Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Minett Mash-Up: De Podcast

Leisure DE ↓ 54 episodes

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!  All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.  Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.  Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).  Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: minett-biosphere.com

Author

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Category

Leisure

Podcast website

minett-biosphere.com

Latest episode

Oct 30, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 10M+ downloads · 4.7+ rating iOS soon

Episodes

Episod 54: Jean-Marie Ottelé X CNCI 30.10.2026

Kontaktéiert eis Industriegeschicht, Eisebunn a kollektiivt Gediechtnes   Wat bleift vun enger Fabrick, enger Eisebunnsstreck oder engem Beruff, wann d’Gebaier verschwannen an déi lescht Zäitzeien hir Geschichten net méi selwer erziele kënnen?   Fotoen, Dokumenter an Erënnerunge ginn dann zu wäertvollen Zeie vun enger industrieller Vergaangenheet, déi Lëtzebuerg an de Minett bis haut präägt. Am 54...

Episod 53: Pascal Plein X Pompelhaus (Metzeschmelz) 25.09.2026

Kontaktéiert eis Wéi erzielt een d’Geschicht vun enger Regioun, déi vum Eisen, vum Stol a vun de Leit gepräägt gouf, déi hei geschafft a gelieft hunn? Am 53. Episod vum Minett Mash-Up hëlt de Pascal Plein eis mat op eng Plaz, wou d’industriellt Ierwe vum Minett nach ganz konkret ze spieren ass: an d’Pompelhaus op der Metzeschmelz. Tëscht klasséierte Monumenter, perséinlecher Passioun a kollektiver...

Episod 52: Doris Thilmany X Schifermusée Maartel 28.08.2026

Kontaktéiert eis Schifer, Aarbecht an Erënnerung D’Geschicht vun der Aarbecht ënner Dag féiert dës Saison vum Minett Mash-Up net nëmmen an d’fréier Eisenäerzminnen am Süde vum Land. Och am Éislek gouf ënnerierdesch geschafft – an dat an engem Ëmfeld, dat op seng ganz eege Manéier zur Lëtzebuerger Industriegeschicht gehéiert. An dësem Episod geet et ëm d’Leekëpperten, ëm de Schifer, ëm d’Liewen an...

Episod 51: Nicole Bausch & Pol Belardi X Lallengerbierg 31.07.2026

Kontaktéiert eis D’Story hannert „Minettsdapp“ Fir dësen Episod vum Minett Mash-Up geet et eraus op de Lallengerbierg, eng markant Plaz an der Minett UNESCO Biosphere, wou Natur, Industriegeschicht a kreativ Inspiratioun openeentreffen. An dësem Episod empfänkt de Podcast zwee musikalesch Gäscht: D'Nikki Ninja, alias Nicole Bausch, an de Pol Belardi. Am Mëttelpunkt steet hiert gemeinsaamt Lid...

Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée 26.06.2026

Kontaktéiert eis Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu Kolonien, vu Solidaritéit, vu schwéierer Aarbecht — an dovun, wéi eng ganz Regioun duerch d’Industrie gepräägt ginn ass. Fir de 50. Episod vum Minett Mash-Up si mir op enger Plaz, wou d...

Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras 29.05.2026

Kontaktéiert eis 2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut. An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war d...

Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines 24.04.2026

Kontaktéiert eis D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass. E...

Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz 27.03.2026

Kontaktéiert eis Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass. Minett Location...

Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen 27.02.2026

Kontaktéiert eis Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat. Eis “Minett-Location” vum...

Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B 30.01.2026

Kontaktéiert eis Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up , dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz. An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat . De roude Buedem vum Minett steet am Mëtte...

Episod 44: Best of 2025 26.12.2025

Kontaktéiert eis 2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen. Dëse „Best Of 2025“ faasst...

Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng 28.11.2025

Kontaktéiert eis Schëffleng , als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn. Eis “Minett-Location” vu...

Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem 31.10.2025

Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der A...

Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng 26.09.2025

Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine , an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic , zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën,...

Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng 29.08.2025

Kontaktéiert eis De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem...

Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech 25.07.2025

Kontaktéiert eis Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum...

Episod 38: Jean Weiler X Käl 27.06.2025

Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierl...

Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng 30.05.2025

Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industrieku...

Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht 25.04.2025

Kontaktéiert eis Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt. Eis „Minett-Location“...

Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng 28.03.2025

Kontaktéiert eis Dës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'Italie...

Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng 28.02.2025

Kontaktéiert eis Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass. Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft z...

Episod 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg 31.01.2025

Kontaktéiert eis 2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen. An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer oc...

Episod 32: Do Demuth X Ferro Forum 27.12.2024

Kontaktéiert eis Eisen, Stol an Natur Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den ne...

Episod 31: Trixi Weis X Kinosch 29.11.2024

Kontaktéiert eis Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik . Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 4...

Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng 25.10.2024

Kontaktéiert eis Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site. Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa...

Listen to the Minett Mash-Up: De Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.