Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Health LB ↓ 194 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Author

Méi wéi Sex

Category

Health

Podcast website

sexpodcast.ara.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#46: Sexgeräischer & Audioporn 15.11.2019

Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d'Anne an d'Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte laang een auditiven Dräier zu Audioporn, Faken, Verstäerken an Ënnerdrécke vu Geräischer, déi d'Loscht verstäerken oder verklengeren. En plus kläre mir endlec...

#45: Petting 01.11.2019

An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwer "Petting". Wat heescht dat? Ass dat scho Sex? oder ass dat einfach en anert Wuert fir Virspill? An zum Schluss an der Rubrik en „How to: Wat well ech?”, wou d'Kelly Iech Tipps gëtt wéi een zesummen oder eleng seng Virléiften an seng Grenzen erausfannen kann. Dozou och hei ee klenge Link: http://queertopia.blogsport.de/images/JaNeinVielleichtListe.pdf

#44: Sex op ëffentleche Plazen 18.10.2019

An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt eis den Elie alles wat een iwwert dat speziellt Organ "Prostate" wësse soll.

#43: Staffel 2. Neit Team, Nei Stëmmen! 04.10.2019

Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod gewuer. An zum Schluss gëtt et eng „How To“ - Rubrik iwwert „Gruppesex“! Lauschtert eran!

#42: Réckbléck op déi éischt Staffel 30.07.2019

D'Kelly an d'Tessie kucken zeréck op déi éischt Staffel, ginn op Feedback an, schwätzen iwwer hier Liiblingsfolgen, wéi eng Themen nach net dru komme sinn a kucken an d'Zukunft.

#41: Pubertéit 08.07.2019

D’Kelly a säi Gaascht d’Ruth schwätzen iwwer Pickelen, cool sinn, déi éischt Masturbatiounserfahrungen, Geschlechtsufuerderungen an nach vill méi.

#40: Musek beim Sex 28.06.2019

An dëser Folleg dréit sech alles ëm Musek: Musek beim Sex, beim Masturbéieren an an der Bezéiung. D'Tessie an de Joël schwätzen iwwer schéin wéi och manner schéin Erfahrungen.

#39: Intim-Hygiène 24.06.2019

Wat gehéiert alles zu Intim-Hygiène? Ass et schlëmm, wann een de Genitalgeroch vu sengem Partner oder senger Partnerin net gär huet? D'Kelly huet mat eisem Gaascht dem Ruth iwwert eegen Erfahrunge, Intimseefen, Oralsex, Sextoys an nach vill méi geschwat.

#38: Frëndschaft “Mann/Fra”? 07.06.2019

Kënne Männer a Fraen enk Frëndschafte mateneen hunn, ouni dass et komplizéiert gëtt? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik dréit sech alles ëm Squirten.

#37: Dating 03.06.2019

Wat ass d’Definitioun vun engem Date? A wéi ënnerscheed sech monogamt vun net-monogamen Daten? Äntwerten op dës Froen ze fannen, ass net sou einfach wéi ee menge kéint...

#36: Dirty Sex 27.05.2019

Wa Leit vu sech behaapten, knaschtege Sex ze hunn, wat menge se domat? Séieren, onperséinlechen Sex? Ongewéinlech Stellungen? Rollespiller? Dirty Talk? Wat ass den Ennerscheed zu sougenanntem "Blümchensex"? D'Kelly an d'Tessie hu probéiert et rauszefannen.

#35: Self-Care 20.05.2019

Fir säin Alldag kierperlech a psychesch gutt ze iwwerstoen, ass et wichteg, Self-Care ze maachen. Mä wat ass dat iwwerhaapt a muss een dofir ëmmer Suen ausginn? D’Kelly an d’Tessie hunn iwwer hier Erfahrunge geschwat. An der uschléissender Rubrik dréit sech alles ëm déi éischte Kéier.

#34: Bisexualitéit 13.05.2019

Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D'Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat. An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.

#33: Grenzen zéien 09.05.2019

Egal ob a Frëndschaften, an der Famill an enger Bezéiung, beim Sex oder mat Friemen - d'Grenzzéiunge vun anere respektéieren ass ëmmer wichtg. D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer geschwat, wéieng Zorte vu Grenzen et ginn, wourun ee se erkennt a wéi ee se kommunizéiere kann.  D'Aarbechtsbuch fir beim Grenzesetzen ze hëllefen: Les Migras (2018)

#32: Frëndschaft no Trennung 30.04.2019

Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#31: Queere Sex 23.04.2019

Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d'Tessie an d'Kelly nogaangen. An der Rubrik geet et ëm psychesche Mëssbrauch a romantesche Bezéiungen. Literatur: Körper, Sexualität und Beziehung für Junge Trans*menschen (Trans*Rech e. V. 2017)

#30: Dating Apps 15.04.2019

D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.

#29: Liebeskummer 11.04.2019

Wéini schwätzt ee vu Liebeskummer a wéi kann een domat ëmgoen? D'Kelly an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#28: Wuess, Laser, Epilatioun 29.03.2019

Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d'Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D'Anne an d'Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.

#27: Sexgespréicher 22.03.2019

Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.

#26: Jongfralechkeet 15.03.2019

Wouduerch verléiert ee seng Jongfralechkeet? Ass dat iwwerhaapt wichteg a wat huet d'Jungfernhäutchen domat ze dinn? D'Kelly an d'Tessie hunn doriwwer diskutéiert. An der Rubrik geet et ëm d'Sexualpraktik "Fingering".

#25: Sexuell Belästegung 08.03.2019

Wann et drëm geet, sexuell Belästegung ze bekämpfen, läit d'Verantwortung haaptsächlech bei den Täter. Mä wat mécht een, wann ee sou enger Situatioun ausgesat ass? Wéi kann ee sech schützen? A wéi kann een aneren hëllefen? D'Anne an d'Tessie stellen e puer Methode fir. An der Rubrik ass d'Enrica vum Cigale bei Kelly am Studio, fir iwwer seng Aarbescht ze schwätzen.

#24: Hetero, aromantesch, queer? 04.03.2019

Wouhier wees ech, wéieng sexuell Orientéirung ech hunn a wéi ech se bezeechne soll? Ass et ok, sech kee Label wëllen ze ginn, also net ze soen, dass een hetero, schwul, bi, asexuell oder wat och ëmmer ass? D’Kelly an d’Tessie soen hier Meenung dozou ass. An der Rubrik geet et em Fellatio, och nach bekannt als: Blosen.

#23: Gesiichtshoer 22.02.2019

Hoer um Kënn, op de Baken, um Hals oder iwwer der Lëps... Déi eng hunn et méi, déi aner manner gär, wann aner Leit vun deenen Hoer wëssen. D'Anne an d'Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik mam Kelly geet et ëm Cunnilingus, och nach bekannt als: Lecken.

#22: Verléift 18.02.2019

D’Kelly an säi Gaascht d'Ada schwätzen doriwwer, wéi ee mierkt, dass ee verléift ass, iwwer ongewollt Verléiftheet an d’Ënnerscheeder tëscht verléift sinn, verknallt sinn an ee gär hunn. An der Rubrik geet et ëm d'Fro: Brauch een e grousse Penis fir gudde Sex ze hunn?

Listen to the Méi wéi Sex podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.