Speakeasy
Speakeasy Podcast
Fir all Är philosophesch Froen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Eng propper Geschicht? 22.01.2021 27:13
Clean History? Episod 4 Wéi gesäit en gesonden Ëmgang mat der Vergaangenheet ëm? Wéi behandele mer dat, wat mer moralesch verwerflech fannen? Musse mer d’Geschicht botzen? Oder musse mer eise Bléck op d’Geschicht hannerfroen? An der Diskussiounsronn mam Thomas Koenig haut: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soun...
Mémoire? 22.01.2021 39:44
Clean History? Episod 3 Wéi geet ee mat der Vergaangenheet em? Ween decidéiert, wat gutt war, wat schlecht war, a wat mir fir eis an Usproch huelen? Kann eisen Rapport duerch d’Vergaangenheet duerch d’Geschichtsbicher gebilt ginn, oder wiisst en organesch? Den Jacques Delleré erkläert eis, wei d’Mémoire entsteet, a wéi e gesonden Ëmgang mat eiser Vergaangenheet ausgesinn kannt. Dono diskutéieren m...
Moralesch Standards? 22.01.2021 18:41
Clean History? Episod 2 Däerfe mer d’Vergaangenheet mat eise Standards jugéieren? Firwat? Gëtt et iwwerhaapt “den” richtegen moraleschen Standard, un deem een alles bewäerten kéint? Den Thomas Koenig dissertéiert iwwert Sënn an Onsënn an iwwert d’Schwieregkeet, moralesch Uerteeler ze faassen. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich: Den Thomas Koenig, den Jacques Delleré...
Statuen ofrappen? 22.01.2021 22:10
Clean History? Episod 1 Statuen ofrappen, well se di falsch Symbolik duerstellen? Dës Fro ass di läscht Zäit ëfters gestallt ginn. Déi eng gesinn doran en noutwennegen Schrëtt no fir, fir di aner ass et Zensur, moralesch Panik oder d’Wäisswäschen vun der Vergaangenheet. Mee wat stécht wierklech hannert dëser Fro? Den Chris Pesch huet am Summer 2020 op sengem Blog Pianocktail en Post https://www.pi...
Firwat studéieren? 31.12.2020 40:24
E Studium kascht Geld, Zäit an Nerven. An gär kann d’Fro opkommen „Soll ech mer dat wierklech undoen?“ Oder „Hätt ech net awer léiwer eppes aneres studéiert?“. Firwat soll een sech esou eppes undoen? Soll een dat iwwerhaapt? Déi Froen, an nach vill méi (Stéchwuert Pandemie), diskutéiert den Thomas Koenig mat dem (mëttlerweil Ex-) Präsident vun der ACEL, dem Sven Bettendorf. https://soundcloud.com/...
Wéi wäit däerf Humor goen? 21.12.2020 1:14:51
Wéi wäit däerf Humor goen? Gëtt et Grenzen? Oder soll et der ebe just keng ginn? Musse mer Rücksicht op d’Gefiller vun eise Matmënschen hunn, oder eben net? Haut behandele mer eng Zuhörer-Fro an der grousser Diskussiounsronn. Dës Kéier am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer, d’Selina Godfrey an den Rick Strattmann.
Minimalismus Deel 3 04.12.2020 44:59
Minimalismus – ass et e Kamp, geet et em Verzicht? Oder geet et em Wäert an Gléck? Den Ricardo Prosperi ( https://www.ricardoprosperi.com/ ) ass och Minimalist, an wollt säin Pefferkär zur Diskussioun vun eiser 2. Episod zum Thema och bäisteieren. Am Gespréich mam Thomas Koenig: Den Ricardo Prosperi an de Josy Jacoby
Tenue correcte exigée? 25.10.2020 48:40
Däerf een sech an der Schoul undoen, wéi ee wëll? Däerf een seng Perséinlechkeet fräi duerch seng Kleedung ausdrécken? Oder gëtt et Grenzen? A wa jo, firwat? A fir wien? Si mer all gläich, wann et dorëm geet, sech korrekt un ze doen? E Gespréich vum Thomas Koenig iwwert d’Fro vun der tenue correcte an der Schoul mam Élina Ecker an dem Catherine Freimann.
