Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Health LB ↓ 194 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Author

Méi wéi Sex

Category

Health

Podcast website

sexpodcast.ara.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#196: Och bei Eis Leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruatioun 10.07.2026

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar. De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Queer Perspektiven op d’Menstruati...

#195: Spiers de schonn eppes? – Psychopharmaka a Sex(ualitéit) 26.06.2026

Mir hunn a Méi Wéi Sex scho vill iwwer Sexualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad queer Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d'chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medik...

#194: „Et ass just Sex“ – Wat menge mir domat? 12.06.2026

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just Sex!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d'Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt Sex heiansdo ...

#193: Vu Wäit zu No an Ëmgedréint – Plënneren a Bezéiungen 29.05.2026

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung e...

#192 Jo zum Jo-Soen – Sech verloben 15.05.2026

Op den éischte Bléck klengt et ganz einfach: Wien sech bestuede wëll, muss sech als éischt verloben. Dofir muss een*t een Antrag maachen. Am beschten ee grousse Geste, wou een*t dann um Enn op d'Knéie geet an um Enn vill Tréine fléissen. Muss dat alles sou sinn? A ginn et eigentlech gutt Grënn, sech ze bestueden, ausser manner Steiere bezuelen ze wëllen? Zum Gléck gëtt et eng Persoun am Méi wéi Se...

#191: Vu neien Elteren a Neigebuerenen – Gebuerten 01.05.2026

Gebuerten si mat ville gesellschaftlechen a perséinlechen Erwaardunge verbonnen. Oft bedeiten se eng Mëschung vun dausende vu Gefiller, schéinen an deelweis awer och schlëmme Momenter. Eppes ass sécher: all Gebuert ass anescht an och wat duerno kënnt leeft fir keen Elteren a Beebee(n) Team selwecht. Des Woch schwätzt Ella mat senger Mam Monique iwwer hier villfälteg Gebuertserfarungen. Dobäi komme...

Heated Rivalries — Sports Smut (Spicy Books #3) 17.04.2026

Sports Smut huet et vun der Fankultur an de Mainstream gepackt! De Joël a Kelly hunn natierlech Heated Rivalry gekuckt, gelies an eng Meenung dozou. Ausserdeem froe mer eis: Firwat fanne Frae schwule Smut esou extrem gutt? Wat gëtt et sos nach fir Sports Smut? An wei klengt et wann d’Schauspiller vum Heated Rivalry Audioporn maachen? Quellen Bicher: - Game Changers Serie (Band 1-6) & “Time to...

#189: Bröööööscht – (K)ee Kierperdeel wéi all aneren? 03.04.2026

Huet d’Thema vun dëser Woch bei dir en “hehe😏” oder eng änlech Reaktioun ausgeléist? Da bass du net eleng. Fir di meescht si Brëscht keen neutrale Kierperdeel an tatsächlech ginn se och gesellschaftlech net esou ugesinn. Firwat? Brëscht kënne leider eng éischter ongemittlech Affär sinn. Nieft Réckwéi suergen och erdréckend Schéinheetsidealer, ongewollte Sexualiséierung oder Geschlechternorme fir...

#188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet 20.03.2026

Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt  Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de Statist...

#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng 06.03.2026

D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An dëser...

#186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen 20.02.2026

Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem Zesu...

#185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun 06.02.2026

Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir Erfar...

#184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2) 23.01.2026

Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con ? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus! Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Defi...

#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn 09.01.2026

Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach...

#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen 26.12.2025

D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwu...

#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech 12.12.2025

Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et  vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter...

#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten 28.11.2025

Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser...

#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1) 14.11.2025

Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus! Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „...

#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun 31.10.2025

Eis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun...

#177: Kënschtlech Gefiller a Biller – AI Chatbots an Deepfakes 17.10.2025

Doduerch, datt Chatbots wéi „ChatGPT“ an anerer esou populär sinn, benotzen och ëmmer méi Mënschen se als Ersatz-Bezéiung. Verschiddener verléiwen sech esouguer an eng kënschtlech Intelligenz. Ausserdem ass et och méi einfach ginn, Biller ze generéieren, déi ausgesi wéi echt Leit, mä net vun hinne sinn, sougenannt Deepfakes. An dëser Episod schwätzen d'Ella an de Joël doriwwer, wéi si déi Trends b...

#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash 03.10.2025

Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d'Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D'Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash v...

#175: Omnomnom – Eating Out 19.09.2025

De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Pe...

#174: Herzschmerz am Jugendzëmmer – Éischt Trennungen 05.09.2025

E neie September, eng nei Méi Wéi Sex Staffel! A wat kéint besser sinn fir dës aacht Staffel ze feieren wéi iwwer eisem team hir éischt Trennungen ze schwätzen! Kelly, de Joël, den Elie, d*e Robin an d'Ella schwätzen vun hiren éischte Kéieren mamm Schluss maachen a Schluss gemaach ginn, a wat hinnen gehollef huet (oder och net) fir mat dene Situatioune besser ëm ze goen. An der Rubrik stellt Kelly...

#173: Summer Book Club: Judith Butler – Who’s Afraid of Gender 22.08.2025

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who's Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d'Rechter d’Fräiheeten, an...

#172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We’re Briefly Gorgeous 08.08.2025

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous  virstellt. Et geet ëm  dem Schrëftsteller   seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobio...

Listen to the Méi wéi Sex podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.