Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Minett Mash-Up: De Podcast

Leisure DE ↓ 50 episodes

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt!  All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land.  Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen.  Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht).  Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

Be sure to visit the podcast's website and support the creator: minett-biosphere.com

Author

Minett UNESCO Biosphere, IK-CNCI & MUAR

Category

Leisure

Podcast website

minett-biosphere.com

Latest episode

Jun 26, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android almost 10M downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange 31.05.2024

Kontaktéiert eis No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater , en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorr...

Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub 25.04.2024

Kontaktéiert eis Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen. Zënter kuerzem huet den éischte private...

Episod 23: Rudolf Noben X 4MH 29.03.2024

Kontaktéiert eis Vu Sammler, Schmuggler a Stongen Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première. Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. M...

Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte 23.02.2024

Kontaktéiert eis Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fr...

Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras 26.01.2024

Kontaktéiert eis Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil...

Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI 29.12.2023

Kontaktéiert eis Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der Groussregio...

Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn 24.11.2023

Kontaktéiert eis Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen „Pump It Up“ , déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter Ausstellung " Tran...

Episod 18: Carlo Hamling X Den Alen ARBED's Büro (Téiteng) 27.10.2023

Kontaktéiert eis Dëse Mount si mer op Besuch am Käldall. Dee schmuelen Dall, deen am Laf vun de Joerdausende vun der Kälbaach, engem Niewefloss vun der Uelzecht, an d'Landschaft geschnidde gouf, ass eng Plaz voller Geschicht a Geschichten, déi an dësem Episod am Mëttelpunkt vun eisem Podcast stinn. Mir huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Geschicht vun der Gemeng Käl-Téiteng , schwätzen awer...

Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng) 29.09.2023

Kontaktéiert eis Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier Statioun zu Diddeleng . D' Kabaische Floater um Waasserbaseng vun der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De Fon...

Episod 16: Charel Kugeler X Wagon-Gîte (Fond-de-Gras) 25.08.2023

Kontaktéiert eis No eiser „Summerpaus“ um Jugendforum vun der Minett UNESCO Biosphere si mer dëse Mount nees zeréck um Minett Trail a maache Statioun an enger vun den eelef Kabaisercher. Kuerz virun Enn vum meteorologesche Summer, a ronn ee Mount virum Enn vun der Tourismussaison 2023, si mer op Visitt am Minett Park Fond-de-Gras . Dat ass eng vun de wichtegsten Touristenattraktiounen aus dem Mine...

Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum 28.07.2023

Kontaktéiert eis Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun um Minett Biosphere Youth Forum , dee vum 12. bis de 16. Juli am Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampag...

Episod 14: Michel Dadario X Schëffleng 30.06.2023

Kontaktéiert eis  Den aktuellen Episod vun eiser Rees duerch de Minett huet eis op Schëffleng gefouert. Bis 2013 ass zu Schëffleng an der Schmelz Stol produzéiert ginn an och wann d’Metzeschmelz haut net méi a Betrib ass, war Schëffleng eng Plaz, déi sech ugebueden huet fir eng Kéier am Detail iwwert d’Liewen an d’Schaffen op der Schmelz ze schwätzen.  Eise Gaascht: Michel Dadario De Michel Dadari...

Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng 26.05.2023

Kontaktéiert eis Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédang...

Episod 12: Philippe Morgado X Lasauvage 28.04.2023

Kontaktéiert eis Déi grouss Gemeinsamkeet vun all eise Podcasten an dësem Joer ass, datt mer um Minett Trail ënnerwee sinn. Zwou Woche virun der offizieller Aweiung vum 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere, interesséiere mir eis an dëser Episod vum Podcast ganz speziell fir de Minett Trail an nach méi am Detail fir d’Kabaisercher, déi op 11 verschidde...

Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux 31.03.2023

Kontaktéiert eis "Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet. Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett Mash-Up , mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen....

Episod 10: Julia Ruhmann X Wikkelhouse (Biergem) 23.02.2023

Kontaktéiert eis An der Februar-Episod vun eisem „ Minett Mash-Up“-Podcast geet eis Entdeckungsrees duerch d’ Minett UNESCO Biosphere virun. Mir maache nees Statioun um Minett Trail an hunn eis Invitée vun dëser Kéier an enger vun den 3 Kabaisercher vun der Gemeng Monnerech emfaangenempfaangen. Dës Kabaisercher sinn direkt hannert dem Centre Culturel „Beim Nëssert“ zu Biergem ze fannen an dat spez...

Episod 9: Teena Lange X Gonnerhaus (Rumelange) 27.01.2023

Kontaktéiert eis Dëst Joer geet de „Minett Mash-Up“-Podcast nees op Entdeckungsrees duerch d' Minett UNESCO Biosphere . Bis Enn des Joers besiche mir déi 11 Gemengen aus dem Biosphärenreservat a schwätze mat eise Gäscht iwwer hir Aarbecht an hir Projeten, de Minett, déi eenzegaarteg Natur vum Süde vu Lëtzebuerg an iwwer den industrielle Patrimoine vun der fréierer Biergbau- a Stolregioun. Fir...