Minimalismus Deel 2 25.09.2020 33:38
Minimalismus – firwat, a wéi? Am zweeten Deel vum Gespréich diskutéieren ech mam Sozialpsycholog Josy Jacoby, ob Minimalismus iwwerhaapt dat bréngen kann, wat et versprécht an méi ass wéi just en Trend. An de Josy proposéiert praktesch Tipps fir déi, déi sech an d’Richtung vun engem manner materialisteschen Liewen bewegen wëllen. Link 1 - Ted talk vum Millburn an Nicodemus www.youtube.com/watch?v=...
Tyranne - Mord 23.08.2020 28:34
Eng Bomm, zwee Kanner, een Tyrann an nëmmen eng Chance, fir dat Richtegt ze maachen! Däerf een onschëlleger opferen, fir en Tyrann aus dem Wee ze raumen? Dës Fro huet den Albert Camus sech an „les Justes“ gestallt, an si berout op enger reeller Gegebenheet aus dem fréien XX. Joerhonnert. A mir hunn eis haut dorunner inspiréiert, fir eis Sträitgespréich. Dës Kéier hu mer awer d’Rolle getosch, an de...
Minimalismus - Deel 1 15.08.2020 16:21
Minimalismus – Méi Fräiheet duerch manner Besetz? Di Saachen, die eis gehéieren, di besetze mer net, mee eigentlech besetzen si eis. Sou behaapten et op alle Fall verschidden Denker. Minimalismus ass eng Astellung, déi eis d’Liewen vereinfache soll. Mee wat genee verstoppt sech dohannert, an firwat soll dat iwwerhaapt gutt sinn? Den Sozialpsycholog Josy Jacoby erkläert Sënn an Zweck vum Minimalism...
Hitlermord? 25.07.2020 28:55
E weideren Klassiker ënnert den Dilemmata: Wat wär, wann een den Hitler kéint ermuerden goen, ier hien zum Diktator gëtt a fir Krich an Vëlkermord suergt? Misst een, dierft een, sollt een hien dann ëmbréngen, obwuel hien nach näischt gemaach huet? Däerf een e Liewen opferen, fir Milliounen anerer ze retten? A firwat? Wär Agräifen Mord, an domat falsch? Oder Net-Agräifen non-assistance à personne e...
Pandemie oder Patient Zero? 26.06.2020 1:00:39
Stellt Iech emol fir, déi Welt an där Dir lieft fält enger viraler Pandemie zum Opfer. Mee, clever wéi Dir sidd, hutt der vum Confinement profitéiert, fir Är Zäitmaschinn fäerdeg z’entwéckelen! A lo ass se prett! Do stellt sech jo dann quasi automatesch déi moralesch Fro: Musst Dir net an der Zäit zréck reesen, an den Patient Zero, deen, duerch deen den Virus op de Mënsch iwwer gesprongen ass, dee...
Deconfined Talks 7 - Konsequenzen vun der Digitaliséierung 09.06.2020 34:29
D’Conclusioun vum Gespréich aus Episod 5 an 6: Wat sinn d’Konsequenzen vun der Digitaliséierung? Wat kann een sech op kuerz oder mëttelfristeg Zukunft erwarden? Wat sinn di psychologesch Konsequenzen? Wat wäert di artifiziell Intelligenz fir eng Roll kréien? Am Gespréich: Den Max Buchler, den Josy Jacoby, den Meris Sehovic an den Ryan Shepherd.
Digitaliséierung - Fluch oder Segen? 02.06.2020 32:29
Ass de Fait, dass ëmmer méi online oder digital méiglech ass, e Fluch, e Segen, oder keent vu béidem? Deconfined talks – Episod 6. E Gespréich vum Thomas Koenig mam Max Buchler, Josy Jacoby, Meris Sehovic an dem Ryan Shepherd.
Wéi erliewen mer d'Digitaliséierung? 01.06.2020 12:28
Am Confinement huet all Mënsch däerfen erliewen, wéi wichteg Digitaliséierung a sengem Alldag ass. Ier mer kucken, op Digitaliséierung e Fluch oder eng Chance ass, a wat déi wichtegsten Konsequenzen dovun eiser Meenung no wäerte sinn, kucke mer als éischt emol, wéi eng Roll d’Digitaliséierung an eisem Alldag hat an den läschte Wochen Wéi erliewe mer d’Digitaliséierung? – Episod 5 aus den DEconfine...
Confined Talk 4 - Confinement a perséinlech Wäerter? 26.04.2020 1:30:02
Ass de Confinement dee Moment, wou mer eis op méi Fundamentales besënnen, an iwwert eis Wäerter reflektéieren, iwwer dat, wat wierklech wichteg ass am Liewen? Oder ass dat eppes, wat mer eis zielen, fir eis de Moment méi erdrobar ze maachen? Wat ass den wichtegsten Wäert? Zwergenwerfen? Wou komme Wäerter hir? Gëtt et objektiv Wäerter? Kann een se vermëttelen? A wat ass dee méi wichtegen Wäert: Den...
Confined Talks 2 (an 3?) 17.04.2020 1:34:03
Confined talks – Episod 2 (&3?) Wéi erliewe mer den Confinement ? Wat sinn d’Konsequenzen vun engem längeren Confinement? Wéi gi mer domat ëm ? Dat sinn d’Themen, déi um Programm vun dëser Episod 2 waren. Vu dass d’Gespréich dono an eng ganz aner Richtung awer nach geet (Politik, Wirtschaft, Sënn vum Liewen, etc.), handelt et sech am Fong hei em eng Duebel-Episod. Am Gespréich mam Thomas Koenig: d...
Interview mam Christophe Origer - Deel 2 11.04.2020 25:19
Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei der CSV? En Gespréich iwwert Politik, d’Welt, Philosophie, dat Üblecht eben! E Gespréich mam Christophe Origer (Deel 2 vun 2)
Confined Talks 1 - eng néi Wirtschafskris? 02.04.2020 46:51
Dëck mies, et ass Kris ? Episod 1 aus der Série "Talks aus dem Confinement" Hannert der Pandemie kënnegt sech eng potentiell hefteg Wirtschaftkrise un. Mir diskutéieren an dëser Episod doriwwer, wouran de Problem besteet, wéi eng Léisungen et kéint ginn, an probéieren, dem ganzen eng Perspektiv ze ginn. An dëser Episod schwätzen ech mam Josy Jacoby, mam Alain Herman an mam Ryan Shepherd.
Interview mam Christophe Origer - Deel 1 23.03.2020 27:52
Firwat mécht een Politik? An wéisou grad bei der CSV? En Gespréich iwwert Politik, d’Welt, Philosophie, dat Üblecht eben! E Gespréich mam Christophe Origer (Deel 1 vun 2)
Trolley Problem revisited - Doctor Problem 14.03.2020 18:33
5 Leit, déi doudkrank sinn, an en Organ brauchen...1 Persoun, déi gesond ass, an Organer spenden kéint. Muss den Dokter hei net déi eng Persoun opferen, fir déi aner ze retten? Géift Dir d’Leit stierwen loossen? An der drëtter a leschter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum Dokter“. Haut am Gespréich: Den Josy Jacoby an den Romain Schroeder
Trolley Problem revisited - Fat Man 06.03.2020 23:07
En Tram, deen ausser Kontroll ass, 5 Leit, déi um Gleis ugestréckt sinn, eng Bréck iwwert dem Gleis an ee fette Mann, den vun der Bréck rofkuckt. Musst der hien rofdrécken, fir déi 5 Leit ze retten oder net? An der zweeter Episod vum „Trolley Problem revisited“ diskutéiere mer den sougenannten Problem „vum fette Mann“. Leider huet dës Kéier och net all Mënsch eis Diskussioun iwwerlieft. Haut am Ge...
Trolley Problem revisited - Classic 21.02.2020 43:26
En Tram ausser Kontroll, 5 Leit, déi iwwerrannt wäerten ginn op Gleis A, wann der näischt maacht…mee op Gleis B ass 1 Persoun, déi dru gleewen muss, wann der agräift. Wat maacht Der? A firwat? Mir hunn den lokomotiven Klassiker ënnert den moraleschen Dilemmata revisitéiert, a konnte selbstverständlech net vermeiden, dass verschidde Leit et net iwwerliewen… Am Gespréich: Den Josy Jacoby an de Romai...
Interview mam Meris Sehovic vun Déi Gréng - Deel 3 05.01.2020 21:49
Am drëtten an leschten Deel vu mengem Gespréich mam Meris Sehovic schwätze mer déi Entscheedungen, déi hien treffen géif, falls hien Premier wär, an iwwert d’Zukunft vun der Aarbecht (Stéchwuert Robotiseierung) an doriwwer, ob de Batman an de Prisong gehéiert oder net.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.