Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht 22.04.2022 38:39
Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt? De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem Ëmgang domat setzt. An der Episod erwähnen de Joël an d*e Robin verschid...
#95: Nohaltegkeet – Bezéiungen kultivéieren 08.04.2022 1:01:43
Wat sinn „nohalteg Bezéiungen“? Kann een sech nohalteg Trennen? Wat ass den Ënnerscheed (oder och net) tëscht green dating, mindful dating an slow dating? Dëst beschwätzen Kelly an d’Selma an dëser Episode - lauschtert eran fir vill flott gardening Metapheren a fun facts. Dei läscht 10 Minutte gëtt et eng klengen Exkurs iwwert d’ökosexuellt Manifest an iwwer fairen/etheschen Porno. An der Rubrik s...
#94: E Lauter Steng am Wee – Trans* sinn zu Lëtzebuerg 25.03.2022 57:16
Lëtzebuerg geseit sech selwer gäer als ganz fortschrëttlech a punkto queer rights. Tatsächlech ass déi lëtzeboiesch Legislatioun net schlecht, an och laut ILGA ass Lëtzebuerg ganz gutt mat dabei. Dobäi ginn et och hei am Land vill Probleemer fir queer Mënschen, an trans* Leit gehéieren zu deene vulnerabelsten. D*e Robin huet mat senge Gäscht Miles an Tony iwwer hir Perspektiv an Erliefnisser als j...
#93: Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen 11.03.2022 38:14
Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jesu...
#92: Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg 25.02.2022 44:57
Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d'Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen. D'Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d'Resultater. Och kommen d'Enji,...
#91: Gender ass e Spektrum – Non-binary 11.02.2022 45:08
"Non-binary" - en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus? Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d'Kelly, wat Binding...
#90: GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen 28.01.2022 42:30
Inhalt vun der Episode 90: Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen. Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken an se u...
#89: Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng 14.01.2022 35:43
Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d'Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder...
#88: Ouergasmus live – Staffelfinal 18.07.2021 1:02:22
Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där...
#87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner 10.07.2021 42:35
An der 87. Folleg schwätzen de Joël an d‘Anne iwwer Schlussstrécher an aaner Enner. Wéi schléisst een:t säin Dag sënnvoll of? Firwat ass et gesond, heiansdo mat sech selwer respektiv bestëmmte Verhalensweise Schluss ze maachen? An wéi kann een:t Sex schéin ofronne? Dorobber sichen déi zwee Äntwerten.
#86: Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst 18.06.2021 41:21
Schweess, Duschgel, Intimberäich, Hoer, d‘Bomi – alles huet säin eegenen, spezielle Geroch. Dëse Sënn ass immens staark mat Gefiller an Erënnerunge verknäppt. Dat mierkt een*t spéitstens dann, dann et no der Trennung iwwerall nom Wäschmëttel vun der Ex richt oder een*t sech beim Aschmiere mat Sonnecrème un d‘Vakanz erënnert. D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert Schweess, iwwert Deo,...
#85: Klassismus – de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig 04.06.2021 52:36
Wat huet Klassismus mat Sproochen, Stereotyppen an Sexy-ness ze sinn? Wéi beaflossen Klassenverhältnisser eis Kierperen, Bezéiungen an Dating? Kelly an Gabi schwätzen iwwer Definitiounen vu Klassismus, dem Mythos vum sougenannten sozialen Opstig, hier eegen Positiounen a Strategien géint klassistesch Diskriminéierungen an Strukturen. Quellen (op Däitsch) - bell hooks. Die Bede...
#84: Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien 21.05.2021 46:31
An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt "Fraenzäitschrëft" am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer Sex(ualitéit) geschwat? Doriwwer diskutéieren déi zwee an der 84. Episod. An der Rubrik schwä...
#83: Méi wéi Solosex?! 07.05.2021 41:20
Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone.
#82: Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+ 23.04.2021 43:20
Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy ( iron sparks crossfit ) diskutéiert.
#81: Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen 09.04.2021 39:33
Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner...
#80: Outtaspace Loverboy – Den Edsun am Gespréich 26.03.2021 54:37
Hien ass net nëmmen en danzende Sänger a e sangenden Dänzer. Den Edsun ass e kreative Mënsch, deen seng Gedanken op eng spannend Aart a Weis a senger ganz eegener Konscht ëmsetzt a sengem Public doduerch vill Kraaft weidervermëttelt. Mir hu mat him iwwer Kultur am Zesummenhang mat sexuellen Identitéiten, Empowerment a Kritikfäegkeet geschwat. An der Rubrik geet den Elie op sexuell Fantasien an.
#79: Keepin’ it Casual – Casual Sex 12.03.2021 31:46
Wat ass Casual Sex? Ass et nach “casual” wann (mindestens) een sech verléift? Mat wiem huet een casual sex - an wéi léiert een sech kennen? Wéi fillt sech de Sex un? An wéi kann een gutt op sech oppassen? Dat beschwätzen Kelly an de Joël.
#78: Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée 26.02.2021 48:11
Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der Partner*in si kann. Nieft der Fro, ob een iergendwann just na...
#77: Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en) 12.02.2021 1:05:28
Wat heescht "Weiblechkeet"? An wien bestëmmt dat? D’Anne an d’Kelly schwätzen iwwer (eegen) Virbiller, widderspréchlech Weiblechkeetsufuerderungen, sexuell Unzéiung an iwwer Homarden. Jo, richteg, déi kleng rout Déieren mat der haarder Schuel. Wat et domat op sech huet, lauschtert der hei. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert déi sougenannten "relationship anarchy"....
#76: Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen 29.01.2021 1:06:52
Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegen...
#75: Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex 15.01.2021 47:16
Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.
#74: Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition) 01.01.2021 53:58
D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a w...
#73: Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0 17.12.2020 48:02
Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik häl...
#72: Know Your Status – Mir testen eis op HIV 04.12.2020 39:55
Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer "Skin hunger".
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.