Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? 23.06.2023 46:04
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op...
#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys 09.06.2023 47:19
Si si mëttlerweil iwwerall - an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys - Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang? De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft...
#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride 26.05.2023 45:19
Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Sii...
#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun 28.04.2023 45:17
Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro "Wat ass amfong Sex?" ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee diskutéieren och méiglech Grënn fir verschidde Perspektive vun de Grenze vu Sex. An der Rubrik...
#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer 14.04.2023 36:56
Wéi geseit een*t amfong queer aus? D'Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer! An der Rubrik gëtt Kelly en How To zum Thema Aftercare.
#116: Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller 31.03.2023 33:43
Wann alles kribbelt a s du Päiperleken am Bauch hues a just nach un eng Persoun denke kanns, bass du warscheinlech verléift. Mä wat ass den Ënnerscheed tëscht Verléift-sinn a Léift? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*en Robin doriwwer, wéi sech béid Gefiller bei hinne bemierkbar maachen. Ausserdeem dréint d'Diskussioun ëm déi mysteriéis New Relationsship Energy, déi souwuel fir vill flott Mome...
#115: Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen 17.03.2023 53:00
Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – Matfreeën – ass méiglech. D*e Robin, den Elie an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwe...
#114: Méi wéi Gebärmutterhalskriibs – HPV Témoignage 03.03.2023 47:12
HPV – huet dat net eppes mat Gebärmutterhalskriibs ze dinn a geet dofir nëmme Mënsche mat Uterus eppes un? D'Äntwert ass ganz kloer nee! De Human Papilloma Virus ass e sexuell iwwerdrobare Virus, deen, onofhängeg vum Geschlecht, immens wäit verbreet ass. Dobäi si sech wéineg Leit bewosst, wéi eng Risiken eng HPV Infektioun mat sech bréngt, wéi e sech iwwerdréit a wéi een*t sech schütze kann. An dë...
#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung 17.02.2023 44:33
Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf - wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene...
#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen? 03.02.2023 42:29
Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si sch...
#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen 20.01.2023 44:16
Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn? De Joël, d'Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?
#110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net) 06.01.2023 54:17
An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt - an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi. Liesetipps - “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen) - “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen...
#109: Wann et einfach net geet – Vaginismus 16.12.2022 39:18
Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng. Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn hu...
#108: Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom 02.12.2022 33:17
Bottom, top, up, down, charm oder strange? Wat huet Quantephysik mat Sex ze dinn? A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Top/Switch/Bottom an Dom/Switch/Sub? Haut geet et ëm genau dës Kategoriséierungen a wat een t amfong mat deenen ufänke kann. De Joël an d e Robin schwätzen ausserdeem iwwer typesch Virurteeler a laachen iwwer Autoswäschen. An der Rubrik kläert den Elie iwwer gender affirmin...
#107: Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik 18.11.2022 46:18
Wat hu Superhelden mat Verléiftheet ze dinn? Dëst a nach vill méi verzielt eis d Beatà aus eiser Community. Hat ass aromantesch an asexuell a gëtt eis en Abléck a säi Liewen. Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer nëtzlech Life Hacks an Selfcare Strategien ronderëm Menstruatioun
#106: Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex 04.11.2022 46:06
Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass. Rubrik vum Kelly: How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen
#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren 21.10.2022 45:46
Raséiert, eng witzeg Form, getrimmt oder einfach wëll wuesse gelooss? Et gi vill Méiglechkeeten, fir mat intimen Hoer ëmzegoen. Mä wat fir Hoer sinn eigentlech intim, a wisou friséiere mir se? Och beim Oralsex mécht dat alles een Ënnerscheed. Kelly an de Joël schwätzen haut doriwwer – an iwwert d'Vir- a Nodeeler vun de verschiddene Méiglechkeeten. Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer 5 ënnerschiddle...
#104: Sex verschäissen – Sex an der Jugend 07.10.2022 58:39
Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op...
#103: Verschidde Vibes a Vibratoren – Sexshops 23.09.2022 52:15
Déi fënneft Staffel ass do! A mat hir eng nei Persoun an eisem Team: no 4 Staffelen mamm Mila hu mir lo eng néi Illustratorin: d'Lynn! Zu fënnef schwätze mir iwwer eis Erfarunge mat an a Sexshops, wat fir eis e gudde Sexshop ausmëscht a wat mir do am léifste kafen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Mythen zum Thema "Fiicht ginn". Hei ass eis Selectioun vu queerfeministesche Sexshops am däitschspr...
#102: Community – mam Publikum um sexpositiven Event 18.07.2022 50:04
Fir d'Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat. Mir froen eis (an iech): Wei kann een t zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt ee...
#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee – Vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet 01.07.2022 49:44
Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d' Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d' Kommunikatioun duebel erschwéiert. Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d'Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann - an ëmgedréint. An der Rubrik "Sexmythos" schwä...
#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen 17.06.2022 43:25
Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis aw...
#99: Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen 03.06.2022 39:21
Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum "Skin Hunger" fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D'Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin....
#98: Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut 20.05.2022 36:09
Et gouf zu Lëtzebuerg schonn ee Sexpodcast, do gouf et nach guer keng Podcasts. Riets ass vun de Radiossendunge vun der Marie-Paule Molitor-Peffer. Si huet op RTL Opklärung bedriwwen, an dat op eng Manéier, déi méi progressiv war, wéi een*t sech dat mol direkt géif virstellen. Fir eis ze zielen, wéi Opklärung am Radio an den 1980er Jore geklongen huet, ass eis Liblingshistorikerin a fréier Moderat...
#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex 10.05.2022 50:41
Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d'Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst Traps, den Drang an de Bauch eranzezéien an awer och doriwwer, wat een*t ka maachen, fir sech beim Sex méi...
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.