déi Lénk
Oppositioun! e Podcast vun déi Lénk
Ee Mol de Mount huelen eis Deputéiert, Marc Baum an David Wagner, déi politesch Aktualitéit auserneen, interpretéieren d’Kräfteverhältnisser an der Chamber, geheien ee frësche Bléck op d’Themen déi d’Politik beschäftegen et kucken och wat de Roll vun déi Lénk an der Oppositioun ka sinn. Mat dësem Podcast wëllen déi Lénk eng Alternativ Lektür vun de politeschen Debatte proposéieren, eng ecosozialistesch Lektür déi wierklech lénk ass. Deen éischten Episod setzt sech mam Dossier Caritas auserneen a mat de neien Oppositiounsparteie vun deene verschiddener sech nach sichen.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episode 10: Sympathie fir den Däiwel. 18.03.2026 36:08
Wisou huet d'kathoulesch Kierch fir de Marc gebiet? Wat hunn den ale Luc an den neie Luc gemeinsam wann et em Krich a Westasie geet? A wat kann den Eric Thill aus dem JC Juncker senge Feeler léieren? Dësen an nach weidere Froe wëllen déi zwee Deputéiert haut op de Grond goen.
Episode 9: "Haaptsaach F*scho!" 20.01.2026 43:53
No hirer klenger Verschnaufpaus starten de Marc an den David mat mat deem an dat neit Joer wat se am beschte kënnen: eis en Abléck an de Maschinneraum vum Parlament ginn. Et geet em d'ADR, de Statut vum Deputéierten, ee Logementsminister à mi-temps an em politesch Spillercher vum Luc Frieden.
Episode 8: De Ministeren hir Täschespillertricker. 01.08.2025 32:44
Zum Ofschloss vum parlamentaresche Joer blécken den David an de Marc zeréck op déi grouss Sujete vun de leschte Méint. Dobäi geet et em déi grouss gewerkschaftlech Manif vum 28. Juni, eis Propos fir d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren, a selbstverständlech rëm em dem Xavier Bettel seng Efforten, méiglechst näischt am Dossier Gaza-Krich z'ënnerhuelen.
Episode 7: Spezialepisode Palästina. 12.06.2025 55:56
Eis eemoleg Deputéiert Nathalie Oberweis an eisen Deputéierten David Wagner diskutéieren zesummen iwwer déi katastrophal Situatioun am Noen Osten wou déi rietsradikal israeleesch Regierung grad Vëlkermord un de Palästinenser begeet. Si raumen och mat Clichéen an Onwëssen op.
Episode 6: D'Ukrain, d'Pensiounen an eng Regierung ouni Plang. 14.04.2025 31:09
Eis Positioun zum Ukrainkrich, eng Debatt iwwer Demokratie awer ouni sozial Gerechtegkeet, eng Pensiounsreform iwwer déi een näischt gewuer gëtt an eng Regierung déi net vill Schlaues méi vu sech gëtt. Dat steet um Menü vun der 6. Episode vun eisem Podcast Oppositioun! Loosst Iech vum Marc Baum a vum David Wagner duerch dës awer e bësse komesch Genosswelt leeden. Gudden Appetit!
Episode 5: Sektempfang oder Chamber? 25.02.2025 41:53
Wéini schwätze mer iwwerhaapt vu Feminzid? Wéi eng Rendez-vousen hu beim Educatiounsminister Prioritéit? A wisou wëll de Xavier Bettel eigentlech keng kloer Positioun zum Ruanda anhuelen? Dës a weider spannend Froe beäntweren de Marc an den David an der 5. Episod vun "Oppositioun!"
Episode 4: Politik aus der Glaskugel 13.12.2024 34:56
Mat den Themen: Energiepräisdeckel, Pensiounen, Studiegebühren, Liberty Steel a Palästina.
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.