Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Health LB ↓ 194 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Author

Méi wéi Sex

Category

Health

Podcast website

sexpodcast.ara.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#71: De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch) 20.11.2020

„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaasc...

#70: Hannert dem Réck – Risiken an Niewewierkunge vum Friemgoen 06.11.2020

Fänkt Friemgoe schonn am Kapp oder réischt am Bett un? Wat ass den Ënnerscheed tëscht Reegelen an Ofmaachungen? An lauschtert d‘Méi wéi Sex-Team och heiansdo friem? An der Folleg Nr.70 liwweren d’Kelly an den Elie Äntwerten dorobber. An der Rubrik erkläert den Elie, wéi een den eegene Schnurres mat sozialem Engagement verbannen kann.

#69: Den Aha-Effekt – Asexualitéit ënnert der Lupp (Auf Deutsch) 23.10.2020

Firwat behëlt den Dr. House sech heiansdo einfach nëmme wéi en Aasch? Hunn Asexueller automatesch weder Sex nach Bezéiungen? An wat huet dës Orientéierung mat Kuch ze dinn? Doriwwer huet d’Anne mam Julia Maria diskutéiert. An der Rubrik geet d’Kelly op den Gender-Begrëff an.

#68: Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll 09.10.2020

Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em Rot ze bieden. Wéi een Akzidenter méiglechst vermeiden an wou een a...

#67: Haaptsaach eng Gäns? – Penisonsécherheet an aner léisbar Problemer 25.09.2020

Zitt ee mat engem klenge Penis automatesch de Kierzeren? Wéi vill verschidde lëtzebuergesch Wierder gëtt et fir dat Organ, dat an der Chatfënster scho mol a Form vun enger Aubergine opdauche kann? An ass ee mat Erektiounsstéierungen en Eenzelfall? All dës Froen diskutéieren den Elie an de Joël an där neier Folleg vu Méi wéi Sex. D’Kelly vergläicht an der aktueller Rubrik Kondomer mat Sombreroen a...

#66: Who the f*** is Marcel? – Ënnerwäsch vun der Tennisstrëmp bis zur Spëtzebéckselchen 11.09.2020

Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss. 

#65: E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel 07.08.2020

Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen. Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit z...

#64: Tattooen 24.07.2020

Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn. An der Rubrik äntwert d'Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°4 : “Ass dat...

#63: Méi wéi Sex an Zäite vu Corona 10.07.2020

Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi. An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 - Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer...

#62: Net iessen, wat op den Dësch kënnt – Iessstéierung(en) 26.06.2020

Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi "rëm Iessen léieren"? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg. Links: - Eating recovery center: https://www.eatingrecoverycenter.com/myrecoveryletter?fbclid=IwAR0lOYeOQaaVIYdBFvzQR1Gv...

#61: Fernbezéihung 12.06.2020

Wann een*t wäit fort vun där Persoun wunnt, déi een*t gären huet, kann dat zimmlech ustrengend sinn. D‘Anne an de Joël schwätzen iwwert Fernbezéiungen um aneren Enn vum Planéit an zu Lëtzebuerg, iwwert Sex op Distanz, Kommunikatioun an temporär gemeinsam Welten. Wat dat ganzt mam Klimawandel ze dinn huet, gitt dir och gewuer. An der Rubrik dës kéier: Eng gutt Fro – Wat ass de Sex Drive? Männ...

#60: Sex, Drogen an e bësse Rock´n´Roll 29.05.2020

Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst...

#59: Männlechkeet 15.05.2020

Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der...

#58: Sexability – Sex mat Behënnerung, mä ouni Barrièren 01.05.2020

Wann et em Sex a Behënnerung geet, dann huet een et dacks mat Barrière am Kapp an net mat physesche Barrière ze dinn. Déi muss een erkenne fir se ofbauen a Zäertlechkeet genéissen ze kënnen. Dat ass d’Thema vun der neier Folleg an där d’Anne vum Podcast an en anert Anne eescht Gespréicher féieren, mee och vill laachen. An der Rubrik schwätzt d’Kelly iwwer Gefiller, a firwat et...

#57: Ech wëll eppes vun dir – mä wat? 17.04.2020

Et kribbelt am Bauch, wann ech eng Persoun gesinn, mä heescht dat, datt ech verléift sinn? Kann sech eng néi Frëndschaft wéi verléift-sinn ufillen? Wisou well ech verschidde Leit just kucken an net upaken? D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert déi verschidde Forme vun Unzéiung an erkläre Konzepter, fir besser mam Gefillschaos ëmzegoen. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer: Pleasure...

#56: Erfarung fält net vum Himmel 03.04.2020

D´Entdeckungsrees iwwer den eegene Kierper soll sech net ufille wéi en iwwerfëllten Owend op der Schueberfouer, wou e gestouss a vu jidderengem op d´Féiss getrëppelt gëtt. Wéi kann een ellen Erfarunge vermeiden a sech awer selwer kenne léieren? Iwwer schéi Weeër bis zum Punkt vun der Loscht schwätzen d´Liz, d´Laurence an d´Anne an der neier Folleg vu Méi wéi Sex. An der Rubrik schwätz d’Kelly iwwe...

#55: Verhütung 20.03.2020

Den Elie an d’Kelly schwätzen iwwer Verhütung (och nach: Contraceptioun) a froen sech: Wat fir Verhütungsmëttele gëtt et? Wéie Verhütungsmëttel ass dat richteg fir mech? Wéi benotzen ech et richteg? A wat si Vir- an Nodeeler? An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een an Zäite vun der Quarantän gesond bleiwe kann. Ressourcen: - macontraception.lu - safersex.lu - li...

#54: Net-Kannerwonsch (auf Deutsch) 06.03.2020

Du bass jonk, waart mol of! Wien këmmert sech soss em dech, wann s de al bass? Dat ass dach natierlech, firwat fäls du aus der Rei? D´Reaktiounen, déi ee kritt, wann ee keng Kanner wëll, si villfälteg. Dacks sinn se grenziwwerschreidend a léisen Drock aus. D´Anne a säi Frënd Max, déi zesummen decidéiert hunn, keng eege Kanner ze kréien, plaidéiere fir en aneren Ëmgang mat sou Froen an der Gesellsc...

#53: Playpartyen 21.02.2020

Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech dorobber virbereet, wéi ee*nt mat Erwaardungen ëmgeet a wisou Konsens op sou Plazen immens wichteg ass.

#52: Méi wéi Speck 07.02.2020

Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iwwert Iessen, Danzen, Nudes, Kleedung a Prominenter, déi eng Virbildfunktioun kënnen hunn.

#51: Toxesch Relatiounen & Frëndschafts-Schlussmachen 24.01.2020

D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft net méi wuel fillt? An der Rubrik geet et em Herpes, en Virus deen onberechtegterweis en Tabu Thema ass.

#50: BDSM 10.01.2020

Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn a wisou et enorm sexy ka sinn, sech ze ënnerwerfen oder eng Persoun ze dominéieren. An der Rubrik froe mer eis: Wat sinn d'Grënn fir ongewol...

#49: Witzer iwwer Sexualitéit 27.12.2019

Vum Schenkelklopfer bis bei d’Laachkris. Den Effekt vun engem eenzege Witz ka villfälteg sinn. E kann encouragéieren oder op en aktuelle Problem an der Gesellschaft hiweisen. Oder einfach just blesséieren. D’Anne a de Mateiu hunn sech duerch d’Internet geklickt an dobäi Héichten an Déiften a Punkto sexuellen Humor entdeckt, déi Si an der neier Folleg ausernee plécken. Biller, iwwert déi...

#48: Sproochen beim Sex 13.12.2019

Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D'Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner Sprooch schwätzt wéi seng Sexualpartner*innen? Ausserdeem Breaking News: Brëscht hunn och en Zyklus - lauschter dozou d’Rubrik! Quell Rubrik: https://w...

#47: Let’s talk about HIV 29.11.2019

Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PEP a PrEP op sech? Si schwätzen awer och doriwwer, wéi et ass, wann een sech teste léisst a wéi d‘HIV-Berodung den HIV-Test aus dem Supermarché ges...

Listen to the Méi wéi Sex podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.