Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR
Minett Mash-Up: De Podcast
Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).
Besuch unbedingt die Website des Podcasts und unterstütze die Macher: minett-biosphere.com
Autor
Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR
Kategorie
Podcast-Website
Neueste Folge
26. Jun 2026
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Episod 50: Alain Guenther X Schmelzaarbechter Musée 26.06.2026 42:40
Kontaktéiert eis Tëscht Stol, Erënnerung a Solidaritéit D’Geschicht vum Minett ass net nëmmen eng Geschicht vu Minnen, Héichiewen a Stol. Et ass och eng Geschicht vu Mënschen: vu Schmelzaarbechter, vu Familljen, vu Kolonien, vu Solidaritéit, vu schwéierer Aarbecht — an dovun, wéi eng ganz Regioun duerch d’Industrie gepräägt ginn ass. Fir de 50. Episod vum Minett Mash-Up si mir op enger Plaz, wou d...
Episod 49: Ënnerwee am Fond-de-Gras 29.05.2026 28:10
Kontaktéiert eis 2026 steet beim Minett Mash-Up ganz am Zeeche vun der Aarbecht an der Eisen- a Stolindustrie. D’Schmelze funktionéieren nach, mä an de Lëtzebuerger Minne gëtt zënter 1981 keng Minett méi ofgebaut. An awer schaffen nach Leit an a ronderëm d’Minne mam Zil dësen Deel vun eiser Industriegeschicht lieweg ze halen. Dowéinst si mer dëse Mount am Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war d...
Episod 48: Dario Di Genova X Musée des Mines 24.04.2026 53:18
Kontaktéiert eis D'Geschicht vun der Minett, hiren Ofbau, hir Weiderveraabechtung an d'Liewe vun de Leit an de Schmelzen an och an de Minnen sinn eise ruede Fuedem dëst Joer am Minett Mash-Up. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d'Mineure an hir Aarbecht, déi alles aaneschters ewéi en einfachen Job war – matten an engem Ëmfeld, wou d'Industriegeschicht nach haut lieweg ass. E...
Episod 47: Carlo Jones X Metzeschmelz 27.03.2026 56:44
Kontaktéiert eis Wéi aus dem Minett Stol ginn ass, a wéi de Minett vun de Koppe laanscht déi franséisch Grenz bis an d’Schmelze komm ass: dat sinn d’Geschichten, déi dës Saison eise Podcast beliewen. An dësem Episod geet et besonnesch ëm d’Technik an d’Ëmfeld, déi et gebraucht huet, fir aus Steng Stol ze maachen – matten an enger Plaz, wou d’Industriegeschicht nach ze spieren ass. Minett Location...
Episod 46: Jan Herr X Léiffrächen 27.02.2026 47:03
Kontaktéiert eis Biodiversitéit a Gestioun vun de Minetter Dagebausgebidder De Minett Mash-Up ass de Wanderpodcast aus dem Minett: all Mount mat engem Invité an op enger anerer Plaz. An dësem Joer dréinen eis Gespréicher sech ëm d’Geschicht vun de Schmelzen, de Minnen an den Dagebaugebidder – an och ëm d’Transformatioun vum “Bassin Minier” an en UNESCO-Biosphärereservat. Eis “Minett-Location” vum...
Episod 45: Carlo Pallucca X Héichuewen B 30.01.2026 42:42
Kontaktéiert eis Och 2026 maache mer viru mam Minett Mash-Up , dem Wanderpodcast aus dem Minett. All Mount mat engem Invité a vun enger anerer Plaz. An dësem Joer geet et an eise Gespréicher ëm d'Geschicht vun de Minnen, de Schmelzen an de Dagebaugebidder – an och ëm d'Transformatioun vum "Bassin Minier" an en UNESCO-Biosphärereservat . De roude Buedem vum Minett steet am Mëtte...
