Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Health LB ↓ 194 episodes

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.

Author

Méi wéi Sex

Category

Health

Podcast website

sexpodcast.ara.lu

Latest episode

Jul 10, 2026

Where to listen?

Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Get it on Google Play Install for free Android 5M+ downloads · 4.8 rating iOS soon

Episodes

#171: Summer Book Club: Renske Diks – Queens of Beirut 25.07.2025

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen a...

#170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt 11.07.2025

Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen. Info...

#169: Manner ass Méi – Broschtverklengerung 27.06.2025

Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.

#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands 13.06.2025

Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn. An der Rubrik schwätzt d...

167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller? 30.05.2025

Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d’Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd’Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefi...

#166: Däerf ech dech kussen? Konsensmodeller an hir Limitten 16.05.2025

Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze...

#165: AI & Me – den Afloss vu kënschtlecher Intelligenz op eist Sexliewen 02.05.2025

Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren...

#164: Fuck around and find out? – konstruktiv mat Regreten ëmgoen 18.04.2025

Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono ga...

#163: Swipen, Matchen, Fécken? – Online Sex fannen 04.04.2025

Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déi...

#162: Féck de System – Wéi de Kapitalismus eise Sex futti mécht 21.03.2025

Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus...

#161: Wéi Therapie mäi Sexliewe verännert huet – Therapie, Bezéiungen a Sexualitéit 07.03.2025

An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat...

#160: Size matters? – Penisgréisst 21.02.2025

D'Halschent vun der Populatioun huet en: de Penis. An e groussen Deel vun der Populatioun ass u Penisser sexuell interesséiert. "De Penis" gëtt et dobäi amfong net wierklech - Penisser kommen an alle Gréissten a Formen. Dominant an der Konversatioun ëm Penisser ass dobäi oft d Gréisst vun deem Kierperdeel: d'Meenungen iwwer d'Wichtegkeet vun de Moossen ginn dobäi oft auseneen. De Joël an d*e Robin...

#159: Tëscht Wichsvirlag a Musée – sexy Konscht konsuméieren 07.02.2025

Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten. An...

#158: Let’s talk? – Iwwer meng Bezéiungen a Sex schwätzen 24.01.2025

An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly iwwer Schwätzen: Mat wiem schwätzen si (net) gär iwwert hier Bezéiungen a Sex? Firwat schwätzt een iwwer seng Bezéiungen a Sexualitéit, a wei fënnt een eraus, wat een iwwerhaapt erzielen dierf? Soll een sech hei mat senge Bezéiungs/Sex-Persoun(en) eppes ausmaachen? Si schwätzen dann och doriwwer, wéi mir aus der Gossip-Fal zu éierlechen, beräicherende Ges...

#157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen 10.01.2025

Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am L...

#156: Make or break – Strait, Versöhnung an (keen) Sex 27.12.2024

An dëser Episode schwätzen Elie a Kelly iwwer (gutt a manner gutt) Grënn fir no engem Konflikt Sex ze hunn. Weieng Léit hunn éischter Makeup Sex? Wat kann een ausser Sex nach machen? An wat ass mat Breakup Sex? Dat héiers du elo. Rubrik How to Complete your Stress Cycle

#155: Gutt spruddeleg – Wéi Neurodivergenz Bezéiungen a Sex beaflosst 13.12.2024

Een neurodiverst oder neurospruddelegt Gehier ze hunn, verännert déi Aart a Wéis, wéi een*t Bezéiunge feiert a wéi een*t Sex huet. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod, wéi dat fir si ass. Si erziele vun Diagnosen, vu Luuchten, déi ze haart sinn a vun de Gemeinsamkeeten tëscht Queerness an Neurospruddelegkeet. An der Rubrik erkläert eis Kelly, wat Meta-Gefiller sinn a wéi se eist Sex- a...

#154: Ech sinn een Kierper, an elo? – Body-Mind-Split (an der Praxis) 29.11.2024

Hues du e Kierper oder bass du e Kierper? D'Trennung vu Kierper ( body ) a Geescht ( mind ) bestëmmt, wéi mer (eis) fillen a wéi mer mat eis, mat Aneren a mat der Ëmwelt ëmginn. Ween woren déi al wäiss Männer, déi di Trennung/Hierarchie erfonnt hunn? An vill mei wichteg: Wat mer kenne maachen (Sex?), fir déi ze hannerfroen? Quellen - Kapitel 8 (bonus): Besser Orgasmen

#153: Loscht, Spaass, Intimitéit – Wat sinn Grënn fir Sex? 15.11.2024

Déi meeschte Mënschen hu méi oder manner reegelméisseg Sex - mee firwat? Däer Fro ginn de Joël a Kelly an dëser Episod no, an diskutéieren dobäi iwwer verschidde Weeër fir (méi oder manner) geléifte Mënsche no ze sinn, iwwer Spaass an d Loscht, déi aus verschiddene Sourcen entstoe kann. Och schwätze si doriwwer, wéi a firwat "Sex hunn" als normal an obligatoresch an eiser Gesellschaft gëllt - e Ph...

#152: Op Aenhéicht trotz Ënnerscheeder – Hierarchien a Bezéiungen 01.11.2024

Obwuel mir probéieren, a Bezéiungen op Aenhéicht ze sinn, ginn et dacks Muechtënnerscheeder. Ob a Frëndschaften oder Koppelen, dacks sinn et Facteure wéi Alter, Suen oder Wëssen, déi fir Hierarchië suergen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si mat esou Hierarchien ëmginn a wat si maachen, fir se auszegläichen. Si diskutéieren net nëmmen iwwert ee finanziellen Ausgläich,...

#151: Dsau, dsa an aner Obscénitéiten – Sprooch a Pronomen 18.10.2024

An eisen Episoden ass munchen vun eise Nolauschter*innen bestëmmt schonn opgefall, dass mäer als Méi Wéi Sex Team d'lëtzeboier Sprooch heinsdo aanecht gebrauchen wéi se geleefeg benotzt gëtt. Mäer benotzen oft gendersensibel Sprooch, an adaptéieren d Sprooch domat zu eise Besoinen. An dëser Episod schwätzen de Joël, den Elie an d*e Robin iwwer hire Sproochgebrauch an diskutéieren hir Usiichten. Oc...

#150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions  – wouhier kommen eis sexuell Fantasien? 04.10.2024

Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël  op eng Rees an d'Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert k...

#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it 20.09.2024

Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen - an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi...

#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier 06.09.2024

Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanerse...

#147: Wat ass queer? – Community Episod 12.07.2024

Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl! Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer? Gët...

Listen to the Méi wéi Sex podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up. Install today and do not miss the launch

Get it on Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.