radio 100,7

Reen a Bou

News LB ↓ 50 Folgen

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.

Autor

radio 100,7

Kategorie

News

Podcast-Website

www.100komma7.lu

Neueste Folge

10. Jul 2026

Wo hören?

Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbar

Podcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts

Bei Google Play herunterladen Kostenlos installieren Android 5 Mio.+ Downloads · Bewertung 4,8 iOS bald

Folgen

Hëtztwell verschäerft sech erëm 10.07.2026

Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi bis ewell drëtt Hëtztwell vum Joer. Virun allem markant ass an Tëschenzäit de Reendefizit zu Lëtzebuerg. Gëtt et e bëssen Hoffnung?

Eng nei Hëtztwell geet un 06.07.2026

Dëse Summer weist sech weiderhi vu senger méi intensiver Säit: Am déiwe Südweste vun Europa ass eng nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.

Reendefizit verschäerft sech weider 03.07.2026

D’Summerwieder ass ëmmer nach bei eis, mee d’Nuechte kënne richteg kill ausfalen. Zwar funken an nächster Zäit och mol deelweis e puer Déifdrockstéierungen dotëschent, an awer bleift nennenswäerte Reen éischter rar. De Potenzial vun enger weiderer Hëtztwell bleift bestoen.

Wat kënnt no der historescher Hëtztwell? 29.06.2026

Den “Heat Dome” iwwer eis léist sech op, resp. zitt a Richtung Osteuropa virun. Elo gerode mir ënner en anert Stréimungsbild, duerch dat och den Atlantik erëm e Wuert däerf matschwätzen. D’Fro ass just, fir wéi laang.

Schluss vun der historescher Hëtztwell? 26.06.2026

Zanter e Mëttwoch kënnt et zu enger historescher Hëtztwell zu Lëtzebuerg. Reng op de Juni bezunn ass et déi längst an och déi wäermst zanter Opzeechnungsufank, dat gouf en Donneschde confirméiert.

Schluss vun der Hëtztwell a Siicht? 22.06.2026

D’Hëtzt mécht sech zu Lëtzebuerg breet an et geet eigentlech eréischt un. Eng immens waarm Wiederwoch steet virun eis.

Hëtztwell verlängert sech 19.06.2026

Eis momentan Hëtztwell setzt sech fort, mee fir wéi laang? Nodeems de Juni jo net esou waarm ugaange war, gëtt all dat elo nogeholl ... an et ass schonn erëm ze vill däers Gudden. Wäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen hunn eis am Grëff.

Héichsummerwieder klappt un 15.06.2026

An den nächsten Deeg ginn d’Temperature séier an d’Luucht. D’Konstellatioun vun den Drockgebitter passt geschwënn, fir datt däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent hire Wee op Lëtzebuerg fannen.

Eng waarm Ëmstellung 12.06.2026

Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Schonn elo de Weekend hätt et verschiddene Berechnunge no scho misse waarm ginn, mee dat gouf elo e Stéck no hanne verréckelt.

Méi waarm Zäiten um Horizont? 08.06.2026

Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Zanter dem Ufank vum meteorologesche Summer sinn eis Temperaturen an den net summerleche Beräich erofgerëtscht. Dëst Muster soll awer geschwënn erëm wiesselen.

Eng spannend Mëttelfrist 05.06.2026

No e puer interessanten Deeg blécke mir gespaant an d’Zukunft. Deels kräfteg Donnerwiederen hunn net wäit ewech vu Lëtzebuerg fir Schued gesuergt. No dëse gëtt elo den Temperaturtrend nees méi interessant.

Eng variabel Woch steet un 01.06.2026

Déi rezent Hëtztwell bei eis ass de Weekend op en Enn gaangen. D’Astréime vun de waarme Loftmassen aus de leschten Deeg gëtt ënnerbrach. Fir en Dënschdeg ass esouguer schonn déi nächst Kalfront mat dobäi.

Éischt Hëtztwell geet op en Enn 29.05.2026

No dëser Woch ass fir jiddereen, deen d’Hëtztnet esou verdréit, duerchootmen ugesot. Et gëtt erëm méi agreabel dobaussen, mee d’Hëtzt ass ni wierklech wäit fort.