Episod 44: Best of 2025 26.12.2025 38:40
Kontaktéiert eis 2025 war e ganz besonnescht Joer fir de Minett Mash-Up: mir waren eng Kéier an all Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere ënnerwee a mir hunn an all Episod d’Regioun, d’Biosphär an hir Decideuren an de Fokus geréckelt. Dëse „Best Of 2025“ erënnert un déi politesch a mënschlech Reesen, un d’Beruffer, d’Weeër an d’Industriekultur, déi de Minett ausmaachen. Dëse „Best Of 2025“ faasst...
Episod 43: Carlo Feiereisen X Schëffleng 28.11.2025 36:31
Kontaktéiert eis Schëffleng , als Deel vun der Minett UNESCO Biosphere, ass eng Gemeng mat enger räicher industrieller Geschicht an enger spannender Zukunft a se ass och déi lescht Statioun vun eisem Tour duerch déi 11 Membergemenge vum Biosphärereservat, wou mir eis dëst Joer mat de Buergermeeschteren iwwert hir Gemeng, eis Regioun an d’Zukunft vum Minett ënnerhalen hunn. Eis “Minett-Location” vu...
Episod 42: Simone Asselborn-Bintz X Suessem 31.10.2025 35:54
Kontaktéiert eis Fir den 42. Episod vun eisem Podcast Minett Mash-Up si mer emol nees eng Kéier um Belval, awer an deem Deel vum Quartier, deen zu der Gemeng Suessem gehéiert. Dës Gemeng, déi aus de véier Uertschafte Bieles, Zolwer, Éilereng a Suessem besteet, ass eng Plaz wou d'Industrie- an Naturierwen vun der Minett Biosphere sech perfekt ergänzen. An och wann d’Marieke vum Musée vun der A...
Episod 41: Henri Haine & Elvedin Muhovic X Rëmeleng 26.09.2025 52:33
Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine , an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic , zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën,...
Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng 29.08.2025 46:24
Kontaktéiert eis De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem...
Episod 39: Jeannot Fürpass & Anouk Boever-Thill X Monnerech 25.07.2025 48:14
Kontaktéiert eis Fir de Juliepsiod vun eisem Minett Mash Up-Podcast si mir dës Kéier an d'Gemeng Monnerech gefuer, wou de Podcast un der frëscher Loft am Park Molter opgeholl gouf. An dësem Episod entdecke mer net just nei Infrastrukturen an zukünfteg Projete vun der Gemeng, mä mir léieren och eis zwee Gäscht e bësse besser kennen. Dës Kéier steet déi aktiv Mobilitéit, esou wéi de Projet vum...
Episod 38: Jean Weiler X Käl 27.06.2025 31:38
Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierl...
Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng 30.05.2025 40:55
Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industrieku...
Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht 25.04.2025 55:50
Kontaktéiert eis Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt. Eis „Minett-Location“...
Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng 28.03.2025 40:32
Kontaktéiert eis Dës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'Italie...
Episod 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng 28.02.2025 50:57
Kontaktéiert eis Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass. Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft z...
Episod 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg 31.01.2025 40:57
Kontaktéiert eis 2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen. An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer oc...
Episod 32: Do Demuth X Ferro Forum 27.12.2024 58:03
Kontaktéiert eis Eisen, Stol an Natur Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den ne...
Episod 31: Trixi Weis X Kinosch 29.11.2024 51:10
Kontaktéiert eis Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik . Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 4...
Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng 25.10.2024 45:08
Kontaktéiert eis Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site. Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa...
Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl 27.09.2024 46:52
Kontaktéiert eis Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen. Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „ Minièresbunn D...
Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum 30.08.2024 47:50
Kontaktéiert eis Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“ . Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Auss...
Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines 26.07.2024 50:50
Kontaktéiert eis Op engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht. 70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eis...
Episod 26: Carole Lorang X Ariston 28.06.2024 48:45
Kontaktéiert eis No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen. Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater , dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Program...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet