dat sinn e puer vun den Froen, déi ech mat bei den Francis Erasmy geholl hunn, den Dekan vun der Iechternacher Basilika.
Äddi a Merci #5 - Beim Véi-Dokter 12.06.2023 25:47
Den zweeten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod diskutéieren ech mam Véronique Jaeger doriwwer, wéi en Véidokter am Job mam Doud vu sengen Patienten ëmgeet.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.