Episod 8: Sergio Carvalho & Pol Zimmermann X Heure Bleue Ellergronn 29.07.2022

Kontaktéiert eis Fir dësen Episod vum Podcast, deen éischte vun 3 spezielle Summer-Podcasten, si mer an der direkter Noperschaft vum Sëtz vun der Minett UNESCO Biosphere bliwwen. Den Ellergronn ass net just eent vun den eelsten Naturschutzgebitter am Land, et ass och en Deel vun Esch2022 , europäesch Kulturhaaptstad. Um Site vum Naturschutzzentrum Ellergronn steet d’Installatioun vun der Heure Ble...

Episod 7: Lynn Theisen X Bremshaischen Téiteng 29.04.2022

Kontaktéiert eis Matten am Bësch, op den Hiwwel vum pittoreske Käldall , hu mer dësen Episod vun eisem Podcast opgeholl. Op Besuch hate mir dës Kéier déi jonk Fotografin Lynn Theisen , déi no hirem Studium zu Berlin, dee Wee zeréck an de Minett fonnt huet a sech elo mat hirem Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng installéiert huet. Hire Wee an d’Fotografie an hire spezielle Konschtprojet fi...

Episod 6: Sören Salvatore X Schëfflenger Brill 25.03.2022

Kontaktéiert eis Hannert héije Gras a Beem verstoppt sech eng kleng Oasis an der Schëfflenger Stadlandschaft. Den natur&ëmwelt Ornitholog, Sören Salvatore , hëlt eis op dës geheim Plaz, déi mir zesumme mat all deene flotten Projeten diskutéieren, an deem hien involvéiert ass! Maacht mat eis mat als mir e puer nei lëtzebuergesch Wierder léieren, eis Stiwwelen schlamméieren a vill um Wee laachen...

Episod 5: Sven Fielitz X Ellergronn 25.02.2022

Kontaktéiert eis  Den Minett ass 2020 eng UNESCO Biosphere ginn. Wat iwwerhaapt eng Biosphere ass an wat dat fir den Minett bedeit, kritt är an dëser Folg gewuer! Dozou kënnt och nach den Freestyle Footballer a Filmaker, Sven Fielitz, bei eis laanscht. Mir diskutéieren fléiend Kleeder, Schof a Goldfësch a mir probéieren e puer Freestyle Tricken selwer aus!  De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Init...

Episod 4: Lynn Jung X Belval 28.01.2022

Kontaktéiert eis Léiert am éischten Mount vum Joer d’mega cool a sportlech Freerunnerinn, Lynn Jung kennen. Mir virbréngen mat him eng kuscheleg Zäit am Café Dolmat a diskutéieren seng kandheet zu Belval a wéi d‘Lynn seng Passiounen an hir Aarbecht ëmgewandelt huet. An wann dir nach net Parkour oder Freerunning kënnt, keng suerg! Och dat kritt är am Podcast gewuer! De Minett Mash-Up ass eng gemein...

Episod 3: Daniel Migliosi X Diddelenger CNA Pomhouse 24.12.2021

Kontaktéiert eis Eis Rees hëllt eis dës Mount op Diddeleng an den flott rekonzeptualiséiert CNA Pomhouse . Mir treffen den Jazz Trompettspiller, Daniel Migliosi, a diskutéieren seng wuerzelen an Verbindungen mam Minett – Schlësselwuert Italien, Russland a vill Caféen! Kleng juwelen iwwer d’Jazz Zeen, Diddeleng an den Haard kritt är och gewuer! Fir méi detailléiert Show Notes, kuk op minett-biosphe...

Episod 2: Lisa Junius X Escher Gaalgebierg 26.11.2021

Kontaktéiert eis An dëser Episod klamme mir bis op den Escher Gaalgebierg a begéinen der talentéierter Kënschtlerin Lisa Junius. Mir diskutéieren iwwert hir divers Kreatiounen an hir enk Verbindung zum Minett. Als Bonus, gëtt eis Wëssen iwwer d’Geschicht vum Escher Gaalgebierg getest!  INSTA : @lisajunius WEB : lisajunius.com Escher Gaalgebierg : esch.lu + Video iwwer de Gaalgebierg Schreif eis gä...

Episod 1: Minett Mash-Up - De Podcast! 26.10.2021

Kontaktéiert eis Häerzlech wëllkomm zum Minett Mash-Up - de Podcast! An dëser éischter teaser Emissioun stelle mir eis fir, verroden méi iwwert de Podcast an wat iech erwaart.  Eis Minett Location vum Mount   Giele Botter, Differdange, Mine 1965 (Google Maps: 49°32'29.3"N 5°52'39.3"E)    Extra Infoen iwwer de Giele Botter:   https://environnement.public.lu/fr/publications/conse...

Listen to the Minett Mash-Up: De Podcast podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.