radio 100,7

Reen a Bou

News LB ↓ 50 episodes

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Author

radio 100,7

Category

News

Podcast website

www.100komma7.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

E markante Waarmloft-Virstouss 03.04.2026

D’Fréijoer probéiert sech definitiv géint de Spéitwanter duerchzesetzen. Eng Phas mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature steet un, erbäigeféiert duerch eng immens mëll südwestlech Stréimung.

Wiederlag kéint geschwënn ëmschloen 30.03.2026

De spéitwanterleche Charakter weist sech nach e Stéck wäit an dëser Woch, mee et schéngt sech hannert de Kulissen e bëssen eppes ze doen.

Turbulent Kalfront e Mëttwoch 23.03.2026

Mëtt der Woch fléisse kal an och fiicht Loftmasse vunder Nordséi hier op Lëtzebuerg, et erwaart eis richtegt Abrëllswieder mat Flacke mee och vläit mol engem lokale Graupeldonnerwieder.

Weidere Wanterintermezzo méiglech 20.03.2026

Héije Loftdrock huet eis erëm am Grëff, zumools zanter e Mëttwoch a gréisstendeels ongestéierter Form. Et sinn awer schonn erëm e puer Stéierungen um Horizont, déi duerchaus spéitwanterleche Charakter kënnen unhuelen.

Héichdrock mellt sech zréck 16.03.2026

Frascht a lokal och Schnéi hunn eis de Weekend nach eng Kéier gewisen, a wat fir enger Joreszäit mir eis eigentlech befannen. Virun enger Woch hate mir nach knapp iwwer 20 Grad.

Déiwe Loftdrock bleift net 13.03.2026

Iwwer de Weekend gëtt et nach e Stéck méi variabel. An dëser Woch si schonn e puer Kalfronten iwwer eis ewechgezunn, haut um Freideg steet eng weider, méi markant un. De Méindeg soll awer schonn de leschten Dag vun dëser variabeler Phas markéieren.

Den Atlantik mellt sech zeréck 09.03.2026

Et deet sech erëm eppes an eiser Wiederkichen. Zanter Enn Februar deit sech schonn e méigleche Changement fir dës nei Wiederwoch un - an dëse schéngt sech och ze confirméieren.

Stéierunge gi méi warscheinlech 06.03.2026

Kal gëtt et deemnächst weiderhin net, mee et kann zu Stéierunge kommen. De Reen ass schonn erëm eng Zäit laang rar, mee de momentane Berechnunge no kéint sech dat d’nächst Woch änneren.

Verlängerung vum gudde Wieder 02.03.2026

Den ugekënnegten Intermezzo war wierklech just temporär. Den héije Loftdrock reservéiert sech weiderhin den europäesche Kontinent bal ganz fir sech eleng. Et bleift fréijoersméisseg mëll an och de Reen hält sech ëmmer nach zeréck.

Weiderhi kee Wanterwieder a Siicht 27.02.2026

De frëndleche Changement suergt am ganze Land fir gutt Laun. Wann een d’Wieder aus de leschten Deeg esou kuckt, géif een net soen, datt et virun eppes méi wéi enger Woch nach geschneit huet. Lëtzebuerg genéisst déi éischt fréijoersméisseg Temperature vum Joer.

Fréijoersloft confirméiert 23.02.2026

Den ongemittlech naassen a lëftege Weekend ass duerch, elo gëtt et besser. D’Grousswiederlag wäert sech an der neier Woch esou ëmstellen, datt eis e richteg markante Virstouss vun däitlech méi waarme Loftmassen usteet.

En Hauch vu Fréijoersloft 20.02.2026

De Weekend musse mir nach eng Kéier op d’Zänn bäissen, duerno gëtt et besser. Fir d’nächst Woch steet fir vill Leit eng wëllkomm Ännerung um Programm, et gëtt nämlech däitlech méi mëll.

Wanterlechen Intermezzo geet virun 16.02.2026

Den een Déifdrockkomplex ass duerch, elo kënnt deen nächsten. Mir hunn en interessante Weekend hanner eis an et geet och alles anescht wéi “langweileg” virun.

Markanten Temperaturréckgang 13.02.2026

Temporär ginn erëm polar Loftmassen zougespillt. Dee fir eis relevanten Déifdrockkomplex verzitt sech de Weekend a Richtung Osten, en Tëschenhéich setzt sech duerch. Allerdéngs gëtt et doduerch och däitlech méi kal.

Rouege Weekend, dann nei Déifdrockausleefer 06.02.2026

No engem naasse Freide kënnt d’Sonn de Weekend eraus, virausgesat de Niwwel léist sech op. D’nächst Woch geet et mat der Westwiederlag virun.

Weidert Onwiederpotenzial a Südwesteuropa 02.02.2026

Ëmmer nach ass d’Situatioun am Südweste vun eisem Kontinent ugespaant. Neien, zolitte Reen trëfft op Portugal a Spuenien, weider Iwwerschwemmunge sinn ze erwaarden.

Wiederextreemer am Südweste vun Europa 30.01.2026

Zu Lëtzebuerg ass et roueg, nëmmen heiansdo zitt eng schwaach Front mat e bësse Reen oder och mol e puer Flacken duerch. A Frankräich mee awer och op der iberescher Hallefinsel weist sech d’Wieder vu senger zolitter Säit.

Atlantesch Stréimunge kréien d’Soen 23.01.2026

Den Héichdrockafloss huet am Laf vun de leschten Deeg däitlech ofgeholl, den Atlantik spillt elo ëmmer méi eng Roll fir eist Wieder heiheem. Nohaltegt Wanterwieder kritt et doduerch schwéier gemaach.

Keelt hält sech nach zréck 19.01.2026

Doduerch, dass mir op der fiichter Säit vun Déifdrockgebitter leien, geréit d’Keelt aus Russland nach net an eis Géigenden. D’nächst Woch kéint dat awer änneren.

Enn Januar gëtt et nees spannend 16.01.2026

Momentan ginn eis ëmmer nach mëll Loftmassen aus dem Süde vum Kontinent zougespillt. Dës Stréimung probéiert sech esou gutt et geet weider ze behaapten, mee kritt et awer geschwë schwéier.

De Freideg turbulent, de Weekend méi roueg 09.01.2026

Haut leie mir ënner dem Afloss vum Stuerm Elli respektiv Goretti. Op der viischter Säit vun engem Stuermdéif goufen eis an der Nuecht immens mëll Loftmasse bruecht. Am Laf vum Dag gëtt et erëm däitlech méi kal. D’Entwécklunge vu Reen, Wand an och Schnéi stinn am Fokus.

Wanterlech an turbulent 05.01.2026

E liichten Héichdrockafloss a polar Loftmasse suerge momentan fir Temperaturen, wéi mir se scho bal net méi an engem Wanter gewinnt sinn. Am Laf vun der Woch ginn awer och méi mëll Loftmassen eng Optioun.

De Wanter huet eis fest am Grëff 02.01.2026

Eng kill mee och fiicht nordwestlech Stréimung suergt vun elo un dofir, datt sech d’Wieder ëmmer méi der Joreszäit upasst. Den Temperaturtrend weist däitlech no ënnen.

Schnéi gëtt méi warscheinlech 29.12.2025

Eng grouss Ëmstellung vun eiser Grousswiederlag steet un. Déi kéint eis am Laf vun der zweeter Wochenhallschent polar Loftmassen zoukomme loossen. Schnéi wier dann och méiglech.

Markanten Temperaturréckgang 22.12.2025

Eng High-over-Low-Wiederlag bréngt eis e Keelt-Virstouss aus Russland. Nodeems et erëm liicht méi mëll gëtt, kéint et fir Silvester a méi markanter Form zu polare Loftmasse kommen.

Listen to the Reen a Bou podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.