Et geet a Richtung 30 Grad 22.05.2026

Zu Lëtzebuerg stellt sech elo erëm eng méi dréche Phas an. Dës dréckt net nëmmen d’Temperaturen am Dag an d’Luucht, mee och an de Nuechten.

Verhalenstippe fir d’Donnerwieder-Saison 18.05.2026

De meteorologesche Summer geet a knapp zwou Wochen un - domat klëmmt de Risk vun Onwiederen. Den europäesche Kontinent, an domat och Lëtzebuerg, ass all Joer vu villen Zorte vu Wiedergefore betraff. Sief et Donnerwiederen, Staarkreen oder esouguer Tornadoen. Mee wéi kann ee sech schützen?

Elo gëtt et eréischt richteg spannend 15.05.2026

Bis ewell hate mir eis haaptsächlech am Oklahoma an och Texas opgehalen, wou mir haaptsächlech vu grousse Knëppelsteng a Stuerm betraff waren. Elo changéiert sech dat allgemengt Wiedermuster.

Déi éischt Deeg an der Tornado Alley 11.05.2026

Virun allem huet sech den Ufank vun eiser Rees an Texas an och Oklahoma ofgespillt, wou et zu zolitten Onwieder mat Knëppelsteng an Orkanstéiss koum.

Eng Rees an d’Tornado Alley 08.05.2026

De Philippe Ernzer geet op d’Sich no de stäerkste Stierm vun der Welt. No 15 Joer Météo Boulaide geet fir hien e Kandheetsdram an Erfëllung.

Ee variabele Mee steet un 04.05.2026

Nom vill ze dréchenen Abrëll kënnt en onbestännege Mee. Den Abrëll war vun engem markante Reendefizit gezeechent. Elo huet d’Wiederlag awer endlech ëmgeschloen, dee bestännegen Héichdrockafloss ass fort.

Ëmmer nach Waarden op Reen 27.04.2026

E weidere mëllen a sonnege Weekend hu mir hanner eis. Nodeems d’Sonn an de leschten Deeg dominéiert huet, kënnt elo just eng kleng a kuerz Stéierung an d’Spill.

D’Natur waart op de Reen 24.04.2026

Eng immens dréche Loft mécht sech iwwer Lëtzebuerg breet. Ëmmer nach dominéiert Héichdrockafloss, dee lues awer sécher fir en nennenswäerte Reendefizit suergt. D’Landschaft gëtt ëmmer méi dréchen.

Gréisstendeels roueg Aussiichten 20.04.2026

No enger plazeweis méi kräfteger Kalfront erwaarden eis erëm méi frëndlech Deeg. En Héichdrockgebitt, dat mat sengem Kär iwwer dem Nordweste vun eisem Kontinent läit, wäert eis dës Woch iwwer beschäftegen.

Kampf tëschent de méi killen a méi waarme Loftmassen 17.04.2026

Eng Kalfront wäert kuerz dofir suergen, datt et net méi grad esou mëll gëtt. Op eise Wiederkaarten deet sech weiderhi vill, mee iergendwéi awer och bal näischt. Wat elo komesch kléngt, ass a Wierklechkeet e reegelrechte Kampf tëschent de méi killen a méi waarme Loftmassen.

Chancen op méi héich Temperaturen 13.04.2026

Nodeems et de Weekend manner mëll war, wäert sech dat elo viraussiichtlech erëm änneren. Iwwer déi nächst Deeg probéiert sech den Héichdrockafloss esou gutt et geet iwwer eis ze halen, iwwerdeems um Atlantik Déifdrockgebitter leien. Kee Wonner, datt d’Modeller erëm waarm Loftmassen undeiten.

Vu fréisummerlech op variabel 10.04.2026

Déi lescht Deeg waren zu Lëtzebuerg fréisummerlech Temperaturen. Net nëmmen heiheem war et mëll: Zemools an Deeler vu Südfrankräich goufen 30 Grad erreecht a liicht iwwertraff. E Changement ass awer schonn amgaangen.

Höre den Podcast Reen a Bou in Replaio

Radio und Podcasts in einer App - kostenlos und ohne Anmeldung. Installiere sie noch heute und verpasse den Start nicht

Bei Google Play herunterladen

Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet